De Minister Claude Wiseler am Interview um 100,7

De Minister vun der Fonction publique an den Travaux publics, Claude Wiseler, am Interview um 100,7, Samschdes, den 3 Mee 2008. Journalist: Jean-Claude Franck.

Source: Radio 100,7 a gouvernement.lu (rubrique interview)

Jean-Claude Franck: Travaux publics an d’Fonction publique, zwee Ressorten an deenen ee sech ka Frënn maachen, awer genee esougutt och de Contraire. D’Fonction publique huet ëmmerhin ee grousst Gewiicht zu Lëtzebuerg, och op elektoralem Plang. Donieft ka selen eppes d’Leit esou op de Plang ruffe wéi grouss Infrastrukturprojeten. Wéi een dat mécht fir sech esou mann wéi méiglech Feinden ze maachen, dat kann eis eisen Invité haut vläicht verroden. Claude Wiseler, gudde Mëtteg. 

Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: "Der stille Stratege" huet de lëtzebuerger Journal Iech viru kuerzem genannt. Trëfft dat zou? Hutt Dir eng Taktik fir grouss Konflikter z’évitéieren?

Claude Wiseler: Ech weess net ob ech eng Taktik hunn. Ech hunn eng Aart a Weis fir u Problemer erunzegoen, déi mer vläicht eegen ass. Ech probéieren an enger éischter Etapp op alle groussen Dossieren, fir d’éischt esouvill wéi méiglech Meenungen ze kréien, esouvill wéi méiglech ze consultéieren, esouvill wéi méiglech d’Aspekte vun all Problem genau ze gesinn. A réischt wann ech dat gemaach hunn, dann ze tranchéieren. Mä wann ech da bis eppes décidéiert hunn, da probéieren ech och do stoen ze bleiwen an dat ëmzesetzen. An déi zwou Etappen hu mer schonn eng Rei Keieren gehollef an Dossieren weiderkommen.

Jean-Claude Franck: Dat schéngt och ze klappen. Et ass nämlech u sech erstaunlech, Dir hutt och eng Rei Projeten, zumools an der Fonction publique, déi de Leit net ëmmer gefalen an awer sidd Dir elo keng Persoun iwwert déi grouss Polemik entstanen ass an de leschte Joren.

Claude Wiseler: Dat kann awer nach änneren. An der Fonction publique, dat ass jo haaptsächlech een Domaine wou Diskussiounen ëmmer wichteg sinn, Diskussioune mat de Fonctionnairen, Diskussioune mat de Leit, déi Utilisateure vun der Fonction publique sinn. Genau dat probéieren ech ze maachen. Dat gelengt mer déi eng Kéier besser wéi déi aner, mä d’Strategie ass a sech ëmmer déiselwecht, woubäi d’Zilsetzungen awer musse kloer sinn.

Jean-Claude Franck: Wéi ee Ressort ass elo, vun deene Ressorten déi Dir hutt, Ärer Meenung no dee sensibelsten? Wéi ee gefällt Iech och vläicht am beschten ?

Claude Wiseler: Dat ass schwéier ze soen. Sensibel si se am Fong allenzwee. Ech mengen Travaux publics brauch ech Iech net ze beschreiwe wéi sensibel en ass. Dir hutt et selwer gesot, all déi grouss Infrastrukturprojete suergen natierlech ëmmer, lokal gesinn, fir grouss Diskussioune. Op där anerer Säit kann ee sech jo och erënneren un all déi Diskussiounen iwwert d’Dépassementer déi mer haten, wou ech wierklech ganz ganz vill Aarbecht gemaach hunn, fir déi esouvill wéi méiglech an de Grëff ze kréien. Mä de Bau ass de Bau, an d’Gefore sinn natierlech nach ëmmer do, an datt iergendzwousch Panne virkommen, dat läit och an der Natur vun der Saach.

Op där anerer Säit ass d’Fonction publique, dat weess ee jo, och keen einfache Ministère, well vill Intérêten do sinn, well vill Demanden do sinn, Intérêtë vun de Fonctionnairë selwer op där enger Säit, mä awer och vill Demanden un d’Fonction publique. Eist Land brauch eng performant Fonction publique an dat eent mat deem aneren ze verbannen, dat ass d’Erausfuerderung.

Jean-Claude Franck: A wéi ee gefällt Iech am beschte vun deene Ressorten?

Claude Wiseler: Do muss ech soen, dat hänkt vun den Deeg of, well et si positiv an negativ Aspekten op deem engen an deem aneren. Ech muss soen, an den Travaux publics ass et esou, datt ee vläicht méi direkt reell gesäit wat een ëmgesat huet, während an der Fonction publique as et méi eng Aarbecht op Dauer, esou datt een dat net direkt ka matenee vergläichen.

Jean-Claude Franck: Mir schwätze vläicht fir d’éischt iwwert d’Fonction publique, well et dee Ressort ass an deem Dir den Ament mat 3 Conciliatioune konfrontéiert sidd: d’Schoulmeeschteren, d’Redakteren an och d’CGFP eng Kéier als Ganzt hunn d’Prozedur vun der Conciliatioun lancéiert. D’Zäite kënne sech änneren, Dir hutt et selwer d’éinescht gesot, zumools wann déi Conciliatiounen net zu enger Conclusioun kommen.

Claude Wiseler: Dat ass richteg. Ech muss soen, ech si jo net frou, datt mer elo an deenen 3 Conciliatiounsprozeduren dra sinn. Nach ass et esou, datt op deenen 3 Sujeten d’Regierung eng Meenung doranner huet an datt mer hoffen, datt mer an der Conciliatioun och zu enger Conclusioun kommen, wou jiddweree sech iergendwou dann erëmfënnt. Mä et ass net, wéi ech heiansdo gesot kréien, well mir elo ëmmer méi no bei d’Wahle kommen, datt mer all deene Leit déi elo gären eppes vun der Regierung hätten, direkt musse Rechnung droen. Mir hunn eng Positioun op deenen 3 Dossieren an et ass och déi déi mer wëllen, zumindest a groussen Zich, an d’Realitéit ëmgesat kréien.

Jean-Claude Franck: Dir hutt d’Wahle selwer elo ernimmt. 3 Streike virun de Wahlen, dat ass natierlech eppes wat net grad wënschenswert ass, weder fir Är Partei, nach fir déi ganz Koalitioun an och net fir Iech selwer.

Claude Wiseler: Nee. Natierlech ass et net wënschenswert, mä mir si jo nach laang net do. Eng Conciliatiouns- an eng Mediatiounsprozedur, dat ass jo fir ze kucken, eng Conciliatioun an eng Mediatioun mateneen ze fannen. Esou datt ech hoffen, datt deen Dialog dee mer mat der Staatsbeamtegewerkschaft an hiren Ënnerorganisatiounen hunn, datt mer deen och kënnen an der Conciliatioun weiderféieren an zu engem gudden Enn bréngen.

Mä op där anerer Säit, et ass net well mir elo esouvill Méint virun de Wahle sinn, wou een einfach jiddwerengem dat gëtt wat e gär hätt. Dat ass net d’Aart a Weis wéi ech Politik gesinn, et ass och net d’Aart a Weis wéi ech Politik maachen.

Jean-Claude Franck: Dir loosst Iech elo net kafen, nëmme mam Drock vun de Wahlen?

Claude Wiseler: Nee.

Jean-Claude Franck: Et ass jo esou, datt éischt Reuniounen nach elo keng waren op de Conciliatiounen, wéi ech mengen. Dir hutt awer scho Reunioune gehat mam President vun der Kommissioun. Wéi geet et elo do virun? Zäitlech? Wéini erwaart Dir Iech, datt déi Conciliatiounen ufänken?

Claude Wiseler: Et si jo déi éischt Conciliatiounen déi ech hunn, esou datt ech elo net genau weess wéi dat prozedural ofleeft. Mä vun der Technik ass et esou, datt den Zäitplang an der Hand vun dem Conciliateur läit, deen déi verschidde Parteien zesummerifft. Ech denken, datt en dat och esou schnell wéi méiglech wäert maachen, datt mer och an deenen Dossieren esou schnell wéi méiglech virukommen. Ob mer dann zu enger Léisung kommen, dat hoffen ech, dat kann ech awer elo beim beschte Wëllen net soen.

Jean-Claude Franck: Mir kommen op déi eenzel Dossieren herno nach ze schwätzen. Ier mer dat awer vläicht maachen, muss ee vläicht fir d’éischt eng Kéier iwwert de generelle Kader schwätzen, d’Gehälterrevisioun an och de Bologna-Prozess. Am Koalitiounsaccord stoung, d’Regierung géif en vue vun enger Reform vun der Gehälterstruktur beim Staat schaffen. Hat Dir Iech do zevill viergeholl, well an Tëschenzäit heescht et jo awer, datt eng generell Gehälterrevisioun ausgeschloss ass.

Claude Wiseler: Mir hunn och an dem Koalitiounsaccord net geschriwwen, mir géingen eng gesamt Gehälterrevisioun maachen. Et ass gesot ginn, datt mer eng Kéier géinge Virbereedungsaarbechte maachen, datt mer géingen dru schaffen. Ee groussen Deel vun där Aarbecht ass och geleescht ginn an all deenen Diskussiounen, déi mer ronderëm de Bologna-Prozess haten, well dat schlussendlech awer dee grousse Changement ass, dee sech elo an der Aarbechtswelt stellt an deene Diplomen déi um Aarbechtsmaart sinn. Do mussen och d’Répercussiounen op d’Fonction publique gekuckt ginn. Déi Aarbechte sinn net definitiv ofgeschloss, mä eng Rei Conclusioune sinn awer elo schonn doraus gezu ginn.

Jean-Claude Franck: Do gëtt et jo eng Kommissioun, déi scho vun der leschter Regierung op d’Bee gesat gi war. Dir hutt eng Kéier gesot, datt 2005 vläicht schonn éischt Conclusioune géife presentéiert gi vun där Kommissioun. Sinn do scho Conclusiounen, déi een och vläicht nenne kann?

Claude Wiseler: Déi Kommissioun huet jo haaptsächlech am Kader vun all deenen Diplomen, déi sech ronderëm de Bologna-Prozess bewegen, geschafft gehat. Dat war méi eng schwéier Aarbecht wéi initialement geduecht, aus deem ganz einfache Grond, well mer och wollte kucke wéi an aneren europäesche Länner de Bologna-Prozess géing ëmgesat ginn, ganz einfach well mir net op enger Insel sinn a well och Equivalenzen zwëschent deenen Diplomen sinn, mä och bei de Posten an der Fonction publique, an een dofir net konnt oder wollt Décisiounen huelen, déi dann total op engem anere Plang wäre, wéi dat wat déi aner Länner maachen. Mir sinn elo zu enger Rei Conclusioune komm. Déi Décisiounen hu mer och deene Leit, déi concernéiert si, matgedeelt. Mir sinn haaptsächlech zur Conclusioun komm, datt dat wat mer d’klassesch Carrière supérieure nennen, esou wéi mer se haut kennen, déi soll am Kader vun engem Masterdiplom weidergeféiert ginn. Mir wäerten also do eis Legislatioun an den nächste Méint ëmänneren, fir de Masterdiplom dann an d’Legislatioun anzeschreiwen. Mir kommen also ewech vun enger Joresangab. Haut steet dran, datt ee Bac plus 4 Joer muss hunn. Et gëtt also an Zukunft net méi mat Jore gerechent, mä mat Diplome gerechent. Dann ass eng Diskussioun ronderëm de Bachelor, wat jo een neien Diplom ass, deen am Bologna-Prozess entstanen ass, do gett et eng Diskussioun ronderëm d’Plaz vum Bachelor beim Staat.

Déi Diskussioun ronderëm de Bachelor, déi huet verschidden Aspekter. Ee vun deenen Aspekter, dee fannt Dir ronderëm déi zweet Conciliatioun, déi Dir wëllt uschwätzen, dat ass déi vum Schoulmeeschter. Een aneren Aspekt, dee fannt Dir an där drëtter Conciliatioun erëm, dat ass déi, déi d’Redakteren ugefrot hunn, well si der Meenung sinn, datt d’Introductioun – déi d’Regierung zwar momentan nach net décidéiert huet – vun enger eventueller Carrière intermédiaire um Niveau vum Bachelor eppes ass, wat si net wëllen. Dat heescht, all déi Conciliatiounen déi mer hei hunn, déi dréinen am Fong momentan zu engem groussen Deel ëm déi do Problematik.

Jean-Claude Franck: Ass et net esou, datt vläicht eng Conclusioun vun där Kommissioun och déi ass, datt eng allgemeng Gehälterrevisioun vläicht och ganz schwiereg duerchzeféieren ass an och vläicht zevill géif kaschten?

Claude Wiseler: Also dat ass eng Conclusioun woufir ech net onbedingt eng Kommissioun brauch, fir mir ze soen, datt eng Gehälterrevisioun schwiereg duerchzeféieren ass. Dat ass evident, well mir hei mat enger ganzer Rei Carrièren ze dinn hunn, wou jiddweree seng Revendicatiounen huet, wou jiddweree seng Verläicher huet. Mir kënnen eis jo erënneren, an den 80er Joren, wou déi lescht Gehälterrevisioun war, wat fir gréisser Diskussiounen dat mat sech bruecht huet.

Jean-Claude Franck: Mä wou Dir an de Koalitiounsaccord geschriwwen hutt, datt Dir géift en vue vun esou enger Gehälterrevisioun schaffen, war do d’Iddi déi, datt herno um Enn dat Ganzt net méi kascht wéi elo, oder esouguer vläicht manner? Dat ass jo ëmmer eppes wou ee sech jo och mat Zuele muss festleeën. Do ka jo ganz verschiddenes erauskomme bei esou enger Gehälterrevisioun?

Claude Wiseler: Dat ass richteg. Mä bis elo sinn awer kaum Gehälterrevisioune gemaach ginn, déi manner kascht hunn. Wann ech déi Aart a Weis hätt fir et unzepaken, da géing sech d’Fro anescht stellen. Ech ginn dovunner aus, datt wann eng Gehälterrevisioun iergendzwousch eng Kéier géing kommen, net an dëser Legislaturperiod, mä an Zukunft, datt et wahrscheinlech net eng wär, déi eis manner geif kaschten. All déi Revendicatiounen déi um Dësch leien, déi si jo net fir manner, mä déi si fir een anere Rééquilibrage an der Fonction publique, deen normalerweis méi kascht.

Jean-Claude Franck: Dat ass da vläicht och ee Grond firwat et och ausgeschloss gëtt am Moment?

Claude Wiseler: Jo. Et muss ee jo ganz einfach soen, datt wann een haut d’Ëmfeld kuckt, datt mer an de Joren 2008 an 2009 sécherlech schwéier Joren hunn. Dir gesitt an den Zeitungen, wéi eng Problémer dass eis Finanzplaz ka kréien. Mir wëssen also net wéi an den nächste Joren eis Recettë wäerten évoluéieren. Mir wäerten och déi Problemer vun der Finanzplaz an den nächste Budgeten ze spieren hunn. Mir gesinn och, datt dee Wuesstum, dee mat 5% ageplangt ass, datt eis haut gesot gëtt, datt et nëmmen 3,6% wärten ginn. Alles dat gëtt haut ee Kader wou ech mengen, dann et wierklech ee falscht Signal wär, elo eng Gesamtgehälterreform ze maachen.

Jean-Claude Franck: Mä do kéint ee jo dann déi Diskussioun iwwert d’Ufanksgehälter beim Staat vläicht nach eng Kéier féieren, wat jo och keen Tabu ass. De Premier selwer huet se scho lancéiert, datt ee vläicht eng Kéier iwwert eng Reduktioun vun den Ufanksgehälter misst schwätzen. War dat eng eidel Ukënnegung oder gëtt do ëmmer nach konkret an der Regierung driwwer geschwat?

Claude Wiseler: Et ass richteg, datt mer eng ganz Rei Iwwerleeunge gemaach hunn. Dat ass och zwee, dräi mol an d’Diskussioun geworf ginn. Mir hunn déi Iddi awer an dësem Moment net poursuivéiert, well och aner Dossieren elo um Ordre de Jour stinn, déi mir an dësem Moment als prioritaire erschéngen. Notamment dee ganzen Dossier vun der Ouverture vun der Fonction publique, wou mer ënner Drock stinn, well mer do vun den europäeschen Institutiounen fir den Net-Respekt vun der europäescher Legislatioun ugeklot ginn. Dat ass elo een Dossier, deen net evident ass, an dee mir elo prioritaire geschéngt huet. All zesumme kann ee se net maachen.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, déi Diskussioun vun den Ufanksgehälter, déi ass ënnert dëser Regierung wahrscheinlech vum Dësch?

Claude Wiseler: Ech maachen elo keng definitiv Ausso doriwwer, mä Dir gesitt och den Zäitkalenner an Dir gesidd wat eis elo nach alles u gréisseren Diskussiounen an der Fonction publique an den nächste Méint bevirsteet.

Jean-Claude Franck: Dir hutt och de Bologna-Prozess schonn ernimmt, dat si jo déi nei europäesch Richtlinie fir d’Héichschouldiplomer. Am Fong sidd Dir als Minister vun der Fonction publique wahrscheinlech guer net frou iwwert dee Bologna-Prozess, well grad dat huet jo d’Dier opgemaach fir eng ganz Rei Fuerderungen, déi elo kommen?

Claude Wiseler: Dat kann een esou gesinn, datt ech als Minister vn der Fonction publique net frou driwwer sinn. Ech fannen de Bologna-Prozess zwar am Prinzip eppes Richteges an eppes Wichteges, well en eis einfach an Europa an haaptsächlech als Lëtzebuerger eng universitaire Welt opmécht, mat Diplomen déi international iwwerall unerkannt ginn, well en eis awer déi Echangeméiglechkeete gëtt, wou mer als Lëtzebuerger jo enorm Avantagen hunn, a verschiddene Länner kënnen eis Studie maachen a Reconnaissancë vun den Diplomen kréien. Also mir hunn als Lëtzebuerger nëmmen Avantagen dovun.

Déi Diskussioun déi ech an der Fonction publique hunn, doriwwer kann ech vläicht net frou sinn, mä et ass awer nun trotzdem net déi zentral Diskussioun am Bologna-Prozess, deen ech 100%eg ënnerstëtzen. Ech mengen par ailleurs och, datt wa mer elo all déi Ëmsetzungsproblemer, déi ee bei all Reform vun där doter Natur huet, bis am Grëff hunn, da kréie mer och eppes wat dem Aarbechtsmaart an de Besoinen déi mer an der Fonction publique hunn awer entsprëcht. Datt een awer bei Reformen a bei Ëmsetzunge Schwieregkeeten huet, dat war nach ëmmer esou.

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot, Dir musst d’Gesetz änneren iwwert den Zougang zur Carrière supérieure, do brauch een an Zukunft dann ee Masterdiplom. Wéi hutt Dir et eigentlech fäerdeg bruecht, datt do d’Carrière supérieure bis elo nach net ganz haart no méi an der Pei gefrot huet? Well et ass jo awer esou, datt ee Master, och wann een net méi no Jore schwätzt, awer ronn 5 Joer Héichschouljore sinn, dat ass awer méi wéi dat wat bis elo Bac+4 war.

Claude Wiseler: Also ech muss jo soen, datt ech einfach déi Diskussioun refuséieren, fir ze soen, elo hu mir ee Joer méi, elo brauche mer och esouvill méi an der Pei. Dat ass jo a sech net d’Diskussioun. D’Diskussioun ass: wat ass d’Aarbecht déi ee mécht, wat sinn d’Suggestiounen, wat sinn d’Responsabilitéite vun der Aarbecht, wat bezilt de Staat fir déi Aarbecht déi e geleescht kritt a wat fir eng Diplome brauch en, fir Leit ze kréien, déi deen Typ vun Aarbecht kënne leeschten? Mir haten de Choix, fir an der Carrière supérieure ze soen, mir huelen elo an Zukunft Leit mat engem Bachelor eran oder mir huele Leit mat Masteren eran. Déi Décisioun fir ze soen, mir géinge Leit mat engem Bachelor eranhuelen hätt sech och duerchaus justifizéiere gelooss, well de Bachelor am europäesche Gefilde am Fong deen Diplom ass, deen am Prinzip fir d’Beruffsliewe virbereet. Mir hunn awer gesot, mir hätte gären de Master, well mer soen, datt d’Qualitéit vun deene Leit déi mer domatter kréien, déi Spezialisatiounen déi se matbréngen, besser dem entsprëcht wat mir gär hätte vun hinnen. An dat ass awer a mengen Aen evident, datt elo dee Changement vun dem Diplom net eng Gehälterfuerderung mat sech bréngt. Dat schéngt mir kloer ze sinn.

Jean-Claude Franck: Wann d’Carrière supérieure an Zukunft op Niveau vu Bachelor recrutéiert gi wär, da wär jo am Fong déi Diskussioun mat de Schoulmeeschteren och séier gelaf gewiescht, well da wäre se jo Carrière supérieure an hätten automatesch méi an der Pei misse kréien.

Claude Wiseler: Dann hätte mer eng ganz aner Diskussioun gehat, déi sech anescht gestallt hätt. Dat ass richteg. Ech mengen déi Décisiounen déi hei geholl ginn, wou mir eis et jo och net einfach gemaach hunn, a wou mer all Aspekten gekuckt hunn, wou mer haaptsächlech och de Vergläich nom europäeschen Aspekt gekuckt hunn, sinn awer esou wéi mir se geholl hu richteg geholl ginn. D’Preuve ass, datt se jo am Fong och net contestéiert gëtt vun deenen eenzelne Beruffer, déi dovunner concernéiert sinn.

Jean-Claude Franck: Schwätze mer e bëssen iwwert déi Conciliatioun, déi vläicht am meeschte mediatiséiert ass, déi tëscht der Regierung an de Schoulgewerkschaften. D’Fuerderunge si jo bekannt. D’Gewerkschafte wëlle méi héich Salairen. Dir fuerdert awer als Géigeleeschtung méi Präsenz an de Schoulen. Firwat ass dat Iech esou wichteg, déi méi grouss Präsenz an de Schoulen?

Claude Wiseler: E si jo a sech zwee Aspekter. Dat eent ass deen Aspekt vun der Fonction publique. Ech wëll deen nach eng Kéier widderhuelen, well dee mir och sécherlech um Häerz läit. Normalerweis ginn individuell Reclassementer vun eenzelne Carrièrë jo net gemaach, ausser an enger genereller Gehälterrevisioun. Elo huet d’Regierung sech hei awer bereet erkläert mat enger individueller Spart vu Leit, mat den Enseignanten, ze schwätzen. Firwat hu mir gesot, datt mir d’accord wäre mat en ze schwätzen? Mir hu gesot, mir wären d’accord, well d’Educationsministesch, d’Madame Delvaux, eng fundamental Reform vun de Primärschoulen op den Dësch geluegt huet, wou se a sech d’Aart a Weis wéi Schoul gehale gëtt, wou se d’Aarbecht déi d’Schoulmeeschteren all Dag, all Woch musse maachen, awer fundamental ännert. Dat huet eis ee Grond geschéngt, wou een effektiv kann iwwert aner Responsabilitéiten, niewent enger aner Formatioun déi si jo elo op der Uni Lëtzebuerg kréien, schwätzen. Doraus ergëtt sech, datt mir awer och kloer soen, mä wann am Gesetzestext déi Suggestiounen an déi Responsabilitéiten esou anescht définéiert sinn a si sinn et jo, mä da musse mer dat awer och an der Praxis erëmfannen, notamment an der Beschreiwung vun der Aart a Weis wéi déi Aarbecht dagdeeglech an der Schoul gemaach gëtt. Dofir ass et fir mech ganz einfach eng Logik déi sech dorauser ergëtt. A well mir eben d’Méiglechkeet hunn, eng ganz aner Beschreiwung vun der Aart a Weis wéi Schoul gehale gëtt ze ginn, mat engem neien Diplom, deen elo ee Bachelor vu 4 Joer op der Uni-Lëtzebuerg ass, ware mir bereet déi Diskussiounen ze féieren. Mä si mussen awer dann och op all deenen Aspekter gefouert ginn, och um Aspekt vun der Tâche. Dat ass deen éischten Deel.

Den zweeten Deel vun der Äntwert, dat ass, datt et eis wichteg geschéngt huet ze soen, datt eis Präsenz vun den Enseignante bei de Schüler, esoulaang wéi méiglech bei de Schüler, awer ee wesentlechen Aspekt vun enger qualitativer Verbesserung vun der Schoul geschéngt huet. Op där anerer Säit war et och wichteg, ee groussen Deel vun deenen neie Saachen déi am Schoulgesetz stoungen, zum Beispill all den Appui, den Zilens, d’Präsenz bei de Kanner op aner Aart a Weis wéi just Schoul halen an d’Consultatioun vun den Elteren, wat een enorm wichtegen Aspekt vun enger gudder Primärschoul ass, datt mer dat och an d’Tâche géingen erakréien. An dat als Accord, huet eis och geschéngt kënnen ze justifiéieren, fir een individuellt Reclassement an en eventuelle G5 ze maachen.

Jean-Claude Franck: Do gëtt et jo déi 4+2 Léisung, déi d’Regierung virschléit, 4 Stonne méi Präsenz fir Concertatiounen, 2 Stonne méi Schoul halen, ënner wéi enger Form och ëmmer. D’Educatiounsministesch huet am Fong do eng interessant Ausso am Lëtzebuerger Land gemaach gehat, si huet gesot, déi Propositioun kënnt net aus mengem Ministère. Vu wou kënnt se dann?

Claude Wiseler: Jo, et muss ee wëssen, datt dat do jo och net eng initial Propositioun vun der Regierung war. D’ailleurs, déi Propositioun vun där Dir elo geschwat hutt, wëll ech e wéineg verbesseren, mir haten zum Schluss gesot: 2 Stonne méi Präsenz virun de Schüler an 3 Stonne méi Koordinatioun. Wou ee jo muss wëssen, datt haut schonn eng Stonn Koordinatioun an dem ganze Plang virgesinn ass. Mä wann een esou eng Diskussioun mat enger Grupp, mat de Schoulmeeschtere féiert, dann ass dat jo een evolutive Prozess. Déi éischt Propositiounen déi mer gemeinsam gemaach hunn, waren am Fong jo och ganz anerer. An enger éischter Etapp war gesot ginn, ob mer net de ganzen Horaire kënnen anescht maachen, erëm vu 50 Minutte pro Stonn op eng 60 Minutte Lektioun eropgoen an do eng ganz aner Verdeelung maachen.

Eng aner Approche wär gewiescht, fir esou ee Projet wéi deen an der neier Schoul, vun 30 Stonne Präsenz an der Schoul, ze maachen, wat alles Léisunge gewiescht wären, déi och an der Education nationale gebuer sinn. Sécherlech hätt ech do kënnen 100%eg mat op dee Wee goen. An dann an den Diskussioune ginn déi eng Saachen net, ginn déi aner Saachen net, et probéiert een aner Léisungen ze sichen. Dat wat Dir elo gesot hutt ass an deem ganzen Prozess elo dat, wat schlussendlech nach an der Diskussioun war.

Jean-Claude Franck: Et gëtt jo natierlech och ëmmer ee politesche Volet bei esou Diskussiounen. Elo schéngt et esou ze sinn, datt Äre Koalitiounspartner vläicht wéinst dem Drock vun där Schoulreform eben éischter bereet wier fir op d’Schoulgewerkschaften duer ze goen, wéi vläicht d’CSV, Är Partei. Firwat ass een an der CSV dann éischter der Iwwerzeegung, datt een net einfach nëmme kann d’Salairen héijen? Elo ofgesin vun där Argumentatioun vun der Fonction publique, déi Dir genannt hutt, mä do gëtt et jo och ee politesche Volet hannendrun?

Claude Wiseler: Dat sot Dir esou, déi eng an déi aner. Ech kann dat net esou 100%eg novollzéie wéi genau do d’Positioune sinn, déi Dir beschreiwt. Mä ech wëll just soen, datt et evident ass, datt awer déi Gehälterdiskussioun an der Fonction publique eng wesentlech a mengen Aen ass. Ech sinn, well ech fir d’Fonction publique responsabel sinn, och responsabel fir de ganzen Equiliber vun der Fonction publique ze halen. Ech muss also, wann ech an esou Diskussiounen sinn, mat enger gewëssener Logik drugoen. Mir hunn och nach eng ganz Rei aner Carrièren, déi d’selwecht concernéiert sinn, déi also ee Bachelor an Zukunft och wäerten hunn. Déi hu sech par ailleurs och scho relativ kloer an däitlech gemellt. Déi mussen also, wann een esou eng Diskussioun ugeet och mat considéréiert ginn. Déi Diskussioun déi mer mat de Schoulmeeschtere féieren, déi ass also nëmme méiglech gefouert ze ginn, wa mer eben déi zwee grouss Prinzipien, esou wéi se säit de 60er Joren awer an der Fonction publique existéieren, wann déi respektéiert sinn. Changement vun den Diplomer a Changement vun de Suggestiounen an de Responsabilitéiten fir een individuellt Reclassement iwwerhaapt ze considéréieren. Dat ass awer ee generelle Prinzip laanscht deen ech net kommen.

Jean-Claude Franck: Wa mir erëm iwwert de politeschen Hannergedanken schwätzen, gëtt et och zwou Iwwerleeungen, engersäits vläicht de Schoulgewerkschaften entgéintkommen an déi Stëmme sécheren, anerersäits awer och vläicht all deene Leit entgéintkommen, déi éischter skeptesch vis-à-vis vun esou enger Saach wären. Ass dat och eng Iwwerleeung déi awer am Hannergedanken ass?

Claude Wiseler: Dir féiert elo hei Journalisteniwwerleeungen, déi d’Journalisten dann de Politiker an de Kapp setzen. Ech soe kloer an däitlech, datt déi Positioun déi mir hei hunn keen Hannergedanken huet. Ech hunn hei ee klore Kontext an deem ech mech bewegen, an deem ech eng Rei Prinzipen hunn, déi ech Iech elo gesot hunn, an no deene Prinzipien ech agéieren, wann ech déi Décisiounen ze huelen hunn, déi ech wëll huelen. Déi sinn transparent, déi sinn iwwerall gesot an déi sinn ouni Hannergedanken. Wann ech Hannergedanken dozou hätt, géing ech mech vläicht ganz anescht an deem Dossier bewegen, wéi ech mech elo bewegen. Mä ech hu kloer gesot wou mir hiwellen an dat ass d’Richtung.

Jean-Claude Franck: Är Positioune leien op jiddwer Fall nach wäit auserneen, tëscht de Gewerkschaften an der Regierung. Fir wéi méiglech haalt Dir ee Konsens an der Conciliatioun?

Claude Wiseler: Ech mengen, datt ee Konsens extrem wichteg ass, well jo awer déi Schoulreform déi d’Madame Delvaux op den Dësch geluecht huet, eng Schoulreform ass wou ech a meng Partei 100%eg hannendru stinn a wou mer wierklech gären hätten, datt se an d’Realitéit ëmgesat gëtt. Mir brauche Reformen an der Primärschoul, mir brauchen eng nei Primärschoul, mir wäerten och dat méiglechst maachen, fir déi Reformen an der Primärschoul ëmzesetzen.

Jean-Claude Franck: Fäert Dir net, datt duerch déi Conciliatioun dann eventuell och ee Streik hannendrun déi Schoulreform awer kéint scheiteren?

Claude Wiseler: Ech hoffen net.

Jean-Claude Franck: Et gëtt ëmmer gesot, wann d’Basis se net mat dréit, da bréngt d’Reform och näischt.

Claude Wiseler: Et ass evident, datt eng Schoulreform nëmme kann ëmgesat ginn, wann d’Léierpersonal déi se mussen ëmsetzen, se och mat mécht. Dofir hoffen ech, datt mer eng Léisung fannen. Ech maachen och alles, datt mer eng Léisung solle fannen, muss awer soen, datt déi Léisung ëmmer an engem gewëssene Kader, wat de generelle Kader vun der Fonction publique ass, muss fonnt ginn. Well soss kréie mer se och am ganze Kader vun der Fonction publique net duerch.

Jean-Claude Franck: War et net vläicht do vun der Regierung een taktesche Feeler, fir awer um Enn elo bemol déi Tâchëredefinitioun un d’Schoulgesetz ze knäppen? Et ass jo eppes wat d’Gewerkschaften ëmmer gefuerdert hunn, datt déi zwou Saachen, och hir Revalorisatioun, misst zesummenhänke mam Gesetz. Am Ufank hutt Dir et ausgeschloss. Wou dunn d’Tâchëredefinitioun an d’Spill koum, hutt Dir selwer gesot, mir knäppen déi zwou Saachen uneneen. War dat net vläicht awer ee Feeler, well doduerch d’Reform och nach éischter scheitere kéint?

Claude Wiseler: D’Fro ass, wéi hätt een et anescht solle maachen? Ech menge wann een déi Reform hei wëllt ëmsetzen, da muss een natierlech och eng Definitioun ginn, vun deem wéi et soll ëmgesat ginn, wat d’Präsenz ass fir et ëmzesetzen, ween den Appui hält, ween den Zilens mécht. An dat alles ass jo dat, wat mer elo probéieren ze maachen. Et kann een ëmmer vun taktesche Feeler schwätzen. Ech mengen net, datt et ee war, mä wann een dovunner schwätzt, muss ee mer nach soen, wéi een anescht hätt un déi Dossieren do kënnen erugoen. Datt hei een Zesummenhalt ass, dat schéngt mer awer kloer ze sinn.

Jean-Claude Franck: Deen neie Grad E5, deen Dir de Schoulgewerkschafte proposéiert hutt – si hu jo den E6 gefuerdert – kéint dat net eigentlech deen neie Referenzgrad gi fir déi Bachelorcarrière, déi jo och nach, Dir hutt et selwer gesot d’éinescht, eng Kéier muss definéiert ginn?

Claude Wiseler: Wann een kuckt wat elo an der Fonction publique momentan ass, da gesäit ee jo datt mer eis hei op engem Terrain bewegen, deen net ganz nei ze erfannen ass. Well mir hunn eng ganz Rei vu Carrièren, déi jo schonn an deene leschte Joren esou agestuft waren.

Jean-Claude Franck: Déi awer verschidde bezuelt ginn?

Claude Wiseler: Déi verschidde bezuelt ginn. Jo. Dat ass jo eng grouss Diskussioun an dat ass jo och meng Suerg fir deen Equiliber e wéineg ze behalen. Dir hutt all déi Formatioune vum Infirmier gradué, vum Educateur gradué, vun dem Instituteur d’enseignement logopédique, vum Professeur d’enseignement technique, vum Professeur infirmier, vum Assistant social, vum Ingénieur technicien, wat alles Formatioune sinn, déi sech méi oder wéineger op ähnlechen Niveaue befannen a wou och d’Froestellung dann eng ähnlech ass. Dat ass jo d’ganz Schwieregkeet vun deem hei Dossier.

Jean-Claude Franck: Mä de Projet de loi fir vläicht eventuell d’Bachelorcarrière eng Kéier nei ze definéieren, dee ka wahrscheinlech eréischt komme wann Dir wësst wéi et mat de Schoulgewerkschaften ausgeet?

Claude Wiseler: Dat ass jo am Fong och den Objet vun där Conciliatioun déi mer mat de Redakteren hunn. Op där enger Säit muss ee jo soen, datt et haut an der Fonction publique schonn eng Rei esou Carrièrë gëtt. Ech soen, well ech dat elo gutt kennen, bei de Ponts et Chaussées, zum Beispill, do hu mir d’Formatioun vum Ingénieur diplomé, wat dann eist Personal ass, déi d’Planificatioun maachen, d’Direktiounsaarbecht maachen a mir hunn och déi Formatioun vum Ingénieur technicien, deen an de Ponts- et Chaussées sécherlech seng Plaz huet, deen do Responsabilitéitsaarbecht mécht, deen haaptsächlech d’Leedung vun de Chantiere mécht, wou also jiddweree seng Spezifizitéit a seng Missiounen innerhalb vun enger Administratioun huet, ob dat elo de Master oder de Bachelor ass, wann ech et elo vereinfacht an där neier Terminologie ausdrécken. Elo stellt sech d’Fro, an dat ass och d’Äntwert déi mer musse ginn an der Conciliatioun mat de Redakteren, wat sinn déi verschidde Missioune vun deenen engen a vun deenen aneren? Wat huet déi Carrière supérieure, esou wéi mer se nei définéieren, als Missioun an als Inhalt? Wat huet de Redakter als Missioun an als Inhalt vun der Aarbecht? Esouwuel déi eng wéi déi aner hunn an deene leschten 10, 20, 30 Joer évoluéiert, an dann ass d’Fro ze stellen, ob an deene verschiddenen Administratiounen eng intermédiaire Carrière eng Plaz huet a Sënn mécht an op mer eng Plaz fannen, déi mer och kënnen definéiere mat hire Responsabilitéiten. A wa mir dat net kënnen a wa mir gesinn, datt keng esou eng Plaz do ass, jo dann as d’Äntwert, datt mer se do net brauchen. Ech soen an de Ponts et Chaussées ass et logesch, do brauche mer se.

Jean-Claude Franck: Mä bei de Reakteren, firwat refuséiert Dir dann do fir deenen eng Bachelor-Formatioun ze ginn? Dat géif jo awer och d’Qualitéit vun der Fonction publique héijen, wat jo een Uleies ass.

Claude Wiseler: D’Fro déi mer jo hei musse stellen ass, ob mir nach an Zukunft beim Staat jonk Leit mat Première brauchen oder net brauchen, wëlle recrutéieren oder net wëlle recrutéieren. An do seet d’Regierung ganz kloer, datt mir och an Zukunft nach musse Leit mat enger Première recrutéieren.

Jean-Claude Franck: Dat kéint jo och den Expéditionnaire da ginn, datt deen och géif mat gehéicht ginn. Oder gëtt dat alles dann erëm ze deier?

Claude Wiseler: Hei gëtt gesot, an deene Revendicatiounen déi ech kréien, datt et keng Gehälterfro wär. Et muss een mol nach alles clarifizéieren, wat elo wat heescht.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir fäert, datt do eventuell eng Keier eng Gehälterfro hannendru kënnt.

Claude Wiseler: Ech muss clarifizéiere wat elo genau domatter geduecht a gemengt ass. De Fait ass, datt mer sécherlech och an Zukunft nach musse mat der Redakteschcarrière, respektiv mat der Première recrutéieren. An dofir muss ee sech genau d’Fro stelle wat an deenen eenzelne Carrièren déi eenzel Kompetenze sinn a wat fir eng Carrièrë mer an Zukunft beim Staat brauchen, mat hiren Definitioune vun deem wat se maachen an net kënne maachen.

Jean-Claude Franck: D’Redaktere fäerten, datt se virun de Fait accompli gesat ginn, well Dir elo mat engem Projet de loi kommt iwwert d’Bachelor-Carrière. Wéi ech Iech bis elo verstanen hunn, ass deen awer nach net fäerdeg?

Claude Wiseler: Nee.

Jean-Claude Franck: Dat dauert och nach?

Claude Wiseler: Dat ass och ganz kloer, datt mer net einfach elo aus dem Tirang ee Projet de Loi iwwert d’Bachelor-Carrière huelen. Dat wat mir elo maachen, dat ass, datt mer de Bologna-Prozess a sengem Aspekt vun der Carrière supérieure, Master, ëmsetzen, well mer einfach och deene Studenten, déi elo op d’Uni ginn, schëlleg sinn, fir och kloer gesetzlech festzeleeën, wéi si sech da sollen op der Uni behuelen, op wat fir een Diplom si sollen histeieren. An dat anert, dat brauch eng ganz genau Evaluatioun vun deem wat dann d’Besoine vum Staat an Zukunft sinn an dann eng Décisioun, ob mer an deenen eenzelnen Administratiounen oder an der Administration générale ee Bacherlor brauchen oder net.

Jean-Claude Franck: Wéi schwiereg gëtt déi Conciliatioun?

Claude Wiseler: Ech weess dat net. Déi hu mir nach net ugefaangen an dofir weess ech net wéi mer do elo weiderkommen.

Jean-Claude Franck: Och do leien d’Positioune jo awer dann eventuell wäit auserneen?

Claude Wiseler: Ech mengen d’Positioune leien ëmmer auserneen, wann eng Conciliatioun ugefrot gëtt, soss bräicht ee keng Conciliatioun. Mä ech gesinn et awer net als onméiglech, datt mer hei op ee gemeinsamen Nenner kommen.

Jean-Claude Franck: Radio 100,7, domat ass et eng Minutt op halwer Eng an der Emissioun "Riicht eraus". Et geet weider mat engem Noriichteniwwerbléck vun 3 Minutten.

Duerno schwätze mer mat eisem Invité, dem CSV-Minister Claude Wiseler, nach iwwert d’Ouverture vun der Fonction publique fir d’EU-Auslänner, rieds geet awer natierlech och iwwert de Bauteministère an iwwert d’Successioun vum Jean-Claude Juncker.

[…]

Jean-Claude Franck: An Dir sidd weider ageschalt um Radio 100,7 wou de Bauteminister a Minister fir d’Fonction publique, de Claude Wiseler live bei eis am Studio ass. Claude Wiseler, den ëffentlechen Déngscht ass am Grand-Duché mat enger Rei Ausnahme just fir d’Lëtzebuerger reservéiert. Ass dat iwwerhaapt nach der Zäit ugepasst?

Claude Wiseler: Et ass op jidde Fall esou, datt mer vun den europäeschen Autoritéite gesot kruten, relativ kloer an däitlech, datt dat net der europäescher Legislatioun géing entspriechen. Dir wësst, datt mer schonn an den 90er Joren ee Prozess driwwer haten. 1999 hu mir d’Fonction publique schonn a 6 groussen Domainë opgemaach. Mir kruten 2007 gesot, datt déi Ouverture net géing duergoen. Mir kruten een Avis motivé, wat am Fong déi lescht Etapp ass, éier ee Prozess gemaach gëtt, wann ech mech däerf esou ausdrécken. An dofir ass deen Drock immens grouss. D’Regierung huet sech gefrot wéi se soll drop reagéieren an décidéiert, datt mer géingen ee Projet an deem Kontext ausschaffen, well mer net mengen, datt et gutt wär, datt mer eis hei op der Cour de Justice condamnéiere loossen, aus e puer Grënn déi kloer sinn. Éischtends mengen ech wär et net gutt fir Lëtzebuerg, fir déi Plaz an Europa déi Lëtzebuerg huet a wëllt hunn, wa mer eis op esou engem Sujet wéi dat do géinge condamnéiere loossen.

Jean-Claude Franck: Aus Image-Grënn?

Claude Wiseler: Aus Image-Grënn. Ganz kloer. Zweetens ass och d’Legislatioun am Fong ganz kloer. Dee Prozess verléiere mer sécher, an da mengen ech wär et och sënnvoll a logesch, anstatt eis Conditiounen imposéieren ze loossen, vun engem Geriichtshaff, datt mer selwer un der Gestaltung vun deem do Prozess déi Décisiounen huelen, déi mir als richteg huelen, fir déi Ouverturen dann esou ze maache wéi mir mengen, datt se sollte gemaach ginn. An et muss ee jo och wëssen, drëttens, datt haut och verschidden Administratiounen ouni Auslänner guer net méi kéinte fonctionnéieren.

Jean-Claude Franck: Dofir goufe jo och deelweis déi Ausnahme gemaach.

Claude Wiseler: Dofir hu mir eng ganz Rei Ausnahmen, déi souwisou schonn do sinn, wéi zum Beispill de Centre informatique oder aner Administratiounen an der Santé, déi ouni deen Apport do einfach net méi funktiounsfäheg wären. An dofir si mir am gaangen eis un d’Solutioun vun deem Problem do erunzebewegen.

Jean-Claude Franck: Wéi sinn do Är Virstellungen? Gëtt dat eng komplett Ouverture oder hutt Dir do awer Spillraum fir just eng partiell Ouverture ze maachen, ebe méi wéi déi ronn 10% wou d’CGFP ëmmer seet, Auslänner, déi am Moment an der Fonction publique wieren, fir just e bëssen driwwer ze goen oder musst Dir vill méi wäit opmaachen ?

Claude Wiseler: Also mir hu gekuckt wéi déi aner Länenr dat gemaach hunn. Et muss ee wëssen, datt ausser Polen a Lëtzebuerg alleguer d’Länner déi Ouverture gemaach hunn. Tschechien huet se och nach net an hire Gesetzestexter stoen, si applizéiere se awer an do ginn et verschidde Modelle fir et ze maachen. Mir wëllen et esou maachen, éischtens, datt mer déi Sproochsituatioun déi mir zu Lëtzebuerg hunn, och an Zukunft wëlle respektéieren. Dat heescht, mir wëllen als Entrée d’Dräisproochegkeet, vu Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch bäibehalen, ganz einfach well eis Administratioun esou fonctionnéiert a well d’Relatioune mat de Bierger dat och als eng logesch an als eng Noutwendegkeet maachen. Mir sinn elo am gaang ze kucke wat et heescht, wa mir soen, datt déi Posten, déi eng sougenannte Participation à l’exercice de la puissance publique hunn, ee komplizéierten Terme [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Déi héier Posten, datt déi herno ausgeschloss wären, zum Beispill?

Claude Wiseler: Do wou Décisioune geholl ginn, déi Leit direkt concernéieren an déi nëmmen de Staat kann huelen, datt dat Poste sinn, déi reservéiert si fir Lëtzebuerger. Dat ass och virgesinn, datt een et esou ka maachen. Do si mir am gaangen ze kucken ëm wat fir een Typ vu Posten et sech do handelt a wéi mir dat kënnen organisationell an eis Legislatioun ëmsetzen. Fir mech ass et och wichteg, datt dat kloer an däitlech definéiert gëtt, net datt mir duerno dauernd Diskussiounen iwwert déi eenzel Punkte kréien. Also et ass eng europäesch Obligatioun. Mir wëllen et awer zu deene Konditioune maachen, wéi mir et hei zu Lëtzebuerg als richteg ëmfannen. Ech wëll déi Diskussioun och féieren mat op där enger Säit den Administratiounen an op där anerer Säit och der CGFP, wa se mat mir wëllt iwwert dee Sujet diskutéieren.

Jean-Claude Franck: Dat musst Dir jo bal maachen, och an der Conciliatioun dann. Dat gëtt jo dann awer och schwiereg, well d’CGFP huet sech jo bis elo komplett dogéint gewiert an Dir sot selwer, mir kënnen net anescht.

Claude Wiseler: Jo, et ginn ëmmer schwiereg Diskussiounen, well et par la force des choses hei och ëm ee ganz sensibele Sujet geet. Ech mengen awer, datt dat hei eng Diskussioun ass, wou mer och kënnen ee gemeinsamen Nenner fannen. Ech hunn elo déi Konditiounen an déi Richtung genannt an déi ech wëll virgoen. Do gëtt et awer eng ganz Rei eenzel Décisiounen déi musse geholl ginn an ech hoffen, datt ech ee Partner fannen, deen d’accord ass fir mat mir iwwert déi eenzel Décisiounen do ze diskutéieren an do sinn ech ganz op fir eng Diskussioun.

Jean-Claude Franck: Schwätze mer awer och e bëssen iwwert Ären anere Ressort, Claude Wiseler, de Bauteministère. Am rezenteste vläicht vun den ëmstriddene Projeten ass de Prisong zu Suessem. Dir wart et deen ugekënnegt huet, datt d’Regierung den Alternativsite vum Suessemer Buergermeeschter oflehnt. Waren déi zwee Argumenter déi Dir do genannt hutt déi ganz Wouerecht? Vun der Ëmweltbelaaschtung an och vun där Affektatioun vun deem Site?

Claude Wiseler: Wat fir eng Wouerecht gesitt Dir dann elo nach do hannendrun? Ech hunn am Prinzip d’Gewunnescht d’ganz Wouerecht ze nennen. Hei ass et jo der Regierung dorëm gaange fir ee Site ze fannen, wou mir esou schnell wéi méiglech lasskommen. Am Fong hätte mer vill Sitë kënnen akzeptéieren, déi enger Rei Konditiounen entsprach hunn, datt se grouss genuch sinn, datt se de Sécherheetskonditiounen eventuell kënnen entspriechen an haaptsächlech, datt se eis gehéieren an datt mer esou schnell wéi méiglech virukommen an net jorelaang duerch Prozedure musse schleefen oder jorelaang Assainissementer musse maachen

Jean-Claude Franck: Oder eng Sanéierung?

Claude Wiseler: Oder wat och ëmmer, wou mer dann Ëmweltautorisatioune brauchen an allméigleches musse maachen. An dat ass d’Prioritéit gewiescht. Dir wësst wat am Prisong lass ass. All Kéiers wou eppes do virkënnt, gesitt Dir jo wat fir eng Schwieregkeeten d’Regierung huet, also muss eng Solutioun hien, déi schnell ass. Dee Site dee mir erausgesicht hunn, deen entsprécht deene Konditiounen. Dee Site, dee mer proposéiert krut hunn, hat eng Rei grondlegend Problemer, huet also deene Konditiounen net entsprach an dofir wollte mir op deen éischte Site zréckkommen.

Jean-Claude Franck: A wéi séier kënnt Dir dann op deem Site elo bauen? Et gëtt ëmmer 5 Joer gesot, ongeféier, am Ufank war et 6. Ass dat nach ëmmer esou? 2013 dann?

Claude Wiseler: Ech sinn elo mol frou, datt mer deen éischten Accord de Principe conditionnel vun der Gemeng kritt hunn. Dat ass fir mech eng grous Erliichterung an dat erlaabt eis elo ganz schnell an déi nächst Planificatiounsphase ze goen. Wat ass déi nächst Planificatiounsphase? Mä dat ass, datt mer elo een definitive Programm zesumme mat de Justizautoritéite fäerdeg stellen an datt mer da planeresch dodru ginn, fir dee Prisong ze zeechnen op Blieder a fir dann och alles wat ronderëm ass, de Stroossebau, ze kucke wéi dat ka gefouert ginn, selbstverständlech zesumme mat der Gemeng. Do brauch een eng Rei Planificatiounsphasen. Normalerweis seet een 3 Joer fir d’ganz Planificatioun, 3 Joer fir de Bau. Dofir déi éischt Ausso 6 Joer. Mir probéieren dat esou schnell wéi méiglech ze maachen an dësem Fall. Vu datt mer elo déi éischt Etapp vun der Terrainsfindung, dem Terrainsakaf an dann och den Accord fir den Terrain ëmzeklasséiere schonn zu engem Deel hannert eis hunn, denken ech, datt mer déi éischt 3 Joer kënne reduzéieren an do méi schnell virukommen. Dofir zwësche 5 a 6 Joer ass d’Planung geduecht, [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: An de Gesetzesprojet? Fir wéini kënnt deen?

Claude Wiseler: De Gesetzesproet dee gëtt no der Prozedur gemaach, déi ech jo nei mat der Chamber bestëmmt hunn, an der Phase wou mer an der Planificatioun op engem definitiven Avant-Projet sinn a wou ech eng Käschtenaschätzung ka maachen, déi ech wa méiglech duerno och kann anhalen. Dat ass jo de Prinzip nodeem ech all Bauteprojet maachen.

Jean-Claude Franck: Vill Diskussioune goufen et jo och iwwert d’Fixerstuff an och iwwert de Site vun der Fixerstuff. Och do leeft d’Zäit fort. Do gëtt et och Grënn fir dat séier ze realiséieren. Wéi kommt Dir do virun ?

Claude Wiseler: Jo et gëtt Grënn fir et séier ze realiséieren. Den haaptsächleche Grond war datt déi Containeren déi elo do stinn net méi deem entsprieche wéi se sollen entspriechen. Do muss ech soen huet d’Stad Lëtzebuerg awer gesot, si géing eng ganz Rei Efforte maachen, fir nach eng Instandsetzung esou schnell wéi méiglech fäerdeg ze kréien, datt mer och déi Zäit déi mir elo brauchen, awer a korrekte Konditiounen kënne weiderfueren.

Den zweete Grond ass, datt op deen Terrain soll de Lycée technique pour professions de santé kommen an éier mir déi Containeren do fort hunn, kënne mir net mat deem Lycée, dee mer awer onbedingt brauchen ufänken.

Elo ass et esou, datt mer op deem neien Terrain dee mir determinéiert hunn, d’Planificatioun mat der Stad Lëtzebuerg zesumme kënnen ufänken. De Bau, well mer an enger liichtbau Aart a Weis wäerte bauen, wäert 12 Méint brauchen. D’Planificatioun brauch och eng Rei Méint. Ech hoffen, datt mer do awer esou schnell wéi méiglech kënnen ufänken, mä et ass extrem schwéier Datumen a Méint ze nennen, well hei schwätze mer a Méint, aus deem ganz einfache Grond, well et hei ëm ee Projet geet, wéi mer nach kee gemaach hunn. Mä et ass kloer, datt och déi Planificatioun déi schonn zu Bouneweg senger Zäit gemaach gi war – do hate mer jo schonn ee ganze Foyer geplangt – datt mer déi kënne gebrauche fir dat wat mer hei elo maachen, esou datt mer net all déi Zäit total verléieren.

Jean-Claude Franck: 2010, wär dat ongeféier déi Richtung?

Claude Wiseler : Jo, dat wär ongeféier déi Richtung wou ee ka rechnen, dat ee kann déi Infrastruktur do fäerdeggestallt hunn.

Jean-Claude Franck: Als Bauteminister, Claude Wiseler, sidd Dir natierlech och fir de Stroossebau responsabel. Ënnert dëser Regierung gouf et eng Diskussioun driwwer, ob net méi an den ëffentlechen Transport sollt investéiert ginn a vill manner an de Stroossebau, fir den Ausbau vum Stroosseréseau ze stoppen. Ass dat iwwerhaapt awer eng Alternative?

Claude Wiseler: Dat ass eng Diskussioun déi effektiv war, déi ech awer net als eng sënnvoll Diskussioun emfannen. Mir sinn an eisem Land momentan an enger enormer Entwécklung. Mir wëllen déi Entwécklung a mir mussen eis och déi noutwenneg Infrastrukture ginn, fir datt mer där Entwécklung nokommen. A wann ech kucke wat d’Augmentatioun vun eise Mobilitéitsbesoinen an deenen nächste Jore ginn, da soen ech kloer an däitlech, och als Bauteminister, datt mer eng absolut Prioritéit mussen op den ëffentlechen Transport leeën, wa mer deene Kapazitéite wëllen nokommen. Plus 20% u Mobilitéitsbesoine bis 2020, wann ee kuckt wat dat alles heescht, da seet een, och wa mer den ëffentlechen Transport verduebelt an den ëffentlechen Transport des transfrontaliers verdräifacht kréien, och wa mir dat géinge fäerdeg bréngen, da brauche mer nach zousätzlech Stroosseninfrastrukturen, fir eis Mobilitéitsbesoinen an ordentleche Konditioune meeschter ze ginn, well dann hu mer nach 10% méi Individualverkéier op eisem Stroossentissu an esouguer iwwer 40% méi Individualverkéier am Transfrontaliersberäich.

Also ass déi Diskusisoun, dat eent géint dat anert ze stellen, a mengen Aen eng Diskussioun déi iwwerhaapt kee Sënn huet. Prioritéit op den ëffentlechen Transport, mä de Maximum dee mer maachen um ëffentlechen Transport, dee mécht et awer nach noutwendeg, datt mer am Stroossebau eppes musse maachen, d’autant plus datt een absolut majoritairë grousse Pourcentage vun dem ëffentleche Verkéier iwwert d’Strooss geet. An dofir soen ech hannendrun, all déi Iwwerleeungen déi mer also beim Stroossentissu maachen, sinn absolut noutwenneg. Mir mussen eis nach zousätzlech Iwwerleeunge maachen, wéi mer op eisem ausgebautene Stroossennetz kënne besser Plaz fir e méi schnellen ëffentlechen Transport kréien. Dofir déi ganz Réflexiounen iwwert Busspueren, Busspueren op den Autobunnen, Busspueren déi anescht ugeluecht sinn, déi mer en double sens kënne fueren, deemno wat d’Zäite sinn, alles dat verlaangt immens vill Imaginatioun, immens vill Asaz an immens vill nei Iddie fir déi nächst Joren.

Jean-Claude Franck: Dir plädéiert hei e bësse fir awer och een Ausbau vum Stroosseréseau. Do gëtt et eng Rei Projeten, déi ëmmer nees diskutéiert ginn, dräispuregen Ausbau vu verschiddenen Autobunnsdeeler, deelweis eng nei Autobunn-Tangente ouest, vläicht och den Ausbau vum Contournement. Wou sinn déi Projeten drun? Wéi konkret ass dat?

Claude Wiseler: De Prinzip vun deene Stroossebauprojeten, déi ech wëll maachen, déi si ganz kloer, déi reposéieren alleguer op dem Developpementsprinzipe vum IVL. Mir hunn hei 3 grouss Developpementsgebidder, dat kennt Dir: d’Nordstad, d’Stad Lëtzebuerg, Esch. Ech wëll also prioritaire mol d’Achsen zwëschent deenen Entwécklungsgebidder fäerdegstellen. Dat ass d’Nordstrooss op där enger Säit an dat ass ënnen d’Liaison Micheville zu Esch op där anerer Säit. Do schaffe mer mat enormer Vitesse drun. Dann ass et fir den Transitverkéier, deen zesummen mat dem Verkéier deen an d’Stad Lëtzebuerg fléisst, ordentlech ze leeden, den 2 mol 3 Ausbau vun der Autobunn zwëschent Mamer a Beetebuerg-Diddeleng. Dat brauche mir. Dir wësst besser wéi iergendeen aneren, wat all Dag op där Autobun lass ass, well mer do am Transitverkéier mat engem Aarbechtsverkéier zesummestoussen, packe mir et momentan net. Mir mussen deen Ausbau evidenterweis maachen. Dann déi intern Stroossennetzer an deenen Entwécklungsgebidder, alles dat wat mer zu Belval als Stroossebau maachen, alles wat mer, wann et elo juristesch alles richteg geet, um Ban de Gaasperech wëllen als Stroossebau maachen, ass eng Evidenz. An drëttens kommen dann eng Rei Contournementen op Haaptattraktiounspole vum IVL, zum Beispill d’Nordstad. Do sinn ech der Meenung, datt mer an deenen nächste Jore mussen de Südcontournement vun Ettelbréck an den Nordcontournement vun Dikkrech weiderplangen, well wann een der Nordstad wierklech wëllt eng Zukunft ginn, da sinn dat grouss Projeten déi dozou gehéieren. An d’Contournemente vu secondairen Developpementspoler, déi mer och mussen envisagéieren, wéi zum Beispill Jonglënster, wéi zum Beispill Bascharage, déi mer einfach brauchen. An an där ganzer Politik déi ech maachen, gekoppelt dozou, ass net nëmmen de Stroossebau, mä och den Héichbau. Wa mer wëllen nei Infrastrukturen iergendzwousch setzen, da musse mer se och IVL-gerecht setzen. Dofir Lycéën zu Miersch, Lycée zu Jonglënster, Lycée op Belval, alles Infrastrukturen, déi also konform sinn zu engem Landesentwécklungskonzept wat Sënn mécht.

Jean-Claude Franck: Mä schwätzt Dir elo fir den nächste Bauteminister mat oder sinn do och Saachen, wéi zum Beispill den dräispuregen Ausbau oder esou wou ee sech Gesetzesprojeten a kuerzer Zäit kéint virstellen?

Claude Wiseler: Do kann ee sech Gesetzesprojeten a kuerzer Zäit virstellen. Ech hunn nach ferme wëlles dee Gesetzesprojet an dëser Legislaturperiod ze déposéieren, mä als Bauteminister [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Wéi ee genauen Tracé géif dat da ginn? Wéi een Deel géif op dräispuereg ausgebaut ginn?

Claude Wiseler: Zwësche Beetebuerg a Mamer.

Jean-Claude Franck: An dat heescht, dat wëllt Dir konkretiséieren?

Claude Wiseler: Dat wëll ech konkretiséieren an ech wëll elo mol ee Gesetzesprojet déposéieren. Ech mengen och, datt do relativ wéineg Diskussioune sinn, mä als Bauteminister, mat der Durée déi eis Projeten hunn, schwätzt een ëmmer iergendzwousch am Numm vu sengem Virgänger an am Numm vu sengem Nofolger, wou een alt hofft selwer den Nofolger heisansdo ze sinn, mä dat musse mer da kucken, wat no 2009 ass. Also et ass een extrem interessanten Domaine, mä deen huet natierlech als grousse Problem, datt een ëmmer muss laang virausplangen an datt déi Planificatiounen ganz oft iwwer verschidde Periode geet. D’Beispill Nordstrooss ass dat bescht Beispill.

Jean-Claude Franck: Den Tram ass och ee Beispill, wou et och nach eng Zäitchen dauert, wou Dir och vläicht am Numm vun Ärem Successeur am Bauteministère schwätzt. Gleeft Dir awer drun, datt den Tram sécher kënnt an der Stad?

Claude Wiseler: Also ech gleewen drun, datt mir den Tram brauchen an der Stad. An ech gleewen awer och drun, an dat muss ech präziséieren, datt de Sënn vum Tram net nemmen as fir de stadinterne Verkéier an de Grëff ze kréien. Den haaptsächleche Sënn vun engem ëffentleche schinnegebonnenen Transportmëttel an der Stad, dat ass, datt mer deen Traffik, dee mer mussen an de Grëff kréien, dat heescht den Aarbechtstraffik dee moies an d’Stad erakënnt, owes aus der Stad erausfiert, datt mer dee sënnvoll an de Grëff kréien, mat enger Kombinatioun vum ëffentlechen Transport, Bus oder Zuch, déi dann eriwwer kënne klammen op den Tram fir d’Verdeelung an d’Entwécklungsgebidder vun der Stad Lëtzebuerg korrekt an ordentlech ze maachen. Dat ass d’Zilsetzung vum Tram. Dofir soen ech, een Tram an der Stad Lëtzebuerg mécht nëmmen da richteg Sënn, wa mer déi Gares périphériques, wou eben deen Echange vun deem enge Réseau an deen anere Réseau méiglech ass, direkt matmaachen, well dat ass déi grouss Erausfuerderung déi mer brauchen. Also den Tram jo, mä an engem generelle Verkéierskonzept, wat net nëmmen ee stater Konzept ass, mä ee Landeskonzept, wéi mer déi Mobilitéit an de Grëff kréien.

Jean-Claude Franck: Dir sidd, d’selwecht wéi den Här Lux, mengen ech, net géint déi Iddi vum Mouvement écologique, fir an der nächster Regierung ee Mobilitéitsministère ze schafen, deen da fir den ëffentlechen Transport an eben och fir de Stroossebau responsabel wier? Wat fir eng Virdeeler hätt dat?

Claude Wiseler: Jo, ganz einfach aus deem Grond, datt ech et logesch fannen, datt een eng Schinneplanung an eng Stroosseplanung, wat also eng Mobilitéitsplanung en général ass, datt een déi koordonéiert a gemeinsam ka maachen. Ech maachen dat elo zesumme mam Här Lux a mir maachen dat, mengen ech, an enger korrekter Koordinatioun an ouni Sträit zesummen. Méi efficace wär et, wann een et an der Hand hätt, well dann och déi ganz Planungséquipë kéinten nach méi gemeinsam schaffe wéi se elo scho schaffen. Et ass eng sënnvoll Iddi. Wann een an d’Ausland, Däitschland oder Frankräich kuckt, gesäit een, datt do och de Fonctionnement vun deene Ministèren esou leeft.

Jean-Claude Franck: Dat heescht et ass net, datt d’Relatiounen elo mam Transportminister esou schwiereg gewiescht wären, datt dat ee Grond wär?