“En Erfolleg vun enger lëtzebuerger Promotiouns- an Diversifikatiounspolitik”

De Kommunikatiounsminister Jean-Louis Schiltz am Interview op Télé Lëtzebuerg

Frank Goetz: Wat mécht Lëtzebuerg esou interessant, ausser der TVA?

Jean-Louis Schiltz: Et ass eng ganz Rei vu Facteuren. Et sinn d’Kompetenzen, Äre Reportage huet gewisen, datt mir Nummer eent si wat d’Zuel vun de Leit ass, déi an der IT-Branche, Informatiounstechnologiesbranche schaffen. Mir hunn e regulatorescht Ëmfeld, wat stëmmt. Mir hunn och e steierlecht Ëmfeld wat stëmmt. Mir hunn eng Regierung déi reaktiv ass, receptiv ass, an déi och déi einfach Weeër matgeet mat den Entreprisen. Mir hunn top Infrastrukturen. An da gesi mir ëmmer méi, datt dat wat d’Leit schätzen, déi Liewensqualitéit hei zu Lëtzebuerg. Alles dat mécht ee Mixe an aus deem Mixe kënnt déi Attraktivitéit vum Site eraus.

Frank Goetz: An déi 15% TVA Undeel, dat ass jo och schonn net schlecht?

Jean-Louis Schiltz: Et sinn eng Rei Entreprisen, wou effektiv deemools wéi se komm waren, d’TVA ee vun deene wichtegste Facteuren ass, fir anerer huet et guer keng Roll gespillt.

D’TVA réckelt ëmmer méi a méi an den Hannergrond, wat d’Attraktivitéitsfacteuren ubelaangt, esou datt mir haut och kënne soen, virum Hannergrond vun deenen Infrastrukturen, vun deene villen Entreprisen, Amazon iwwer 100 Leit, PayPal iwwer 50 Leit, Vodafone huet an deene leschten zwee Joer décidéiert sech hei ze etabléieren, déi wäerten Enn der Woch annoncéieren, datt se mat 150 Leit hei sinn, Zentralfonctiounen, Vodafone ass eng vun deene gréissten Handy-Gesellschafte weltwäit, déi maachen hiren Akaf hei vu Lëtzebuerg aus.

Ech mengen dat ass en Erfolleg vun enger lëtzebuerger Promotiouns- a Diversificatiounspolitik.

Frank Goetz: U Vodafone ugeknäppt, déi meeschte Firmaen déi si jo mat hirem administrative Sëtz, oder mat den Administratiounen hei. Fir datt déi och elo méi d’Logistik hei zu Lëtzebuerg benotzen, mir hunn et och héieren, Logistikzentre gi gebaut. Wéi grouss ass déi Chance do?

Jean-Louis Schiltz: Dat eent muss mat deem anere verbonne ginn. Mir hunn an eiser Palette vun de Saachen, déi mir elo kënnen offeréieren, och ëmmer d’Logistik mat dran, quitte datt mir de Leit musse soen, dat dauert vläicht nach e bëssen, mä mir sinn awer schonn en éischte Schrëtt gaangen, an deem mir iwwer déi Datenzentren déi mir gebaut hunn, déi mir elo virun allem och wéinst der Kris nach méi massiv bauen, an deem iwwer dee Wee scho méi massiv och déi technesch Infrastrukturen hei ugesiddelt hunn, dann ass de logesche Schrëtt deen, datt mir och herno am Beräich Logistik eppes fäerdeg bréngen. Et si schonn eng Rei Entreprisen, déi mir gesot, si géife fannen, datt dat géif gutt dobäi passen. Dat ass awer eppes wat net haut geschitt, dat ass eppes, wann dat emol operationell gëtt, d’Regierung huet jo déi Gesellschaft elo mat engem franséische Bedreiwer gegrënnt, och dat ass um gudde Wee.

Frank Goetz: Et gouf jo och schonn dacks gesot, et géifen nei Betriber op Lëtzebuerg kommen. Kënnt Dir haut do schonn e bësse méi soen?

Jean-Louis Schiltz: Ech kann Iech e puer Beispiller ginn:

De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an ech hate Kontakter mat enger amerikanescher Entreprise, déi Makrovision heescht. Déi stellt all déi Informatiounen an déi Technik hier, déi Dir an Ärer Télé huet, oder en Deel dovunner, an an Ärer Télécommande. Déi Entreprise huet virun e puer Joer zwou Gesellschaften hei zu Lëtzebuerg kaaft, war mat 70 Leit hei. Mir hu mat hinne geschwat, déi hunn eis den Accord de principe elo ginn, fir weider hei auszebauen, an och fir d’Mammegesellschaft, datt déi Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg deployéiert .

En anere Groussen aus dem Beräich Medien- an Télékommunikatioun, wou ech Iech den Numm awer net kann nennen, leider, ech bieden do em Verständnis, huet virun e puer Wochen hei eng Gesellschaft gegrënnt, Kontrakter ënnerschriwwen.

Alles dat, Vodafone, Makrovision an anerer mécht, datt déi Attraktivitéit, och wat d’Zentralfonktiounen ubelaangt, ëmmer weider erop geet.

An ech mengen, datt déi Efforten, déi mir gemaach hunn an deene leschte Joeren, hir Friichten droen, woubäi ech net ausschléisse kann, datt et och punktuell Réckschléi ginn. Et ass och eng Branche wou consolidéiert gëtt. De Reportage war ganz optimistesch. De Jeannot Ries huet gesot, en ass éischter net affektéiert, datt der och affektéiert sinn, ass awer och e Fakt, mä et ass awer vun all deene Secteuren ee vun deenen, deen nach am beschte fonctionnéiert.

Frank Goetz: Här Schiltz, villmools Merci fir Äre Besuch haut am Studio.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.

Source: RTL a gouvernement.lu, 11. Mee 2009