Bali – eng Chance fir eist Klima

Den CSV Deputéierten Marcel Oberweis an enger fräier Tribune um Radio 100,7 iwwert d’Emweltkonferenz zu Bali. “Op der Emweltkonferenz zu Bali stoung den 4. Rapport vun den iwwer 3000 Wëssenschaftler aus dem IPCC zum Thema – Klimachangement a seng Konsequenze fir de Mënsch an eis Äerd – am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Den éischten Androck -et geseit net gudd em eise Planéit aus.”

Vun dessen Dokument sollten Delegéierten aus 190 Länner de Wee opzeechnen, wéi mir no dem Auslafen vun dem Kyoto-Protokoll am Joer 2012 duerch é neien Accord viru komme sollen.

Dat wor net einfach, well de gréissten Emittent vun Dreiwhausgasen, d’USA, net matmaachen. Dat bréngt dann och e.a. China an Indien derzou, op stur ze schalten.

Dobäi vergiessen dess Länner, dass sech d’Klima an engem Moos verschlechtert, dass all Dag, wou mir neischt machen, een Dag ze vill ass.

D’Europäesch Unioun huet sech awer kloer fir é nohaltege Wee entscheeden. Si wëllt hir CO2-Emissiounen em mindestens 20 % reduzéieren, d’Energie em 20 % besser notzen an 20 % méi erneierbar Energien asetzen a bis 2020.

Duerch dessen Mesurë léen mir fest, dass d’Temperaturerhéichung vun eiser Atmosphär net méi wei 2 °C bis Enn vun dësem Joerhonnert bedréit.

Fir eis alleguer an den industrialiséierte Länner heescht dat awer, dass mir eise Verbrauch aus fossilen Energië ganz staark reduzéiere mussen.
Fir hiren Engagement huet d’Europäesch Unioun vill Luef kritt, notamment vun den Entwécklungslänner. Well an desse Länner wierkt sech de Klimachangement am meeschten aus: Hongersnouten, Iwwerschwemmungen, Kricher em Drénkwaasser, Millioune Mënsche mussen hir Heemecht verloossen.

An dat sinn déi Mënschen, déi am mannsten zu dëser Katastrof bäigedroen hunn.

Zu Bali ass och gesot ginn, dass déi éischt Inseln am gaange sinn, ënner ze goen, an doduerch dausende Menschen hir Heemecht verloosse mussen. Anscheinend stéiert dat awer déi reich Länner net.

Wichteg och de Fonds anzesetzen, aus dem d’Entwécklungslänner finanziell Hëllefe kréien, fir sech un de Klimachangement ze adaptéieren.

Et ass och festgehale ginn, dass d’Reebëscher an den Trope méi geschützt musse ginn. Se einfach ofholze fir dann Zockereeër oder Palmueleg ze planzen, de mir dann bei eis importéieren, kann net méi toleréiert ginn.

No laangen an zéie Verhandlunge konnt sech de Samschdeg awer op en Accord gëeenegt ginn. Et muss zu enger staarker Reduktioun vun den Dreiwhausgasen kommen, och wann nach keng fest Wäerter ageschriwwe si ginn.

Bis zur Konferenz zu Kopenhagen am Joer 2009 muss dat awer geschéien.

Wichteg ass, de Klimachangement gëtt echt geholl. Net zulescht huet den Drock aus de Reie vun den Entwécklungslänner an der Europäescher Unioun vill bewierkt.

Well déi kommend Generatioune vill méi staark duerch de Klimachangement belaascht ginn, si mir all gefuerdert, hei matzemaachen.

Nëmmen duerch é responsabelt Verhale géint iwwer eisen dréi Liewensressourcen: Buedem, Waasser a Loft ruffe mir déi nohalteg Opbrochstemmung ervir.

Vill Zeit verbleiwt eis net méi fir eng engagéiert Äntwert op de Klimachangement ze liweren.

An huet net den amerikanesche Biologiste Edward Wilson gesot: “D’Mënschheet definéiert sech net doduerch – wat si erschafft, mä doduerch wat si net zerstéiert“.

D’CSV wäert sech awer mat vill Nodrock an dësem wichtege Prozess engagéieren an derfir suergen, dass Bali eng Chance fir eist Klima gëtt.

Merci fir d’Nolauschteren.

Dr.-Ing. Marcel Oberweis, Fräi Tribune 19. Dezember 2007, Radio 100,7