Interpellatioun iwwert Zukunft vum europäeschen an lëtzebuerger Wäinsecteur

Dem Lucien Clement seng Iwwerleeungen zu den Chancen an Herausfuederungen vum lëtzebuerger Wäinbau

Här President, dir Dammen an dir Hären

Mir hun et haut mat enger Interpellatioun iwwert déi geplangten, zukünfteg Aussrichtung vun der europäescher Wäinbaupolitik ze din, souwéi iwwert d’Herausfuederungen vun der letzebuerger Wäinbaupolitik am europäeschen an internationale Kontext.

Op Wuel de Waikonsum pro Kapp par Rapport zu de Joaren 1983 bis 2003 liicht an d’Luucht geet, gett an Europa emmer manner europäesche Wäin gedronk. Am Duerchschnett eng 750.000 Hektoliter am Joar. Dobäi kennt dass Wäinimporter aus sougenanntenen Drettlänner ewéi Australien, Chile, Neiseeland oder och nach Amerika an Südafrika emmer méi zouhuelen. Dist bedengt ennert aanerem, dass mer an Europa beim Wäin mat enger Iwwerproduktioun, engem Iwerschoss, ze kämpfen hun : den strukturellen Iwwerschoss fir d’Joaren 83 bis 2003 gett op eng 15 Milliounen Hektoliter geschaat, daat wieren 8,4% vun der Gesamtproduktioun vun deenen 27 Memberstaaten. Fir elo awer eng gewessen Präisstabilitéit kënnen ze assuréieren, muss all Joar den Iwwerschoss vum Moart geholl gin, an daat dorech verschidden Mossnahmen, ewéi zum Beispill Destillatioun. Fir dis Zort vun « Entsorgung » bezillt d’EU all Joar Subventiounen an der Héicht vun knapp 600 Milliounen Euro.

Opgrond vun enger détailléierter Analyse, ass d’Europäesch Kommissioun der Meenung, dass déi gemeinsam Moartorganisatioun vum Wäin (GMO) enger déifgräifender Reform ennerzun misst gin. Déi aktuell Moartorganisatioun fir de Wäin ass mettlerweil zu engem Instrument verkomm, daat Wettbewerbsfähegkeet vun de Produzenten net méi dauerhaft assuréieren kann, an och net méi wesentlech verbessern kann. Dofir huet Kommissioun den 22. Juni 2006 hir Pläng fir eng fundamental Reform vun der GMO präsentéiert.

Zieler vun diser Reform sin an groussen Zich

  1. Compétitivitéit vun de Produzenten ze steigeren, de Rouf vun den europäsche Wäiner als déi bescht vun der Welt ze stärken, verlueren Moartundeeler zereck ze gewannen an néier um Weltmoart ze besetzen.
  2. Eng Wäinregelung ze schaafen, déi mat einfachen a kloaren Instrumenter d’Gleichgewicht tescht der Offer an der Demande vum Wäin soll secherstellen.
  3. Déi sozial Cohäsioun am ländlech Raum ze stärken an den Emweltschutz secherstellen

Vir dis Zieler ze errechen huet déi europäesch Kommissioun véier Reformoptiounen op den Desch geluecht, an sech schlussendlech op eng grondlegend Reform vun der Wäinregelung geeenegt.

Ouni elo zevill an den Détail wëllen ze goen, géif ech aawer gären d’Haaptpunkten vun där Reform erläuteren.

Et ass virgesin als eischt erem Gläichgewicht tescht der Offer an der Demande hierzestellen an sech dann em Verbesserung vun der Compétitivitéit ze kemmeren. Vir daat ze ereechen sin folgend Mesuren virgesin : d’Wenzer sollen duerch finanziell Uräizer animéiert gin, fräiwelleg onrentabel Wengerten opzegin an oofzeholzen. Ziel ass et innerhalb vun den nächsten 5 Joar, Gesamtfläch un Wengerten an Europa em 400.000 Hektar ze verklengeren. De Wenzer soll aawer d’Wiel kréien op en oofholzt oder net.

Mir sin der Meenung, dass dis Mesure net onbedengt derzou wärt beidroen den Iwwerschoss un Wäin ze stoppen an den Déséquiliber tescht der Offer an der Demande ze léisen. Et ass eischter ze färten, dass sech duerch dis Mesure de Paysage Viticole verschlechtert. Zum Beispill dierft op keen Fall matten am Waibauperimeter oofgeholzt gin. Daat géif enorm Problemer mat sech brengen, zum Beispill kënnten op disem Broochland, sech ganz schnell Krankheeten a Pilzer breed machen, déi séier schiedlech fir déi emliegend Wëngerten wieren. Wéi dis Rodung schlussendlech dorech gefouert misst gin, op all Land een Deel vun disen 400.000 Hektar muss iwwerhuelen, daat ass nach net gewosst, do besteht souwisou nach Klärungsbedarf.

Desweideren si mir der Meenung datt eng méi offensiv Approche wesentlech méi giff brengen. Méi offensiv Approche mengen ech datt déi vill Suen, et geet hei emmerhin em déi stattlech Zomme vun 2,4 MIA Euroen, déi sou eng Rodung giff kaschten, net besser opgehuew wieren am Marketingbereich fir de Wain an an der Promotioun fir de Wain, an an der Informatioun un de Consommateur selwer. A wann eng Rodung oder Eliminatioun vun Wengerten déi sozial Problemer am ländlechen Raum soll mat léisen, andeems et eeleren Produzenten mat Geld soll schmackhaft gemach gin éischter an Pensioun ze goen, sou si mir als CSV däer Meenung datt daat net de richtegen Wee as, an dat esou eng Mesure neischt mat Marktordnung ze din huet, dofir och an den 2ten Pilier vun engem Agrargesetz gehéiert.

Zur Distillatioun, Här President well ech soen, datt ech der Meenung sin datt hei Abus gedriwen gett mat europäesche Gelder. Héich subventionnéiert Distillatioun gett einfach Ureiz fir d’Produktioun ze vergréisseren. Mir kennen daat aus aaneren Landwirtschaftsbereicher zur Genüge. Waat ech méi produzéieren desto méi Subventiounsgelder kréien ech. Em déi 60% vum Gesamtbudget fléissen an Distillatioun. Dis 60% sin gleichzestellen mat däer enormer Zomme vun 600 bis 650 Milliounen €. pro Joar Héi gett et Géigenden déi reng a gelleg fir Distillatiounszwecker produzéieren, an daat an Wengerten déi och nach illegal ugepflanzt sin. Et huet jo nach net all Memberland ee Waibauperimeter ewei mir en hei kennen.

Mir soen dofir jo zur Distillation de crise, mee nee zur Distillation permanente.

Desweideren soll den aktuelle System vun de Pflanzungsrechter bis 2013 verlängert gin, dann aawer auslaufen. Déi am mannsten compétitiv Wenzer geifen Uräizer kréien hir Pflanzungsrechter ze verkäfen. Et gett domadder gerechent, dass dorech dis Mesure de compétitiven Betriber hir Konkurrenzfähegkeet gesteigert ka gin, well d’Pflanzungsrechter dann der Expansioun vun deene Betriber net méi am Wee géife stoen. Hei, Här President, gett awer neischt gesoot iwwert de Preis vun disen Pflanzungsrechter, op en iwert Reglement oder Gesetz festgeluecht soll gin, op en um freie Marché verhandelt soll gin, oder op déi Planzungsrechter zum Nulltarif, demno gratis solle verdeelt gin. Ech warnen awer, an et däerf op kee Fall esou goen ewei bei de Mellechquoten, dem Recht fir Mellech ze streichen, wou en fin de compte deen deen Kéi net méi gestrach huet, méi verdengt huet ewei deen deen Kéi gestrach a geféidert huet.

Mir mengen aawer dass daat alles nach ganz vague ass. Déi zukünfteg Gestioun vun de Pflanzungsrechter muss nach méi déif gräiffend präziséiert gin. Ausserdem stelle mir iis och nach Frô op d’Oofschaaffen vum System vun de Pflanzungsrechter effektiv zu méi Compétitivitéit féiert, an zu enger qualitativ besserer Produktioun bäidréit. Et kann een sech et wuel virstellen, dat et esou kënnt sin, mee dann nemmen ennert kloaren Regelen an Prozeduren. Mam Wegfaalen vun de Pflanzungsrechter dierft et net esou sin dat Wënzer am Géigesaatz zu Haut d’Recht kréien, egal wou a waat unzebauen. Perimeteren wou Wain produzéiert däerft gin mussen weiderhin kloar an deitlech définéiert sin. Et soll all Land fir sech d’Recht hun, fir ze soen waat fir eng Wainzorten a wivill, bei sech selwer ugepflanzt dierfe gin. Et muss een daat am europäeschen Kontext gekuckt, op Régiounen festlé’en.

Mir hunn hei zu Letzeborg nemmen eng Regioun, mee grouss Länner ewei Frankreich, Spuenien, Däitschland hun ganz ennerschiddlech Régiounen, an dofir muss do och en Transfert vun den Planzungsrechter vu Regioun zu Régioun méiglech sin, an anescht fest geluecht gin.

Mir mussen och an Zukunft den Wainubau op déi Regiounen beschränken, déi am geeegnesten dofir sin, daat heescht déi déi hëchsten Qualitéit assuréieren. Et mecht kee Senn a goude Lagen de Waibauperimeter restriktiv ze kucken, an op manner gouden Lagen eng Ausweitung ze autoriséieren. Sennvoll wier et schons hei Transfert’en ze erméiglechen. Kennt et awer 2013 zu enger kompletter Liberalisatioun vun den Uplanzungsrechter, wier daat mat Secherheet den Doud vu ville Wenzerbetriber.

Här President,

Fir méi Transparenz ze schaafen soll och déi bestehend Klassifizéierung an Etikettéierung vun de Wäiner reforméiert gin : et gett dofir virgeschlo’en de Wäin an 2 verschidden Kategorien anzedeelen : eengersäits an Qualitéitswäiner mat geografescher Angabe, daat heescht Wäiner aus bestemmten Ubaugebidder wéi zum Beispill, een Bordeaux, Rioja, Médoc, an aanerersäits Tafelwäiner ouni Angaben vun dem Pays d’Origine. Bei den Tafelwäiner heescht daat konkret, dass zwou oder méi Zorten Moscht, och aus ennerschiddlechen Länner, mateneen kënne vermescht gin. Do as och keng Indication de cépage, an och keng Indicatioun vum Joargang virgesin.

Duerch dis néi Etikettéierung soll méi Transparenz an den Dschungel vun deene verschiddesten Dénominatiounen vu Wäiner kommen. D’Etikettéierung vun den europäesche Wäiner soll dofir harmoniséiert an vereinfacht gin. Secherlech eng begréissenswärt Initiative déi virun allem de Consommateur ze schätze wärt wessen.

Den Text heizou brauch awer nach een zolitten Feinschliff. Et dierf, an daat as éis Meenung, och an Zukunft net méiglech sin datt een australeschen oder chileneschen Wain mat franséischem Wain vermeschen däerf, ouni dat et op der Flesch steet. Steet et op der Flesch, och dann as d’Frô op et Senn mecht nach emmer erlaabt. Wann esou ee Verschnett iwehaapt soll Senn machen, da soll een et allenfalls fir europäesch Wainer zouloossen, an daat emmer nemmen innerhalb deene verschiddene Länner oder Régiounen. Letzeborg as nun ees en Héichlounland, mir kënnen bei Tafelweiner, net konkuréieren mat Länner wou wesentlech manner héich Léin bezuelt gin, ewéi hei zu Letzeborg.

Tafelwein aus ennerschiddlechen Länner aus Europa mat eneen verschneiden dierft eréischt en Thema sin, wa mir och eng europäesch Harmoniséierung vun de Mindestléin hun. Bis dohinner, an daat wësse mir alleguer as et nach e laangen, esou guer ganz laange Wee. Giff letzeborger Wain mat Wain aus Länner, wou d’Produktiounskäschte wesentlech manner héich sin ewéi heiheem, verschnidd gin, an ennert der Dénominatioun Vin de Luxembourg verkaat giff gin, wier daat matt Secherheet den Ennergang vu villen Wenzerbetriber heiheem. Hei geet et drems dee spezifeschen Charakter vun der Regioun, dem Land oder der Produktiounsmethod ze erhalten an deem Rechnung ze droen.

Ee leschte Punkt deen och bei eis am Land zu Problemer kann féieren ass den geplangtenen Verbuet vun der Zockerureicherung. Nieft dem konzentréierten Moscht gett jo och den Zocker gebraucht fir den Alkoholgehalt vun de Wäiner eropzesetzen. Dis Prozedur gett am Fachjargon « Chaptalisation » genannt . Zockerureicherung gett virun allem an deene Wäinbaugebidder bedriwwen déi net sou vun der Sonn profitéieren wéi annerer. Wou läit elo de Problem ? Firwaat soll Zockerureicherung verbueden gin ?

Dorech déi europäesch Zockerreform ass den Zocker méi belleg gin. En as méi bëlleg gin ewéi wei den Moût concentré dee schons subventionnéiert gett. Weil awer dorech déi geplangten Reform vum Europäesche Wäinmoart, d’Subventioune fir de Moscht gestrach solle gin, soll den Zousaatz vun Zocker oder Sacharose ganz ennersoot gin. Als Alternativ fir d’Ureicherung vum Wäin géif dann nemmen nach den konzentréierten Drauwemoscht a Frô kommen. Och wann een à priori neischt do géint kann hun, fir mat engen Drauwen eegenen Konzentrat unzereichen, sou brengt et dach verschidden Problemer mat sech.

Dist Produkt ass, mol ees net méi subventionnéiert, vill méi déier ewéi de Zocker, an bedengt och zum Deel eng Réi vun néien Installatiounen an Dépensen an de Wenzerbetrieber selwer. Investitiounen an Gestiounen déi sech an klengen Privatbetriber kaum wärte lounen. Dis Betriber wäerten och am Handling an am Verdeelen vun dem Moût concentré Problemer kréien. Mir sin deemno der Meenung dass d’Uräicherung dorech Zocker och weiderhin sollt erlaabt bléiwen. Et soll een deem eenzelnen Betrib oder Kellerei de Choix loossen, op hien mat Zocker oder mat Moût concentré ureichere wëll. Och wann mir an de leschte Joaren opgrond vun enger favorabeler Wiedersituatioun Alkohol reich Wäiner konnte produzéieren, an wéi zum Beispill beim Pinot gris ganz oder bal ganz op den Zousaatz vun Zocker konnt verzicht gin, sou gett et aawer en Deel vun Riefzorten wou den Alkoholgehalt ze niddreg woar, a wou huet missen ugereichert gin. Een ze niddregen Alkoholgehalt féiert zu engem Geschmaachsverloscht an demno och zu enger manner gouder Qualitéit. Eng qualitéitsorientéiert Produktioun, ouni Méiglechkeet vun enger Zockerurreicherung ass an eisen Aan an deenen méi nördlech gelegenen Waibaugebieter, nemmen schwiereg ze réaliséieren.

Bleiwt et awer bei der Kommissioun hirer Astellung den Zocker duerch den Moût concentré ze ersetzen, deen dann net méi subventionnéiert gi soll, wäert daat Produktiounskäschten vum Wain an den nördleche Länner zolid an d’Lucht dréiwen. Eng Begrenzung vun den Ureicherungsspannen, giff Spezifzitéit vun de Wainer aus disen Regiounen zolid beeinträchtegen.

Här President,

De letzebuerger Wäinbau huet sech an den leschten 10-15 Joar staark gewandelt. Déi Richtung déi deemols ageschloe gouf woar aus heiteger Siicht betruecht net falsch. Sämtlech Akkzenter déi an den 90er Joaren op der Musel gesaat goufen, hun d’Verbesserung vun der Produktqualitéit viséiert. Guideline woar, eweg vun der Quantitéit hin zu enger besserer Qualitéit.

D’Haaptmesuren woaren deemols, de Rendement pro Hektar ze limitéieren, an no an no, qualitativ méi héichwärteg Drauwesorten unzebauen. Sou goufen zum Beispill den Ubau vun méi einfache Wäiner wéi Elbling an Rivaner zu Gonschten vu néien Wäiner reduzéiert ewéi dem Gewürztraminer dem Pinot noir oder seit kuerzem och nach dem Chardonay. Och däerf net vergiess gin dass verstärkt an sougenannte Nischeproduiten invesstéiert gouf. Sou gett et haut eng ganz Gamme vun excellenten Crémant’en an Spezialwäiner ewéi de Vin de Paille, d’Vendange tardive, Pinot noir rouge oder rosé, oder och nach den Eiswäin.

Ausserdem hun sech an deene leschten Joaren och nach Produktiounsmethoden wesentlech verbessert, an zwar am Wengert, an de Wenzerbetriber selwer an an de Kellereien. Hei huet de ganzen Secteur vill geschafft, sech vill missen emstellen, moralesch a finanziel, waat net emmer einfach woar. Och an Saachen Vermarktung vun de Wäiner ass sou munches geschéit. Hei ass de Rôle vun der Commission pour la Promotion des Vins et du Crémant luxembourgeois, och wann nach net alles perfekt ass, net ze négligéieren.

Här President,

Eng Tendenz déi een leider Gottes muss feststellen ass déi, dass den Undeel vun de letzeborger Wäiner um Gesamtmarché lues a lues zereckgeet. Lo kéint een jo unhollen dass d’Letzborger manner Wäin géifen drenken. Daat stemmt awer net. Consommation vum Wäin geet wéider an d’Lucht. Dist ass haapsächlech bedéint dorech een Préferenz beim Consommateur vu roudem Wäin aus Frankreich an Südeuropa an den Importer aus der sougenanntener néier Welt. Et sin zum Deel si déi fir d’Croissance verantwortlech sin. Mat disem Ist-Zoustand musse mer eben liewen. Waat mer aawer kënnen oder esouguer mussen an de Greff kréien ass de Rëckgang bei der Consommatioun vun de letzebuergesche Wäiner.

Un der Qualitéit kann et jo net léien, déi selleg Auszeechnungen bei internationale, renomméierten Concours’en ennersträichen emmer erem wellech exzellent Wäiner, a virun allem Crémant’en op eiser Musel produzéiert gin. Hei muss d’Vermarktung vun de Wäiner nach verfeinert gin an och méi eng offensiv Marketingspolitik ugepeilt gin.

Als Conclusiouen well ech festhaalen :

Eng Reform vun der europäescher Wainmoartordnung muss kommen.

Drauwen ze zillen eleng fir an Distillatioun as Onsenn an muss ophéieren. Programmer fir eng Distillation de crise soll bestoe bléiwen. Dis freigesaate Gelder solle spezifesch fir d’Promotioun vun europäesche Wainer agesaat gin, an net ewei et schons hei an do zu Bréissel ugedéit gin ass, horizontal fir de gesamte Liewensmettelbereich agesaat gin. Dis Gelder mussen dem spezifesche Secteur Wain erhaalen bléiwen.

Et sollen national Enveloppen gin deenen hiren finanziellen Inhalt no bestemmten kloaren Kritären festgeluecht gett. Dis Kritären mussen eventuell combinéiert gin mat den Hektaren, dem Arbechtsopwand pro Ha, dem Coût de production asw. Jiddefalls muss een drop uecht gin, dat net eleng de critère historique als eenzegen Kritär geholl gett, soss kreichen déi Länner déi haut schons 65% vum Gesamtbudget fir Distillatioun kruuten, erem dee gréisste Undeel zougeschoustert.

Weider soll een sech Gedanken driwer machen op net een Deel vun den agespuertenen Gelder soll an d’Recherche investéiert gin, mam Ziel fir a méi schlechten Lagen awer nach Drauweproduktioun ze machen.

Eng Drauweproduktioun déi aaneren Zwecker zougefouert kennt gin. Ech denken hei haaptsächlech un Prouktioun vun Softdrinks ewei Drauwejus oder aaner Mixgedrenker. Villeicht as och am Domaine vun der Energie, mat Drauwen, eppes méiglech. Ech wees et net, mee an der Wessenschaft ass jo haut schons villes méiglech waat geschter nach ondenkbar woar. Wichteg as et op jidfer Fall dat en Deel vun den agespuertenen Gelder dofir verwend giff gin.

Et ass och wichteg datt déi ganz Marktreform sech net all ze laang hinzéit. De Wënzer an Betriber brauchen Planungssecherheet, si musse wëssen wou si an de Boune dru sin.

Waat Letzeborg elo speziell ugeet, muss weider un der Qualitéit geschafft gin. Do hun d’Wënzer an Wënzerbetriber ewell villes gemacht, a vill Sacrificer op sech geholl, do si mer mat Secherheet um richtege Wee.

Restrukturéierung vun de Betriber muss weidergefouert gin, déi dozou néideg Instrumenter an Bäihellefen mussen an deem néien Agrargesetz nidergeschriwe gin.

Daat selwecht gellt fir de Remembrement. Och dee muss ouni Wenn und Aber weidergefouert gin. Nemmen duerch ee méi einfacht Schaffen am Wengert as et dem Wënzer méiglech esou Käschte reduzéiert éwei méiglech ze produzéieren.

Mir hun beim Néijoarsempfang an der Waibaustatioun zu Remich vum Direkter Raymond Weydert gesoot kruut dat d’Schmachen souwei d’Schmachkommissioun enger Reform ennerzun gin. Hei soll ennert aanerem Zuel vun de Memberen vun der Schmachkommissioun vun 14 op 7 reduzéiert gin.

Här President, dir Dammen an dir Hären, daat gesoot well ech zum Schluss aawer nach soen, dat et mir net baang ass fir de Waibau zu Letzborg. Och wann et emmer manner Wënzer gett, sou sin ech dach däer Meenung dat mir herno nach ausreichend Betriber hun, Betriber an enger Greisst vun en Moyenne 8-10 Ha fir de ganzen Areal ze bewirtschaften. Et ass un der Politik, heiheem an och an Europa fir dis Betriber esou ze encadréieren, datt si een gesond a stabil Struktur opweisen kennen.

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.