Steiererliichterungen a Kannerbonus

Interventioun vum Premier-a Finanzminister Jean-Claude Juncker am Kader vum Dépôt vum Budgetsprojet 2008 an der Chamber

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
léif Kollegen, 

ech wollt eng Rei vu méi allgemengen Observatioune maachen a menger duebeler Qualitéit an dann ee Wuert méi soen iwwert d’Steier- an d’Sozialpolitik vun der Regierung, ouni dat awer haut ze laang ze zéien, well doriwwer kréie mer jo nach an deenen nächste Wochen a Méint vill ze schwätzen. An da muss ech leider fortgoen, mä den Här Frieden, deen ass ee flächendeckend tätege Geescht an dee kann also alleguer déi Froen, déi gestalt gi beäntweren, étant entendu, datt mer déi Steier- a Sozialdébatte souwisou wäerte kréien.

Ech wollt zum allgemengen Hannergrond, virun deem sech de Budgetsprojet fir d’Joer 2008 ofspillt an an deen e muss Agank fannen, soen, datt mer an deem Moment wou mer de Budget gemaach hunn, Gott sei dank hu mer en eréischt, a Broch mat vorheregen Traditiounen, am Hierscht gemaach an net schonn am Summer, datt dat een Hannergrond ass, dee sech duerch eng grouss Onsécherheet auszeechent, well et ganz schwierg ass, mat engem Bléck ze erfaassen a mat engem Wuert ze résuméiere wéi d’wirtschaftlech Évolutioun an der Welt, an Europa an heiheem sech am Joer 2008 wäert présentéieren.

Mir ginn dovun aus, datt mer ee plus ou moins stabilt Wirtschaftswuesstem an der Welt behalen. Mä kee kann dat honnertprozenteg gesinn, well nach net richteg gespuert gëtt wéi déi amerikanesch Immobiliekris an déi Perturbatiounen op de Finanzmäert, déi doropshin agetruede sinn, sech op de Weltwirtschaftswuesstem wäert nidderschloen. Mir ginn dovun aus, wat d’Eurozon ubelaangt, wat eisen natierleche Raum ass an deem mir Handel bedreiwen, an deem mer als national Économie an als Land täteg sinn, datt et par rapport zu de Previsiounen, déi mer nach am Fréijoer vun dësem Joer haten, ee Wirtschaftswuesstem an der Eurozon vun 2,6 Prozent zu enger liichter Eintrübung, op Grond vun där Finanzmaartturbulatioun vun 0,1 Prozent kënnt, esou datt d’Wirtschaft an der Eurozon wäert um Enn vum Joer 2007 ëm 2,5 Prozent gewuess sinn. Mir mussen d’Prévisioune vum Mount November ofwaarden, fir méi ee genauen Iwwerbléck ze kréien iwwert déi méiglech Impaktbildunge vun där Finanzmaartkris op de Wuesstem an der Europäescher Unioun. Mir ginn dovun aus, datt deen am Joer 2008 an der Eurozon selwer net dramatesch wäert sinn, mä d’Risike weise ganz däitlech no uewen. Et kënnt zu engem méi luese Wirtschaftswuesstem am Joer 2008 an der Eurozon, déi par ailleurs och mat engem dach awer historesch héigen Aussecours vum Euro par rapport zu deenen anere Währungen, Dollar, Yuan a Yen ze dinn huet, wat de positiven Effekt huet, datt eis Uelegimporter doduerch an hirer Präisentwécklung no uewe staark ofgebremst ginn, wat awer och als Negatives no Branchen an no Secteure spezifesch ze beuerteelen huet, wat den Opbau vun den Exportvolumë vun der Eurozon ubelaangt.

Zu den Uelegpräisser, déi sech an deene leschte Jore mat 400% no uewe beweegt hunn, ass ze soen, datt wa mer nach an engem System wiere wou mer dee staarken Euro net hätten a wa mer nach an engem System vun nationale Währunge wieren, ee virsichtege Schätzungen no dovu kënnt ausgoen, datt de Bensinns- an den Diesels- an de Mazoutspräis zu Lëtzebuerg 38% méi héich wär, wéi en dat de Moment ass. Den Euro schützt eis also an där Bezéiung op eng ganz considérabel Aart a Weis, besonnesch déi méi akommesschwaach Haushalter.

Den Drock op d’Exportfähegkeet vun der Euroindustrie, notamment soufern wéi se Wueren hirstellt, ech schwätzen net vun de Servicer, deen ass net esou grouss wéi gemengt gëtt, mä deen ass awer do, en ass net liicht se quantifizéieren. Wat ee quantifizéiere kann, dat ass wéi d’Eurowirtschaft sech vum Joer 2001 u bis haut beweegt huet an do fält engem op, datt doduerch, datt mer den Euro hunn, mer also kee Wiesselcourschangerisiko méi an der europäescher Währungszon hunn, dat also do keen Impakt huet, den Euro seng Weltmaartundeeler par rapport zum Dollar, am Verglach mam japanesche Yen staark ausgebaut huet. Mir hunn also méi staark als Eurozon vum Weltwirtschaftwuesstem a vun dem Opgoe vun neie Mäert, China, Indien, aner emerging Countries profitéiert. Trotzdem bleift ee grouss Raum, och fir Lëtzebuerg, zur Gestaltung fräi gesat, wat notamment déi emergent Mäert an dem asiateschen a südostasiatesche Raum ubelaangt, wou d’Amerikaner u sech méi ee groussen Undeel hunn, onnatierlecherweis, wéi mir.

Wéi dat sech also elo auswierkt ass, an der Somme am Joer 2008, weess een net, et wierkt sech jiddwerfalls aus mat engem manner staarke Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg an an der Eurozon. Mir schätzen en zu Lëtzebuerg op 4,5% an, den Zouwuess vun der nationaler Wirtschaftskraaft am Joer 2008. Dat ass däitlech manner wéi am Joer wat leeft, däitlech manner wéi an deem Joer wat d’Nummer 2006 gedroen huet. Eis Wirtschaft wäert also manner séier wuessen, mä awer nach ëmmer zweemol méi séier wéi den duerchschnëttleche Wirtschaftswuesstem an der Eurozon. Dat ass also keng katastrofal Entwécklung. Dat ass een Tassement vun eisem Wirtschaftswuesstem an déi eigentlech gutt Richtung, well mat 4,5% wuesse mer nach ëmmer méi wéi eist Wuesstumspotenzial dat eigentlech ausweist. Mir wuessen also méi séier, wéi mer reng theoretesch kënnte wuessen. Mir sinn also eng vun deene wéinegen Économien, déi sech wierklech a gudden Zäite befannen, déi dofir och gutt Staatsfinanze misst produzéieren an eng vun deene wéinegen Économien an der Eurozon, déi iwwert hirem Wuesstemspotenzial läit, wat net de Regelfall de Moment ass, obschonn d’Eurozon an hirer Gesamtheet no ronderëm hirt Wuesstemspotential évoluéiert am Joer 7 an och am Joer 8.

Mir ginn dovun aus, datt et zu kenger notable Correctiounen no ënne vun den Uelegpräisser kënnt. Mir mengen, datt mer eis mussen drop astellen, esouwuel an der Eurozon, wéi da logescherweis och heiheem, datt d’Uelegpräisser héich bleiwen, mat alle politesche Konsequenzen déi sech doraus aginn a mat och deenen inflatiounsimpaktbildenden Niewenelementer, déi dat zur Folleg huet. Mir ginn dovun aus, datt d’Inflatioun sech ronderëm 2,3% am Joer 2008 wäert bewegen, wat also däitlech iwwert deem Inflatiounskanal ass, deen d’europäesch Zentralbank zu engem Haaptcritère vun hirer Geld- a Währungspolitik gemaach huet. Hätte mer den Euro net, da misste mer eng richteg Zënspolitik maachen, wieren d’Zënsen zu Lëtzebuerg däitlech méi héich wéi se haut sinn, wou d’Zënsen op de ganzen Euroraum vun der Zentralbank zu Frankfurt festgeluecht ginn. Mir profitéieren also duerch den Euro duebel. Mir kréie méi bëlleg, manner deier muss ee soen, Uelegimporter a mir hu méi niddereg Zënsen, wéi mer se hätten, wa mer alleng op eis, dat heescht op d’Belsch gestalt wieren. Dat ass de globale Kader, dee vun Onsécherheet, mä een awer nach vu schëtzegem Wuesstem fir d’Joer 2008 zu Lëtzebuerg. Deen allgemenge Kader war stengsetzend fir d’Aarbechten, déi de Budgetsminister huet musse maachen.

Dir hutt gesinn, datt mer zesumme mam Budgetsprojet 2008 och eng Rei vun Ëmstellungen am Beräich vun der Besteierung vun de physesche Persounen an am Beräich vun der Sozialpolitik virhuelen. Ech wëll mech elo net breet doriwwer ausdrécken, well dat jo Agank fënnt nach a parlamentaresch an an aner politesch Débatten, sauf fir ze soen, datt mer bei deem wat mer virschloen eis an der Linn befanne mat deenen Ofmaachungen, déi mir am Comité de coordination Tripartite am Abrëll 2006 getraff hunn, Ofmaachungen déi Agank fonnt hunn an d’Budgeten Enn 2006, 2007 an 2008.

Mir haten ofgemaach mat de Sozialpartner an dat och hei esou an der Chamber verteidegt, datt mer prinzipiell keng Adaptatioun vum Steiertarif un d’Inflatioun géife maachen. Dat steet nun emol an deem Dokument an dat war och d’Absicht vun der Regierung, fir prinzipiell dat net ze maachen. An et steet doran, wéinst der entretemps a Kraaft getruedener Desindexéierung vun enger Rei vu Leeschtungen, déi iwwert d’Kannergeldkees ausbezuelt gëtt, géife mer, zesumme mat de Sozialpartner, probéieren, virum 1. Januar 2008, een Accord iwwer ee Steierkredit an d’Aféierung vun deemselwechten ze fannen. Ech hat hei bei der Erklärung zur Lag am Mee gesot, ech géif mat de Sozialpartner doriwwer Verhandlunge féieren am Juni an am Juli. Dat war awer net méiglech, well bemol fonnt ginn ass ech hätt ee Stéck Träip zevill. Dat hunn ech elo manner, mä dat huet mech awer dovun ofgehalen am Juni an am Juli déi Gespréicher ze féieren, do hunn ech se méi spéit gefouert, fir datt mer an der Chamber kënnte mat engem Budgetsprojet untrieden, deen all deem géif Rechnung droe wat ofzemaache war. Et war also der Chamber kloer, mengen ech, wann een nogelauschtert huet, an dat ass jo de Regelfall heibannen, datt Verhandlunge mat de Sozialpartner misste stattfannen. Déi hunn ech de leschte Freiden ofgeschloss, an engem leschte Gespréch mam Patronat. Dofir hu mer dee ganze System elo stoe fir de Projet de Budget vum Joer 2008.

Ech wëll just e puer Sätz soen: fir d’éischt mol déi Inflatiounsupassung vum Steiertarif. A moins datt ech net opgepasst hätt, dat trauen ech mer jo duerchaus zou, mengen ech net, datt ech als solchen, wéi de Kant gesot hätt, mat deem ech mech awer net wëll vergläichen, bis haut dat Wuert Steierreform nach net gebraucht hunn. Et handelt sech hei ëm eng Steiererliichterung bei där Tarifadaptatioun un een Deel vun der Inflatioun an net ëm eng tariflech Strukturreform, esou datt ech den Ausdrock Reform am Zesummenhang mat der Steierofsenkung net revendiquéieren, ech revendiquéieren dat Wuert Reform am Beräich vun der Ëmverdeelung a Richtung Steierkredit, dee mat där tariflecher Ofsenkung parallel verleeft.

Dat Zweet, déi Inflatiounsupassung huet sech net zwéngend erginn. Ech liesen an ech héieren och a méi revendikativ orientéierten Interventiounen, datt de Steiertarif misst 16% un d’Inflatioun ugepasst ginn, well och schonn déi Indextranche déi am Mäerz vum Joer 2008, dat steet och am Budget, erfält, muss se schonn an d’Inflatiounsbemiessung an domatter un d’Inflatiounsupassungsnoutwennegkeet agerechent ginn. Ech hat hei am Parlament gesot, am Mee, mir hätte vun 1991 bis haut eng Inflatiounsupassungsavance am Beräich vun der Tarifofsenkung vun 340%. Zanter 1991 falen d’Steieren 3,4 mol méi séier wéi d’Inflatioun klëmmt. Ech hat gesot, wann een awer géif d’Compteuren am Joer 2002 festhalen, da misst et zu enger méi héiger prozentualer Upassung kommen, déi beleeft sech entretemps, wann een d’Joer 2008 mathëlt an d’Géigend vu 16 Prozent. Ech wëll awer just an Erënnerung ruffen, datt mer déi lescht Regierung, CSV-DP Regierung, eng Tarifreform gemaach hunn an de Joren 2001 an 2002, déi insgesamt betruecht an enger Netto-Tarifentlaaschtung vu 86% résultéiert ass. Dat heescht, alleng vum Joer 2002 un, dat lescht Joer wou déi lescht Regierung eng Steierreform gemaach huet an déi sech mat 36%, alleng déi, am Joer 2002 par rapport zur Inflatiounsupassungsnoutwennegkeet ausgewisen huet, et ass wéi wa mer am Joer 2002 de Steiertarif 36% ugepasst hätten, ergëtt sech, datt och wann een d’Aueren am Joer 2002 stoeléisst, deemools esouvill ofgesenkt ass, datt all Inflatiounsbildung déi duerno geschitt ass, antizipatoresch duerch déi Tarifofsenkung am Joer 2002 virausgeholl ginn ass.

Ech wëll dat just an Erënnerung ruffen. Wann ech kucken, datt alleng an de Joren 2001 an 2002 an Inflatiounsupassungstermen ausgedréckt, eng Ofsenkung komm ass vu 86 Prozent, gëtt iwwregens däitlech, firwat datt déi lescht Regierung fir d’Joren 3 a 4 keng Inflatiounsupassung un den Tarif konnt maachen. Dat wier déraisonabel gewiescht, esou ass dat deemools och gesi ginn a wann ech déi 86% huelen an ech zéie vun deenen déi 16% of déi zanter 2002 un Inflatioun entstanen ass, dann hu mir nach ëmmer eng Avance vun iwwer 50%, wat d’Inflatiounsupassung ubelaangt. Dat wollt ech just mol eng Kéier an Erënnerung ruffen, well ech einfach es bal midd sinn, déi Steierdemagogie do a sech all Dag steigernde Volumen do musse wahrheitswiddreg zur Kenntnis ze huelen. Et ass einfach falsch, datt mer ee Retard bei der Inflatiounsupassung hunn. Mir hunn eng Avance, alleng op d’Joer 2002 gekuckt, vun iwwer 50%.

Nun huet sech am soziale Bild, duerch dat wat an der Welt geschitt ass, eeneges geännert, an et gëtt eng Rei vun Haushalter, déi staark an anerer manner staark, duerch dat wat geschitt ass, notamment am Energieberäich, déi Präisser sinn iwwregens e puer Prozent manner héich wéi d’lescht Joer ëm dës Zäit, déi sech erginn. An dofir hu mir eng Kombinatioun wëlle maachen, dat hunn ech der Regierung den 20. September virgeschloen, a graffen Ëmrësser, gesi mir eng Inflatiounsupassung vu 6% vir. Ech wëll soen, dat vergréissert d’Avance déi mer an Termë vun Inflatiounsupassung vum Tarif hunn. Dat verkierzt se net, et vergréissert se. Mir sinn elo erëm op 56 Prozent Inflatiounsupassung méi wéi eigentlech d’Inflatiounsbildung et noutwenneg gemaach hätt. Mais quoi qu’il en soit, a well déi Zuele jo och keen interesséiere, well soss muss ee jo seng Rieden erëm alleguer änneren, senke mer den Tarif ëm 6 Prozent of.

Hätte mer 16% ofgesenkt, esou wéi dat vun eenzelne verlaangt gëtt, hätt dat ee Steierausfall oder ee Steiereinnahmeréckgang vun iwwer 520 Milliounen zur Konsequenz gehat, dat wieren 1,7, 1,8% vum Bruttoinlandprodukt. Ëm déi Zuel, ëm déi 1,7 ëm déi 1,8% Bruttoinlandproduktpunkten hätt sech d’Finanzlag vum lëtzebuerger Staat och deementspriechend verschlechtert. Dofir kënne mer nëmme 6% maachen a 16% wollte mer net maachen, éischtens well mer eng Avance hunn an zweetens, well se all deene Leit, déi keng Steiere bezuelen, op Grond vun eisem aktuellen Tarif, näischt bréngt a well se deenen déi Steiere bezuelen, wéi ech fannen, disproportional vill bruecht hätt an et schéngt mer méi richteg ze sinn nëmme 6% Inflatiounsupassung ze ginn an ee Kannerbonus anzeféieren, deen deene Leit profitéiert, net nëmmen, mä haaptsächlech, déi manner gutt dru sinn, déi kleng oder mëttel Akommes hunn, woubäi déi déi mëttler Akommes zu Lëtzebureg hunn, och nach net an d’Kategorie vun de sozialen Noutfäll anzestufen ass. Et kann een dat gutt vergläiche mat Arel, Tréier an Thionville, wann een dat gäre mécht. Dat wëll ech awer hei net maachen.

Eng Famill déi zwee Kanner huet, bestuet an zwee Kanner, muss ee Revenu imposable vu méi wéi 2900 Euro de Mount hunn, fir datt se iwwerhaapt Steiere bezilt. Wann ech also 16% ofsenken, da profitéiert keng bestuete Famill mat 2 Kanner dovun, déi ee Revenu imposable huet vu manner wéi 2906 Euro de Mount. Serait-ce raisonnable, fir déi eidel ausgoen ze loossen, bei enger 16prozenteger flächendeckender Tarifofsenkung an anerer dovu profitéeiren ze loossen oder ass et net méi raisonnabel eng Kombinatioun ze sichen, wou d’Tarifofsenkung, wat eng Steiererliichterung ass, keng Steierreform a vun Aféierung vum Kannerbonus. Duerch déi Kombinatioun vun Tarifofsenkung a vun Aféierung vu Kannerbonus, kritt awer elo ee bestuetenen Haushalt mat zwee Kanner, deen 2500 Euro Revenu imposable huet, een Nettogewënn am Joer vu 1506 Euro. 16% Steierofsenkung null Euro. D’Kombinatioun vun Tarifofsenkung 6% an Aféierung vum Kannerbonus ass een Nettogewënn vun 1506 Euro d’Joer, dat ass d’Resultat vun där kombinéierter Approche déi mer gewielt hunn an déi schéngt mer richteg ze sinn.

D’Leit ginn am Joer 2008 esou besteiert, duerch déi 6 prozenteg Tarifofsenkung, wéi wa se 6% manner géife verdingen. Si ginn op engem Niveau vu 6% ënnert hirer Pei déi se hu besteiert, doduerch datt mer d’Tranche ëm 6 Prozent verréckelen. Dat wierkt sech prozentual séier ënnerschiddlech aus an deenen eenzelne Compositioune vun de Ménagen déi Steiere bezuelen oder keng bezuelen. Wann Dir zum Beispill ee Jonggesell hutt, well ech ëmmer liesen d’Jonggeselle géifen net profitéieren vun deene Moossnamen hei, wann Dir ee Jonggesell huelt, deen de qualifizéierte Mindestloun verdingt, 1885 Euro de Mount, sinn dat, dee bezilt d’nächst Joer 11% manner Steieren. Net 6%, 11% manner Steieren. Wann ech eng Famill ouni Kanner huelen, wou deen ee Partner 3500 an deen anere Partner 2500 Euro verdingt a besteiert kritt, déi bezuelen 8,4 Prozent manner Steieren. Wann ech eng Koppel huelen, wou ee 6000 Euro verdingt an deen aneren 3500 Euro, also 9500 Euro zesummen,mengt net mir hätten där keng, déi bezuele 5% manner Steieren. Déi 6prozenteg Tarifentlaaschtung kascht oder bréngt dem Staat manner, je nodeem wéi een dat wëllt ausdrécken, ee Betrag vun 195 Milliounen Euro. Déi 6prozenteg Tarifofsenkung déi sech prozentual ënnerschiddlech auswierkt, je no Familjestruktur an no Akommeskategorie, kascht insgesamt 195 Millioune Euro. Jiddwerfalls huet de Budgetsminister 195 Milliounen, dat heescht fir et einfach ze maachen, 200 Milliounen Euro manner fir säin Ausgabeprogramm kënnen ze bedingen an dat huet Konsequenzen, wann een 200 Milliounen Euro manner huet wéi een se hätt, wann een déi 6prozenteg Tarifofsenkung do net gemaach hätt, ëmsouméi wou mer eng grouss Avance op d’Inflatiounsupassungsnoutwennegkeet hunn.

Zweet Operatioun: déi Leit déi Steiere bezuelen, dat heescht 60% vun deenen déi theoretesch Steiere bezuelen, well 40% vun de Steierménagë bezilt keng Steieren, op Grond vun der permanenter Erhéigung vun de steierfräie Grondbezich. Wann ee sech ukuckt wéi dat haut ass, kréien d’Leit, déi Steiere bezuelen an eenzelner bezuele keng, well se dat kréien, eng Kannermodératioun am Steiertarif vun 922,5 Euro. Dat schafe mer of. Mir huelen dat aus dem Tarif eraus a mir besteieren dat. Doduerger entsteet dem Staat eng Mehreinnahme vu 85 Milliounen Euro. Déi déi haut 922,5 Euro fir hirt Kaner kréien, iwwert de Wee vun der Steierermässegung, déi se doduerch kréien, déi behalen déi 922,5 Euro, well déi ginn telle quelle eriwwergefouert an dee Kannerbonus. Een deen also 922,5 Euro manner Steiere bezilt, well en ee Kand huet, dee kritt 922,5 Euro iwwert de Wee vum Kannerbonus, well en ee Kand huet. Dat heescht déi déi dee Maximum vun der Kannerermässigung bei de Steieren hunn, behalen dee Maximum.

Mir hunn 200000 Kanner déi hei am Land Kannergeld kréien. 100000 vun deene Kanner profitéieren iwwert de Wee vun der Besteierung vun hiren Elteren oder vun hirem alleinerziehenden Elterendeel vun deem Maximum vun 922,5 Euro. 15000 vun deenen 200000 Kanner profitéiere vun engem Deel vun där Kannerermässegung vun 922,5 Euro a 85000 Kanner, deenen hir Eltere profitéieren ratzekahl guer net vun där Kannermodératioun déi et iwwert de Steierwee gëtt an déi kréien esouwuel déi een Deel dovu profitéieren, wéi déi déi iwwerhaapt net dovu profitéieren, dee ganze Betrag vun 922,5 Euro iwwerwisen an domat augmentéiere mer deenen hire Revenu disponible op eng ganz zolitt Aart a Weis. Esou zwar, datt eng Famill mat 2 Kanner, déi ee Revenu imposable vun 2500 Euro huet, handelt et sech ëm een Aarbechterménage, 1570 Euro méi Suen zur Verfügung huet am Joer 2008 wéi am Joer 2007. Ech wëll Iech net domat belästegen, wann ee géif ausrechne wat fir enger Erhéigung vum Kannergeld datt dat géif entspriechen, wann een dat géif maachen. Dat läit tëscht 35 an 41% an deene meeschte Fäll. Nei ass heirunner an dofir ass et eng selektiv Moossnam an dofir ass et eng wichteg Moossnam an dofir ass et eng fundamental Ännerung vun eiser philosopheschen Approchen iwwert d’Kombinatioun vu Steieren a vu Sozialpolitik, nei ass, datt déi Famillen, déi duerch d’Tarifofsenkung näischt kritt hätten, Nettogewënner sinn, duerch d’Aféierung vun deem Kannerbonus. Déi hätten nogekuckt, wann een nëmmen d’Steieren erofgesat hätt, elo hu se eppes méi zur Verfügung fir hir Käschten, déi se mat Kanner hunn, nieft der Freed déi ee mat Kanner huet, déi se kënne zur Verfügung hunn.

200000 mol 922,5 Euro d’Joer, dat kascht 184,5 Milliounen. Korrekterweis muss ee soen, vun deene 184,5 Milliounen déi dat kascht, muss ech ofzéien, well mer jo 85 Millioune méi Steieren erakréien, well mer d’Kannermodératioun ofschafen a se duerch ee Kannerbonus also, ouni Verloscht fir d’Leit vun 922,5 Euro ersetzen, datt den Nettokäschtepunkt vun deem Kannerbonus also 99,5 Milliounen Euro ass. Dofir muss een déi Rechnungen déi op eenzelne Pressekonferenzen déi lescht Deeg gemaach ginn, am Liicht vun deem richtegen Zuelematerial do zurechtrécken. Den Nettokäschtepunkt vum Kannerbonus ass 99,5 Milliounen Euro. Bruttokäschtepunkt 184,5 Milliounen Euro, minus 85 Millioune méi Steieren, gëtt een Nettokäschtepunkt vun 99,5 Milliounen. Fir ze gesi wat geschitt ass, muss een deen Nettokäschtepunkt vun 99,5 Milliounen huelen an déi Somme, deen Ausfall vun 195 Milliounen Euro Tarifberengegung dobäirechnen, da kënnt een op ee Gesamtentlaaschutngprogramm par rapport zu 7 am Joer 8, vun 294,5 Milliounen Euro. Dat ass dat wat hei geschitt. Dat ass ongeféier 0,81 0,82% vum PIB dee beweegt gëtt duerch déi Steieradaptatioun an duerch déi mol gläichbleiwend, mol sech nettoméisseg ëmmer méi steigernd Aféierung vun dem Kannerbonus vun 922,5 Euro.

Mir hunn Iech eng Rei vun Tableauen ausgedeelt, déi sollen d’Débatte an deenen nächsten Deeg méi liicht maachen. Ech wëll just dobäi soen, datt déi Besteierung vun der Modération d’Impôts, datt dat natierlech net eréischt apparent gëtt an 2 Joer vun elo, mä vum 1. Januar un apparent gëtt fir all Steierzueler, deen elo déi Kannermoderatioun ka bei de Steieren net méi bei sech wäert wierksam gesinn an dee Kannerbonus probéiere mer am Mäerz vum nächste Joer auszebezuelen. Mir sinn awer technesch nach mat eis selwer a Gespréicher ob et net gutt wier am éischte Joer dat de, 1. Juli ze maachen, well dat jo awer mat villen administrative Problemer verbonnen ass.

Voilà, Här President, eng Rei vu séieren Explikatiounen, déi dem Här Frieden natierlech ze laang gedauert hunn, wat ech verstinn an da komme mer op déi steier- a sozialpolitesch Elementer nach eng Kéier am Laf vun den nächste Méint méi wéi eng Kéier, denken ech, ze schwätzen, well de ganzen Duerchbléck kritt ee jo eréischt wann een och mol kuckt wat am Kannerbetreiungsberäich nach vun neie Saachen am Joer 2008 par rapport zum Joer 2007 dobäi kënnt. A wann ee sech dann d’Budgete fir d’Familljen ausrechent, fir d’Famillje mat Kanner, da gesäit een, datt den Impakt vun der Kannerbetreiung a vun der materieller Ënnerstëtzung vu Famillje mat Kanner duerch d’ëffentlech Hand wiesentlech méi grouss ass am Joer 8 wéi am Joer 7.

Merci. 

Source: Service Information et Presse / www.gouvernement.lu