De President vun der Baute-Kommissioun Lucien Clement iwwert déi grouss Infrastrukturprojets’en déi am Joer 2007 an Ugrëff geholl solle gin

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

haut discutéieren mir hei an der Chamber, iwwert de Finanzement vun den groussen Infrastrukturprojets’en vum Staat.

Heibäi handelt et sech em een nei Prozedur déi mir all zesummen am Laaf vum Joar 2005 ausgeschafft hun. No deene bekannten Ulaafschwieregkeeten, gellt et elo awer, déi Datumen an déi Modalitéiten , déi mir iis jo selwer operluecht hun, fir déi en musique ze setzen. Ech kommen elo gläich nach eemol kuerz op d’Modalitéiten vun diser Prozedur zeréck.

Fir d’Diskussioun e besselchen ze lancéieren, oder e besselchen méi einfach ze machen, hun ech als President, der Bautekommissioun eng Zort Diskussiounspabeier firgeluecht an deem nozeverfolgen ass ëm wéi een Projets’en et sech handelt a waat déi haapt Diskussiounspunkten an der Kommissioun woaren. Ech hu ganz bewoscht keen fierdegen Rapport firgeluecht, iwert deen dann no där üblecher Manéier “Majoritéit-Oppositioun” sollt ofgestëmmt gin, well ech et als enorm wichteg ugesinn datt mir iis bei där éischten Kéier wou mir dis nei Prozedur applizéieren, Zäit hollen sollen, fir alles dorrech ze diskutéieren. Mir kruten all Informatiounen an der Kommissioun déi mir gebraucht hun, mir kruten och, an daat an aller Transparenz, Aentwerten op déi Frô’en déi mir am Laaf vun net manner ewéi 5 Sitzungen gestallt hun.

Ech well dofir dem Bauteminister Claude Wiseler an de Beamten a Beamtinnen vun Ministère an Administratioun ausdrecklech Merci soen. Elo kann all Partei an aller Offenheet herno Stellung hollen zu deenen eenzelnen Projet’en, an hir Meenung derzou äusseren.

De Sënn vun däer neier Prozedur ass et jo, fir déi grouss Bauprojets’en vun fir eran – ugefaangen beim Ausschaffen vum Projet – méi transparent an öffentlech ze maachen. Doofir verstéit och Här President, datt et mäin Uleies as, datt mir iis haut Zäit hollen fir dis Projets’en virzestellen an ze discutéieren.

Déi nei Prozedur

Den 23. Mee 2005 haat d’Commission du Contrôle de l’exécution budgétaire et des Comptes (Comexbu) een Entrevue mam Bauteminister fir iwwert Propositiounen ze diskutéieren, wéi een kënnt d’Prozeduren verbesseren fir bei den groussen Bauprojets’en vum Staat, déi heiansdo dach enorm Budgetsdépassementer ze vermeiden. Sou een Dépassementer haate mir der jo e puer an de leschter Joaren, wéi z.B. d’Coque oder d’Philharmonie, fir der just 2 ze nennen iwert déi iwwerall vill geschwaat a geschriwwen gin ass. Derbei muss een awer der Richtegkeet halber soen dat déi grouss Mass vun alle Projet’en awer, an der finanzieller Enveloppe, déi mir heibannen gestemmt hun, oofgeweckelt gett. Iwer 90% vun de Projet’en gin also ouni finanziel Nobesserungen iwert Bühn.

Den 20. Juni 2005 as an der Comexbu déi nei Prozedur ugeholl gin, no däer an Zukunft nei Infrastrukturprojet’en préparéiert an présentéiert gin.

Ouni elo op all d’Détailler vun der Prozedur anzegoen, well ech just kuerz déi wichtegst Elementer dervun nach eng Kéier erläuteren:

  • Spéitstens den 30. Juni vun all Joar, muss den Bauteminister an der Commission des Travaux publics een Lëscht matt deenen Projets’en présentéieren déi den Staat am Laaf vum dann kommenden Joar oder den dann kommenden Joaren wëlles huet ze réaliséieren. Heibäi handelt et sech em déi Projets’en matt eem Käschtepunkt, deen méi héich ewéi 7,5 Mio Euro läit.
  • D’Kommissioun analyséiert an discutéiert déi Lëscht, préparéiert en Avis, an een Debatte an der Chamber.
  • Am Laaf vun däer Debatte an der Chamber huet all eenzel Fractioun d’Méiglechkeet sech zu disen Projet’en ze äusseren.. Déi Projets’en matt deenen d’Chamber averstaan ass, gin dann duerch een Motioun accordéiert, an däer dann och de Bauteminister autoriséiert gett méi am Détail ze plangen.
  • Fir all Bauprojet, deen e Käschtepunkt huet deen méi héig as ewéi 7,5 Mio € muss den Ministère des Travaux publics dann ee Projet de loi déposéieren.
  • Wann am Nachhinein, nodeems den Projet de Loi schons gestëmmt ass, bei eem Projet wichteg Ännerungen virgeholl gin, gett déi zoustänneg Chamberskommissioun dovunner a Kenntnis gesaat an huet selbstverständlech no enger Discussioun an enger Analyse, d’Méiglechkeet sech doriwer auszeschwetzen.
  • Wann déi d’Ausgaben méi ewéi 5% vum ursprünglech autoriséierten Montant iwerschreiden, dann muss en neien Projet de Loi déposéiert gin.

Souwäit daat wichtegst zur Prozedur selwer.

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Ech well elo déi Projets’en virstellen, déi mir an der Commissioun virgestallt kruten an och discutéiert an analyséiert hun. Ech wëll daat awer kuerz machen, ouni zevill an den Détail ze goen. Soss misst ech Eech deelweis matt relativ vill bautechneschen Eenzelheeten bombardéieren. Fir dis Discussioun wäerten mir nach Gelegenheet kréien, wann déi eenzel Bauprojet’en an e Gestzestext gefaast sin, an heibannen zum Vote ustinn.

Déijeeneg vun Eech, déi awer zousätzlech Informatiounen iwert déi eenzel Projet’en wëllen hun, kënen dis, siew et an de Kommissiounsrapports’en oder am Papier de Discussioun noliesen.

Am éischte Volet fanne mir déi Bauprojets’en déi der Ponts et Chaussées ënnerleien

1) D’Grenzbréck zu Grevenmacher

Dës Bréck as een ganz wichteg Verkéiersaxe fir d’Frontalier’en aus dem däitschen Grenzgebiet. Mir kruten an der Kommissioun gesoot, datt déi Macher Bréck an engem äusserst schlechtem Zoustand wier. D’Iddi déi deenen Verantwortlechen virschwiewt, as déi, fir eng nei Bréck niewt déi bestehend ze bauen, déi aal Brëck dann ofzerappen, an déi nei Bréck an déi Platz ze setzen. Et handelt sech hei em eng stoole Konstruktioun, an dofir as et technech méiglech, fir déi nei Brëck einfach op d’Platz vun däer aaler eriwer ze rippen.

Well et sech heibäi em een Grenzbréck handelt muss Lëtzeborg nët déi ganz Baukäschten eleng droen an et as esouguer sou datt mir momentan den Seuil vun 7,5 Miliounen Euro nach nët erreecht hun. Dis Zuelen sin awer nach laang nët définitif, obschons no den heitegen Prévisiounen, déi 50 % vum Gesamtmontant ausmachen, 7,2 Mio € virgesin sin. Allerdengs as an disem Montant nach keng Velospist virgesin.

Ouni elo wëllen am Détail op daat anzegoen waat an der Commissioun beschwaat gin ass, wëll ech awer just soen, datt mir an der Commissioun d’Propose gemacht haaten fir eng nei Bréck direkt op der Route du Vin ze bauen, vis-a vis vun der Autobunnsopfoart, waat fir Grevenmacher als Ortschaft een enorm Entlaaschtung vum Trafic géif duerstellen.

Allgemeen ass d’Situatioun esou datt alleguer déi Grenzbrécken matt Däitschland, déi noom 2. Weltkrich rëm obgebaut gin sin, sech an eem méi oder manner schlechten Zoustand befannen, woubäi et zu Grevenmacher besonnesch dringend ass, datt eppes ennerholl gët.

Waat déi Grevenmacher Bréck ugeet, an notamment d’Iddi fir eng nei Bréck op d’Route du Vin ze bauen, sou spillt do natiirlech och ëmmer d’Roll vum Merterter Hafen matt. Fir de Ministère ass et nët denkbar datt irgendwann keen Bréck méih soll op dem aktuellen Emplacement stoen. Et gët awer weiderhin, zesummen matt den däitschen Autoritéiten iwwer d’Méigelechkeet vun eener 2. Bréck nogeduet.

Ech sin der Meenung, Här Minister , datt dir zesummen mat äeren Servicer, nach eng Kéier mat den Responsablen vun der Stad Grevenmacher, sollt iwer diese Projet discutéieren. Bleiwt et bei disem Projet, kréit Grevenmacher wuel eng nei Brëck, eng Brëck déi doriwer eraus och nach vill Suen kascht, mee null Entlaschtung vum Verkéier, dee sech all Owend an all Morgen a Stauen bemerkbar mecht. Eng nei Brëck vis-a-vis vun der Autobunn, giff den Pendler-Trafic zolid reduzéieren, an d’Liewensqualitéit vun de Leit déi do wunnen merklech verbesseren. Au Contraire mengen ech, datt déi heiteg Brëck, déi haut jo nach allerhand Camions – an och aneren Verkéier aushalle muss – no enger technescher Iwerhuelung, och weiderhin fir Velo’en an ee méi soften Verkéier ze gebrauche wier.

Waat elo no heitem Stand däer Dinge, daat technecht ugeet, sou soll d’Bréck aus eener Mixstruktur aus Stool a Beton gebaut gin. Well daat Ganzet jo relativ urgent ass, sollen d’Arbechten esou séier wéi méigelech ufänken. Spéitstens an eem Joar soll de Projet fir ze bauen finaliséiert sin, an en Accord matt Däitschland ënnerschriwen sin.


2)
Reconstructioun vun der Fuerbunn vun den Brécken OA 498 an OA 499 op der N27 um Stauséi zu Ënsber an Lëltz.

Heibäi handelt et sech em 2 Brécken bei deenen d’Fuerbunn an de Belaag ernéiert musse gin. Déi 2 Brécken sin zesummengeholl gin an eem Projet. Et hätt een och kënnen déi 2 Brécken separat behandelen, da wären se guer nët ënnert d’Prozedur vun engem Gesetz gefall. Mee Här President, dir geseit, och hei well den Här Wiseler sech op kee Fall de Virworf gefale loossen ze truquéieren, an de Profet ze splitten, fir iwert dee Wee de Seuil vun 7,5 Mio net ze ereechen.

Déi concernéiert Fuerbunnplacken bestinn aus virgespaanten Poutren déi einfach ersaat mussen gin. Aus verkéierstechneschen Grënn as et wichteg datt déi 2 Brécken gläichzäiteg, also mateneen frësch gemaach gin, am beschten och nët während der Touristensaison.

3) Réaménagement vum Boulevard Raiffeisen op der Cloche d’Or

Disen Projet ass vun eener enormer Bedeitung fir d’Entwécklung vum Quartier ronderem d’Cloche d’Or.

Fir d’éischt gin hei d’Niewestroossen frësch gemaach, de Boulevard Raiffeisen dann ab 2008. Et soll e schéinen städteschen Boulevard gebaut gin, deen 48 Meter breed gët matt Pisten fir den normalen Stroosseverkéier, den öffentlechen Transport an och Velospisten. De Projet gesäit och fir datt en Tram, wann e kënnt, kéint iwert deen neien Boulevard fueren. Disen äussert komplexen Projet brengt een Modificatioun vum Autobunns-Echangeur matt sech a muss eener Eisebunns- an eventuell och eener Gare routière Rechnung droen.

Disen Ausbau vun der Cloche d’Or ass noutwendeg fir d’Entwécklung vun disem Staadter Quartier. Et ass och esou am IVL virgesin. D’Froo déi mir iis zu disem Projet an der Commissioun gestallt hun war déi, vum Impact op de Commerce an disem Quartier, fir deen esou ee Laangzäitchantier, jo nët onbedengt optimal ass oder ka sin. Et as demno wichteg, datt een derfir sorgt, esou mann ewéi méiglech Perturbatiounen ze kréien.

4) d’Sanéierung vun Stau zu Rosport

Bei dieser Sanéierung, geet et nët eleng em d’Bauwerk vum Staudamm selwer, mee och em verschidden hydraulesch Deeler. Déi haaptsächlech Probleemer bestin doranner, well verschidden Plaatzen am Beräich vun der Zentral, wéi z.B. e puer Prisen oder en Ëmleedungskanal, nët méi dicht sin.

Doniewt huet d’Waasserwirtschaftsamt gefroot fir d’Quantitéiten vum Waasser daat ooffléissen gelooss gët, ze erhéijen. Dëst bréngt een Diminutioun vun der Stroumproduktioun matt sech, an domatt een Perte vun Recetten fier déi Sociétéit déi d’Zentral exploitéiert. Daat erem huet dann als Konsequenz, datt de Staat entweder dis Moins-value muss kompenséieren muss, oder awer d’Zentral matt eener zousätzlecher neier Turbine équipéiere muss, waat e Käschtepunkt von 3 bis 3,5 Milliounen Euro bedeit. Iwer dis 2 Alternativen muss demno nach nogeduet gin.

An der Commissioun haaten mir zu disem Sujet een Diskussioun iwwert d’Eliminatioun vun den Ooflagerungen, souwéi d’Noutwendegkeet vum zousätzlechen Oofloossen vun Waasser. Heizou sin mir informéiert gin, datt bei dem Thema och Däitschland betraff ass, an déi Froo folglech an deem internationalen Bléckwenkel muss discutéiert gin. Bis elo geseit de Projet keng direct Moossnahmen géint Héigwaasser fir, ausser datt de Sand an de Bulli dee sech am Stau während all deene Joare ugesammelt huet, andems datt de Barrage opgemacht gett,duerch eng méi stark Durchflutung ofgeschwemmt gi soll.

Eng Mesuure déi isoléiert gekuckt, iis an der Kommissioun net ganz iwerzeecht huet, an déi mat Secherheet d’Gemeng Rosport an hir Populatioun net ganz zefridde stell wäert. D’autant plus weess ech aus der Zeitung, datt Gemeng Rosport een Höichwaasserschutz zu Steinheim oprichte well. Eng Mesure déi no heitegem Stand der Dinge, zu 50 % iwert de Ministère de l’Intérieur vum Staat also subventionnéiert gett. Dofir, Här Minister, den Oprouf un Iech, datt an disem Dossier äer Beamten mat den Beamten aus dem Ministère de l’Intérieur, Kontakt ophuelen, fir datt hei déi eenzel Mesuren coordinéiert gi kënnen.

Mir kruten och an der Commissioun vum Här Wiseler versprach, datt öffentlech Informatiounsveranstaltungen wäerten oofgehaalen gin, iwert d’Renovéierung vun der Zentral, an engem eventuellen Héichwaasserschutz, wann de Projet bis méi wäit ausgeschafft as.

5) Constructioun vun engem évacuateur de crues um Haaptbarrage zu Esch-Sauer an vun eem Tunnel de décharge zu Esch-Sauer selwer

Dis Ëmännerung am Stau ass absolut noutwendeg, an daat net nëmmen fir déi europäesch Sécherheetsnormen anzehaalen. Disen Héichwaasserschutz soll automatesch asetzen esoubaal e gewëssen Waasserpegel erreescht ass. Et as een natirlechen Iwerlaaf deen déclenchéiert gëtt, wann d’Waasser ee gwessenen Pegel ereecht huet. Hei gett dofir een Tunnel als Querverbindung gebaut. An der vereinfachter Duerstellung kann een et vergleichen mat enger Buedbidden wou de Stopp drop as, a fir datt se net iwerleeft wann ee Waasser dra laafe léisst, as een Iwerlaaf virgesin, deen als Missioun huet daat ze vill u Waasser automatesch ze évacuéieren.

A) Projets’en déi der Administration des Bâtiments publics ënnerstinn

1) Den Service Incendie an Sauvetage vum Findel

Hei geet et dorems datt déi aktuell Garagen ze kleen sin fir déi nei grouss Camions’en all enner Dag ze stellen. Desweideren entspriechen esouwuel d’Ateliers wéi och d’Vestiairen nët méi den heitegen Normen , an och net méi den heitegen Ufuederungen..

Disen Projet ass nach am Stadium vun den Etudes préliminaires an emfaasst och just den 1. Equipement vun dem neien Gebeih an den Ateliers’en, awer nach nët déi spezifesch Ausrüstung vum Service d’incendie an vum Sauvetage. Desweideren as hei och ee klenge Pied à terre fir d’Arméi virgesin.

2) an och 3). Den Neie Lycée zu Mersch an daat définitif IEES-Gebei zu Mersch

Den Choix as op disen Site gefall, well éischtens d’Terrains’en dem Staat gehéieren an zweetens, déi Merscher Gemeen disen Projets’en géintiwer ganz favorabel agestallt woar. Waat bei disem Projet entscheedent ass, an och zum Deel nei ass, ass datt d’Regirung virschléiht, fir dis 2 Projets’en iwwert PPP, also Public Private Partnership ze finanzéieren.

An der Bautecommission hu mir d’Regirung derzou opgefuerdert fier déi néideg Mesuren firzegesinn, fir datt lëtzebuerger Entreprisen nët défavoriséiert oder ganz ausgeschallt kënne gin, an der PPP-Prozedur.

Den Här Wiseler huet iis informéiert, datt verschidden Deeler vun der Infrastruktur gemeisam genotzt kënne gin. Eng Iwerléung déi an der Commisioun Zoustemmung fonnt huet, an déi mat Secherheet zu enger Käschtereduzéierung beidroen wäert. Desweideren kruten mir d’Informatioun, datt ee speziellen Cahier de Charge ausgeschafft gett.

Hei soll net d’Gebei selwer als solches ausgeschriwe gin, mee éischter de Besoin, also waat mir un Infrastrukturen brauchen. Desweideren, an och daat as bis haut net onbedengt üblech, get den Entretien an d’Garantie iwer 20 Joar mat ausgeschriwen. Dise Modell vun Ausschreiwung brengt mat sech, datt duerch d’Oplag vun 20 Joar Garantie an Entretien déi d’Entreprise muss mat offréieren an duerno mat leeschten, eng Entreprise déi den Zouschlag kréit, sech am Prinzip net ka leeschten schlecht Qualitéit unzebéiden. Giff se daat machen hätt si an de Joaren nom Bauen zolid Schwieregkeeten. Hoffen mir jhust datt dise Modell fir ze bauen, richtungsweisend fir d’Zukunft as, an deem Sënn fir esouwuel Bauzeit ewéi och de Coût de Construction ze verrengeren.

B) Projets’en déi der Kompetenz vum Fonds Belval ënnerleien

1) Université de Luxembourg

Wéi dir eech alleguer kënnt virstellen, ass dëst deen importantesten Projet, eleng schons vun seiner Envergure hir. Et ass awer och deen Projet wou d’Arbechten am mannsten wäit virgeschratt sin. Am Moment ass den Architektenconcours am Gaang virbereed ze gin. Dise Concours d’Architecte soll net nemmen d’Gebei vun der Uni plangen, mee och een urbanistescht Konzept fir dee ganzen Plateau vun de Héichiewen virlé’en, Selbstverständlech wäert an disem Konzept, och daat neit Gebei vun der Dexia hei mat abezun gin, grad ewéi aaner Gebéier zum Beispill d’Pépinière d’Entreprises, déi mir elo viru Kuerzem hei an der Chamber gestemmt hun. Dise Projet, as konform mam Master-Plan vum Site Belval.

De ganzen Projet gëtt vum Fonds Belval, iwert en Emprunt finanzéiert. Disen Emprunt gëtt dann vum Staat rembourséiert an d’Administration des Bâtiments publics gett dann Propriétaire vun den Immeublen, an as dann och fir den Entretien zoustänneg.

2) Lycée zu Esch/Belval

Heibäi handelt et sech em en Projet deen schon relativ wäit fortgeschratt ass, sou datt den Projet de Loi heizou geschwënn kann déposéiert gin. Den techneschen Détail kréie mir dann am Projet de Loi.

3) Bâtiment administratif zu Esch/Belval

D’Büroen ëm déi et hei geet, sin virgesin fir d’Administration de l’Environnement an d’Waasserwirtschaftsamt matt hiren Laboratoiren, souwéi den Fonds Belval an éventuell nach aaner Administratiounen. D’Préparatiounen sin schon relativ wäit, sou datt den Projet de Loi an e puer Méint misst prett sin.

Souvill zu den Projets’en selwer. Ech bieden d’Chamber dis Projets’en, duerch déi an der neier Prozedur virgesinnen Motioun, oofzeseenen, fir datt déi néideg technech Arbechten an d’Calculatiounen, déi dis Projet’en betreffen, weider gefouert kënne gin.

Daat gesoot, Här President, soen ech merci fir d’Noolauschteren, brengen selbstverständlech den Accord vun der CSV Fractioun, an déposéieren hei nach d’Motioun, déi de Baute-Minister den Här Claude Wiseler opfuerdert an autoriséiert fir déi eenzel Projets’en méi am Détail ze studéieren an ze berechnen, fir dat mir herno ee Projet de Loi hei an d’Chamber kréien, dee waat dee finanzielle Volet ugeet méi détailléiert a méi no bei der Réalitéit dierft sin.

Ech soen Iech Merci vir d’Nolauschteren