Den Ali Kaes präsentéiert am Kader vun der Orientéirungsdébatt iwwert déi grouss Bauprojeten vir d’Joer 2007, Prioritéitelescht vun der CSV am Beräich vum öffentlechen Transport

Här President, Dir Dammen an dir Härren

Ech well a menger Interventioun op den Volet vum Transport Public agoen. Mir sollen haut de Metten kucken, wéi eng grouss Projeten am Beräich vum öffentleche Transport prioritär mussen behandelt an emgesaat gin, wa mer an Zukunft net am Verkéier wellen erstecken.

All Daag kommen wäit iwwert 100.000 Pendler op Letzebuerg schaffen, dovunner awer nemmen een minimale Deel mam öffentleche Transport. Wäit iwwert 90% huelen den Auto vir op hiir Aarbechtsplaatz ze kommen. Konsequenzen dovunner erliewe mer baal all Daag op eisen Autobunnen wou de klengste Zweschenfall kilometerlaang Stauen op den Haaptverkéiersaxen produzéiert. Mir bewegen eis am Moment an engem total iwerdréite Pendelerszenario, esou wéi vum IVL ausgemollt, an dess Situatioun wärt sech an noher Zukunft och net wesentlech änneren :

Eis Economie schaaft all Joer eng 12.000 Aarbechtsplatzen, de Gros dovunner, em déi 9.000 Plaazen, gin vun Frontalieren besaat. Konkret heescht daat, dass all Joer eng 9.000 Pendeler op eisen Autobunnen wäerte bäikommen waat, wa mer net kuerzfristeg handelen, onwéigerlech zum totale Verkéierskollaps wärt féieren.

Demno musse mer elo dervir suergen, datt mer absolut prioritär daat maachen, waat mer zur Meeschterung vun esou enger Sachlaag brauchen. Dozou géhéiert dass mer dem öffentleche Transport absolut Virfahrt an all eise Planunge gin. Den IVL seet an desem Kontext däitlech, dass d’Grondstruktur vun engem attraktive öffentleche Transport um Schinneverkéier muss baséieren wa mer an Zukunft d’Verkéierssituatioun iwwerhaapt nach wellen an de Greff kréien.

Wessend dass mer nemmen begrenzten Moyen zur Verfügung hun, an et deemno onméiglech ass, all envisagéiert Projeten mateneen ze réaliséieren, musse mer elo déi richteg Prioritéiten am Beräich vum öffentleche Transport setzen, elo déi richteg Décisioune fir d’Zukunft huelen ouni den finanziellen Aspekt vum Land aus den Aan ze verléieren.

Här President,

Haut sin iwwert 60% vun allen Aarbechtsplaatzen aus dem Land an der Staat Letzebuerg an hiren Nopeschgemengen ugesiedelt. D’Léit schaffen zum Gréissten Deel um Kierchbierg, op der Cloche d’Or an a Zukunft och nach am Ban de Gasperich , op der Porte de Hollerich respektiv Zéisseng an Houwald. Léit wunnen demno net méi do, wou se schaffen. Si mussen sech déplacéieren vir schaffen ze goen, well do wou d’Arbechtsplatzen geschaafe gi sin, se mam öffentleche Transport zum groussen Deel net hikommen.

Wa mer also den Modal-Split vun 25/75 wellen erreechen, dass bis Joer 2020 25% vum Individualverkéier duerch den öffentleche Persounentransport oofdedeckt gett, da musse dovir suergen dass den öffentleche Transport, Léit op direktem Wee also ouni grouss Emweer op hiir Arbecht brengt, an engem Sënn dass en och nemmen minimal méi konkurrenzfäheg wier zum privaten Auto.

Dofir missten der CSV no Randgaren vun der Staat Letzebuerg, déi sougenannten Gares périphériques um Kierchbierg, zu Zéissung an um Houwald absolut prioritär gebaut gin. An desem Kontext suggéréiere mir och d’Schaafen vun lokale Sammelpunkten op den verschiddenen CFL-Knuetpunkten, déi den Leit en Zereckgräifen op d’Schinn vereinfache soll respektiv wéi am IVL virgesin, d’Ariichten vun groussen Opfang-Parkingen laanscht den Eisebunnsréseau.

Dess Opfangstrukturen sin wichteg, well wann d’Léit alleguerten Flemm hunn, wa se laang no enger Parkplaatz gesicht hun, an keng fannen, dann léiwer direkt mam Auto an Staat foure. Wann Léit op der Garen keng Parkméiglechkeete virfannen machen se net Gebrauch vum öffentlech Transport. Dofir ass et wichteg Opfangparkinger op den Knuetpunkte ze installéieren, daat virun allem op den Grenzen, fir dass mer Pendler, wann se an Land rakommen, direkt op den Zug dräineéiert kréien deen se dann ouni Emweer hiir Arbechtsplaatz brengt.

Dess Mesuren an Réalisatioun vun der Gaaren Kierchbierg-Houwald- Zéissung sin vun enger absoluter Noutwendegkeet vir dass mer den “modal split” vu 25% fir den öffentlechen Transport errechen, an en attraktiven Persounenransport iwwert Schinn kréien.

Gläichzäiteg muss aawer och d’Réalisatioun vun enger néier Streck Esch-Letzbuerg an Ugreff geholl gin déi der Logik no op der néier Gare Periphérique zu Zéisseng misst ukommen. Déi Streck ass wichteg fir d’Léit vun Esch, an awer och gläichzäiteg wichteg fir d’Rekonversioun vun den Industriebroochen Esch/Belval mat der zukünfteger Cité des Sciences, déi jo och eng grouss Prioritéit spillen.

Och wann d’Ubanne vum Réseau Waasserbelleg un Stadt Lëtzebuerg relativ gutt klappt, wier et allerdengs wichteg wann vun däitscher Säit aus déi néideg Moderniséierungsaarbechten gengen an Wee geleet gin, dass och déi vill däitsch Pendler vun engem performanten öffentlechen Transport kéinte profitéieren. Och wann daat net an eisen Hänn läit, wier et net schlecht wann Regierung diesbezüglech Kontakt zu hiiren däitsche Kollegen géif ophuelen.

Här President,

Een aanere wichtege Punkt ass Schaafung vum Réckgraat vum Norden a vum Süden. De Fonctionnement vun der « Dorsal », der sougenanntener « Réckgraatstreck » vun Esch an d’Stadt a vun der Stadt an d’Nordstadt an dann wéider an den Norden vum Land muss optimiséiert gin. Vun deenen zentrale geleeënen Achsen muss den Transfert vun enger Plaatz op déi aaner méi séier goen. Et kann net méi sin, dass wann ech vun der Nordstaat aus, an de Süde vum Land well fueren, eenerwee emmer rem verschiddenen Wärdezäiten an Kaaf muss huelen oder souguer muss emklammen. Daat ganzt muss flesseg, séier an duergehend vum Norden an de Süde geschéien. Et ass dofir wichteg, dass et zu enger performanter Vernetzung vun deenen Achsen kennt.

Eng wéider absolut Prioritéit ass d’Ubannung, vun der Staater Gär aus, vum Findel un d’Schinn. Desen Tracé ass net nemmen wichteg vir kennen ee performanten Persounentransport vum Findel aus a Richtung Staat ze assuréieren, mä Nouwendegkeet vun der Ubannung vum Findel un d’Schinn, gëllt och am Kontext vun enger Logistik-Offensiv fir de Frêt.

Duerch Cargolux an de Cargozenter ass de Findel zum 5. gréisste Frachtflughaafen an Europa gin. De Cargozenter gett haaptsächlech iwwert Strooss duerch Camionen ugestéiert, deenen hiir Unzuel laut Prévisounen an den nächsten wärt weider an d’Luucht goen. Desst wärt déi ablacklech Situatioun op eise Strosse secherlech net vereinfachen. Dovir ass et och am Kader vun der Consolidéierung vum Standuert Letzebuerg wichteg, dass mer de Findel un de nationale Schinneréseau ubannen an desen wichtegen Tracé réaliséieren.

Här Präsident

Héi nach eng Kéier eis Prioritéitenlescht am Beräich vum öffentleche Transport :

Fir CSV ass et wichteg, dass déi Haaptaccèsen : Nordstaat, Letzebuerg, Esch eng absolut Prioritéit kréien, an daat zesummen mat der Réalisatioun vun de Gare Périphériquen Kierchbierg, Houwald, Zeissung souwéi der néier Streck Esch-Letzebuerg an der Ubannung vum Findel un d’Schinn ; fir dass mer een attraktiven öffentleche Transport kréien. Ouni dess Réalisatiounen erreche mer nie deen Modal-Split, dee mer virgesinn hun.

Zum Schluss vu menger Interventioun well ech aawer nach a mengem perséinleche Numm e puer Wieder iwwert Problemer op der Streck vun der Nordtstadt Richtung Elwen soen :

Och an deser Géigend vum Land gin et vill Léit, déi gären méi op een performante öffentleche Transport géifen zreckgräifen, desst aawer net maachen a léiwer den Auto virzéien vir op hiir Arbechtsplaatz ze kommen. D’Ursaachen vir desst Verhaalen leien haaptsächlech un der net optimaler Offer an der schlechter Infrastruktur vun der gesamter Nordstreck.

Zennter laanegem gett een Hallef-Stonnetakt vun Elwen a Richtung Staat gefoudert. Desen ass léider net duerchzesetzen well Capacitéiten wéinst der Eengleiskeet vun der Streck teschent Ettelbreck-Bierden an Mechela limitéiert an momentan komplett ausgelaascht sin. Vir deementgéint ze wierken, plädéieren ech dofir dass den Ausbau vun desem Tronçon op zwee Gléisen esou séier wéi meiglech an Ugreff geholl dass Léit am Norden och endlech vun enger performanter Ubannung un eis Haapstaaat kennen profitéieren. Ech well och drop hiweisen, dass mer duerch den hallef-Stonnentakt Verbindung mat Wolz kéinten wesentlech verbesseren.

Am Kontext vum Bau vum zukünftege Lycée zu Klierf waar et och net falsch sech elo schon sérieux Gedanken ze maachen iwwert den duebelgleisegen Ausbau vum Tracé Elwen-Paafemillen op Clierf.

Här Präsident

Wa mer wellen, dass am Norden méi Leit op den Zug zereckgräiffen, mussen mer hinnen Méiglechkeet gin, dass si hiren Auto bei de Gären parken kennen. Duerfir maachen ech een Appel un den Transportminister, vir sou séier wéi méiglech mat den nouwendegen an drengend gebrauchte Vergréisserungen vun de Park&Ride zu Elwen, Clierf, Kautebach an Welwerwoltz unzefänken.

Besser wier natiirlech wann Léit flächendeckend vun engem flexibelen Zoubrengerdengscht kéinte profitéieren deen se op déi verschidden Gären laanscht Nordstreck geng féieren. An desem Fall kéint een den Auto doheem an der Garage stoen lossen.

Voilà daat wollt ech nach zur Debatt derbäifügen an soen Iech Merci vir Nolauschteren.