CSV Fraktiounspresident Jean-Louis Schiltz, Ried zur Regierungserklärung

Ried vum CSV-Fraktiounspresident Jean-Louis Schiltz
zur Erklärung vun der Regierung fir d’Legislaturperiod 2009-2014

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Viru bal aacht Wochen ware Wahlen an déi nei Regierung déi steet. De Premier huet gëschter am Numm vun der selwechter hei an der Chamber d’Regierungserklärung gemaach. Et ass selbstverständlech dat d’CSV-Fraktioun de Koalitiounsaccord matdréit. En dréit jo hier Handschrëft, och hier Handschrëft. Deemno well ech och weder hei deen Accord resuméieren nach well ech mech an der Paraphrase üben. A well ech hei net alles opzielen kann, huet dat och zur Konsequenz dat ech net op all Punkten wäert agoen. All si se wichteg, all kann ech se hei net beliichten, op si all wäerte mer an deenen nächste fënnef Joer zeréckkommen. Haut ass et mer wichteg am Numm vum enger Fraktioun de Kader ze setzen an awer och deen een oder aneren Aspekt méi präzis ze duerchliichten. 

D’CSV huet d’Wahle gewonn, si ass bei wäitem di stäerkste Fraktioun heibannen. Si huet hiert historescht Resultat vun 2004 nach eng kéier verbessert. Si ass sech där domatter verbonnener Responsabilitéit voll a ganz bewosst. Si erhieft den Usproch als di eenzeg richteg grouss Vollekspartei d’Richtung virzeginn. 38% di verflichten, dat wësse mer. An 38% sinn keng 50%+, och dat wësse mer an dorunner brauch och keen eis ze erënneren – ganz ofgesi dovunner datt et net gutt wär wann hei am Land eng Partei, egal wat fir eng Partei d’ailleurs eng absolut Majoritéit hätt. Dat wär net gutt, dat géif Duercherneen maachen. D’Regéieren a Koalitiounsform huet zu Lëtzebuerg net nëmmen Traditioun, mä déi Form huet sech och am Déngscht vum politeschen Ausgläich an der Kohesioun schlechthin zënter jee hir bewäert. 

Logesch a richteg war et och no fënnef Joer erfollegräicher Regierungsaarbecht eng nei Koalitioun mat der LSAP unzestriewen. Dat mécht rechneresch Sënn, dat mécht politesch Sënn, dat mécht inhaltlech Sënn. Jo, an trotz allen Differenzen hunn CSV an LSAP sech eigentlech op eng – politesch net ganz präzis definéierbar Manéier – iergendwéi gären. Dat gëllt fir di zwou Parteien en général, dat gëllt besonnesch och fir mech a mäin neie Kolleg an ale Frënd Lucien Lux. Dës Koalitioun ass awer och a virun allem déi vun der breedstméiglecher Majoritéit vun zwou Parteien an der Chamber. Et gëtt jo eng Traditioun vu gemeinsame Regierunge vun CSV an LSAP. Dës Koalitiounen hu grad a schwieregen Zäiten an der Vergaangenheet ënnermauert datt, dann wann déi zwou Parteie Stäerkt an der Durée konnten un den Dag leeën, CSV-LSAP-Koalitiounen Koalitioune waren, op déi Verlooss ass. Dat soll a wäert och an deene nächste Joren esou sinn. 

Nichtsdestotrotz, Här President, hannerloossen di Deeg direkt no de Wahlen dach op engem präzise Punkt e bessechen ee batteren Nogeschmaach. Wann ech nämlech kucken, wei direkt no de Wahlen DP an déi Gréng ouni Nout stante pede vun der Verantwortung oder och nëmme vun der méiglecher Verantwortung buchstäblech fortgelaf sinn, da fannen ech dat net nëmme bedauerlech mä och politesch fragwürdeg. Mir hunn dat zur Kenntnis geholl. D’Wieler vun DP an Déi Gréng wuel och. 

Op mer et wëllen oder net, Här President, di nächst 5 Joer wäerten am Zeeche vun de Kris stoen. Et ass di heftegst Kris zënter Jorzéngten. D’Kris ass breet opgestallt, fir emol ee gäre gebrauchtent Schlagwort den anere Wee erëm ze gebrauchen. Si wäert nach laang undaueren. Kee wot et richteg ee Pronostic ze maachen an all di Orakelen di eis fréier, virun der Kris, ëmmer erklärt hunn, si wéissten wou et géif higoen si vun der Bildflaech verschwonnen. Si sinn vum Stull gefall a leien nach ëmmer ënnert dem Dësch. Si trauen sech net eraus an dat ass och gutt esou. Si sollen do bleiwe wou se sinn. 

A well di Kris esou ass ewéi se ass, a well se esou schlëmm ass ewéi se ass, a well se esou bal nach net eriwwer ass, hunn d’Koalitiounspartner och festgehalen – esou wéi d’CSV datt schon an hirem Walprogramm gemaach hat – dat all nei Politik, all nei gréisser Investitioun, all neie groussen Ausgabeposten ënner Finanzéirungsvirbehalt steet. 

Mir wëssen net genee, wuer déi nächst Joeren den ëffentleche Kontostandwäerten hiféieren. Mir wëssen allerdéngs, datt mer dank der virsiichteger an ëmsichteger Budgetspolitik aus deen leschte Joeren Reserven hunn, di mer elo gutt kënne gebrauchen. De berühmten Appel fir den Duuscht. A wat ass dach de Geck gemaach ginn, mat deem Appel fir den Duscht. Juncker a Frieden setzen op eise Suen, ass gejaut ginn. Ma glécklecherweis souzen se drop, soen ech haut, ofgesi dovunner dat di Pauschalausso esou jo souwisou ni gestëmmt huet. 

Mir wëssen net genee, wuer déi nächst Joren den ëffentleche Kontostand wäerten hiféieren. Kee weess et. Mir wëssen allerdéngs dat Lëtzebuerg um Enn vun der Legislatur méi Schold wäert hunn ewéi elo, an datt déi nächst Joren de Staatsbudget wäert Defiziter opweisen. Et war eis Suerg, déi vun der CSV an der LSAP, vu vir era kloer ze stellen, datt d’Verscholdung vum Staat net däerf aus dem Rudder lafen. Verantwortlech Politik kann ee net maachen, wann een den Zoustand vun den ëffentleche Finanzen einfach ausblendt. Verantwortlech Politik kann ee net maache, wann een op Käschte vu senge Kanner lieft a sech esou verschëlt datt der nächster Generatioun d’Waasser bis Hals steet ier si eemol richteg am Liewe lassleet. Dat wëlle mer net, dat maache mer net an dat wär och onverantwortlech. 

Mir kënnen eis an deem Zesummenhang vun der Verscholdung och net mat eise groussen Nopeschlänner vergläichen. Mir kënnen eis eng Verscholdung prozentual gesinn op deem Niveau ewéi si dat maache ganz einfach net erlaben. Mir hunn di Gréisst di mer hunn a mussen eis der Decken no strecken.

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären, 

Mir wëssen net genee, wuer déi nächst Joren den ëffentleche Kontostand wäerten hiféieren. Kee weess et. Mir wëssen allerdéngs dat mer net kënnen extrem an d’Kris era spueren. Dat mécht keen an Europa den Ament. Dat wier haut eng falsch Politik. Si géif d’Kris verdéiwen. Si géif de Wee eraus méi laang a beschwéierlech maachen. An duerfir ass et och richteg dat de Konjunkturprogramm deen di lescht Regierung decidéiert hat, wéider gefouert gëtt. En erlaabt d’Saachen um Lafen ze halen do wou se net esou richteg lafen, besonnesch am Beräich vun de mëttelstännege Betriber, en erlaabt awer och – an dat gëtt heiansdo vergiess – di Investissementer elo ze maachen di mer brauche wann et erëm unzitt. 

Et gëtt e Liewen no der Kris, dat ass kloer, mä dat Liewen wäert sech a senger ekonomescher Komponent mat voller Dynamik virrangeg do entfalen wou et Topinfrastrukture ginn an net do wou dat net de Fall ass. Duerfir ass et wichteg datt mer dat elo maachen fir dat mer duerno gutt dostinn a matspillen kënnen an enger vun deenen héchsten Divisioune. Dat ass wichteg fir d’Land. Dat ass wichteg fir eis alleguerten.
Mir wëssen net genee, wuer déi nächst Joeren den ëffentleche Kontostand wäerten hiféieren. Kee weess et. Mir wëssen allerdéngs dat net massiv an d’Kris eranspueren awer nach eng Rei vun anere Saachen heescht, an als Konsequenz mat sech zitt, zousätzlech zu deen Punkten op di ech schon’s agaang sin: 

1. ass et esou dat elo schon d’Funktionnementskäschten vum Staat als solch mussen iwwerkuckt ginn – nach eng Kéier iwwerkuckt ginn, géif ech gäre soen. Do ass net alles dran, mä verschiddenes schon. 

2. ass et och kloer datt vun deem Ament un wou d’Konjunkturprogrammer auslafen, d’Ausgabe vum Staat net dierfe méi séier klammen ewéi di mëttelfristeg ekonomesch Croissance dat zoulisst. Et muss also dann an deem Zesummenhang, wann déi Programmer auslaafen, gespuert ginn, zolidd gespuert ginn, an dat och da wann di wirtschaftlech Zuelen sech op eemol massiv verbesseren géifen. Dat Ganzt kann – deemno ewéi di Croissance sech entwéckelt – ee méi oder manner zolidden Impakt op der Zäitschinn hunn, mä ewéi gesot, eben eréischt dann wann di Konjunkturprogrammer hei zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus an Europa auslafen. 

Ech well och drop hiweisen dat am Koalitiounsaccord steet datt d’Subsiden an d’Abattamentën iwwerkuckt wäerte ginn wat hier Zilsetzung an hiren Impakt ubelaangt, an deen dee seet iwwerkucken, seet och gläichzäiteg méiglech Ännerungen, no deem Iwwerkucken. Mëttelfristeg, och dat steet am Koalitiounsaccord, gëtt och ee Plus u sozialer Selektivitéit op der Ausgabesäit ugestrieft, dat selbstverständlech am Kader an am Respekt vun der Gespréichskultur di Lëtzebuerg ausmecht. 

Sozial Selektivitéit, dat ass kee sozialen Ofbau, sozial Selektivitéit, dat ass de Géigendeel vu sozialem Ofbau, dës Koalitioun ass net di vum sozialen Ofbau si ass di vum sozialen Ausgläich, ech kommen nach dorop zréck. 

Marge fir d’Steieren erofzesetzen gëtt et keng, dat stoung scho an der CSV hirem Wahlprogramm. D’Steieren eropsetzen géif géint all duerchduerchte Kompetivitéitslogik verstoussen an dofir wëlle mer dat och net maachen – och dat hu mer virun de Wahle gesot. Et gëllt am iwweregen de Prinzip vun der Eruféierung vun der Betriebsbesteierung un d’Moyenne vun den industrialiséierte Länner, OCDE am Technokratenlangage. 

Dës Kris an hir Auswierkunge konditionéieren d’Aart a Weis, wéi mer zu Lëtzebuerg an deene nächste Joere politesch zu Wierk ginn a wäerte goen. Si wäert di nächst 5 Joer déterminant matprägen. An och am allerbeschte Fall, nämlech deen wou et Schluss 2010 oder Ufank 2011 erëm wäert unzéien, wäerten d’Joren 2012, 2013 a 2014 nawell am Zeeche vun der Kris stoen, well an alle Fäll d’Reprise net vun engem Dag op deen anere wäert kommen, well d’Reprise och net an enger Sekonn vun 0 op 100 wäert kenne schalten a well och d’Auswierkunge vun der Kris net vun engem Dag op deen aneren wäerte verschwannen. Dat gesot – an ouni iergend ee Pronostic wëllen a kënnen ze maache – gesi mer dach zënter kuerzem an Amerika, mä och op aneren Plazen, éischt Unzeechen vu luesem Erhuelen an zartem, doucen Neesunzeien a verschiddene Beräicher, ouni dat een ka vu Reprise en tant que telle ka schwätzen, an och wann ech felsefest dovunner iwwerzeegt sinn dat, wa mer zesumme stinn, mer di Kris kënnen a wäerte packen a meeschteren, esou soen ech awer grad esou kloer an däitlech dat et um Wee dohinner nach méi schlëmm ka gi ewéi elo an dat een och weider Réckschléi an zolidd Beweegungen no ënnen net kann ausschléissen. 

A terme, Här President, geet et drëms – an dat muss eist gemeinsam Zil sinn – d’Staatsfinanzen erëm an den Equiliber ze kréien an d’Staatsschold op en Niveau ze kréien den eis Zukunft an di vun deenen di no eis kommen weder a Fro stellt nach hypothekéiert.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären, 

–  Ech hu virdrun vum sozialen Ausgläich geschwat. Dës Koalitioun ass, genau ewéi di virdrun, di vum sozialen Ausgläich. 

–  Mir wëllen eis wéider an Europa asetzen fir d’Duerchsetzen vun der Sozialklausel an de konkreten Texter di kommen. 

–  An der Familljepolitik gëtt den Akzent, ewéi an der Vergaangenheet mä vläicht esouguer nach e bësse méi, op d’Bekämpfe vun der Exklusioun an dem Exklusiounsrisiko gesat. 

– D’Epiceries sociales ginn an d’Liewe geruff. D’Agence immobilière sociale kennt. D’RMGs-gesetz gëtt iwwerkuckt, d’Faillite civile gëtt agefouert a Weideres méi. 

–  D’Economie solidaire kritt dee Stellewäert deen se verdéngt. 

– De congé parental gëtt méi flexibel wat d’Perioden ubelaangt. Et komme massiv Crèchëplaze bei an Schoul an Maisons-relais réckele méi no beieneen ouni dat dat Ganzt verschmëlzt gëtt, wat och net gutt wär. Den Dispositif vun de chèques service gëtt ausgeweit. 

–  D’Volontariat gëtt ausgebaut, d’Orientatioun vun deene Jonke gëtt verbessert an de Wee vum Coaching gëtt ageschloen. 

–  D’Preventioun an d’Sensibilisatioun, wat Drogen ubelangt, gi verbessert. 

–  D’sozial Cohésioun gëtt gestäerkt, besonnesch duerch eng méi breet politesch Participatioun vun den Net-Lëtzebuerger. 

–  Am Bereich vun der Sécurité sociale gëtt den tiers payant social ageféiert, d’Situatioun vun de Gescheedenen gëtt spezifesch an Ugrëff geholl. Et geet ëm méi Gerechtegkeet fir dee Partner dee keng oder net vill Rechter erwerben konnt. De Sozialminister ass wëlles d’Individualisatioun vun de Rechter ze promovéieren. Di berufflech Reclassementsméiglechkeeten ginn iwwerkuckt an nei gewiicht. 

–  De Mindestloun gëtt regelméisseg ugepasst. 

–  Am Beräich vum Logement gëtt d’Ausweide vun der allocation de loyer gepréift an d’Location-vente soll deenen di net dat néidegt Startkapital hunn nei Méiglechkeeten opmaachen. 

–  Am Schoulberäich gëtt sech wéider, besonnesch a verstäerkt ëm di Kanner gekëmmert di Schwieregkeeten hunn. Kanner mat engem Handicap gi besser mat agebaut an hinnen gëtt sech speziell gewidmet. 

– D‘Aarbechtsrecht gëtt net ausgehillegt. Et bleift am Kär dat wat et ass. D’Bekämpfung vun Chômage ass Prioritéit Nummer 1. Et geet drëms esouvill Mënsche ewéi méiglech an der Schaff ze halen oder erëm an d’Schaff eranzebréngen. Dat ass essentiell, dat ass an der leschter Legislatur gemaach ginn an dat muss och wéider gemaach ginn. Déi Mesuren di vum alen Aarbechtsminister undiskutéiert gi sinn fir deene Jonken weiderzehëllefen an si an d’Beschäftegung eranzeféieren leien an der Corbeille vum neien Aarbechtsminister. Et ass un him dat elo ze konkretiséieren. 

Ech kéint elo nach wéider fueren mat dëser Opzielung, mä da wär ech nach muer am Gang. 

Just dat hei awer nach vläicht: 
Vill Leit stellen sech, zu Recht, Froen iwwert den Index. Et gëtt do op der Gesetzesfront näischt grondleeënd Neies ze vermelden. Et gëtt un der Inflatiounsberëngegung vun Léin a Gehälter festgehalen, esou ewéi dat am Gesetz iwwert den Index steet. Dëst Gesetz – an di Dispositioune sinn jo 2006 ugewannt ginn – beinhaltet d’Bestëmmungen ewéi et iwwert de Wee vum Sozialdialog zu Upassungen am Fall vu Komptetivitéitsproblemer oder ze héier Inflatioun komme kann. 

Dat do huet d’CSV vrun de Wahle gesot, dat soe mer elo. Dat gëllt haut also grad ewéi gëschter an dat däerf deemno elo keen iwwerraschen.
Politik beschränkt sech, Här President, och a Krisenzäiten, net op déi Aspekter déi ech bis elo beliicht hunn a menger Ried hei. Si geet weit doriwwer eraus, an da gëtt zum Beispill dann oft de Begrëff Gesellschaftspolitik beméit. 

Dee Begrëff seet allerdéngs, a mengen Aen, net dat aus wat e sollt a misst aussoen. 

Wa mer eis drëm bekëmmeren dat déi di keng Aarbecht, hunn erëm eng kréien, ass dat da keng Gesellschaftspolitik? Wa mer dofir suergen dat weider um Sozialnetz gestreckt gëtt, huet dat näischt mat eiser Gesellschaft ze dinn? Deen dee muss ënnert d’Ärm gegraff kréien, gehéiert deen net zu eiser Gesellschaft? Am Endeffekt ass dach eigentlech bal alles Gesellschaftspolitik. Gesellschaftspolitik dat sinn all di Themen di gemengerhand als Gesellschaftspolitik ugesinn ginn, mä, an dat ass mäi Punkt, Gesellschaftspolitik geet wäit doriwwer eraus. Eis Gesellschaft beschränkt sech net op 2 – 3 Themen an d’Politik, di deen Numm dréit, deemno och net. Et ginn eben leider heiansdo, einfach esou Begrëffer geprägt, déi gebraucht ginn, ouni dat een sech herno nach freet op se dann dat aussoen, wat se sollen aussoen. Dat ass scheinbar esou. Net domatter d’accord ze sin, muss erlaabt sin. 

An och, Här President, wann ech mer iwwert d’Grondterminologie Froe stellen, dann ass dat sécherlech net dat wichtegst.
Wichteg ass dat wat geplangt ass a wat wäert gemaach ginn. 

Stéchwuert Bestietnis vun den Homosexuellen. Wann ee kuckt, ewéi d’Mënschen haut zesummeliewen, da soen ech dat d’Forme vum Zesummeliewen sech geännert hunn, si hunn sech fundamental geännert. Ech soen och – wuelwëssend dat et net un der Politik ass de Mënsche virzeschreiwen, ewéi se zesummen ze liewen hunn, dat d’Politik der Entwécklung schon an deene leschte Joeren Rechnung gedroen. Mat der agedroener Partnerschaft gouf an der virleschter Legislatur eng nei Form vun engem rechtlech organiséierten Zesummeliewe vun zwou Persoune geschaf. Eng ganz Rei vu Koppelen, dorënner och homosexueller, hunn dat Instrument gewielt als Manéier fir eng Rei Aspekter – net déi wichtegst- vun hirem Zesummeliewen ze organiséieren. Elo maache mer och de Mariage fir homosexuell Koppelen op. Et gëtt an eiser Zäit keen zwéngend Grond fir dat net ze maachen. Et gi gutt Grënn, am Géigendeel, fir et ze maachen. Ech hunn deen Aspekt scho gesträift. Dat ass keng Fro vu Modernitéit oder Zäitgeescht. Dat ass ewéi d’Liewen ass. Et ass awer och eng Fro vu Recht a Gerechtegkeet a vu Gläichheet tëschent de Mënschen. An dofir wäert de gläichgeschlechtleche Partner och kënnen an Zukunft d’Kand vu sengem Partner adoptéieren, selbstverständlech, wann all di aner Bedingunge stëmmen. 

Zweet Stéchwuert Ofdreiwung. Mir wëllen d’Ofdreiwungsgesetzgebung ofänneren. Domat maache mer net d’Ofdreiwung zu enger weiderer Form vu Schwangerschaftsverhiddung. Dat däerf se net ginn. Den entspriechenden Artikel vum Code pénal gëtt esou ofgeännert datt eng Ofdreiwung ka virgeholl ginn am Fall vu physescher, psychologescher oder sozialer Détresse. Et muss sech ëmmer ëm eng Détresse handelen, mä do wou Détresse um Wierk ass, an deemno eng Schwangerschaft näischt mat Gléck a Freed, mä mat Misère an Angscht – Détresse eben – ze dinn huet, kënne mer net einfach soen: Nee, eng Ofdreiwung ass ausgeschloss. Et muss an deem Fall kënne zu ergebnissoffene Gespréicher mat Dokter an anere Spezialiste kommen, an dann och zu enger deementspriechend Decisioun vu Säite vun der Fra kommen. 

Konstant ass dat et mussen kloer an zwéngend Grënn fir esou eng Ofdreiwung ginn, an déi Grënn mussen am Gesetz op méi präzis Manéier formuléiert ginn, wéi se et elo sinn. Fir ongewollte Schwangerschaften ze verhënneren, setze mer awer och, an ech hätt eigentlech domatter missen ufänken, op besser a verbreedert Opklärung an Sexualerzéiung. Kontrazeptiounsmëttelen wäerten fir di ënner 25 Joer gratis ginn.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären, 

Keen, keng Partei, keng Gewerkschaft, keng Interessevertriedergrupp an och soss keen huet d’CSV an déi Weeër a Léisungen hei eragedréckt, geschweige da forcéiert. D’CSV huet dat hei an de Koalitiounsverhandlunge wäitgehend selwer proposéiert a mir sinn mat der LSAP iwwert di Punkten iwwertenee komm, di ech elo ugefeiert hunn. Mir sinn eis doriwwer eens. Punkt. 

An dës Regelungen sinn eigentlech, wat d’CSV ubelaangt, näischt aneschters ewéi den Aboutissement vun engem laange Prozess, deen 1998 parteiintern ugefangen huet deen an de Joeren 2000 bis 2009, mam neie Grondsazprogramm am Joer 2002, weidergaangen ass an deen elo gewëssermoossen en Ofschloss fënnt mat deem wat elo am Koalitiounsaccord hei virleit. Dat ass esou, an dat ass gutt esou. 

Politik virum Hannergrond vun der Kris bleiwt trotzdeem Politik – zukunftsorientéiert, responsabel an esou ausgeriicht, datt déi kommend Generatioune Liewensgrondlage virfannen, déi net méi schlecht sinn, ewéi eis. Den Zouschnëtt vun der Regierung seet fir sech scho villes iwwer d’Aart a Weis aus, wéi mer tëschent 2009 an 2014 wëlle Politik gestalten. Hie weist d’Prioritéite vun der Koalitioun kloer aus. Hie reflektéiert och d’Suerg, fir Zesummenhäng net nëmmen ze erkennen, mä fir se gestalteresch ze notzen an ze configuréieren.

Et ginn eng Rei grouss Prioritéiten am Regierungsprogramm, déi een och als Deklinatioun vun enger eenzeger kéint gesinn: d’Preparatioun vum Land op d’Zäit no der Kris, d’Opstelle vu Lëtzebuerg an engem europäeschen an internationalen Ëmfeld, an deem mir kaum nach Cadeaue wäerte gemaach kréien. Duerfir e grousse Ministère vun der nohalteger Entwécklung, an deem dat zesummeleeft, wat d’Erscheinungsbild vun eisem Land ausmécht. Duerfir d’Bündelung vun enger Rei vu sougenannten „Zukunftskompetenzen“ an enger Hand. 

Lëtzebuerg huet déi Gréisst, déi et huet. Op engem klengen Territoire optimal Zukunftsopstellung fäerdeg ze bréngen, bedeit plangen, konzipéieren, de Raum organiséieren an d’Ëmwelt mat eise natierleche Liewensgrondlagen ze erhalen. Duerfir e grousse Ministère vun der nohalteger Entwécklung, an deem Amenagement du territoire, ëffentlech Bauten, Transport an Ëmwelt zesummefléissen, a wou och d’Erschléissung vu Wunnraum mat beréiert gëtt. 

Dacks hunn an der Vergaangenheet d’Zoustännegkeete fir dës Politikberäicher a villen Hänn geleeën, an d’Relatioune vun den Departementer ënnerenee waren net esou konfliktfräi, ewéi se hätte misse sinn. D’Bündelung vun dësen Zoustännegkeeten an enger Hand féiert derzou, datt déi Konflikter verschwannen. Et ass nach just een Haus, wou déi räimlech Entwécklung vum Land an all hire Facette konzipéiert a vu wou aus se duerchgefouert gëtt. Et ass een den an Zukunft muss déi Arbitragen mat sech selwer maachen muss. Dat geet. Dat bréngt e Plus an dat wäert och fonktionnéieren. 

D’Schafe vum Ministère vun der nohalteger Entwécklung, deen och fir d‘ Infrastrukturen zoustänneg ass, beleet: 

– dën Engagement zu Gonschte vun enger efficacer Raumplanung, déi mat deenen néidege Befugnisser ausgestatt gëtt; 

– den Engagement zu performanten a modernen Infrastrukturen, un deene net esou gespuert gëtt, datt Lëtzebuerg Zukunftschance géing verpassen; 

– den Engagement zu der weiderer permanenter Verbesserung vun der Leeschtungsfäegkeet an der Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport; 

– an den Engagement zu enger Gesamtpolitik an deene Beräicher, déi nohalteg op de Respekt vun eiser Ëmwelt ausgeriicht ass. 

Héichschoul, Fuerschung, Kommunikatioun: dëst sinn d’Secteuren, déi driwwer entscheeden, ob e Land an der Modernitéit eens gëtt. Méi Leit, Lëtzebuerger an net Lëtzebuerger, op eng Héichschoul ze kréien an hinne fir d’Liewen a fir den Aarbechtsmaart vun der Zukunft dee beschtméiglechen Diplom mat op de Wee ze ginn, ass eng wesentlech politesch Erausfuerderung. Mir wëlle keng Diplomer verschleideren, mir wëllen dat duerch optimal Begleedung vun de Jonken déi gréisstméiglech Zuel vun hinne soll kënnen op der Uni, hei am Land mä och am Ausland, d’Méiglechkeet zu engem akademeschen Ofschloss kréien. Dat baut selbstverständlech op op e schouleschen Ënnerbau, deem säi Perfectionnement an der leschter Legislatur mat der Reform vun der Grondschoul ugefaangen huet, an deen elo mam Recadrage vum Secondaire virugefouert gëtt. Stëchwuert Kompetenzsockelen. 

An der Fuerschung fanne mer d’Elementer vun der akademescher Diversifikatioun an d’Grondlage fir eng Rei vun eisen wirtschaftlechen Aktivitéiten. Déi siche mer a klassesche Lëtzebuerger Beräicher ewéi der Finanz an dem Droit. Mir sichen se och an den Naturwëssenschaften an an den Zukunftstechnologien, wou beispielsweis d’Leeschtungen an dem Domaine vun der Materialwëssenschaft an den Astieg an d’Biotechnologie weisen, datt esou Saachen och zu Lëtzebuerg kënnen eng villverspriechend Dynamik erreechen. A mir mussen se och verbreedert sichen am Beräich vun de Kommunikatiounen an där hiren Technologien, well dëst Secteure mat genee deem Fortschrëttspotenzial sinn, dat de Kommunikatiounstanduert Lëtzebuerg soll voll ausschäffen kënnen. 

Déi administrativ Vereinfachung gëtt zur weiderer Prioritéit vun der Regierung, an de Staatsminister kritt Arbittesch-Kompetenzen an deem Beräich, fir datt näischt schleeft an net leeft, wat muss virugoen. D’Leit, d’Betriber, déi inlännesch an déi auslännesch Investisseuren, déi eis Economie brauch, verlaangen – an si maachen dat zu Recht- datt am Land vun de kuerze Weeër och verstänneg a verständlech Prozeduren existéieren. Do, wou et déi net oder net méi genuch gëtt, gi se esou ëmgebaut, datt se Sënn maachen. 

De Staat gëtt weider moderniséiert, virun allem um Wee vun der Verfassungsrevisioun, déi gutt virbereet ass, an déi elo muss um legislative Wee weiderbruecht ginn. Och déi legislativ Prozedur gëtt rationaliséiert, an déi onnéideg Längten, déi se heiansdo huet, sollen aus dem Wee geschaf ginn. Wa mer Lëtzebuerg wëllen an Europa an doriwwer eraus an der Welt als Staat an als Land kompetitiv halen, da mussen déi Rechtsnormen, déi mer brauchen, kënne séier an trotzdem sécher gesat an respektiv ëmgesat ginn. 

Ee moderne Stat brauch eng modern Verwaltung. Duerfir ass dës Koalitioun och der Meenung d’Modernisatioun vum Staatsapparat an d’Réforme administrative weidergedriwen muss ginn, opbauend op dat wat an der leschter Period realiséiert konnt ginn. 

Et kennt zu enger Gehälterrevisioun, opgrond vun Propositioune déi d’Regierung wäert maachen. Déi Reform – dat ass bekannt – kann an däerf net derzou féieren, datt den ëffentlechen Déngscht insgesamt méi deier gëtt. Di néideg Verhandlunge wäerten au préalable gefeiert ginn.
Datt d’Ufanksgehälter am ëffentlechen Déngscht net kënnen esou bleiwen, wéi se sinn, liicht deene meeschten an. Och dës Fro wäert di d’Koalitioun ugoen. Och do ginn et préalabel Verhandlungen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären, 

D’Kompetitivitéit vun der Wirtschaft ass en Thema a bleift en Thema, genee wéi hir Diversifikatioun. 

Eis Economie kann an däerf net iwwer dat noutwennegt Mooss eraus belaascht gi mat Saachen, fir déi d’Betriber net do sinn. Dat regele mer an der Rubrik vun der administrativer Vereinfachung. Si däerfen och net d’Gefill kréien, datt se an dësen Zäiten d’Stéifkanner vun der Natioun sinn. Dat gëllt besonnesch fir déi mëttelstänneg Betriber, déi d’Halschent vun allen Aarbechtsplazen am Land stellen – Aarbechtsplazen, déi mer wëllen erhalen. Duerfir brauche se einfach a kuerz Weeër. Si brauchen Ënnerstëtzung, do wou dat néideg ass an do wou dat Sënn mécht, an dat zwar an deem Moss wou et Sënn mécht. Si brauchen Optreeg, a wann déi privat abriechen, muss dat, am Kader vun de Méiglechkeet vum Staat, ëffentlech ofgefierdert ginn. Si brauchen e steierlecht Ëmfeld, dat stëmmt. Si brauche di néideg Krediter vun de Banken a selbstverständlech wäert de Staat och weiderhin, ëmmer am Beräich vu senge Méiglechkeeten d’Innovationskapazitéit vun de Betriber förderen.
D’Finanzplaz huet sech geännert a si wäert sech nach wéider änneren, jo si muss sech weider änneren. Wa mer hier nei oder zousätzlech Orientatioune wëlle ginn, an dat wëlle mer – jo dat musse mer – wa mer eist Land op der Weltkaart vun de grousse Finanzplaze wëllen op der Zäitschinn fest ameessele, da musse mer praktesch all Dag op en Neits innovéieren. Näischt geet vum selwen, an d’Konkurrenz ass äerdeg. Mat neie Produkter, mat neie Geschäftsfelder, mat engem Lëtzebuerger Apport vu Finanzethik, mat akademesch begrënnter a breet gestreeter Kompetenz bleift Lëtzebuerg e leeschtungsstaarke Finanzzentrum, un deem senger Reputatioun an Unerkennung an der Welt mer stänneg kënnen a musse schaffen. Dat ass am iwweregen och d’Aufgab vun dësem Parlament. 

Mir mussen awer och konsequent op Diversifikatioun setzen. Wat den elektroneschen Handel, Medien an Telekom ubelaangt, si mer an Europa zu enger vun deen éischten Adresse ginn an deen leschte Joren. Mir mussen do wieder fueren, well et gëtt an deem Beräich nach vill an interessant Entwécklungspotenzial. Beispill Datenzenteren. Beispill Echotechnologien. Beispill Green IT. Beispill nei Saachen am Beräich Software. Beispill Propriété intellectuelle. Beispill Elektroautoen, an wéider méi. 

Generell gesi gëllt, wat d’Diversifikatioun ubelaangt, dat do wou deen een oder deen aneren vun eisen traditionelle Standuertvirdeeler an den Hannergrond réckelt, musse mer anerer an de Virdergrond stellen. Ech hunn dat virdrun um Beispill vun der Recherche am Zesummespill mat der Wirtschaft illustréiert. Och d’Propriété intellectuelle hunn ech ernimmt. Ech denken awer och nach un aner Virdeeler ewéi eis performant IT-Infrastrukturen, di berühmt kuerz Weeër, di enorm Liewensqualitéit di mer hei zu Lëtzebuerg – trotz Kris an all Schwieregkeeten – hunn an, last but not least denken ech un intelligent, nei Léisungen am Beräich Energie – dat schéngt mer essentiell, jo déterminant ze sinn.

Här President,
Dir Damnen an dir Hären, 

Mir hu vill Atouten, mir mussen se just vläicht e bessechen besser konzeptualiséiern an nach méi konsequent ewéi bis elo no baussen droen.
An dann, Här President, ass dann net ee vun eisen Haaptatouten deen, dat mer et ëmmer erëm fäerdeg bruecht hunn ze innovéieren, nei Geschäftsfelder ze erkunden an nei Modeller ze entwéckelen? Dat hu mer an der Vergaangenheet ëmmer fäerdeg bruecht an ech hu kee Grond ze gleewen dat dës Regierung dat net och an Zukunft géif fäerdeg bréngen. Ganz am Géigendeel. Ech trauen hier vill zou, ganz vill an deem Beräich hei, ewéi an aneren och.

Här President, 

Eng Ried an der Debatt iwwer eng Regierungserklärung ass ni komplett. D’Regierungserklärung selwer, wéi de Staatsminister et gëschter hei sot, ass och de vollstännege Kompendium vu fënnef Joer geplangter Politik. Dee fënnt een a Form vum Koalitiounsaccord, wou mer opgeschriwwen hunn, wat dës Koalitioun am Verlaf vun der neier Legislatur zesumme wëlles huet. 

E puer wesentlech Aspekter dovun wëll ech dach nach sträifen, ier ech zum Schluss kommen. Op se all kann ech net agoen, a wann ech och dat eent oder dat anert hei net beliichten, dann heescht dat net dat et manner wichteg ass, mir hu jo nach bal 5 Joer fir méi ewéi eng Kéier op di verschidden Aspekter vum Koalitiounsaccord zeréckzekommen. 

Lëtzebuerg brauch eng nei Uerdnung vu senger administrativer Kaart. Dat nenne mer Territorialreform. Si setzt sech zesummen aus villen Elementer, déi zesummen e Ganzt erginn, wouduerch Lëtzebuerg als Ganzt méi performant gëtt. 

D’Fro vun de Pensioune musse mer ugoen, net well mer muer e Problem hätten, mä awer iwwermuer. Näischt ze maache, wär deemno irresponsabel, an duerfir muss deen Dossier och an dëser Legislatur, wat seng laangfristeg Ausriichtung ubelangt, geregelt ginn. Dat ass eng kruzial Aufgab vun dëser Koalitioun. 

Ech si kee groussen Expert, Här President, vun der Landwirtschaft, mä eent ass mer kloer: wann déi, déi dofir suergen dat mer eppes uerdentleches ze iessen hunn, fir e Liter Mëllech oder e Kilo Fleesch manner bezuelt kréien, ewéi se mussen an d’Produktioun dervu stiechen, da leeft do eppes zolidd schif. D’Landwirtschaft ass eppes ganz Wesentleches. Ouni si si mer all näischt. Mir mussen deemno heiheem, mä virun allem an Europa, de politesche Worf packen, fir der Landwirtschaft eng éierbar an dauerhaft Revenu’s-Perspektiv ze ginn. Ier mer all Bifdeck an all Jougurt an Europa mussen importéieren, sollte mer et dach hinkréien, eis europäesch Landwirtschaft esou ze organiséieren, datt Baueren – an och d’Wënzer – vun hirer Aarbecht an duerch hir Aarbecht, uerdentlech liewen kënnen. Dat ass de Moment net esou. Dat muss awer esou ginn. 

Déi Jonk sinn d’Zukunft, gëtt dacks gesot. Obwuel de Saz zimlech huelklëngt, stëmmt dës Ausso. Mee déi Jonk si net ëmmer genuch an an alle Facetten op déi Zukunft virbereet, déi si sollen duerstellen. Sie musse sech an dëser Zäit di méi ewéi je vun de Biller geprägt ass, zurecht fannen. Si brauchen eng Perspektiv, déi iwwer den Handy an den iPod vum Moment erausgeet. De Staatsminister huet ugekënnegt, datt e gestäerkten Akzent op Liese geluecht soll ginn. Wee liest, genuch liest, versteet besser, wou en drun ass a wou e kann hikommen. Et gëtt ebe Saachen, déi een a kenger Computerkonsol ka léieren. Saachen, déi een awer brauch, fir am Liewen eens ze ginn, a seng Zukunft kënnen an de Grapp ze huelen. 

Mä, wat fir di eng gellt, gellt, denken ech, och fir di aner. Di eng kennen de Computer, di aner si belies. A wa mer wëllen, dat déi di de Computer kenne, méi beliese ginn, da mussen déi di belies sinn och de Computer besser kennenléieren. Dat wär dach nëmmen normal, denken ech, oder net?

Här President, 

Mir liewen net alleng op dëser Welt. Dat huet d’Kris eis virun Aan gefouert. Et ginn der op der Welt, an et ginn der vill, deenen et onendlech mol méi schlecht geet ewéi ons. Iwwert déi Politik déi sech dorëmmer këmmert dat et hinnen bessergeet, kann ech haut näischt soen. Dat huet perséinlech Grënn. Ech bieden do ëm Verständnis. 

De Staatsminister huet mat Europa opgehalen an senger Ried. Et wëll dat och maachen. Net, well et net wichteg wier, mä well et dee Kader ass dee bal alles ëmfaasst, well et dee Kader ass an deem eis Politik sech ofspillt. D’Europäesch Unioun bedéit zënter 60 Joer Wuelstand a Fridde fir eis. Datt gëtt haut als selbstverständlech ugesinn, an Zäitzéien vun deem waat wuar ginn et der evidenterwéis ëmmer manner. Vill vun de Pappen vun deenen, déi ewéi ech, an den 60er Joeren gebuer sinn, hunn de Krich oder de Schluss dovunner als Kand materlieft. Vill Kanner sinn deemools wuertwiertlech op d’Stroos heeschen gaang fir dat d’Amerikaner hinnen e Stéck Chocolat oder e Stéck Knätsch géife ginn. Ni méi, ni méi dierf dat geschéien. Ni méi solle Kanner mussen op d’Stroos heesche goen fir e Stéck Chocolat oder e Stéck Knätsch ze kréien. Och dat ass Europa, an all ze dacks vergiesse mer dat. Frot emol d’Polen, d’Tschechen, d’Litauer an d’Letten, déi wëssen nach ganz genau waat Ënnerdréckung duerch anerer, vun baussen ass! Mä Europa ass haut, doriwwer eraus, vill méi ewéi dat. Europa ass fir Lëtzebuerg méi, wéi d’Projektiounsfläch vu nationalen Ambitiounen. Et ass dee Raum, als Deel vun deem mir och an der Welt kënnen optrieden. Seng Währung, déi eis ass – den Euro – schützt eis virun de schlëmmsten Auswierkunge vun der globaler Finanzkris. Mir haten zu Lëtzebuerg ënner deene gréissere Parteien nach ni gréisser Differenzen iwwer Europa. Virun allem goufen et där nach nei an enger Koalitioun. Dës Koalitioun huet den europäeschen Engagement, déi europäesch Berufung vu Lëtzebuerg op e Neits bekräftegt. Mir wëllen en Europa, dat efficace ass, dat de Leit déingt, dat sozial a solidaresch wierkt, e politescht Europa, dat zou méi Sécherheet a Stabilitéit bäidréit. Dat ass dat Europa wat mer wëllen, dat ass dat Europa fir dat mer eis wëllen zesumme mat aneren asetzen, an dat ass net nëmmen d’Aufgab vun der Regierung, mä och vun dësem Haus an doriwwer eraus vun all deenen deenen d’Zukunft net egal ass.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären, 

D’Kris meeschteren a Chancen an Opportunitéiten ergräifen, dat ass am Endeffekt dat wat mer an deenen nächste Joer musse maachen. Zesumme kënne mer déi Kris meeschteren, dat ass meng Iwwerzeegung. Mir hunn an der Wahlkampagne vill diskutéiert a geschriwwen, elo geet et drëms ze schaffen, wéider ze schaffen. 

Chancen an Opportunitéiten ergräifen, dat ass dat zweet wat mer musse maachen. D’Leit di hei am Land wunnen a schaffen an d’Lëtzebuerger besonnesch hunn et an der Vergangenheet ëmmer erëm fäerdeg bruecht dës Chancen an Opportunitéiten ze ergräifen. Dat wäert och muer an iwwermuer de Fall sinn, dovunner sinn ech och iwwerzeegt. Un der Politik ass et deen néidege Kader ze setzen. Dat si mer alleguer hei bannen de Leit am Land Schëlleg. Et ass an deem Sënn wou ech hei am Numm vun der CSV-Fraktioun der Regierung eng fair, eng loyal, a konstruktiv kritesch begleedend Partnerschaft ubidden wëll. Et ass och an deem Sënn, Här President, wou ech hei wëll, am Numm vun de Majoritéitsfraktiouen, eng Motioun deposéieren duerch di mer der Regierung d‘ Vertrauen wëllen ausschwätzen.

Ech soen iech Merci. 

Jean-Louis Schiltz, 30. Juli 2009

Seul le discours prononcé fait foi!