Ëmsetzung vun der Impactstudiendirective am Beräich vum Stroossen- a Schienebau

Interventioun vum Ost-Députéierten Lucien Clement zum Gesetzesprojet 5198

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mat dem Projet de Loi 5198 solle mir haut een EU-Directive ëmsetzen, déi vun enormer Bedéitung ass. Ech gin elo nët weider op d’Détailer vun disem Projet de loi an, daat huet mein Fraktiounskollegin a Rapportrice vun disem technech ganz schwieregen Projet, Sylvie Andrich-Duval, jo schons ausféierlech gemaach, woufier ech him well félicitéieren an och, mengen ech, am Numm vun der ganzer Kommissioun, merci soen.

Ech well agangs just kuerz eppes méi allgemeines zu disem neien Gesetz soen. Mir mussen iis an Zukunft nach méi Gedanken maachen wouhin mir waat bauen. Mir kënnen nët einfach drop lassbauen ouni iis Gedanken iwert d’Suiten vun deem ze maachen, waat mir bauen. Dowéinst begréissen ech diese Projet de Loi, well mat disem Gesetz de Kader geschaaft gët an deem een sech bewegt, wann een gréisser Bauprojets’en ugeet. Dorech déi verschidden Prozeduren, déi anzehale sin, kann a soll verhënnert gin datt falsch gebaut gëtt, op Plaatzen gebaut gett, déi sech einfach guer nët dofir eegenen.

Mir hun iis an der Bautekommissioun och bewosst vill Zäit geholl fir den vierleienden Gesetzestext – deen ewéi ech et schons erwähnt hun, ganz technesch a komplex ass – genau ze studéieren an ze analyséieren.

Am Laaf vun der parlamentarescher Aarbecht sin jo – noom éischten Avis vum Staatsroot – verschidden Ännerungsvirschléih abruecht gin, iwwert déi mir ganz gewëssenhaft an der Kommissioun berooden hun.

Och den Mouvement Ecologique huet séch an diser Diskussioun zu Wuert gemellt. Daat as jo och nëmmen normal datt een Organisatioun wéi de Mouvement bei esou eem Projet d’Oueren spëtzt, fir ze kucken waat do geschéihen soll, an gegebenenfalls och Virschléi abréngen wëll.

Dem Mouvement Ecologique sein Avis’en hun mir och genau ënnert d’Lupp geholl, well et iis natiirlech interesséiert waat een Ëmweltorganisatioun ze soen huet zu eem Gesetzestext deen an Zukunft e besseren Schutz vun éiser Natur soll garantéieren.

De Mouvement haat um initialen Text een Herd Saachen auszesetzen. Am Laaf vun der parlamentarëscher Aarbecht as den Text e puer mool duerch Amendementer oofgeännert gin. Dis Amendementer sin deelweis vum Mouvéco begréisst gin, och wann se nët all grad esou formuléiert woaren, ewéi si daat virgeschloen haaten.

Här President,

et ass mir en Uleies heizou e puer Saachen kloar ze stellen.

Ech meenen jiddereem vun iis as et bewosst datt mir an Zukunft nach besser ob éis Ëmwelt an d’Natur oppassen mussen, ewéi daat bis elo de Fall woar, well mir soss d’Zukunft vun de kommenden Generatiounen, d’Zukunft vun éise Kanner, an deenen hirt Recht op eng liewenswert Welt, zolid verbauen géifen.

Op däer aanerer Seit, an daat as déi économesch Seit vun der Medaille, hun mir Politiker awer och een Verantwortung par rapport zu der Wirtschaft ze droen, a mir mussen och kënnen Décisiounen hollen déi d’Land au point de vue économique weiderbréngen. D’Politik huet déi verdammte Pflicht ze kucken datt de Grand-Duché och an d’Zukunft kapabel ass, déi sëlleg Leit op ze hollen, déi all Dag bei iis schaffen kommen.

Och daat as Zukunft, och daat as Wuelstand fir déi heiteg Generatioun an och fir déi zukünfteg Generatioun. Dowéinst hun mir och d’Verantwortung fir Stroossen an Eisebunnsréseauen ze bauen, déi dofir néideg sin, an dist an eener Art a Weis, datt d’Ëmwelt esou mann ewéi méiglech belaascht gëtt. Mir hun awer och dervir ze sorgen dat d’Prozeduren fir ze bauen, sech net onendlech laang hinzéien.

Dorrech dist nei Gesetz hu mir elo en zolitten juristeschen Kader an deem mir iis bewegen kënnen. Wären awer all d’Fuerderungen vum Mouvéco – bei allem Respekt awer fir dis Organisatioun – an den Text opgeholl gin, dann wär et baal nët méi méiglech an eem ordentlechen Délais Stroossen bei iis am Land ze bauen.

Et kann nët sin datt wichteg Stroossebauprojets’en Méinte laang, wann nët esouguer Joare laang blockéiert sin, wéinst nach méi Recoursméiglechkeeten, esou wéi den Mouvéco daat fuerdert.

Déi Recoursméiglechkeeten déi am Text se fannen sin, gin an éisen Aa’en absolut duer, a sin e gouden Kompromëss zweschent der Méiglechkeet e Recours ze maachen op der eener Säit, an der Garantie datt an raisonablen Délais’en gebaut kann gin, aanerersäits.

De Mouvement huet séch och um Artikel 4 vum Projet de loi gestéiert. Daat as deen Artikel, deen déi Projets’en définéiert déi d’office eener Impactstudie ënnerleien. Hei gëtt bei Stroossen een Längt vun mindestens 10 km verlaangt, éier een Impactstudie muss gemaach gin. Heimat sin mir absolut konform matt der EU-Directive.

Wann mir heibäi méi streng wären, an een Längt vun just 1km an den Text geschriwwen hätten – sou wéi den Mouvéco et gefuerdert huet – dann missten mir bei der kleenschter Verbreederung vun eener Strooss gläich een Etude d’évaluation machen.

Do mussen mir jo awer verstänneg bleiwen an bedenken datt all déi Studien ganz vill Zäit a Geld an Usproch huelen.

Iwerhaapt ass et e groussen Problem bei verschiddenen Bauprojets’en hei zu Lëtzeborg, datt immens vill Zäit verluer geet bis gebaut kann gin. E Grond dofir as déi aktuell Législatioun vun der Expropriatioun. Wann do, Propriétairen séch queesch stellen, da sin ganz Projets’en behënnert, als négativt Beispill kann een do d’Saarautobunn nennen.

Och wann de Besëtz vum eenzelnen Biirger absolut respektéiert muss gin, sou sollte mir éis Gesetz awer esou ofänneren datt d’Enteegnung, wann et zum Wuel vun der Allgemeinheet ass, méi einfach kann geschéihen.

An deem Sënn sin jo och Aarbechten am Gaang, waat secherlech net vu Moutwëll as. Wann den Artikel 16 vun éiser Constitutioun bis ëmgeännert ass, kann och d’Expropriatiounsgesetzgebung ugepasst gin.

Wann daat bis geschéit ass, dann hun mir zesummen matt deem neien Text iwert deen mir elo gläich hei oofstëmmen, ordentlech Instrumenter un der Hand fir an Zukunft méi séier, méi efficace an och am Respekt vun éiser Ëmwelt ze bauen.

Ee Wuert nach Här President, zum Recours en annulation an zum Recours en réformation. De Mouvement haat éischter eng Préférenz fir de Recours en réformation. Als Argument huet gedéint, dat bei engem Recours en réformation, net méi déi ganz Prozedur misst nei gemacht gin et awer dem Geriicht géing operleien, den Tracé vun enger Strooss oder enger Eisebunn ze änneren, a nei fest ze lè’en. Wann een hei eleng de Facteur Zeit a Prozedur a Betracht zéit, kann een daat jo nach in etwa no voll zéien.

Mir an der Kommissioun woare awer majoritairement der Meenung beim Regirungstext ze bleiwen, daat heescht beim Recours en annulation. Mir woaren a mir sin och nach haut der Meenung, dat et emmer nach der Politik hir Kompetenz muss sin, an och muss bleiwen, wou a wéini a virun allem wéi muss gebaut gin, an dat dis Décisiounen net ennert d’Kompetenzen vun de Geriichter gehéieren. Mir hun mat disem Gesetz, denken ech kloar Regelen geschaaft, an un dis Prozeduren muss d’Politik sech bei hiren Bauvorhaben halen. As dat net de Fall, as ee Recours en annulation méiglech, an et as dann un de Gerichter fest ze stellen op Prozedure déi d’Gesetz vir geseit agehale goufen oder net.

Daat gesoot , Här President brengen ech zum Schluss nach de Accord vun der CSV-Fractioun a soen Merci fir d’Nolauschteren.