de Xorro schreift!

E puer Stonne Steieren bei der DP

E puer Stonne Steieren bei der DP

Méindeg, 20. Abrëll, fréien Nomëtteg: Um „Oppositiounsbriefing“ seet de President vun der DP, Steiererhéigunge wire mat senger Partei net ze maachen – scho guer net an der Kris oder wéinst der Kris. Esou eppes wir Gëft fir d’Konjunktur, an esou virun. Aner Parteien, d’CSV, d’LSAP an déi Gréng wiren e Steierkartell, géint dat just anstänneg Liberaler sech nach géife wieren.

Dënsdeg, 21. Abrëll, owes: De Fraktiounspresident vun der DP seet an der Table Ronde vun de Fraktiounsscheffen nom Staatsminister senger Erklärung zur Lag vun der Natioun, Steiererhéigunge sollt ee just als lescht Mëttel benotzen, wann et dann net méi anescht géing.

Jo, wat dann elo? Steiererhéigungen oder net? An iwwerhaapt: ween huet dann, emol vun der DP ofgesinn, a leschter Zäit eppes vu Steiererhéigunge gesot? Et ass dach droleg: de President vun der Demokratescher Partei schléisst se aus, säi Fraktiounspresident mengt, dat kéint duerchaus emol noutwendeg sinn. Wien op bescht liberal Manéier no alle Säiten op ass, kann net ganz dicht sinn! 

Xorro