Mir brauchen eis konstitutionell Monarchie muer wéi gëschter an haut

Et ass an de leschten Wochen vill iwwer eng vermeintlech institutionell Kris geschwat ginn. Et kennt awer net zu esou enger Kris, well de Premierminister zesummen mat allen Chambersparteien, an am Accord mam Grand-Duc virgeschloen huet, den iwwereelsten Buschtaf vun der Verfassung, där zanter 90 Joer gängeger Verfassungspraxis unzepassen. De leschten Donneschdeg huet d’Chamber bal eestëmmeg der neier Versioun vum Artikel 34 zougestëmmt. Dëse Vote muss awer an dräi Méint nach eng Kéier widderholl ginn. De Parteipresident François Biltgen an der Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert op RTL 92,5, Meindes, de 15. Dezember 2008

Dës Verfassungsännerung huet als eenzegt Zill eppes méiglech ze maachen, wat et haut net ass. Nämlech datt de Grand-Duc als Statschef, deen iwwer de Parteie steet, ka seng Meenung hunn, an datt hie net brauch Akten ze setzen, déi net senger Meenung entspriechen, ouni dofir awer eis parlamentaresch Demokratie ausser Kraaft ze setzen. 

De Grand-Duc kritt kee Pouvoir ewechgeholl, deen en zanter dëm Referendum vum 28. September 1919, dëm eigentleche Gebuertsdatum vun eiser konstitutioneller Monarchie, je exerzéiert hätt. 

Déi lescht institutionell Kris hate mer nom éischte Weltkrich. Si gouf net zulescht duerch den konsequenten Asaz vun der deemoleger Rietspartei, der Virgängerin vun der CSV, geléist. D’Groussherzogin Marie-Adelheid huet zugonschten vun hirer Schwëster Charlotte ofgedankt, an d’Vollek, wat endlech d’allgemengt Stëmmrecht krut, huet sech an engem Referendum däitlech fir eis Dynastie ausgeschwat. 

Eng Dynastie, déi sech zanter hir kloer als konstitutionell Monarchie verstan huet, déi iwwer der Politik steet, sech aus därselwechter eraushält an sech eenzeg an eleng als Garant un der Eenheet an Onofhängegkeet vun Land a Vollek gesäit. Dat war, net nëmmen, mä vrun allem am 2. Weltkrich, en Seegen fir Lëtzebuerg.

Et ass awer net nëmmen déi bal 90jähreg Verfassungspraxis, déi seet, datt d’Gesetzer vun de Volleksvertrieder an net vun Statschef gemeet ginn. Soss wäre mer jo keng parlamentaresch Demokratie wéi eis Verfassung et selwer schreift. Nach aner Artikelen ënnersträichen dëst: d’Souveränitéit läit bei der Natioun an de Grand-Duc ass d’Symbol vun der Eenheet vum Land. Hie kann och fir keen Akt responsabel gemeet ginn, Verantwortung mussen fir hien Regierung a Ministeren iwwerhuelen. 

Allerdéngs entsprécht de Buschtaf vum Grondgesetz, deen nach aus dëm Joer 1868 staamt, net eiser Verfassungspraxis. De Buschtaf seet, de Grand-Duc misst engem Gesetz zoustëmmen, „sanctionner“. An dat ass eben net richteg an net gutt. D’Chamber ass iwwregens zanter 2004 amgaang, eis Verfassung ze entstëpsen an der moderner Zäit unzepassen. Dat gëllt och fir den Artikel 34. Dëm Grand-Duc säin Dilemma koum elo knapp ier d’Chamber souwisou d’Verfassung entstëpst hätt. 

Dës kléng Verfassungsännerung, déi elo mat dem Accord vum Grand-Duc geschitt, mécht et méiglech, dass de Grand-Duc seng Meenung kann hunn, ouni d’Chamber ze blockéieren, an dat ass gutt esou, fir de Grand-Duc a fir eis parlamentaresch Demokratie. Dofir ass dës Reform och kéng déi sech fir oder géint Euthanasie ausdréckt. Dat ass d’Fro vun der Chamber. 

D’CSV ass a bleift géint den Text, deen soll gestëmmt ginn. Mir wäerten alles maachen, dass dësen Text kéng Majoritéit fënnt oder esou ofgeännert gëtt, datt Euthanasie nëmmen an eventuellen extrem schwierege Fäll méiglech wier, wann d’Palliativmedezin net kéint hëllefen. D’Zukunft läit nämlech bei der Palliativmedezin, déi dem Mënsch säi Leiden huele kann, ouni an d’Geforen vun der Euthanasie ze verfalen. Mir hoffen, datt eng Majoritéit vun Deputéierten, sech den Anti-Euthanasie Argumenter uschléissen, déi besonnesch vu philosopheschen a medizinesche Kreeser kommen. Mä mir hunn als Partei kéng Majoritéit an der Chamber. Sollt d’Chamber majoritär d’Euthanasie stëmmen, mussen a wëlle mir als CSV en demokratesche Vote respektéieren.

François Biltgen, Parteipresident, 15. Dezember 2008