CSV.Eng dreiwend Kraaft

“Den CSV Nationalkongress vum leschte Samschdeg zu Mutfert huet et kloer gewisen: D’CSV ass déi dreiwend politesch Kraaft zu Lëtzebuerg mat engem breet gefächerte gestaltereschen politesche Potential.” Fräi Tribune vum CSV Generalsekretär Marco Schank

… Dat ass an de verschiddene Kongress-Interventiounen, besonnesch deene vum Fraktiounschef, dem Parteipresident an eisem Premier, zum Ausdrock komm.

D’CSV kuckt an d’Zukunft, si plangt fir d’Zukunft, a si schafft fir d’Zukunft. An all Dossier an deene si sech engagéiert, huet si als Zill, d’Viraussetzungen ze schafen, datt eis Kanner a Kannskanner vun de bescht méiglechsten Ausgangspositiounen fir hiert spéidert Liewe kënne profitéieren.

D’CSV. Eng dreiwend Kraaft a villen Dossieren.

bei der Territorialreform an dem IVL. Eist Land wiisst a mir mussen eis d’Instrumenter ginn, fir de Wuesstem ze begleeden. Eng Schlësselroll hu Gemengen. Hier Biergerinnen a Bierger erwaarde vun hinnen ëmmer nei Déngschtleeschtungen. Dofir musse si d’Moyenën kréien, fir d’Mobilitéit, d’Wunnen, d’Kannerbetreiung a vill aner Aktivitéiten effizient z’organiséieren.

D’CSV ass déi dreiwend Kraaft fir erschwéngleche Wunnraum fir jonk Familljen ze schafen. Et gëllt, d’Präisspiral am Wunnengsbau a bei den Terräinspräisser duerch eng volontaristesch Politik ze briechen. De Wee dohinner féiert iwwer d’Zesummenaarbecht vu Stat a Gemengen.

D’CSV. Eng dreiwend Kraaft am Ëmwelt an am Klimaschutz. An eisem Grondsatzprogramm steet, datt mir et musse fäerdeg bréngen, datt déi Generatiounen, déi no äis kommen, dat selwecht Recht op mënschegerecht a mënschewierdeg Liewensbedingungen hunn. A propos: Mënschewürd! Mat 0,91% vum PIB läit Lëtzebuerg un der Spëtzt an Europa an doriwwer eraus wat d’Entwécklungspolitik ugeet.

D’CSV ass och eng dreiwend Kraaft fir d’Kommunikatioun mat de Biergerinnen a Bierger an eisem Land. Mat csv.lu notze mir den Internet méi staark wéi all déi aner Parteien als Dialogplattform.

D’CSV geet och tëschent de Walterminer bei d’Leit. Beim CSV on Tour hu sech eis Ministeren an Deputéiert de Froe vu ville Biergerinnen a Bierger gestallt. Doriwwer eraus hu mir all déi Propositioune matgeholl, déi elo an eise Reflexiounskreesser gepréift an diskutéiert ginn.

D’CSV ass deemno eng dreiwend Kraaft op ville Pläng, – dat huet eise Nationalkongress kloer gewisen. D’CSV ass d’Partei vun der fortschrëttlecher Mëtt – an där – a fir déi – „Jidder Eenzelen zielt“.

D’CSV ass déi eenzeg Lëtzebuerger Vollekspartei mat Memberen aus alle Schichte vun der Bevëlkerung. Dat huet e Bléck an de Sall vun eisem Nationalkongress gewisen.

An – d’CSV weess ëmmer erëm hier Kräften ze bündele fir an eisem Land d’Saache virun – an d’Mënschen zesummen ze bréngen.

Ech soen Eech Merci fir d’Nolauschteren.

Marco Schank, 19. November 2007, Fräi Tribune op RTL 92,5