Dem Ali Kaes seng Iwwerleeungen zum Gesetzesprojet 5632, der Erhéigung vum Mindestloun op den 1. Januar 2007

Här President, Dir Dammen an dir Hären

Nodeems virun 2 Wochen de patronatfrendlechen Deel vun eiser Vollekspartei am Kader vun der Présentatioun vum Budgetsrapport hir Iwwerleeungen ugestallt huet, sou ass et haut aawer un engem méi salariatsnohen Volleksvertrieder Stellung ze huelen zu engem weideren wichtegen Gesetzesprojet, nämlech deem vun der Upassung vum Mindestloun. Et geet hei drem deene Läit hirr Gehälter , déi sech op der ënneschter Lounskala befannen, un déi allgemeng Loun- an Gehaltsentwecklung an de Joren 2004 a 2005 unzepassen.

Befir ech e puer Punkten iwwert de Mindestloun am Allgemengen uschneiden, well ech aawer fir d’eischt dem Rapporter vun desem Gesetzesprojet, mengem Fraktiounskolleg dem honorabelen Marcel Glesener Merci soen fir säin excellenten an ganz ausféierlechen schrëftlechen wéi och mëndlechen Rapport.

Wéi schons gesoot gett den 1. Janaur 2007 d’Akommes vun de Mindestlounbezéier em 1.9% gehéigt, op dann ronn 1570€ vir een onqualifizéierte Aarbechter an ronn 1884€ vir een Qualifizéierten. Daat ass eng Erhéigung vun 29 respectiv 35 euros. Och wann dess Erhéigungen net no vill ausgesin, sou hellefe mer aawer duerch dess Form vun Sozialpolitik, well de Mindestloun ass eng Form vun Sozialpolitik, enger ganzer Rei vun Lounempfänger hei am Land, déi net duerch ee Kollektivvertrag vun enger kontinuéierlecher Lounpolitik profitéieren, deen hinnen automatesch ee Plus vun Akommes garantéiert. Hätte mer dess automatesch Upassung net, sou géifen vill Léit déi vir de Mindestloun schaffen, oder musse schaffe goen, nie vun enger Erhéigung an der Paituut profitéieren daat heescht si géifen net un déi allgemeng Lounentwecklung ugepasst gin an hiir prékär Situatioun géif sech nach verschlechteren.

Här President,

Déi regelméisseg Upassung vum Mindestloun soll et jo dem Mindestlounempfänger erlaaben och vum ekonomesche Wuelstand an vun deenen domat verbonnene Léin à Gehälter ze profitéieren, déi an den leschten 2 Joer em bekanntlech 1.9% an d’Luucht gaang sin. Daat ass och richteg esou, well d’Aarbechter an Beamten déi um Mindestloun schaffen an bezuelt gin, droen genauso zum Wirtschaftswuesstum an dem Reichtum vun eisem Land bei, wéi all aaneren Schaffenden an eisem Land.

Wann een dovunner schwätzt dat d’Geld fir d’éischt muss verdengt gin befir een et kann verdeelen, dann mengen ech, dat graat dess Léit ganz besonnesch mussen een Steck vun deem erwirtschaften Kuch kréien.

A propos Verdeelen. Et gesäit een jo däitlech bei dem gemeinsamen Avis vun der Chambre de Commerce an der Chambre de Métiers waat d’Patronat eenert verdeelen versteet : nämlech alles an déi eegen Täschen, an déi Leit déi et erwirtschaft hun sollen laut hinnen alt rem eng Kéier edel ausgoen.

Och well ech drop opmierksam machen, dass dess Populatioun duerch hiert klengt Akommes keng Stéieren bezillt also och net vun den Abattementer um stéierleche Niveau kann profitéieren. D’Liewen ass fir sie aawer graat esou déier. Ech begreissen duervir ganz besonnesch dat am Tripartitsaccord festgehaalen gin ass een crédit d’impôt anzeféieren. Desst ass och nach eng Kéier am Kader vun de Budgetsdiscussioune vum Premier ennerstrach gin.

Et gett keng gutt oder schlecht , gutt oder mannergutt bezuelten Aarbecht ; jiddfer Enzelnen seng Arbecht ass eppes wärt, well all Mensch duerch säin Schaffen zum Wuelstand vun eiser Gesellschaft beidréit, egal op Mindestlounempfänger, Dokter oder Schoulmeeschter. Dofir appréciéieren ech och dem Staatsroot seng Astellung zum Mindestloun wann en a sengem Avis schréift an ech zitéieren : « il also de Staatsrot, approuve la décision du Gouvernement de reconaître par une rénumération minimale la valeur du travail fourni et en même temps la dignité du travailluer. » An aanere Wieder gesoot : d’Arbecht daat heescht Leeschtung vun jiddfer Schaffenden gett duerch eng Minimalentschiedegung ergo dem Mindestloun unerkannt an opgewärt. An daat ass ganz wichteg an och richteg sou.

Ech well drun errenneren dass de Mindestloun ganz kloer vir de soziale Fridde an eiser Gesellschaft steet an daat schons säit e puer Johrzengten. Soulaang net all Salarié vun de Avantagen vun engem Kollektivvertrag ka profitéieren, muss de Staat seng Responsabilitéit huelen an deenen Léit mat niddregem Akommes eenert d’Arm greiffen vir dass och si an Zukunft eenegermossen hiren Liewensstandard haale kennen. Duerch d’Upassung vun de Mindestléin un déi allgemeng Lountentwecklung suerge mer souzesoen vir eng gewessen Gerechtegkeet ennert allen Salariéen hei am Land. Duerfir duerfe mer net mitt gin a weider fir d’Erhaalen vum Mindestloun kämpfen a all deenen rout Kaart weisen déi sech vir d’Oofschaafen vum Mindestloun ausschwätzen.

Och wann eise Mindestloun am Verglach mat deenen aaneren Mindestléin an Europa een vun de hechsten ass, sou stellt den Mindestloun bei wäitem keen konfortabelt Akommes duer, wann ee wees waat d’Liewen hei zu Letzebuerg kascht . Wann een déi iwwerdriwwen héig Präisser vir Loyeren kuckt, oder och nach déi vir Stroum Heizung an Liewensmettel, dann kann een sech séier ausrechnen dass et vir Mindestlounbezéier net einfach ass iwwert Ronnen ze kommen.

An desem Kontext well ech op eng aaner Remarque vum Staatsroot opmierksam maachen deen a sengem Avis ervirhieft, dass laut enger rezenter Etude vum Statec mam Thema « Travail et Cohésion Sociale », 8.3% vun allen Ménagen als « Arm » ugesin gin obwuel dass se schaffen gin. Léif Kolleginnen an Kollegen, dess Zuel soll eis ze denken gin an ech well mer guer net ausmolen wéi héigh deen Prozentsaatz wier wa mer net de System vum Mindestloun hei zu Lëtzebuerg hätten, deen Gott sei dank nach emmer fir eng sozial Emverdeelung vum Wuelstand am Land suergt.

Ween an weivill Léit sinn dann elo vum Mindestloun betraff ? Dess Fro ass haut méi einfach ze beäntwerten wéi déi Joren virdrun well mer jo een néien Brechnungsmodus agefouert hun, deen eis méi präzis Zuele liwwert iwwert déi reel Mindestlounempfänger. Fréier gouffen jo all déi Persounen als Mindestlounbezéier consideréiert, déi bis 1,3 mol de Mindestloun verdengt hun. Dess Zuelen waaren ni fiabel an hiir Interpretatioun schwiereg, well dorenner jo och déi Léit gefall sin déi den qualifizéierten Mindestloun kruut hun. Den reele Mindestlouempfänger, deen wierklech vir de Mindestloun schaffe geet, konnte mer also statistesch nie richteg erfassen.

Mat der néier Méthodologie ass daat lo aanescht a mir gesin elo vir d’éischte Kéier weivill Léit effektiv bei eis am Land vir de Mindestloun schaffe gin. Op den 31. März 2006 waaren daat 32.549 Léit oder 11,8% vun der schaffender Bevölkerung. Dovunner liewen 61% Prozent héi am Land. Demno gin 39% vun de Mindestléin an d’Ausland « exportéiert ». 11,8% Mindestlounempfänger, daat ass den niddregsten Pourcentage zennter dem Joer 2002, du lunge mer bei 10,4%. Ech sin frou dass d’IGSS eis déi Zuelen geliwwert huet an dass mer lo mol endlech d’Evolutioun iwwert déi lescht 5 Joer kenne novollzéien. Mir gesin, dass de Prozentsatz vun Mindestlounempfänger an de leschte Joren konstant an d’Luucht gaangen ass, desst Joer awer kloer roofgang ass op den Stand deen mer ongeféier 2003 kannt hun.

Och wann desen Trend no ennen erfreelech ass, sou ass et aawer nach emmer een fait, datt et virunallem Fraen, mat ongeféier 55%, zu den Mindestlounempfänger zielen. Sie schaffen virunallem an de Secteure vun der Horesca an dem Commerce. Daat ass vill wann een bedenkt, daat baal duebel souvill Männer schaffen wéi Fraen. Daat kann verschiddenen Ursaachen hun, déi aawer schwéier sin auszemaachen. Zum Besispill läit et vläicht dorunnen, dass Fraen vir déi selwecht geleeschten Aarbecht am Duerchschnett 28% manner verdengen wéi d’Männner. Daat wier eng méiglech Erklärung. Ech sin aawer optimistesch dass an Zukunft den Undeel vun Fraen un de Mindestlounempfänger wärt roofgoen, well emmer méi Meedercher an jonk Fraen studéieren an sech weiderbilden an sech duerno als qualifizéiert Arbechtskraaft an den Arbechtsmaart intégréiren.

Här President, dir Dammen an Dir Härren ech sin um Enn vu menger Interventioun an gin den Accord vu menger Fraktioun zu desem Projet de loi well een all déi kleng Léit, déi op der niddregster Stuuf vun der Lounskala stin net vergesst, an hinnen daat zougesteet waat se zegutt hun, an waat se an enger extrem Profit orientéierter Arbeschtswelt wou den Mensch emmer méi kuerz kennt, ouni Mindestloun nie géifen kréien.

Ech soen Iech Merci.