CSV Nationalkongress 2009

Statutaresche CSV-Nationalkongress
Samschdeg, den 14. November 2009
– detailléierten Programm

INVITATIOUN OP DEN CSV NATIONALKONGRESS

Samschdes, de 14. November 2009
zu Mutfert (Gemeng Conter) am Centre Culturel

Vun 9 – 13 Auer
• 8.00 Auer: Kaffi a Croissante servéiert vun der Sektioun Conter
• 8.30 Auer: Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten
• 9.00 Auer: Begréissung duerch d’Sektiounspresidentin Marion ZOVILÉ-BRAQUET 

DAGESUERDNUNG
• Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident François BILTGEN
• Bezeechnung vum Kongress- a Walbüro
• Aktivitéitsrapporte vum Generalsekretariat a vum Generaltrésorier
(op Nofro stelle mir Iech de Rapport vum Generalsekretariat gären zou)
• Diskussioun an Adoptioun vun de Rapporten
• 9.30 Auer: Virstellung vun de Kandidate fir déi statutaresch Walen
• 10.00 Auer: Wal a getrennte Walgäng:
• vum Parteipresident / vum Generalsekretär
• vun zwee Vizepresidente / vum Generaltrésorier
• vun aacht Memberen fir den Nationalkomitee
• an zwee Keesserevisoren
• Kompositioun vum Disziplinar- a Berufungsrod
• Réckbléck vum CSV-Generalsekretär Marco SCHANK „Mat Iech am Gespréich“
• Ried vum Parteipresident François BILTGEN „Äddi a Merci no siwe Joer Presidentschaft:
E Bléck no vir!”
• Interventioun vum Fraktiounspresident Jean-Louis SCHILTZ „Sozial responsabel,
wirtschaftlech aktiv“
• Usprooch vum Staatsminister Jean-Claude JUNCKER
• Ried vum neie Parteipresident
• Éierewäin offréiert vun der Gemeng Conter 

• Duerno géint 13.00 / 13.30 Auer: gemeinsamt Mëttegiessen
Menü: Prince Orloff, Ierbesse mat Muerten, gebootschte Gromperen, Taart
Bezuelt gëtt sur place. Präis: 16 €. Umeldunge fir d’Iesse ginn am Sekretariat um Telefon 22 57 311
([email protected]) bis spéitstens den 12. November entgéintgeholl. 

Walberechtegt sinn nëmmen d’Nationaldelegéiert. D’Sektiounspresidenten sollen dofir
suergen, datt all Delegéierte vertrueden ass (Artikel 32 Punkt 4 CSV Statuten) 

 

Avec traduction simultanée en français 
Eng Garderie fir d’Kanner ass virgesinn – mir bieden Iech Är Kanner um 22 57 31-1 anzeschreiwen