Walen an Amerika, de Premier Jean-Claude Juncker am Interview

Walen an Amerika, de Premier Jean-Claude Juncker am Interview “Ech sinn zefridden, well ech et fir ee wichtege Virgang an de Vereenegte Staate vun Amerika halen, datt een Afroamerikaner President vun där grousser Demokratie gëtt. Ech sinn zefridden, well ech esou eppes wéi eng Opbrochstëmmung an de Vereenegte Staate spieren.”

Max Theis: De lëtzebuerger Premier a Chef vum Eurogrupp Jean-Claude Juncker sot gëschter den Agencen no, „wann ech an den USA wier, géif ech den Obama wielen“. Mir sinn elo en ligne mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Gudde Moien.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Max Theis: Här Juncker, ech huelen un, Dir sidd zefridden de Moien?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn zefridden, well ech et fir ee wichtege Virgang an de Vereenegte Staate vun Amerika halen, datt een Afroamerikaner President vun där grousser Demokratie gëtt. Ech sinn zefridden, well ech esou eppes wéi eng Opbrochstëmmung an de Vereenegte Staate spieren. Quitte, datt ech weess, datt an allem neien Ufank ëmmer ee besonneschen Zauber läit, dee mat der Zäit verflitt. Ronderëm gekuckt ass dat doten eng gutt Decisioun déi d’Amerikaner geholl hunn.

Max Theis: Et schéngt ee sech eens ze sinn, datt de Barack Obama eng grouss Kéier muss huelen. En iwwerhëllt eng schwéier politesch Ierfschaft. Wéi grouss muss déi Kéier da sinn an Ären Aen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Saach déi hie mat sech selwer muss ausmaachen an déi d’Amerikaner mat sech selwer mussen ausmaachen. Ech menge, wat elo changéiere wäert, a wat an deene leschten 2 Joer vum President Bush sengem leschten an zweete Mandat och schonn ugefaang huet ze änneren, ass, datt muss Ofkéier geholl ginn vun deem Unilateralismus, vun där Meenung, d’Vereenegt Staaten aleng kënnten decidéieren an diktéiere wat geschitt. Et muss sech beweegt ginn op eng multilateral Weltuerdnung zou, wou een deem aneren nolauschtert. Ech hätt gären, datt d’USA erëm déi USA ginn déi se ëmmer waren. An datt Saache wéi Guantanamo verschwannen, datt Folter am Irak verschwënnt, alles dat wat eist Bild wat mir vun Amerika haten esou staark gedréift huet déi lescht Joren.

Max Theis: Déi transatlantesch Relatiounen, déi hu jo och déi leschte Joere gelidden. Rechent Dir do mat engem Rapprochement? An och, datt d’EU nees als staarke Partner ugesi gëtt?

Jean-Claude Juncker: Am zweete Mandat vum President Bush ass et ee grousse Schrëtt vum Wäissen Haus op Europa hin ginn. Dat geschitt och elo mam President Obama. Woubai d’Europäer musse wëssen, datt deen neie President och Fuerderungen un d’Europäer huet. Wahrscheinlech relativ séier méi europäesch Zaldoten am Afghanistan wëllt hunn. Wahrscheinlech relativ séier d’Europäer zu méi groussen eegenen europäesche Verteidegungsustrengungen opfuerdert. An da kënne mir net méi soen, de Bush hätt gären dëst, de Bush hätt gären dat, an dofir si mir dogéint. Vun deem Moment un wou den George Bush net méi President ass sti mir mat Amerika aleng do. An Amerika huet elo ee staarke President mat enger grousser Ausstrahlung, no banne gedroen vum jonken Amerika, mat enger extrem breeder Zoustëmmung am Rescht vun der Welt. Et gëtt méi einfach mat den Amerikaner, mä et gëtt awer méi ustrengend.

Max Theis: De Barack Obama huet och Fuerderunge finanzpolitescher Natur. En ass kee Frënd vu Bankgeheimnisser a Lëtzebuerg ass och do schonn am Viséier gewiescht. D’Parteipresidente vun CSV an DP hunn sech do schonn hir Suerge gemaach. Gesidd Dir do een Drock op de Grand-Duché duer kommen?

Jean-Claude Juncker: Deen Drock aus Amerika deen hate mir och ennert der Administratioun vum Här Bush. Dat gëtt hei am Land ganz dacks net zur Kenntnis geholl. Déi ugespante Gespréicher déi mir mat der amerikanescher Regierung iwwert d’Bankgeheimnis ze féieren haten, dat war scho beim President Clinton esou. Deen Drock deen ass do, deen ass grouss an Europa, deen ass grouss an Amerika. Mir musse probéiere mat deenen Drockelementer do eens ze ginn. Den Här Obama ass net dee frëndleche Mënsch dee jiddwerengem Recht gëtt. Dat gesäit een an deem Gesetzprojet deen en abruecht huet an deen d’lëtzebuerger Interesse géif ganz staark behënneren. Mä mir kréie Geleeënheet him dat alles richteg ze erkläeren, wéi dat hei zu Lëtzebuerg ass.

Max Theis: Dir hutt vun Opbrochstëmmung geschwat. Wat net schlecht ass an Zäite vu Finanzkrisen. Spiert Dir och do e bësse positiv Repercussiounen. D’Boursen an Asien hunn zum Beispill scho positiv reagéiert.

Jean-Claude Juncker: Ech hale Boursë fir keng rational Arichtungen. Boursë reagéieren een Dag esou an een Dag esou. A wéi se am Laf vum Dag weltwäit wäerte reagéieren dat wësse mir eréischt wann se zou ginn. Ech sinn net deen, deen op d’Bourse stuerkt. Wat mech interesséiert ass d’Realwirtschaft. Wat mech interesséiert ass d’Zahlungsfähegkeet vun de Banken. Déi Aktien erop an erof, dat ass zevill Sport an et ass net seriös genuch fir datt een dat zu engem Gradmesser vu politeschen a vu wirtschaftspolitesche Stëmmungen an Aschätzunge ka maachen.

Max Theis: Eng lescht For nach. De Barack Obama, do huet een d’Impressioun, datt en de Leit erëm Loscht un der Politik gemaach huet, virun allem deene Jonken. Inspiréiert Iech dat och als Politiker?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn ni fonnt, datt et richteg wier fir et anere Politiker no ze maachen. Ech probéiere meng Saache gutt ze maachen, da fannen d’Leit se gutt oder si fannen se schlecht. Mä ech fänken awer elo net un een Aneren ze ginn just well een Anere mat enger anerer Method op enger anerer Plaz de Moment een anere Succès hat.

Max Theis: Mä Loscht ass jo kee Feeler, egal wéi een sech dann uleet.

Jean-Claude Juncker: Dat ass kee Feeler an ech hunn och Loscht op Politik. An ech probéieren nach ëmmer de Leit Loscht op d’Zukunft ze maachen. D’Leit drun ze interesséieren wéi et hei am Land viru geet, wéi et an Europa viru geet, d’Leit dovun ze iwwerzeegen, datt et em d’Zil geet an net ëm déi di Politik maachen. Alles dat bleift, mä dat war nach ëmmer esou.

Max Theis: Här Staatsminister, merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Source: RTL 92,5 an gouvernement.lu, 5. November 2008