De Minister Luc Frieden am Interview um 100,7

De Minister Luc Frieden iwwert d’Entwecklung bei der Fortis um Radio 100.7

Françoise Medernach: Här Frieden, d’BNP Paribas ass also elo den neie Patron bei Fortis. Ass Fortis mat dëser Operatioun iwwer de Bierg? 

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Fortis elo vill méi staark wéi déi Woch virdrun ass. Mir haten de leschte Sonnden zum Zil, sécher ze stellen, datt eng vertrauensbildend Moossnam kéim. Eisen idealen Szenario war, datt e groussen internationale Bankegrupp Fortis géing iwwerhuelen. Dat war awer net méiglech, well dat Stéck Fortis Belsch-Holland-Lëtzebuerg ze grouss war. Dat konnt déi Bank dat net an engem Weekend alles analyséieren, an dofir ass de Staat mat erageklommen.

De Staat bleift elo an Zukunft an där Bank mat 33%, dat ass eng Minorité de blocage am Gesellschaftsrecht, op mannst während enger Rei Joeren. Kombinéiert mat engem vun deene gréissten an zolittste Bankhaiser an Europa ass d’Fortis, déi an Zukunft BGL-BNP Paribas heescht, zu Lëtzebuerg eng vun deenen zolittste Banken, déi mir hunn.

Françoise Medernach: De Staat behält jo elo 33% bei där neier Bank. Eng Sperrminoritéit, ass dat och just eng Etapp oder sollen déi spéider erëm verkaaf ginn?

Luc Frieden: Et ass net d’Zil vum Staat a sämtleche Privatbanken zu Lëtzebuerg Aktionär ze bleiwen. Mir ginn elo Aktionär an der BGL-BNP Paribas, mir ginn Aktionär an der Dexia a mir sinn Aktionär an der Spuerkeess. Mëttelfristeg wäert de Staat aus deene Banken erausklammen, mä dat muss een an e puer Joere kucken, wann déi Bankewelt sech erëm berouegt huet.

Fir de Moment geet et drëm, datt mir déi nächst Joeren do dra sinn, an datt mir sécher kënne stellen, datt dee Plang, dee mir d’lescht Woch ugefaangen hunn an elo iwwer de Weekend an intensivste Gespréicher weidergefouert hunn, datt deen och ëmgesat gëtt. Dofir gi mir net nëmmen an d’Kapital, mä mir kréien an där Bank och eppes ze soen.

D’Presidentschaft vun där Bank iwwerhëlt e Staatsvertrieder um Niveau vum Verwaltungsrot. Mir hunn e Kontrollrecht, e Vetorecht, eng Sperrminoritéit bei alle wichtege strategeschen Entscheedungen. A mir hunn dobäi e Partner dee sécherstellt, an dat war de gréisste Problem vun der Fortis, datt déi Bank erëm Liquiditéite kritt. Déi Bank war zolitt, mä si hat e Vertrauensproblem an dofir kritt si elo erëm duerch BNP Paribas, wat wierklech eng grouss international Adress ass déi an dëser Kris nach zolitt ass, Liquiditéiten.

Françoise Medernach: Wat wäert sech dann elo aarbechtsplazméisseg doduerch änneren? Gi keng Leit entlooss?

Luc Frieden: Fir eis war et wesentlech, datt an där Bank, an där Operatioun zwou Saache géingen erreecht ginn.

Éischtens, an dat war eist Haaptzil, datt déi Honnertdausende vu Spuerer déi bei der fréierer Fortis sinn, der neier BGL, datt deenen hir Einlagen assuréiert wären. Dat hu mir duerch eng Kombinatioun vu BNP Paribas an dem Staat erreecht.

Zweetens, datt d’Leit déi do schaffen, do weider kéinte schaffen, inklusiv d’Continuitéit wat de Management ubelaangt. Mir krute vu BNP Paribas d’Garantie, datt et net zu engem Sozialplang kéim. BNP Paribas huet schonn haut eng grouss Responsabilitéit zu Lëtzebuerg. Si hunn eng 1300, 1400 Leit, si ginn also, no der Arcelor, den zweetgréissten Arbeitgeber am Land a si hunn eis, wéi gesot, schrëftlech assuréiert, datt et net zu engem Ofbau vun Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kënnt. Dat war e wesentlechen Deel, och fir eis, well d’Fortis ee vun de gréissten Employeuren am Land ass.

Françoise Medernach: Wéi ass et elo mat Dexia-BIL? Do si jo och Verhandlungen amgaangen. Ass do och schonn eng Léisung a Siicht?

Luc Frieden: D’Situatioun vun Dexia ass eng ganz aner wéi déi vun der fréierer Fortis. An deem Sënn, datt mir bei Dexia mat enger anerer Héicht vu Kapital erageklomme sinn, an och datt d’Dexia virun allem kucke muss wéi si hir Problemer mat dem franséischen Deel léisst. Ech géing net ausschléissen, datt do Ëmstrukturéierunge kommen.

A wa mir dann am belsch-lëtzebuerger Deel nach e Partner brauchen, da wäerte mir deen och fannen. Déi Fro stellt sech fir de Moment net. Ech mengen, d’Dexia ass duerch déi Operatioun an der Woch scho méi zolitt ginn. Mir bleiwe weider un deem Dossier dru fir elo ze kucken, wat genee mat deem franséischen Deel geschitt, dem fréiere Crédit local de France, a kucken dann och do, ëmmer an enker Concertatioun mat de Regierunge vun den Nopeschlänner, wat fir eng Solutioun mir fir Lëtzebuerg maachen. Mä duerch eis Operatioun vun en Dënschden ass d’Dexia elo schonn zolitt. 

Source: Radio 100,7, gouvernement.lu, Françoise Medernach