De Xorro schreift!

Lecker?

Lo kommen se rëm beieneen, den Asselborn an de Steinmeier. E Méindeg zu Stengefort trëppelt d’LSAP hire Walkampf un, an den Éiregaascht ass de Frank-Walter Steinmeier. Dat kann e spannenden Owend ginn!

Do ass fir d’éischt emol nach déi Affär mam Här Müntefering sengen Zaldoten. Et packt een et zwar net, mee et ass esou: deen huet sech bis haut net fir deen onsäglechen Aussproch entschëllegt! Elo kënnt säi Kanzlerkandidat op Lëtzebuerg. Mir sinn all gespaant, ob deen do eppes zum Thema seet. Virun allem: ob en sech fir säi Parteipresident an deem seng Entgleisung bei de Lëtzebuerger entschëllegt, wann dee selwer dat net fäerdeg bréngt. Däitschland huet eis mat Sanktioune gedreet, wa mer d’Bankgeheimnis net géifen a Fro stellen. Den Ausseminister Asselborn kéint sengem Kolleg Steinmeier jo mol mat Sanktiounen dreeën, wann deen de Müntefering net a Fro stellt. Esou verbal Dérapagen, wéi se eis géigeniwer vun déi Säit der Musel formuléiert ginn, hu mer net néideg! Loosse mer hoffen, datt de Jang dem Frank-Walter dee Message ginn huet, ier se zu Stengefort un de Mikro ginn …

De Steinmeier ka besser kachen, ewéi den Asselborn. Dat hu mer virun e puer Méint bei enger Kachsendung um däitsche Fernseh gesinn. Lo virwëtze mer drop, wat se dann zesummen e Méindeg aus der Kichen zauberen. Mee wat och ëmmer op den Dësch kënnt: hoffentlech steet um Schluss net nees esou eng Aktioun mam Fanger. No de Verwerfunge vun de leschte Méint sollt e méi soberen Ëmgank matenee gefuer ginn. Esou lecker war de Kascht jo net, deen eis a leschter Zäit vun eisen däitschen Noperen zervéiert gouf. Vläicht gëtt dat elo nees anescht. D’Leit zu Lëtzebuerg, an net nëmmen dem Jang seng Sozialistemënschen, wire sécher frou doriwer!

Xorro