E Budget vun der Virsiicht

De leschte Budget vun dëser Legislaturperiod ass reusséiert. De Budget, deen der Chamber d’lescht Woch virgeluecht gouf, huet et wierklech a sech. Et ass een ausgeglachene Budget, ouni Defizit an dat trotz de massive Steiererliichterungen an de Steierkrediter déi d’Kaafkraft vun alle Leit bei eis am Land wesentlech verbessere wäerten. Esou funktionéiert säit Joeren chrëschtlech sozial Budgetspolitik. Eng Fräi Tribune vum Norbert Haupert, Budgetsrapporter um Radio 100,7, Mëttwochs den 8. Oktober 2008

D’CSV steet säit Jorzéngten fir solid Staatsfinanzen. Déi fir Budget a Finanzen zoustänneg Ministeren Jean-Claude JUNCKER a Luc FRIEDEN hunn ëmmer erëm Budgete virgeluecht déi sech an eng Logik vu nohalteger an zukunftsorientéierter Finanzpolitik aschreiwen. Héich Investitiounen a Gebaier, Stroossen, Schinnen an elektronesch Kommunikatiounsweeër, grouss ugeluechten Sozialleeschtungen, an opwenneg Politiken an de Beräicher Schoul, Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun, all dat kenn zeechent de Budget 2009.

Et ass ee Budget mat engem staark en sozialen an anticycleschem Aschlag. Duerch geziilt steierlech Mesuren, gëtt dat verfügbaart Akommes vun de klengen a mëttlere Verdinger wesentlech erhéicht. Duerch eng 9 prozenteg Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun spuere Famillen mat engem mëttleren Akommes, déi zu zwee schaffe ginn, bis zu 1.600 Euro Steieren d’Joer. Ëmmerhin iwwer 5.000 aler Frang de Mount déi méi konsomméiert oder gespuert kënne ginn. Fir Leit mat niddregem Akommes, déi keng Steiere bezuelen an also net vun dëser Upassung vun der Steiertabell profitéiere kënnen, huet d’Regierung d’ Steierfräibeträg fir Lounempfänger, Rentner an Alengerzéier a Steierkrediter ëmgewandelt. Doduerch kréien déi Lounempfänger a Rentner 300 Euro an déi Alengerzéier 750 Euro d’Joer méi an de Portmonni. Och d’Steierlaascht vun de Gesellschafte gëtt erofgesaat, wat hinnen méi Sputt léisst fir nei Investissementer, wat eiser Economie an eisem Aarbechtsmaart nei Impulser gëtt.

Fir Famille mat Kanner gëtt de „chèque service“ agefouert. Dës erméiglechen Stéit mat niddregem Akommes a mat ville Kanner dës an der Crèche gratis betreit ze kréien. Fir dat d’Leit mat niddregen Akommes d’Explosioun vun de Pëtrolspräisser besser geréiert kréien, gëtt d’Heizungszoulag fir d’Joer 2009 verduebelt.Fir datt déi geplangte Reformen am Primärunterrecht zum Droe kommen, gëtt de Budget vun dem Unterrechtsministère wesentlech erhéicht.

Ënner schwéiere Conditioune ass ee Budget op gestallt ginn, dee beweist, datt Politik eng Saach vun Iwwerzeegung ass. D’Leitlinnen vun der CSV si keng eidel Wieder, si bedeit en konkreten Engagement, sozial Verantwortung, wirtschaftleche Fortschrëtt a staark en Asaz fir d’Zukunftsgestaltung vun eisem Land. D’Ziler vun der CSV bleiwen déi selwecht. Déi kënne nëmmen erreecht ginn, wann d’Staatsfinanze gesond sinn. De Budget 2009 bréngt de Beweis, datt déi finanziell Viraussetzunge fir d’Weiderféierung vun enger bewäerter Politik gi sinn.

Fir meng éischt Impressiounen zum Budget an engem Saatz ze resüméieren, et ass ee Budget vun der Virsiicht, der Wuechtsamkeet a vun der Wourecht, woumat d’Regierung duerch eng seriéis Gestioun vun de Staatsfinanzen de Leit an de Betriber Vertraue a fléisst, wat an der aktueller wirtschaftlecher Situatioun vu grousser Wichtegkeet ass.

Norbert Haupert, Budgetsrapporter 2009, Radio 100,7, Mëttwochs, den 8. Oktober 2008