Abiergerungsgesetz / Loi sur la nationalité luxembourgeoise 2008

Dat neit “Abiergerungsgesetz” am Interview mam Laurent Mosar

 

Froen un den Här Mosar:

  1. Firwat gouf en neit Abiergerungsgesetz noutwendeg? Pourquoi cette loi était-elle nécessaire?
  2. Wat fir Virdeeler bréngt d’Lëtzebuerger Nationalitéit mat sech? Quels avantages apportent la nationalité luxembourgeoise?
  3. Wat fir en Avantage huet eng duebel Nationalitéit? Quels avantages a une double nationalité?
  4. Wat sinn d’Konditioune fir kënne Lëtzebuerger ze ginn? Quelles sont les conditions pour devenir luxembourgeois?
  5. Wou muss een d’Demande, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, ofginn? Quels documents doit-on joindre à la demande?
  6. Wat fir Dokumenter muss een bei déi Demande bäileeën? Où dois-je déposer ma demande de nationalité luxembourgeoise?
  7. Wien organiséiert déi obligatoresch Sproochentester?
    Qui organise les épreuves d’évaluation de la langue?
  8. Wéi ass et mat de Coursen an Instruction Civique, déi ee suivéiere muss?
    Et les cours d’instructions  civiques?
  9. Ginn et Leit, déi net dierfe Lëtzebuerger ginn?
    Y a-t-il des gens qui ne sont pas autorisés à devenir Luxembourgeois?
  10. Ass d’Sproocheklausel am Gesetz nei?
    La clause linguistique de la loi est-elle nouvelle?
  11. Wat fir ee Niveau ass bei deenen Tester verlaangt?
    Quels niveaux de compréhension sont exigés lors du test?
  12. Firwat gëtt eigentlech esou vill Wäert op Lëtzebuergesch Kenntnisser geluecht?
    Pourquoi met-on tellement de valeur sur la  connaissance de la langue luxembourgeoise?
  13. Muss jiddereen, déi Sproochentester man an d’Cours’en an der Instruction civique beleeën?
    Toute personne désirant devenir luxembourgeois doit-elle passer l’épreuve d’évaluation de la langue et assister aux cours d’instruction civique?
  14. Kritt jiddfer auslännesche Matbierger, dee wëllt Lëtzebuer ginn, automatesch di duebel Nationalitéit?
    Une personne demandant la nationalité luxembourgeoise, reçoit-elle automatiquement la double nationalité?
  15. Wéivill Nationalitéiten kann ee kréien?
    Combien de nationalités différentes peut-on avoir?
  16. Kann een sech iwwerall do, wou een d’Nationalitéit huet, un de Wale bedeelegen?
    Si on a la double nationalité, est-ce qu’on peut participer également à plusieurs élections?
  17. Gestinn all Länner op der Welt d’duebel Nationalitéit zou?
    Est-ce que tous les pays du monde acceptent la double nationalité?
  18. Ass een an Zukunft automatesch Lëtzebuerger, wann een hei am Land op d’Welt kënnt?
    Est-ce qu’on est d’office Luxembourgeois, si on est né au Luxembourg?
  19. Wat fir Léisungen ginn et fir déi Matbierger, déi eng Demande fir Lëtzebuerger ze ginn, um  Intanzewee hunn?
    Quelles solutions sont envisagées pour les concitoyens non-luxembourgeois qui ont déjà entamé la procédure pour acquérir la nationalité luxembourgeoise?
  20. Wou gët een déi Demande of a wie befënnt dodriwwer?
    Où est-ce qu’on peut introduire la demande? Qui est responsable pour l’examiner?
  21. Iwwerdréit di nei Nationalitéit sech automatesch op Familjememberen?
    Est-ce que la nouvelle nationalité se reporte automatiquement sur les membres de la famille du requérant?
  22. Wat fir eng Roll spillt d’familiär Situatioun vun deem, deen eng Demande stellt?
    Quel rôle revient à la situation familiale de la personne qui a introduit une demande?
  23. Wéi schätzt d’CSV d’Wichtegkeet vun deem neie Gesetz an?
    Quelle importance, le CSV accorde-t-il à la nouvelle loi?
  24. Kann een als Lëtzebuerger och d’Nationalitéit vun engem anere Staat unhuelen an dobäi Lëtzebuerger bleiwen?
    En tant que Luxembourgeois, est-ce qu’on peut acquérir une autre nationalité et garder en même temps sa nationalité d’origine?
  25. Wann ech méi wéi eng Nationalitéit hunn, wat fir e Pass muss ech da weisen?
  26. Wat kann ee man, wann een mat der Decisioun vum Justizminster net averstanen ass?
    Qu’est-ce qu’on peut faire si on n’est pas d’accord avec la décision du ministère de la justice?

 

1. Firwat gouf en neit Abiergerungsgesetz noutwenneg?

Firwat also dat Gesetz? Mir liewen am Moment an engem Land wou mer elo schon méi wéi 40 % Auslänner hun. Wann ech nëmmen hei d’Situatioun vun  der Stad Lëtzebuerg kucken, do si mer scho bal 62 % Auslänner a 40 % Lëtzebuerger. Wann een  d’Situatioun um Aarbechtsmaart kuckt, dann ass et elo schon esou, dass ons auslännesche Matbierger an der Majoritéit sinn, well do hu mer 60 % Auslänner an 40 %  nach just Lëtzebuerger. Et ass awer esou, dass alleguerten dës auslännesche Matbierger, déi hei wunnen, déi hei schaffen, deenen hir Kanner hei an d’Schoul ginn, hier Steieren hei bezuelen, am Moment kee Matsproocherecht um legislativen Niveau hun, wat keng gesond Situatioun ass, well doduerch en Décalage riskéiert ze entstoen, tëschend deem groussen Undeel, deen dës auslännesche Matbierger un dem wirtschaftleche Succès vun eisem Land hunn, an awer op der anerer Seit eng Sous-Représentatioun um Niveau vun de politeschen Decisiounen. Dës ass wéi gesot eng ongesond Situatioun. Well et awer wichteg ass, dass een net nëmmen déi Leit hei zu huet, well een hir Aarbechtskraft benéidegt, awer et ass och wichteg, dass déi Leit un der politescher Decisioun deel huelen. An dofir huet d’Regierung ganz am Ufank vun dëser Legislaturperiod decidéiert, e Gesetz zur lëtzbebuergescher an domat zur duebeler Nationalitéit op den Instanzewee ze ginn.

A Luxembourg vivent actuellement plus de 40% d’étrangers. Tous ces étrangers n’ont pour l’instant pas le droit de vote, bien qu’ils vivent et travaillent  au Grand-duché. Cette situation n’est pas saine pour notre société, car elle ne reflète pas la réalité. Nous estimons qu’il est important qu’un maximum de citoyens puisse participer à la prise de décisions politiques.
C’est pour cette raison que le gouvernement a pris la décision de modifier la loi sur la nationalité luxembourgeoise en introduisant le principe de la double nationalité

2. Wat fir Virdeeler bréngt d’Lëtzebuerger Nationalitéit mat sech?

Fir d’alleréischt natierlech, wann een d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet, kritt een domadder automatesch d’Walrecht fir d’legislativ Walen. Bei eis am Land ass et jo dann och esou, dass dat Walrecht esouguer eng Walpflicht ass, an deem Sënn, dass jiddereen, deen d’Lëtzebuergesch Nationalitéit huet, muss zu de Chamberwale wiele gon. Dee selwechten huet natierlech och d’Recht, Kandidat fir déi Chamberwalen ze sinn. Domadden huet een also an Zukunft als Lëtzebuerger d’Méiglechkeet, sech aktiv um politesche Liewen ze bedeelegen. En zweeten groussen Avantage, deen een huet, wann ee Lëtzebuerger ass, ass deen, dass ee kann sech mellen, fir an d’öffentlech Funktioun schaffen ze gon. Dat heescht, jidder Lëtzebuerger huet d’Recht, wann en natierlech nach all di aner Konditiounen erfëllt, seng Kandidatur ze stellen, fir bei de Staat oder bei d’Gemenge schaffen ze goën.

Tout d’abord le droit de vote actif et passif aux élections législatives du Grand-duché de Luxembourg.
Un autre avantage est le droit d’accès à la fonction publique.

3. Wat fir en Avantage huet eng duebel Nationalitéit?

Mat deen ass natierlech deen, dass ee vun de Virdeeler, déi eng Nationalitéit gëtt – an ech hu virdru gesot, wat fir eng Virdeeler déi vun der lëtzebuergescher Nationalitéit sinn – een och nach kann vun de Virdeeler vun enger anerer Nationalitéit profitéieren. An haut an engem Europa vu 27 Länner kann et natierlech vu Virdeel sinn, wann een niewend dem lëtzebuergeschen Pass och nach de portugieseschen oder italiéinesche Pass huet, wou een dann och an deene Länner d’Walrecht huet.

Chaque nationalité comprend des droits et des obligations. Un citoyen qui possède plusieurs nationalités peut pas conséquent profiter de tous les privilèges que comporte ses nationalités.

4. Wat sinn d’Konditioune fir kënne Lëtzebuerger ze ginn?

Et muss ee 7Jor de façon permanente hei am Land geliewt hunn, fir kënne seng Demande ze stellen.  Allerdengs well ech hei direkt derbäifügen, dass di Prozedur, déi elo am neie Gesetz festgeschriwwe ginn ass, wesentlech méi kuerz ass, wéi déi Prozedur, wéi mer se bis elo kannt hunn. Am Moment ass et esou, dass een huet missen zwee bis dräi Jor, an oft iwwer dräi Jor waarden, ier een da schlussendlech de Vote vun der Chamber kritt huet, deen een zu engem Lëtzebuerger gemaach huet. An Zukunft wäerten dat nach maximal 8 Méint sinn, wat dann heescht, dass een haut no 7Jor Residenzdauer a spéitestens 8 Méint d’Lëtzebuerger Nationalitéit ka kréien.

Il faut avoir vécu de façon continue pendant 7 années au Luxembourg avant de pouvoir  poser sa candidature. La procédure de naturalisation dure au maximum 8 mois. Ce qui signifie, que la période globale pour acquérir la nationalité est de 7ans et 8 Mois.

5. Wou muss een d’Demande, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, ofginn?

Dat ass a sech eng ganz einfach Prozedur an do ennert och näischt par rapport zu der aktueller Situatioun. Déi Demande muss ech bei där Gemeng era ginn, wou ech mäin Haaptwunnsëtz hunn. Dat heescht, wann ech z. B. hei an der Stad Lëtzebuerg wunnen, muss ech ech op d’Stater Gemeng gon, fir meng Demande anzereechen. Ech well och nach hei präziséieren, fir och op aner Froen ze entweren…

L’intéressé doit joindre à la demande de naturalisation les pièces suivantes:

  • l’acte de naissance du demandeur et, s’il y a lieu, l’acte de naissance de ses enfants;
  • une notice biographique rédigée avec exactitude : le demandeur doit remplir un questionnaire;
  • un certificat constatant la durée de la résidence obligatoire, délivré par les communes dans lesquelles l’étranger a séjourné pendant le temps de sa résidence obligatoire dans le pays;
  • une copie certifiée conforme du passeport du demandeur, respectivement pour le demandeur, reconnu au Luxembourg comme réfugié au sens de la Convention de Genève du 28 juillet 1951 relative au statut des réfugiés, un certificat attestant cette qualité délivré par l’autorité compétente;
  • un extrait du casier judiciaire luxembourgeois et un document similaire délivré par les autorités compétentes du pays d’origine et des pays de résidences précédentes dans lesquels le demandeur a résidé à partir de l’âge de 18 ans pendant les 15 années qui précèdent l’introduction de la demande;
  • un certificat de réussite de l’épreuve d’évaluation de la langue luxembourgeoise parlée;
  • un certificat de participation aux cours d’instruction civique luxembourgeois.

Toutes ces pièces sont indispensables afin de poser sa candidature.

6. Wat fir Dokumenter muss ee bei déi Demande bäileeën?

Ech muss bei déi Demande all déi Piècen derbäi leeën, déi ënnermaueren, dass ech all déi Konditiounen erfëllen, wéi se am Gesetz virgesinn sinn: dat heescht zum Beispill muss ech de Certificat vum Centre des Langues bäileeën, dee beweist, dass ech mäin Test de Langues bestanen hunn. Ech muss och eng Attestatioun derbäi leeën, dass ech d’Civiques-Cours’en suivéiert hunn. Ech betounen och nach, dass et wichteg ass, dass bei där Demande all Piècen derbäi leien, well soss kann dee Gemengebeamten, dee meng Demande soll an Empfang huelen, déi Demande guer net kann an Empfang huelen, wann och nuren eng Pièce feelt. Dat heescht, ech si gutt beroden, iert ech mech op der Gemeng presentéieren, mech ze vergewësseren, dass ech och all Piècen derbäi hunn.

La demande de naturalisation est à introduire par écrit auprès de la commune de résidence.

7. Wien organiséiert déi obligatoresch Sproochentester?

Och do ass d’Entwert ganz einfach. Et ass just de Centre des Langues, deen a sech autoriséiert ass, déi Testen ze organiséieren, dat heescht mellt Iech an informéiert Iech beim Centre des Langues, do kritt der och gesot, wéini a wou déi Tester organiséiert ginn. Et ass allerdéngs esou, dass déi Tester net nëmmen hei an der Stad organiséiert ginn, mais duercht d’ganzt Land. Dat heescht, déi Leit, déi vläicht am Norde vum Land wunnen, hun och d’Méiglechkeet do hiren Test ofzeleeën. 

Le Centre des langues est la seule institution  autorisée à organiser ces tests. Le centre des langues vous informera sur le lieu et la date des cours et des épreuves, qui sont organisés à travers tout le pays.
Pour plus d’informations:
www.cll.lu ou le 26 44 30-1

8. Wéi ass et mat de Coursen an Instruction Civique, déi ee suivéiere muss?

Dat selwecht gëllt och fir d’Civiques-Cours’en. Déi ginn och iwwert d’ganzt Land organiéiert. A fir sech doriwwer ze informéieren, wou déi Cours’en organiséiert ginn, soll ee sech un de MInistère vun der Education Nationale adresséieren. Do kritt een de Programm an d’Plazen, wou déi Civiques-Cours’en organiséiert ginn. Ech wëll elo nach eng Kéier betounen, dass ee muss dräi Civiques-Cours’en suivéiert hunn. Dat ass de Minimum wéi en am Gesetz virgeschriwwen ass. Nach eng Precisioun, sowuel zum Test wéi zu de Civiques-Cours’en: déi Tester a Cour’sen ginn elo schon organiséiert, d.h. et brauch een net  ze waarden bis den 1. Januar, wou dat Gesetz a Kraaft trëtt, mais et kann een elo schon déi Tester an déi Cours’en man, esou dass een dat prett ass den 1. Januar, wann d’Gesetz a Kraaft trëtt, fir seng Demande eranzereechen.

Le ministère de l’éduction nationale organise ces cours qui ont lieu à travers tout le pays. Il faut suivre au minimum 3 cours afin de recevoir l’attestation. Les intéressés pourront d’ores et déjà participer aux cours, et cela avant l’entrée en vigueur de la loi.

9. Ginn et Leit, déi net dierfe Lëtzebuerger ginn?

Dat ass eng Fro, déi ech gestallt kritt hun, an och do ass d’Gesetz ganz klor, an deem et seet: Jiddfereen, deen zu enger Prisongsstrof condamnéiert ginn ass, déi méi héich wéi ee Jor feste Prisong ass, dee  kann net Lëtzebuerger ginn. Et ass och egal, op déi Strof vun engem Lëtzebuerger Geriicht oder vun engem Geriicht aus dem Ausland prononcéiert ginn ass. Déi eenzeg Oplag ass déi, wann déi Prisongsstrooff méi al ass wéi 15 Jor, dann zielt se nët méi, d.h. da kann een trotzdeem eng Demande man fir Lëtzebuerger ze ginn.

Toute personne ayant été condamnée par un tribunal luxembourgeois ou autre, à une peine de prison supérieure à une année ne peut devenir luxembourgeois. La loi prévoit une exception si la peine remonte à plus de 15 ans.

10. Ass d’Sproocheklausel am Gesetz nei?

Do wëll ech nach eng Kéier an Erënnerung ruffen, dass mer elo schon am Gesetz  vun 2001 eigentlech en Konditioun hunn,  déi beseet, dass ee mindestens eng vun deenen dräi offizielle Sprooche muss kennen, dat heescht Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch, mais op jidderfall muss een awer e Minimum u lëtzebuergesche Kenntnisser hun. Dës Dispositioun ass elo an deem neie Gesetz preciséiert ginn, an deem gesot gët, wéi héich d’Kenntnisser am Lëtzebuergesche musse sinn a wéi déi Kenntnisser kontrolléiert ginn, nämlech duerch en Test, dee vum Centre des Langues organiséiert gët, wéi ech dat jo virdru scho gesot hun.

Dat ass en Niveau A2 wat d’Schwetzevun der Sprooch ugeet. Dat ass u sech deen zweet niddregsten Niveau, deen et an der Sproocheformatioun gët. Beim Verstoen ass et een Niveau méi héich, nämlech de B1. Wat heescht dat elo A2 a B1? Dat heescht eigentlech nëmmen dat, dass een esou vill Lëtzebuergesch muss verstoen a schwetzen, dass een zum Beispill d’Noochriichten um Radio oder op der Televisioun versteet, dass ee mat séngen Noperen, mat sénge Frënn, sénge Bekannten e ganzt normalt Gespréich a Lëtzebuerger Sprooch ka féieren. Ech präziséieren och nach do derbäi, dass et hei nëmmen drëm geet, e mëndlechen an net e schrëftlechen Test ofzeleen.

La loi sur la nationalité luxembourgeoise de 2001 prévoit que toute personne voulant accéder à la nationalité luxembourgeoise, est obligée de connaître au moins une des 3 langues officielles du pays, càd le français, l’allemand ou le luxembourgeois.  En outre il faut avoir une connaissance minimale de la langue luxembourgeoise. Le niveau de compréhension, ainsi que les modalités de l’épreuve, sont précisés  est dans la nouvelle loi.

11. Firwat gëtt eigentlech esou vill Wäert op Lëtzebuergesch Kenntnisser geluecht?

Do wëll ech a sech zwou Entwerte ginn. Déi éischt wier emol, dass ech fannen dat dat déi normalste Saach vun der Welt ass, dat wann een d’Nationalitéit  vun engem Land gären hätt, een och e Minimum vu Sproochekenntnisser vun där Sprooch vun deem Land huet, an ech hu bis elo och nach keng eenzeg Legislatioun, weder an Europa nach ausserhalb vun Europa fonnt,  vun engem Land, dat net drop insistéiert, dass een och d’Sprooch vun deem Land schwetzt, fir och kënnen d’Nationalitéit vun deem Land ze kréien. En zweet Argument ass dat, an ech hunn jo och scho virdrunn ënnerstrach, dass wann een d’Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, een domat automatesch d’aktivt an d’passivt Walrecht fir d’Chamber walen kritt.  A wéi all Leit, déi sech schon hei am Land mat engem Walkampf beschäftegt hu, wëssen, ginn all Campagnen zu engem groussen Deel a Lëtzebuergescher Sprooch ofgehalen. An do ass ganz einfach déi Fro, déi sech opdrängt: wéi wëllt ee sech un enger politescher Campagne bedeelegen, dat verstoen, wat déi verschidde Parteien de Leit virschlon, wann een net e Minimum u lëtzebuergesche Kenntnisser huet? An domat mengen ech, ass et besonnesch hei zu Lëtzebuerg wichteg, dass ee Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch huet. Ech präziséieren: nëmme mëndlech Kenntnisser. Hei gët nët vun de Kandidate verlaangt, dass se en Aufsatz a Lëtzebuerger Sprooch kënne schreiwen.

Tout d’abord, il est légitime, d’exiger de quelqu’un qui désire acquérir la nationalité d’un pays de connaitre la langue officielle du pays. Ceci est le cas dans pratiquement tous les pays de l’Europe et du monde. Etant donné, que la nationalité entraîne le droit de vote obligatoire, il est important d’avoir une certaine connaissance de la langue afin de se retrouver dans la campagne électorale qui se déroule presque exclusivement dans la langue luxembourgeoise.

12. Muss jiddereen déi Sproochentester maachen an d’Coursen an der Instruction civique beleeën?

Dat wat och ganz vill Leit beschäftegt, ass déi Fro, ob et da keng Ausnahme-Regelungen zu der Sproochekonditioun an zu der Konditioun vun de Civiques-Cours’e gëtt. An do ass d’Entwert ganz klor: jo et ginn zwou Ausnahme-Bestëmmungen. Déi éischt betrëfft déi Leit, déi hei Minimum 7 Jor an d’Schoul gaange sinn. Déi brauchen weder d’Sprooche-Konditioun nach d’Konditioun vun de Cours d’Instruction Civique ze erfëllen. Zweet Ausnahme-Bestëmmung betrëfft all déi Leit, déi virun 1984 bei eis an d’Land komm sinn. Och déi Leit brauchen dës Konditionen nët ze respektéieren. An dat aus engem ganz einfach Grond, nämlech deen, dass et virun 1984 nach keng Unerkennung vun der Lëtzebuergescher Sprooch als Nationalsprooch ginn huet, respektiv well et deemols iwwerthaapt nach Offer vu Cours’en a lëtzebebuergescher Sprooch an engem genügende Mooss ginn huet.

Non. Il existe deux exceptions:

  • La première s’adresse à toute personne ayant passée au minimum 7 années de sa scolarité dans une école luxembourgeoise reconnue par le ministère de l’éducation nationale luxembourgeoise.
  • La deuxième est faite aux personnes arrivées au Grand-duché avant le 31/12/1984.

13. Kritt jiddfer auslännesche Matbierger, dee wëllt Lëtzebuerger ginn, automatesch di duebel Nationalitéit?

An do wëll ech dann nach eng Kéier ënnersträichen, dass et noutwendeg ass, dass ee muss kucken, op et an deem Land, aus deem ee kënnt, méiglech ass, och nach eng aner Nationalitéit ze hunn. Well de System vun der duebeler Nationalitéit funktionéiert nämlech nëmmen, wann en an deene verschiddene Länner vun den Legislatiounen erméiglecht gët. E konkret Beispill: wann ech elo zum Beispill e portugiesesche Matbierger huelen, dee wëllt Lëtzebuerger ginn, kann deen och séng portugiesesch Nationalitéit bäibehalen? Hei ass d’Entwert ganz klor jo: mais well a Portugal déi duebel Nationalitéit erlaabt ass. Ech huelen en anert Beispill, dat vun Holland. Holland gesäit net d’duebel Nationalitéit vir fir seng eege Bierger. Dat heescht, en Hollänner, deen hei am Land liewt, kann natierlech d’lëtzebuergesch Nationalitéit unhuelen, muss awer seng hollännesch Nationalitéit ofginn, well d’hollännesch Legislatioun dat eben net virgesäit.  Am Prinzip ass et esou, dass am Moment d’Halschecht vun den Uniounslänner déi duebel Nationalitéit unerkennen, an do ass et dann och méiglech, dass een d’duebel Nationalitéit dee Moment kann ufron.

Il est absolument nécessaire de se renseigner auprès de l’ambassade du pays d’origine, avant de déposer sa demande de naturalisation. Certains pays continuent d’interdire la double nationalité de sorte qu’un ressortissant de ces pays devra en principe renoncer à sa nationalité d’origine afin d’acquérir la nationalité luxembourgeoise.

14. Wéivill Nationalitéiten kann ee kréien?

Ech huelen elo en italiéinesche Matbierger, dee mat enger Portugiesin bestued ass a si kréien e Kand zu Lëtzebuerg. Wat fir Nationalitéiten kann dat Kand an Zukunft kréien? Do ass d’Entwert och ganz klor: dat Kand kann am Prinzip dräi Nationalitétien hunn, nämlech de italiéinesch, de portugiesesch an di lëtzebuergesch.

Il est absolument nécessaire de se renseigner auprès de l’ambassade du pays d’origine, avant de déposer sa demande de naturalisation. Certains pays continuent d’interdire la double nationalité de sorte qu’un ressortissant de ces pays devra en principe renoncer à sa nationalité d’origine afin d’acquérir la nationalité luxembourgeoise.

15. Kann een sech iwwerall do, wou een d’Nationalitéit huet, un de Wale bedeelegen?

Och hei ass d’Situatioun relativ einfach an deem Sënn, dass wann een zwou Nationalitéiten huet, een och d’Rechter an d’Pflichten vun deenen zwou Nationalitéiten huet. Dat heescht, et kann een an deenen zwee Länner wiele gon an et kann een sech och zur Wal stellen.  Ech wëll nach eng Kéier präziséieren, wat d’Situatioun zu Lëtzebuerg betrëfft: hei am Land hu mer d’Walpflicht, an deene allermeeschten europäesche Länner hu mer nëmmen d’Walrecht, wat dann och an der Praxis bedeit, dass een zu Lëtzebuerg muss wiele goen, an Italien an a Portugal awer nure kann wiele goen.

Oui, parce qu’on a les droits et les obligations des deux nationalités. Concrètement, ca veut dire qu’on peut participer ou se présenter aux élections dans différents pays. Il y’a lieu de souligner qu’au Luxembourg, le vote est obligatoire, contrairement à la majorité des autres pays européens. Si on est Luxembourgeois, on doit aller voter.

16. Gestinn all Länner op der Welt d’duebel Nationalitéit zou?

Elo ass et natierlech fir mech ganz schwéier, déi legislativ Situatiounen vun alle Länner op dëser Welt ze kennen. Mir hun am Moment 180 Länner plus ou moins. Dofir wären all Leit, déi eng aner Nationalitéit hunn, gutt beroden, sech bei hirem Konsulat oder hirer Ambassade ëmmer neess ze informéiren, fir ze kucken, ob an hirem Land och d’Méiglechkeet vun der duebeler Nationalitéit besteet, fir och ze evitéieren, dass wann se hei d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufron, dass se eventuell hei eng béis Surprise kréien, an deem se dann hier eegen Nationalitéit ewech geholl kréien.

Il m’est difficile de connaître la situation juridique de chaque pays. Nous comptons à l’heure actuelle 180 pays environ. Ainsi, je recommande à toutes les personnes intéressées de s’adresser à leur ambassade ou consulat et de s’informer si, oui ou non, leur pays d’origine accepte la double nationalité, ceci afin d’éviter de mauvaises surprises, comme par exemple la perte de la nationalité d’origine au moment de l’acquisition de la nationalité luxembourgeoise.

17. Ass een an Zukunft automatesch Lëtzebuerger, wann een hei am Land op d’Welt kënnt?

Wat get also an Zukunft elo geännert? Dat wäert an Zukunft elo esou sinn, dass e Kand, vun deem een Elterendeel hei zu Lëtzebuerg gebuer ass, automatesch an de Genoss vun der lëtzebuergescher Nationalitéit kënnt. Fir och hei e praktescht Beispill ze ginn: eng Portugiesin, déi mat engem franséische Staatsbierger bestued ass, wou de franséische Staatsbierger hei op d’Welt komm ass, deenen hiert Kand gët automatesch Lëtzebuerger ouni mussen duerch di ganz Prozedur ze lafen an d’lëtzebuergesch Nationalitéit unzefron.

A partir du 1er janvier 2009 un enfant, dont un des parents est né au Luxembourg, est Luxembourgeois. Pour donner un exemple pratique: L’enfant d’une ressortissante portugaise mariée à un ressortissant français, né au Grand-duché, sera luxembourgeois.

18. Wat fir Léisungen ginn et fir déi Matbierger, déi eng Demande fir Lëtzebuerger ze ginn, um  Intanzewee hunn?

Lo ass et jo esou, dass nach eng Rei Bierger eng Demande unhängeg hunn, déi net méi wäert kënne vun der Chamber nach ugeholl ginn, well eben elo dat neit Gesetz an deenen nächsten Wochen a Méind wäert a Kraaft trieden. Wéi ass also elo d’Situatioun vun deene Leit? Déi ass eigentlech och relativ einfach. Déi Leit hunn eigentlech zwou Optiounen. Déi éischt Optioun ass, dass se einfach hier Demande virulafe loossen. Dat bedeit allerdéngs, dass d’Prozedur wäert no dem neie Gesetz lafen, d’Konditiounen awer vun deem neie Gesetz festgehale ginn, dh. wat d’Residenzdauer an d’Sproocheklausel betrëfft, ass et dat aalt Gesetz wat spillt, awer et ass de Justizminister, deen iwwert déi Demande statuéiert. Déi Leit mussen och wëssen, dass wann si hier Demande einfach viru lafen loossen, kommen se net an de Genoss vun der duebeler Nationalitéit, well jo nach den alen Text spillt, no deem een huet missen op seng al Nationalitéit verzichten, fir kënnen déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Déi kréien awer herno d’Méiglechkeet, déi al Nationalitéit, op déi se hu missen verzichten, erëmzefron. Di zweet Optioun, déi dës Bierger awer hunn, ass ze son, mir verzichten op eis Demande an stellen eng nei Demande den 1. Januar, wann d’Gesetz a Kraaft trëtt. Allerdéngs mussen déi Matbierger da wëssen, dass dat neit Gesetz gëlt, esouwuel wat d’Residenzdauer wéi déi aner Konditiounen betrëfft, laut neiem, net méi laut alem Gesetz. Déi Bierger, déi also  wëllen vun där neier Prozedur profitéieren, wäerten dann natierlech och vun där duebeler Nationalitéit profitéieren.

Comme la nouvelle législation entre en vigueur pour le 1er janvier 2009, la Chambre des Députés ne peut plus se prononcer sur un certain nombre de demandes. Comment se présente alors la situation de ces citoyens? Elle est assez facile dans la mesure où les concitoyens concernés ont le choix entre deux options. Dans le premier cas de figure, ils poursuivent leur demande. La procédure sera alors celle de la nouvelle loi, tandis que les conditions requises (clause de résidence, conditions linguistiques) seront celles de l’ancienne loi. En fin de compte, c’est en principe le ministère de la justice qui décide sur la suite à donner. Par ailleurs, le requérant qui décide de poursuivre la procédure, ne pourra pas avoir la double nationalité. Or, les concitoyens concernés auront la possibilité de recouvrer leur nationalité d’origine.

La deuxième possibilité qui s’offre aux concitoyens dont la demande est en cours d’examen, consiste à introduire une nouvelle demande à partir du 1er janvier 2009 (date d’entrée en vigueur de la nouvelle loi). Or, les concitoyens qui font ce choix doivent savoir que leur demande sera examinée sur la base de la nouvelle loi (clause de résidence, condition linguistique). A ce moment, ils peuvent également bénéficier de la double nationalité.

19. Wou gëtt een déi Demande of a wie befënnt dodriwwer?

Ech hunn et virdru scho gesot. An e fir sech changéiert näischt, wat d’Demande selwer ubetrëfft. Déi get nach wéi vor un d’Gemeng adresséiert, do wou ee wunnt. Dat wat allerdéngs ennert, ass dass déi Demande direkt bei de Justizminister geet, Justizminister, deen sech an engem Délai vu maximal 8 Méint iwwert déi Demande muss ausdrécken, d.h. dee muss also spéitestens innerhalb vun 8 Méint eng Decisioun iwwert déi Demande huelen. Et ass also elo net méi esou, wéi dat bis elo nach de Fall war, dass déi Demande fir d’éischt nach muss bei den Distriktskommissär, an di zoustänneg Gemeng, bei de Staatsrot a schlussendlech bei d’Chamber gon, mais et ass just eleng de Justizminister, deen an Zukunft wäert iwwert déi Demanden do tranchéieren.

Pour ce qui est de l’introduction de la demande, rien ne change en principe. La demande est à introduire auprès de la commune de résidence du demandeur. Ce qui change par contre est le fait que la demande sera transmise immédiatement au ministère de la justice qui est obligé de trancher sur la demande dans les huit mois qui suivent. La demande ne passe donc plus par les mains du  commissaire de district, ni par la commune concernée, le Conseil d’Etat et la Chambre des Députés. C’est exclusivement le ministère de la justice qui sera compétant de trancher sur la demande.

20. Iwwerdréit di nei Nationalitéit sech automatesch op Familjememberen?

Dës Méiglechkeet ass am neie Gesetz net virgesinn, well eigentlech d’Recht eng Nationalitéit ze kréien, en individuellt Recht ass, dat heescht e Recht, wat jiddfer Bierger selwer gehéiert an net automatesch kann op Familjememberen ausgedehnt ginn.

Oui, en principe sur les enfants mineurs du requérant, à l’exclusion des tous les autres membres de la famille.

21. Wat fir eng Roll spillt d’familiär Situatioun vun deem, deen eng Demande stellt?

Et ass an Zukunft egal, ob ee bestued, gescheed, gekummert, gepacst ass, jiddfereen get an Zukunft d’selwecht behandelt, well jiddfereen ass gläich. Bis elo ware mer an enger Situatioun, déi net ëmmer gerecht war, well di bestuete Leit privilegéiert gi sinn vis-à-vis vun all deenen, déi net bestued waren an do huet de Legislateur menger Meenung no zu Recht gesot, hei misst an Zukunft jiddfer Bierger d’selwecht behandelt ginn. Dat heescht, een deen e Lëtzebuerger wëllt bestueden, muss awer déi normal Konditiounen, esou wéi se am Gesetz virgesi sinn, och an Zukunft erfëllen, siew et war d’Residenzdauer, de Sproochentest an och d’Civiques-Cours’en ubetrëfft. All déi Konditiounen  mussen also vun deem Bierger oder där Biergerin  erfëllt ginn.

A l’avenir chaque requérant est traité de la même façon indépendamment de sa situation familiale. Jusqu’à présent nous avons été dans une situation qui n’a pas toujours été équitable. Les personnes mariées étaient privilégiées par rapport aux autres. Ainsi, une personne qui veut épouser un(e) luxembourgeois(e) doit remplir les mêmes conditions que toute autre personne désireuse d’acquérir la nationalité luxembourgeoise (à savoir la durée de résidence, les conditions linguistiques et les cours d’instruction civique)

22. Wéi schätzt d’CSV d’Wichtegkeet vun deem neie Gesetz an?

Fir d’CSV ass dat hei ee vun deene wichtegste Projet’en vun dëser Legislaturperiod, well et e Projet ass, deen d’sozial Kohäsioun an eisem Land soll verstäerken.  Wat fir d’CSV awer och ganz besonnesch wichteg bei dësem Text ass, ass dat an Zukunft jiddfereen, dee wëllt eis Nationalitéit kréien, och e Minimum u lëtzebuergesche Kenntnisser huet. Dës war eng zum Deel hefteg geféiert Diskussioun, zum Deel an der Chamber, awer och ausserhalb vun der Chamber,  an d’CSV ass eigentlech ganz frou, dass et zu där Léisung komm ass, dass an Zukunft jiddferee muss e Sproochentest an der lëtzebuergescher Sprooch muss ofleeën. Domat  gët de Stellewäert vun der lëtzebuergescher Sprooch an eiser Gesellschaft verstäerkt. A vir d’CSV ass dat wichteg, well d’lëtzebuergesch Sprooch sécherlech net dat eenzegt, mais awer trotzdeem e wesentlecht Element vun eiser nationaler Identitéit ass.

Pour le CSV, la réforme de la nationalité est un des projets les plus importants de la législature. Il renforce la cohésion sociale. Ce qui est particulièrement important pour le CSV est le fait que dorénavant chacun qui veut devenir luxembourgeois doit disposer d’un minimum de connaissances de la langue luxembourgeoise. Bien que ces dispositions fussent contestées par les partis de l’opposition et par un certain nombre des représentants de la société civile, le CSV se félicite qu’à l’avenir chaque requérant doit se soumettre obligatoirement à un test linguistique. Les nouvelles dispositions quant à la langue luxembourgeoise renforcent son rôle dans notre société. Ceci est important pour le CSV qui considère que notre langue est un élément essentiel de l’identité nationale, bien qu’il ne soit pas le seul.

23. Kann een als Lëtzebuerger och d’Nationalitéit vun engem anere Staat unhuelen an dobäi Lëtzebuerger bleiwen?

An do ass d’Entwert ganz klor jo. Well all déi Lëtzebuerger Bierger, déi eist Land verlooss hun, déi op hier Nationalitéit verzicht hun fir eng aner Nationalitétit unzehuelen, all dës ehemoleg Lëtzebuerger kënnen elo hir Nationalitéit erëmkréien. A si kënnen dat op eng ganz einfach an onbürokratesch Aart a Weis an deem se just eng Declaratioun  bei dem Beamten vun där Gemeng maachen, wou se fir d’lescht hei geliewt hunn. A wann se dat net méi genau wëssen, kënnen se dat ëmmer erëm beim „état civil“ vun der Gemeng Lëtzebuerg man. Et kënnt awer och derbäi, dass et vill Lëtzebuerger ginn huet a gët, déi gären eng aner Nationalitéit unhuelen. Och dës Lëtzebuerger kënnen an Zukunft déi eng oder déi aner Nationalitéit unhuelen. Et ass also net nëmmen e gutt Gesetz fir eis auslännesch Matbierger, mais et ass grad esou gutt fir d’Lëtzebuerger, déi an deem selweche Mooss kënne vun där duebeler Nationalitéit profitéieren, wéi eis auslännesch Matbiergerinnen a Matbierger.

Oui, tous les Luxembourgeois qui ont quitté notre pays et qui ont dû abandonner leur nationalité d’origine pour acquérir une nouvelle nationalité peuvent recouvrer la nationalité luxembourgeoise. Il suffit de faire une déclaration auprès de leur dernière commune de résidence au Luxembourg. S’ils ne savent plus quelle fut leur dernière commune de résidence au Luxembourg, ils peuvent faire cette déclaration auprès de l’état civil de Luxembourg-Ville. S’y ajoutent qu’il y’a beaucoup de Luxembourgeois qui souhaitent acquérir une autre nationalité. A l’avenir, ils auront cette possibilité. La nouvelle loi présente des avantages non seulement pour nos concitoyens non-luxembourgeois mais également pour les ressortissants luxembourgeois qui peuvent bénéficier de la même façon de la double nationalité.

24. Wann ech méi wéi eng Nationalitéit hunn, wat fir e Pass muss ech da weisen?

A bee dat ass eigentlech eng relativ einfach Situatioun. Do huet jiddfer Matbierger de Choix, dee Pass ze weisen, deen en eben grad bei sech huet. Do get et also keng Obligatioun, dee lëtzebuergeschen, de portugieseschen oder deen italiéinesche Pass ze weisen, dat ass jidderengem iwwerlooss, dee Pass erauszehuelen, wou e mengt, en hätt di meeschte Virdeeler. Et ass jiddenfalls net esou, dass wann een  zwou Nationalitéiten huet, een ëmmer muss di zwee Päss derbäi hunn. Et geet also duer, wann een ee Pass derbäi huet, wann een iwwerhaapt muss e Pass derbäi hunn, well am Schengen Raum ass et jo esou, dass ee kann mat enger normaler Identitéitskaart ronderëmmer reesen.

25. Wat kann ee man, wann een mat der Decisioun vum Justizminster net averstanen ass?

Wat sinn elo meng Rechter, wann ech net zefridde sinn, mat där Decisioun, déi de Justizminister hëllt? Och do gesäit d’Gesetz an Zukunft Rekursméiglechkeeten vir. Wou kann ech déi Rekursméiglechkeeten maachen? Dat ass bei den administrativen Juridictiounen, d.h. beim Tribunal administratif an éischter Instanz,  a wann ech mat der éischter Decisioun net zefridde sinn, kann ech och nach en Appellsrekurs maachen bei der Cours adminstrative. Och dat ass nei. Dat wäert an Zukunft fir wesentlech méi Transparenz suergen, well de Bierger elo kann gewuer ginn, virwat de Minister seng Demande fir Lëtzebuerger ze ginn, eventuell net konnt unhuelen. De Minister muss dat an Zukunft och argumentéieren, a wéi gesot, wann déi Person mat der Argumentatioun net averstanen ass, geet se eben bei déi administrativ Juridictiounen.