E besseren Dateschutz

Dem Lucien Thiel seng Interventioun an der “Tribune Libre” op RTL vum 18. Abrëll 2007
Neischt ass esou gudd datt ët nët nach besser gemach kënt gin.

Dee Sproch trëfft sonnerzweiwel och op eis Lejislatioun iwert den Dateschutz zou – an daat gleich aus 2 Grënn. Engerseits, wèll d’Protektioun vun de perséinlechen Daten ëmmer méi wichtej gët desto méi Méijlechkéten d’Informatik bidd, fir perséinlech Daten z’erfaassen a matenén ze verknèppen. An aanerseits wèll mir viru 5 Jahr, wéi mir déi europäisch Dateschutz-Directive ëmgesaat hun, et allze gudd geméngt an am Eifer e bësschen ze héich gediicht haaten.

Doropshin ass dann daat geschitt, waat nach ewell gär passéiert, wann én d’Ham an der Mëllech kacht: déi iwerspëtzte Bestëmmungen, déi eijentlech vir méi Protektioun fir den Eenzelnen suerje sollten, hun nach laang nët all gegraff. Well sie ze komplizéiert waren, huet muencherén sech nët dru gehaalen, an déi nei Kontrollinstanz déi d’Anhaale vum Dateschutz iwerwaache sollt, war ganz einfach iwerfuerdert.

Waat blouw do dem Legislateur aneschtes iwrej, wéi daat Ganzt erëm op de Métier ze huelen an éng Retsch vu Korrekturen unzebréngen fir datt ët endlech sein Zweck erfëllt?

Daat geschitt dann och elo matt éngem neie Gesetz, daat sech virun allem op zwou wiesentlech Schwächten vum aale Gesetz konzentréiert.

Do gét et 1. drëm déi zwar gudd geméngten awer iwerdriwe Formalitéiten ofzeschwächen an ze vereinfachen, déi allen Entreprisen operluecht gouwen, déi op irjend éng Art a Weis perséinlech Daten erfaassen – op ët sech elo ëm éng Klientskartei oder ëm Iwerwaachungskameraen handelt. An déne Fäll muss jé nodém entweder éng Notifikatioun bei der Dateschutz-Opsiicht gemaach gin oder awer eng réjelrecht Autorisatioun ugefroot gin. Déi Réjele sollen elo e bëssche manner énk gefaasst gin, fir datt se an der Praxis iwerhaapt emol wiirksam kënne gin.

2. gin éng Rëtsch Bestëmmungen aus dem Gesetz vun 2002 frësch formuléiert, déi nët ganz klar waren an dofir zu Interpretatiounsschwierigkéten an der Alldagspraxis geféiert hun. Esou soll d’Uwennung vum Dateschutz – wéi vun der europäischer Direktive virgesinn – op d’physesch Persounen limitéiert gin – schliesslech gét et hei jo ëm déi perséinlech Daten an nët ëm déi vu Sociétéiten! Aaner Punkten, déi korrijéiert gin, sin z.B. d’Dispositiounen iwert d’Vernetzung vun den Datebasen, déi jo ëmmer méi a Moud kënnt, an och de Statut vum Dateschutzbeoptrachten am Betrieb.

Et sin dëst bestëmmt nët déi letzt Aennerungen un eiser Dateschutzlegislatioun. De Séldanzakt tëscht éngerseits der Protektioun vum Individu virum Virwëtz vum Grousse Brudder – wien och ëmmer derhanner stëcht -, dém ët nach nie esou liicht gemach gouf, alles iwert dén Eenzelnen vun eis gewuer ze gin, an op dér aanerer Seit déne sëlleche Sëcherthétscontrainten, déi hautdesdaags als Prétexte vir d’élektronesch Iwerwaachung vum Eenzelnen hirhaale mussen, gét och an Zukunft weider.

Hoffentlech verléire mir d’Balance nët.