De Premier zu de Koalitiounsverhandlungen

Interview mam Premier zu de Koalitiounsverhandlungen op RTL Télé Lëtzebuerg, 8. Juli 2009

Joelle Hengen: 11 Kapitele sinn ofgeschloss a fir e puer Detailer heiriwwer ze kréie begréissen ech elo de Formateur Jean-Claude Juncker nieft mir. Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Joelle Hengen: Gläich 11 Kapitelen alleguerten duerchzehuele wier ze vill. Educatioun ass een dovun, dat interesséiert jiddwereen. No der Grondschoul hutt Dir elo och décidéiert de Secondaire ze reforméieren, do soll de Sproochenunterricht e bëssi nuancéiert ginn. Wat muss ee sech dorënner virstellen?

Jean-Claude Juncker: Dat war an de Wahlprogrammer vun deenen zwou Parteien déi elo matenee verhandelen ugekënnegt ginn, datt no der Reform vun der Grondschoul déi vum Secondaire géif an Ugrëff geholl ginn.

Do ginn et villfälteg Reformen. Eng dovu betrëfft de Sproochenunterricht. Mir sinn der Meenung – dat gëtt eis och konfirméiert vu jiddwerengem dee sech ëm d’Problematik bekëmmert – datt mir net kënne viru fueren, fir en Ofschloss am Secondaire ze kréien, d’Sproochen op deem selwechten Niveau ze beherrschen. Dofir gëtt dat e bëssi méi nuancéiert. Et ass en Ënnerscheed ob ech Jurist wëll ginn, da muss ech d’franséisch Sprooch beherrschen, mä wann ech Ingénieur wëll ginn an an Däitschland studéiere ginn, da muss ech vläicht net esou gutt Franséisch schwätze wéi Däitsch.

Do gëtt also eng gezilte Cibléierung a Richtung besser Préparatioun op d’Universitéitsstudien an d’A gefaasst. Ausserdeem musse mir d’Allgemengbildung op den ieweschte Klasse méi breet maache well haut schonn eng Rei vun Universitéiten, notamment an der Schwäiz, fannen, datt déi lëtzebuergesch Primaner net méi genuch Allgemengwëssen hunn. Mir halen ze fréi op, op eenzelne Sektiounen, mat Naturwëssenschaften, an alles dat muss iwwerpréift ginn.

Joelle Hengen: Grondschoul: war do den Direkter en Thema, hutt Dir Iech doropper geeenegt?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eis drop geeenegt, datt e Bilan gezu gëtt no 3 Joer Grondschoul, mä iwwer dat méi schwieregt Kapitel vum Schouldirekter hu mir net geschwat, dat geschitt an deenen nächsten Deeg. Dat gëtt awer keng dramatesch Diskussioun.

Joelle Hengen: Reliounsunterricht, d’Wäerteunterricht?

Jean-Claude Juncker: Gëtt diskutéiert an den nächsten Deeg, och déi Diskussioune ginn net dramatesch.

Joelle Hengen: En anert Kapitel ass de Mëttelstand. Do wëllt Dir virun allem déi Jugendlech an awer och d’Fraen ënnerstëtzen eegestänneg ze ginn; Dir wëllt do esou eng Zort Coaching aféieren, wat muss een dorënner verstoen?

Jean-Claude Juncker:Dorënner muss ee verstoen, datt mir probéieren, déi Leit déi sech dem Mëttelstand destinéieren oder schonn am mëttelstännege Gewerbe täteg sinn, esou wäit wéi méiglech mat alle méigleche Mechanismen ze suivéieren. Et kënnt eis drop un, datt mir e Statut vum onofhängeg Schaffende maachen. Et kënnt eis iwwerhaapt drop un, datt mir de Mëttelstand, deen e wiesentlecht Réckgrat vun der lëtzebuerger Ekonomie ass, esou staark wéi méiglech an den nächste Joeren developpéieren.

Joelle Hengen: Am Kader vun der Simplification administrative hutt Dir décidéiert, datt all mëttelstännege Betrib bannent 7 Deeg soll eng Autorisatioun kréien.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass eng relativ Evidenz, sauf datt mir se bis elo nach net gemaach hunn. Wann ee wëll e Betrib grënnen, et geet hei ëm d’Autorisatioun fir e Betrib unzefänken, da muss een eng séier Äntwert kréien. Et kann een net dauernd vun der Noutwennegkeet schwätzen, datt d’Leit sech solle selbststänneg maachen, ouni deene Leit och ze hëllefen dat esou séier an esou gutt wéi méiglech kënnen ze machen.

Joelle Hengen: An de Prinzip “keng Äntwert ass eng Äntwer? soll och agefouert ginn?

Jean-Claude Juncker: Dat kucke mir, wa mir dat Kapitel vun der administrativer Vereinfachung méi am Détail duerch hunn. Un dat Kapitel si mir nach net komm.

Joelle Hengen: Dir sidd elo fir d’drëtte Kéier Formateur, ënnerscheeden dës Koalitiounsverhandlunge sech vun deene virechten duerch déi speziell Finanzlag?

Jean-Claude Juncker: Déi Finanzlag déi laascht iwwer deenen Koalitiounsgespréicher. Alles wat mir décidéieren an alles wat Geld kascht, vill méi Geld kascht, steet an dëser Legislaturperiod ënner engem däitleche Finanzéierungsvirbehalt. D’Finanzsituatioune verenge sech ëmmer méi, net nëmmen zu Lëtzebuerg, iwwerall an Europa. Mir ginn op gréisser Budgetsdefiziter zou, esou wéi mir dat iwweregens och an der Wahlcampagne gesot haten, d’Verschëldung hëllt zou, mir musse probéieren dat esou anzegrenzen, datt mir net déi nächst Generatioune mat Scholden iwwerlueden déi déi net méi kënnen zréck bezuelen.

Joelle Hengen: Dir hat gëschter eng Entrevue beim Grand-Duc, do hutt Dir ënner anerem iwwert d’Struktur vun der neier Regierung geschwat. Kënnt Dir eis doriwwer e puer Détailer scho verroden? Gëtt se méi kleng?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mam Grand-Duc doriwwer geschwat.

Joelle Hengen: Mä ee Posten hutt Dir awer scho verdeelt, nämlech sidd Dir Iech haut eens gi fir d’Madame Reding als lëtzebuerger Kommissär ze maachen.

Jean-Claude Juncker: Dat ass jo kee Posten deen zur Regierung gehéiert, mä deen een a Koalitiounsverhandlunge selbstverständlech muss mat uspriechen. Mir sinn eis politesch eens ginn, d’Madame Reding an hirem Mandat ze renouvelléieren. Dat muss och geschéien, well wann d’Madame Reding géif an d’Europaparlament zum Beispill goen, dat décidéiert sech jo muer, dann hätte mir wahrscheinlech bis am November, Dezember kee Kommissär. Dat ass, wann dat e puer Woche sinn, keng grave Situatioun, mä wann dat e puer Méint dauert da wier et eng. Déi politesch Entscheedung musse mir formaliséiere wann déi nei Regierung bis do ass, a wann d’Kommissioun och ee vum Parlament approuvéierte President huet. Richteg ass, datt mir eis op d’Persoun vun der Madame Reding geeenegt hunn.

Joelle Hengen: A wat d’Postëverdeelung heiheem ubelaangt, dat geschitt zum Schluss. Wéi fonctionnéiert dat? Designéiert Dir do d’Leit, stellt een do seng Kandidatur, gëtt dat parteiintern décidéiert?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer schwätzen ech mat dem President vun der CSV a mat dem Här Asselborn, dem Delegatiounschef vun der LSAP, fir ze kucken, wat fir eng Partei kritt wat fir e Ressort. Ech presentéieren deenen 2 meng Virstellunge wéi den Zouschnëtt, d’Kompositioun vun der Regierung soll sinn. An dann diskutéiere mir esou laang bis mir eens sinn.

Joelle Hengen: Wéini, mengt Dir, wier dat?

Jean-Claude Juncker: Dat weess ech net.

Joelle Hengen: Da soen ech Iech Merci fir dës Informatiounen. An dat war et fir eng éischte Kéier dës Woch vum Rousegäertchen, an domat geet et zréck op de Kierchbierg.

Source: RTL Lélé Lëtzebuerg, 8. Juli 2009