De Lucien Clement hëllt vir CSV-Fraktioun Stellung zum wichtegen Gesetzesprojet 5611

Här President , dir Dammen an dir Hären

Agangs menger Interventioun well ech fir d’éischt deene zwéin Rapporteren , den Hären Marc Spautz an Romain Schneider, Merci soen, fir hiren ausféierlechen schreftlechen ewéi mendlechen Rapport. Net vergiesse well ech de President vun éiser Kommissioun de Michel Wolter esou ewéi de Sékrétär, de Martin Bisenius. Et woar wirklech eng Fleissarbecht, a si hun daat bravourös gemeeschtert.

Et huet kee Wert, alles daat ze widerhollen, waat schons hei gesoot gouf, ech ell mech dofir a menger Ried nemmen op e puer Punkten konzentréieren. Mir hu bis elo 3 Mesüren gehaat, fir d’Beschäftegungschancen vun deene jonke Leit déi net direkt eng Arbechtsplatz an engem Betrib fonnt hun, ze verstärken.

Dat woaren de sougenannten CAT Pu fir de öffentlechen Secteur, den CAT privé fir d’Etablissement Publics, an drettens de Stage d’Insertion fir privat Entreprisen. Dis drei Mesüren gin mat disem Projet, duerch zwou nei Mesüren ersaat. Daat as éischtens den CAE de Contrat d’appui-emploi fir de Secteur Public, an zweetens den CIE, de Contrat d’initiation à l’emploi fir de private Secteur.

Ee jonke Mensch deen op mannst 1 Mount bei der Adem ageschriwen as, a manner ewéi 30 Joar aal as, kann een CAE kréien, spéitstens no 3 Méint muss hien e Kontrakt hun. Ee Contrakt, deen zweschend deem jonken Demandeur d’emploi an der Adem ennerschriwe gett. De Contract leeft iwert eng Périod vun op manst 3 Méint, e kann och nemmen eng Kéier renouveléiert gin, ouni awer méi lang ewéi 9 Méint ze daueren. Während der Zeit vum Contrakt, steet dee jonke Mensch zur Verfügung fir beim Staat oder enger Gemeng oder bei enger Verwaltung ze schaffen.

Hie soll och eng praktesch an theoretesch Formatioun op senger Arbechtsplatz kréien. Et as virgesin dat déi wöchentlech Arbechtszeit 32 Stonnen bedréit, an d’Rénumératioun as 80 % vum Mindestloun. De Grond virwaat nemmen 32 Stonnen d’Woch soll geschafft gin, as, dat déi restlech 8 Stonnen vum Jonken selwer genotzt gi solle, fir entweder eng Formatioun mat ze machen, oder sech selwer fir eng Arbechtsplatz ze beméien, an eng Formatioun ze kréien. Souvill zu dem CAE, bleiwt awer nach ze soen, dat iwert de Wee vun deem aale Modell, dem CAT public, déi wéinegst jonk Leit eng Arbechtsplatz fonnt hun. All ze dax sin hei an der Vergangenheet falsch Hoffnungen geweckt gin, an d’Entäuschung souwuel beim Jonken selwer, ewéi och bei sengen Elteren, woar emsou méi grouss, wann et mat enger fester Platz fir hire Jong oder Meedchen beim Staat oder der Gemeng net geklappt huet.

Dofir, Här President, as et wichteg an och noutwendeg, dat probéiert gett dee Jonken an de Privatsecteur ze guidéieren. Dofir dee neie Modell den C I E. Hei gett en drei Parteiecontract ennerschriwen, an zwar zweschend dem Jonken, dem Betrib, an der Adem. Och an disem Fall gin 80 % vum Mindestloun bezuelt, mee et gin 40 Stonnen prestéiert. Et as dem Betrib allerdengs freigestallt eng Prime de Mérite un dee Jonken aus ze bezuelen. Desweideren engagéiert de Betrib sech iwert d’Persoun vun engem Tuteur, dee Jonken ze betreien esou wéi ee Plan de Formation op ze stellen.

Ee Plan de Formation, deen iwert de Wee vun engem Règlement Grand-Ducal définéiert gi soll. Daat mecht secherlech Senn bei gréisseren Betriber, déi een adéqaten administrativen Staff hun, fir esou een Plan de Formation op ze stellen, ze begleeden, an och em ze setzen.

Problemer awer wäert et gin, an deene méi klengen handwerklechen Betriber. Ech sin der Meenung, hei soll een éischter op de Wee vum learning by doing goen, ewéi daat och vun der Chambre de Commerce virgeschloe gett. An engem klenge Betrib as d’Gefoar nun wirklech net grouss, datt dee Jonken de ganze Dag laang emmer erem déi selwecht Arbecht muss machen, ouni dobei wirklech eng Formatioun ze kréien. Palette vun der Arbecht déi gemacht get, as nun emol an engem méi klengen handwerklechem Betrib méi diverzifiéiert, ewéi an engem spezialiséierten, méi groussem Betrib.

Här Minister dofir nach eng Kéier de Oprouf un Iech, dis Dispositioun am Règlement Grand-Ducal ze berücksichtegen.

Desweideren Här President, sin ech der Meenung, dat wann ech well hun dat dee Jonken sech éischter op de Wee vun engem CIE soll begin, da muss een déi Mesüre méi attractiv gestallten ewéi déi vum öffentlechen Secteur dem CAE.

80 % vum Mindestloun déi vun der Entreprise bezuelt gin, an déi zu 50 %, plus Chargen vum Staat iwer holl gin, as an disem Projet fest geschriwen. Et hätt ee sech awer och kenne virstellen, aus der Iwerleé’ung eraus, fir de Modell méi lukrativ ze gestallten, dat hei 100 % vum Mindestloun ugebued gi wieren, allerdengs ouni de Betrib dofir méi ze belaschten, mee dat een op eng Opdeelung vun 60 % fir de Staat an 40 % fir de Betrib komm wier.

Mir hun d’lescht Woch an Réunion jointe Educatioun an Travail de Gesetzesprojet 5622 virgestallt kruut, an eng éischt Discussiounsronn gedréit. Ech well hei nach eng Kéier rappeléieren, waat ech do an der Commissioun schons gesoot hun. Et geet em d’Formation professionnelle initiale, an ech zitéieren den Exposé des Motifs :

« La formation professionnelle initiale a pour objet de donner aux jeunes, mais également aux adultes qui n’ont pu en bénéficier dans leur jeunesse, une formation générale, théorique et pratique en vue de l’obtention d’une qualification professionnelle sanctionnée par un diplôme officiel. »

Et feelt hei u Coordinatioun. Mir kennen elo 3 Ausbildungswé’er. Eischtens de klasseschen Ausbildungswee, den Apprentissage mat enger je no Berouf an je no Ausbildungsjoar, minimaler Rémunératioun.

Zweetens den CIE, waat jo och zum Deel een Ausbildungswee as, deen zu 80 % vum Mindestloun rémunéréiert gett, plus eng eventuel Prime, an deen op mannst Accès verschaaft zu engem dretten Ausbilungswee, der Formation professionnelle initiale. Eng Formatioun déi hirerseits dann erem op mannst mat 100 % vum Mindestloun rémunéréiert gett. Ech gin Geféil net lass, Här President, dat iwert déi zwou lescht Mesüren d’Méiglechkeet geschaaft gett, de klasseschen Apprentissage aus ze hiewelen. Dofir widerhuelen ech daat waat ech schons viru Joaren hei op der Chamberstribün gesoot hun, dat een sech ganz sériös muss Gedanken machen iwert d’Rémunératioun vum klasseschen Ausbildungswee.

Hei as et an de leschte Joaren wirklech verpasst gin, sériös an d’Arbecht an an Formatioun ze investéieren. Hei besteet ee Gehaltsgefäll zweschend deenen eenzelnen Mesüren, op Grond vun deem et deem jonke Mensch net schwéier dierft fallen, sech net fir een Apprentissage am klasseschen Senn vum Wuert, ze entscheeden. Op mannst misst een deem Jonken, no Ofschloss vun senger normaler Weis drei Joar undauernder Léier, eng Prime an Aussicht stellen. Eng Prime déi den Ennerscheed zweschend sengem réelle Loun, deen e krut huet, an dem Mindestloun giff duerstellen.

Desweideren giff esou eng Prime fir dis jonk Leit, déi jo och nach potentiel Créateur d’Entreprises sin, ee sechert Startkapital duerstellen. Mache mir daat net, a probéiere mir weider, prioritär déi Jonk, iwert aaner Weé’er, Weé’er déi ech als zweet Méiglechkeet hei guer net well kontestéieren, op den Arbechtsmoart ze kréien, gett hei Päerd vun hannen opgesuedelt.

Fazit as wann de réelle Wellen vun der Politik besteet fir méi jonk Leit an e klasseschen Apprentissage ze kréien, fir duerno och Créateurs d’Entreprises ze hun, muss een disen Ausbilungswee, deen sech jo bis haut awer bewährt huet, op mannst esou lukrativ, wann net méi lukrativ gestallten ewéi déi zwéin aanerer.

Här President, ech hu virdrun gesoot, dat ech déi Mesüren fir jonk Leit op den Arbechtsmarché ze kréien, déi dise Projet vir gett, net a Frô stellen, ech hu se jhust par rapport zu aaneren bestehenden Ausbildungsweé’er beliicht.

Esou kommen ech dann och mengem zeete Punkt, der Roll déi d’Adem hei ze spillen huet oder menger Meenung och spille muss.

Wann et Ziel as, fir Jonker déi net direkt eng Arbechtsplatz fannen, prioritär am dem Secteur Privé enner ze brengen, an net beim Staat zweschen ze lageren, da muss Promotioun fir dis Moossnahm eng aaner gin. Well ech jo awer weess, an daat aus méi ewéi 40 Joar Beroufserfahrung, ewéi dee klenge Patron oder Handwerker funktionnéiert, wann et em administrativ Pabeieren oder Informatioune geet, hun ech zolid Crainten op et gelengt déi 14000 Betriber eleng iwert de schreftlechen Wee ze ereechen.

Elo kann ee soen, daat as Missioun vun de Beroufschamberen, fir hir Mitglieder ze informéieren. Déi machen daat dann och iwert de Wee vun enger Zeitung, oder engem Bréif, an da geschéit daat waat ech ugangs gesoot hun, de Betrib oder de Patron gett net ereecht. A ville klengen Betriber, an et si jo déi, déi priortär astellen, schafft de Patron a seng Fra nach selwer aktiv mat. Kennt dan esou ee Bréif oder esou eng Zeitung, déi all déi wirklech goud Mesüren erklärt, da gett se emol op de Koup geluecht, well am Moment grad keng Zeit do as fir esou eppes ze liesen. Leit se da mol ees bis um Koup, da leit se och irgendwann zweschend den Zeitungen, a verschwend am Container.

Wann ech do baussen mat Patroen oder führenden Persounen vun Betriber, iwert verschidden Mesüren déi et schons gin oder iwert déi, déi eréischt virgesinn sin, discutéieren, sin ech dax erstaunt iwert dee minimalen Wessesstand waat esou Mesüren betrefft, vun dise Leit. Ech muss awer soen, et woar bei mir a menger aktiver Zeit och net aanescht.

Aus dise Grënn, Här President, sin ech der Meenung, dat ee sech bei der Adem soll Gedanken machen, fir de perséinlechen Kontakt, dat perséinlecht Gespréich mam Betrib ze séichen. Et muss een daat machen, net eréischt wann ee Betrib sech bereed erklärt, eng Arbechtsplatz an deem Senn ze schaafen, et muss een d’Gespréich mam Betrib am Virfeld seichen, an zwar fir d’Moossnahmen déi dise Projet beinhalt ze erklären. Eréischt wann dise, wohlwissend groussen Effort seitens der Adem gemacht gouf, kann ee berouegt soen dat een alles ennerholl huet seitens der Administratioun fir jonke Leit, eng Schaff ze gin.

Ech well nach een dretten Punkt kommentéieren, daat as den Artikel 7 iwert de Chômage pour intempéries. De Modell ewéi en haut besteet as dat déi éischt 16 Stonnen, wann e Chômage pour intempéries ugefroot gouf, zu 50 % vum Arbeitgeber an zu 50 % vum Arbeitnehmer gedroe gouf, duerno iwerhellt de Fond pour l’emploi.

Daat, Här President, dir Dammen an dir Hären, woar bis elo ee Modell dee sech bewährt huet, an deen esou weit mei Wessensstand as, och dobaussen net kontestéiert as. Daat soll elo duerch dise Projet geännert gin, an zwar esou dat déi 16 Stonnen em déi et sech hei handelt, elo ganz zu Laaschten vum Patron gin, duerno iwerhellt ewéi bis elo de Fond pour l’emploi.

Daat as niewt der Tatsach, dat et eng Verböserung vun der Situatioun par Rapport zum Patron as, och nach eng Mesüre déi en fin de compte, fir hiren Deel als inflatiounstreibend ugesin muss gin. Et huet an der Commissioun zu Discussioune gefouert, och well et op emol zwéin Tripartites Pabéiere gouf, allen zwéin woare se op den 28 Abröll datéiert, mee an engem vun deenen zwéin, stoung dis Mesüre als Accord vun der Tripartite, an an deem aaneren net. Ech sin der Meenung, dat dis méi kontraignant Mesüre, och fir den Salarié net onbedengt eng Verbesserung duerstellt. Mir wäerte gesin dat et an Zukunft manner Chômage pour intempéries gett, wou et dann ausser dem Staat iwert de Fond pour l’emploi, well dee brauch jo dann manner dax an ze sprengen, kee réellen Gagneur méi gett.

Mir woaren an der Commissioun nach mat enger Demande befaasst fir d’Camionnetten ennert 12 Tonnen vun der Erhéigung vun der Steier ze entbannen. Mir sin däer Demande net no komm, an ech sin der Meenung dat déi Argumenter déi mir haaten och verständlech sin. Eischtens gett déi Taxe, déi seit 1982 net méi ugehuewen gin as, net mat engem ähnlech héigem Taux ugehuewen, ewéi aanerer. Zweetens besteet Gefoar, dat verschidden Camions’en vun de Betriber éliminéiert gin, fir dann duerch Camionnetten ersaat ze gin. Giff daat antreffen, wier daat eng zolid Mehrbelaschtung fir éist ganze Stroossennetz. Ech sin der Meenung dat et Argumenter genoug goufen fir diser Demande net no ze gin.

Daat, Här President, woaren e puer Punkte op déi ech wollt agoen, well awer soen, trotz deenen puer Kritiken déi hei ubruecht hun, dat de 5611 e goude Projet as, e Projet dee richtungsweisend as, an deen wann e richteg ugepaakt gett mat Secherheet derzou beidroen wäert, de Chômage hei am Land besser an de Greff ze kréien.

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren, Här President, a brengen selbstverständlech den Accord vun der CSV Fractioun zu disem Projet.