Zesumme wuessen

No siwe Joer Presidentschaft kann ech mäin Mandat laut Statuten net méi erneieren a wëll haut mat engem ganz grousse Merci jidder eenzelne Merci soe, fir déi flott a gutt Zesummenaarbecht am Laf vun de leschte Joeren. Et woren interessant an erfollegräich Zäiten. De Parteipresident François Biltgen schreift am CSV Bléckpunkt

D’CSV ass a bleift déi eenzeg Vollekspartei déi an alle Regioune präsent ass. Dat ass d’Resultat vun engagéierte Memberen, vun aktive Mandatairen a vun enger haarder Aarbecht. 

Merci Iech all. E besonneschen Merci un déi, déi eis leider an deene 7 Joer verlooss hunn. 

Wann ech e Bléck no hanne werfen, da weess ech, dat et awer och nieft de Sonnesäiten och muench Schietsäite gi sinn. Wat däitlech iwwerweit sinn awer déi flott Momenter. Mir haten an de leschte Joeren eng Rei brisant Themen um Ordre du Jour stoen. Am Mëttelpunkt vun all eisen Aktivitéite stoung a steet de Mënsch. Ëmmer nees huet d’CSV bewisen, datt si am Déngscht vu Land a Leit steet an datt mir iwwer all Waltermin eraus denken a schaffen. Haut u muer denken, ass eise Prinzip. An enger Zäit vun Erneierung, vun Ëmännerung a vu Krisen ass a bleift dat e wichtegt Uleies. 

Villes huet changéiert, och d’CSV, ouni awer dem Zäitgeescht hannen drunner ze lafen. D’CSV ass am Häerz déi selwecht bliwwen. Eng Partei, wou Leit aus alle Schichten sech erëm fannen. Eng Partei, déi den Ausgläich tëschent sozialer Responsabilitéit an ekonomescher Fräiheet sicht, dëst virum Hannergrond vu Wäerter, déi mer aus dem chrëschtleche Mënschebild zéien. D’CSV, konservativ an de Prinzipien awer net an de Positiounen. D’CSV, eng Partei wou jidder Eenzelen zielt. 

Dës a vill aner Elementer maachen d’CSV aus. Et sinn dës d’Grondlag an d’Basis vum Erfolleg vun de leschte Joeren. De Succès bei de leschte Walen ass net einfach vum Himmel gefall. De Succès ass d’Konsequenz vun enger zolidder an engagéierter Aarbecht op ville Niveaue vun der Partei. Fir de Succès bei de Walen am Juni e grousse Merci un Iech all. 10 000 Membere sinn e groussen Atout an eng Verflichtung. 

Eng Verpflichtung fir eis all. Fir jidder Eenzelen. Mir liewen de Moment eng schwiereg Zäit, wou kee weess wou de Wee hinner féiert a wou kee weess, wat alles nach op eis zou kënnt. Awer eent ass sécher, wa mir d’Zukunft vun eise Kanner an eise Kandskanner garantéiere wëllen da brauche mir Leit, déi mat Responsabilitéit, Courage a Kompetenz dës Zukunft plangen. Gefrot sinn hei net déi einfach a schnell Léisungen, mä nohalteg a schwiereg Moossnamen. D’CSV – an dovu sinn ech iwwerzeegt – stellt sech dësen Erausfuerderungen. Mat enger neier Equipe. Mat sécherlech neien Ideeën a Konzepter. Ech wënsche vun dëser Plaz aus elo schonns dëser Equipe eng glécklech Hand. Zesumme wuessen: dat bleift eist Ziel. 

Fränz Biltgen, CSV President