Am Gespréich mat Iech…

dat war de Motto vu mengen Initiativen als CSV-Generalsekretär. De Marco Schank schreiwt am CSV Bléckpunkt vun Oktober 2009

 Haut e puer Woche virum Nationalkongress zéien ech e positive Bilan. Et ass mer drëm gaang, an der Kontinuitéit vu menge Virgänger ze schaffen, besonnesch dem Jean-Louis Schiltz an dem Claude Wiseler, an d’CSV weider no vir ze bréngen. Dat ass ons zesumme gelongen. Dofir vun dëser Plaz aus un all eenzelne Member e grousse Merci. Ech denken hei vrun allem och un déi, déi ouni grousst Gedeessems am Hannergrond, um Terrain, also no bei de Leit am Asaz woren an nach sinn. 

E Merci awer och alle Mataarbechter aus de Sektiounen, Bezierker an Ënnerorganisatiounen, de Memberen a Frënn aus der Fraktioun, de Beroder a Matstreider am Generalsekretariat an am Groupe Parlementaire. Duerch vill Aktivitéiten, besonnesch awer och duerch d’Präsenz um Terrain hu mir aus der Vollekspartei eng echt Memberpartei mat iwwer 10.000 Membere gemaach. 

E besonnescht Uleies fir mech wor den Dialog an der Partei, awer och ausserhalb vun der Partei. Am Gespréich mat Iech wor eng vun de wichtegsten Aktivitéiten. An de Reflexiounskreeser, wou bal dausend Memberen zesumme geschafft hunn, sinn déi politesch Aktualitéiten an de Walprogramm virbereet ginn. Op eisen internen Diskussiounsowender ass déi technesch administrativ Aarbecht vun der Partei beschwat an opgekläert ginn. Am ëffentleche Versammlungen zesumme mat eise Ministeren hu mir mam Bierger den Dialog gesicht. 

All dës kleng a nach vill aner Schrëtt hunn do zou bäigedroen, dat eis CSV do steet, wou se lo ass. Mat enger staarker Fraktioun am Parlament, mat enger erneierter Regierungsequipe a mat villen engagéierte Memberen an der Partei. Dorop léisst sech opbauen an ech zweiwele kee Moment drun, datt déi nei Equipe am selwechte Geescht schaffe wäert. 

Ofschléissend elo schonns e Merci un all déi, déi mech a menger Zäit als Generalsekretär ënnerstëtzt hunn, a mir aktiv zur Hand gaange sinn. Ech invitéieren Iech elo schonns op de Nationalkongress vum 14. November 2009, wou ech Iech all well mëndlech Merci. 

Marco Schank,CSV Generalsekretär