De Mamer Buergermeeschter Gilles Roth gëtt haut als néien CSV-Députéierten vereedegt

Zesummenaarbecht tëschent Stat a Gemenge souwéi Finanzpolitik sin Themen mat deenen sech de Gilles Roth virrangeg beschäftege well

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

et ass fir mech eng Éier als neien Deputéierten an dësem héijen Haus d’Wuert ze ergräifen. D’Chamber ass de Vertrieder vun eisem Land. Dat ass eng nobel Aufgab an eng héich Verantwortung. Hei am Haus ginn déi Gesetzer gestëmmt, déi en harmonescht Zesummeliewen an der Gesellschaft garantéiere sollen. Fir dat ze erreechen, ass eng verantwortungsvoll Zesummenaarbecht vu Regierung a Parlament wichteg. Dat ganz besonnesch well d’Interesse vun eisem Land vun engem ëmmer méi internationalen Ëmfeld bestëmmt ginn.

All Institutioun soll dobäi hir verfassungsrechtlech Roll spillen. Beréierungsängscht op béide Säite brauchen et dofir keng ze ginn. Opgrond vu mengem politesche Werdegang a menger berufflecher Experienz gesinn ech meng Aarbecht am Parlament besonnesch an de Beräicher Innen- a Landesplanung souwéi an der Steierpolitik. Ee gutt Zesummewierke vu Stat a Gemengen ass eng wesentlech Erausfuerderung fir d’Zukunft vun eisem Land. Dat souwuel am wirtschaftleche Beräich wéi um Plang vun der sozialer Kohesioun.

Kuerzfristeg zielt dat ganz sécher fir de Beräich vum Wunnengsbau. De Bierger erwaart bei ze héije Baulandpräisser een Awierke vun der Politik. Deen ugestriefte Wunnengsbaupakt tëschent Stat a Gemengen ass e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. D’Gemenge gi finanziell ënnerstëtzt, fir d’Offer u Bauland méi grouss ze maachen. Si kréien déi néideg Instrumenter, fir géint eng abusiv Baulandspekulatioun anzewierken. Derniewent brauche mir onkomplizéiert Gesetzer a Prozeduren, fir um Terrain kuerzfristeg a konkret méi Bauland ze schafen. D’Zënspolitik däerf net décidéieren, wie sech hei am Land nach en Eegenheem leeschte kann.

Ëmweltbewosst handelen a rationell Energiepolitik: Dat sinn och zwee Beräicher, déi en enkt Zesummespill tëschent Stat a Gemenge verlaangen. D’Gemenge mussen hir Verantwortung hei iwwerhuelen. Si mussen awer mam Stat un deemselwechte Strang zéien. Firwat solle Stat a Gemengen hei net en Energiepakt schléissen? Niddreg Energiebauweis bei öffentleche Gebaier, Opstelle vun Energiekonzepter an Energieverbrauchsbilanen dierfen och op lokalem Plang net méi ewechzedenke sinn. Energiebewosst handelen, besonnesch beim Bau, der Albausanéierung, awer och am Alldag mussen ënnerstëtzt ginn. Dat kascht eppes, mä et ass der Méi wäert fir eis selwer, mä och fir déi Generatioun, déi no eis kënnt.

Och an der Schoul musse Stat a Gemengen Hand an Hand goen. Dëst Zesummespill ass eng wesentlech Viraussetzung fir d’Schafe vun där moderner Schoul, déi mir fir eist Land brauchen an och wëllen. Grad fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg ass eng gutt Ausbildung an eng permanent Weiderbildung vun deenen, déi hei liewen a schaffen, ee feste Bestanddeel vu senger Kompetitivitéit.

Ech wënsche mir duerfir eng Schoul vun der Chance. Dës Schoul muss verstäerkt op déi individuell Stäerkten a Schwächte vun deem Eenzelnen agoen. Erreeche kënne mer dat nëmme mat engem Partenariat vun all deenen, déi an der Verantwortung stinn: Dat sinn d’Schüler, dat sinn d’Enseignanten, mä dat sinn och d’Elteren.

D’Schoul an d’Weiderbildung sinn an engem Land, wou vill Leit mat engem net Lëtzebuerger Pass liewen a schaffen, ee wichtege Motor vun der Integratioun an der sozialer Kohesioun. Déi ënnerschiddlech Hierkunft vun eise Kanner ass eng Chance, mä gläichzäiteg eng grouss Erausfuerderung. Eise Schoulsystem muss verstäerkt dorobber ausgeriicht ginn.

Eng modern Schoul ass awer net nëmme Wëssensvermëttlung. Si verlaangt och ee gudden Encadrement vun de Kanner. Stat a Gemenge mussen duerfir deenen Elteren, déi wëllen, d’Méiglechkeet ginn, Famill a Beruff besser ënner een Hutt ze bréngen. D’Kanner hunn e Recht op eng ugepasste Betreiungsstruktur, an dat egal a wat fir engem Deel vum Land si wunnen.

Als fréiere Mataarbechter vum Finanzministère an als neien Deputéierte wäert mech besonnesch interesséieren, wat fir eng Ausriichtung mir eiser zukünfteger Steierpolitik ginn. Wéi ëmmer wäert d’Konscht dora bestoen, engersäits d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg an engem gesonde Mooss weider auszebauen, anerersäits musse mir awer och ugepasste Finanzreserve schafen, fir öffentlech Investitiounen ze tätegen an eng sozial gerecht Ëmverdeelung vun den öffentleche Gelder ze garantéieren. Mir brauchen dofir weiderhin eng virsiichteg an iwwerluechte Steierpolitik. Si muss och deem Rechnung droen, wat sech iwwert d’Grenze vun eisem Land deet.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.