“Mir sin um richtege Wee”

D’Iwerléungen vun der Budgets- a Finanzkommissioun a vun hirem Rapporteur dem Lucien Thiel zu dem Budget 2007
Déi intégral Versioun vun der Budgetsried vum Lucien Thiel kenn Dir ennert desem Link rooflueden

De Budjet fir 2007

Här Präsident,

Kolleijnnen a Kolléjen,

Dir erënnert Iech vleicht nach un d’Olympiad 2004 zu Athen an un de Männer-Marathon, dén e bësschen en éjenartijt Enn haat. Bei Kilometer 35 louch de Brasilianer Vanderlei de Lima matt 48 Sekonde Virspronk un der Spëtzt, wéi hie vun éngem aus dem Publikum vun der Strooss gerappt gouf. Dén Armen huet zwar dono erëm ugesaat, mé hien war durch dé Virfall aus séngem Rythmus komm a gouf du vun 2 Konkurrenten iwerholl, sou datt um Enn nëmme méi d’Bronzemédaill fir hien iwrej blouw.

Firwaat ech Iech déi Geschicht grad elo hei erzielen? Mé ganz einfach, wéll ech bei der Analyse vun eiser Budjetssituatioun ëmmer erëm un dén ongléckleche Brasilianer erënnert gi sin. Well kuckt: Och Letzebuerg louch matt sénge Staatsfinanzen ëmmer un der Spëtzt, bis du 2001 d’Boursen matt hirer Baisse no der geplatzer Internetsbloos an der Attack op Twin Towers zu New York eis de Fouss gesaat hun a mir aus dem Trëtt gerode sin. Wuel leie mir nach ëmmer gudd an der Course, fir déi méscht vun eisen EU-Partner esouguer beneidenswert gudd. Awer mir kréien ében nët méi den éischte Preis – op d’manst esou laang nët bis mir erëm aus dém Budjetslaach eraus sin, an daat mir virun e puer Jaar gerutscht sin.

De Vergleich matt eisem brasilianische Marathonsléfer hält awer gottseidank och schon do op. Wèll, am Contraire zu him, kënne mir et nach färdechbréngen erëm no vir un d’Spetzt ze kommen. An daat misst eis och geléinge wa mir eis nëmmen richtej uléen.

Allerdéngs sëtzt daat viraus, datt mir eis matt den Ursaachen vun eiser Budjetsentgleisung ausernénsëtzen an eis nët drop beschränken, de Boursen, op déi mir souwéiso kén Afloss hun, d’Schold un eisem, loosse mir soen: relativen Misère gin. Well et sin nët d’Finanzmärt eléng, déi eis aus dem Trëtt bruecht hun. Et hun och aaner Facteure mattgespillt, op déi mir, am Géijendél zu de Bourse, wuel schon èng Handhab hun. Fir nët ze soen: un déne mir – nët éng bestëmmte Rejierong oder éng bestëmmte Partei – mé mir alleguerten wéi mir hei sëtzen, an och nach e puer aanerere dobaussen am Land, nët ganz onschëllej sin.

Dofir loosse mir emol d’Finanzmärt als Troublemaker op der Seit a beschäftigen eis matt eis selwer a matt déne Féhler, déi eis an der Vergangenhét ënnerlaaf sin an déi mir zum Dél bis haut nach matt eis erëmschléfen.

Kén Zweiwel: mir sin nach ëmmer gudd, mir sin nach ëmmer Champion an énger Rëtsch vun Disziplinen. Mé égal wéi gudd én ass: ët kann én nach ëmmer bësser gin. A wèll mir vleicht awer nët méi esou gudd sin, wéi Eenzelner vun eis nach méngen, hu mir all Ursaach, eis éschtlech matt eise Schwächten ausernaner an eis dann op d’hënnescht Bèn ze sètzen an ze probéieren, erëm ganz no vir ze kommen.

Fir daat färdej ze bréngen, musse mir eis dann e Fahrplang maachen:

  • Op dém huet fir d’alleréischt de Retour zum Budjetsgleichgewiicht ze stoen, wèll ouni ausgeglache Staatsfinanzen léisst sech op d’Dauer kéng sérieux Politik maachen, a scho guer kéng, déi Akzenter sètzt an déi d’Land fit fir d’Zukunft mëcht.
  • Da muss derfir gesuerjt gin, datt déi öffentlech Investitiounsfongen erëm opgepäppelt gin, déi lues awer sëcher am gaang sin auszedréchnen an déi spéitstens an 2 Jahr eidel sin, wa mir se nët e bëssche méi massiv fidderen, wéi et am Ament de Budjet erlaabt.
  • Bis dohinner musse mir eis och doriwer klar gi sin, datt mir matt der Zeit éng Rëtsch strukturell Problémer opgekéipt hun. An der Héichkonjunktur vun den 90er Jahre hu mir déi liicht iwersinn, mé entretemps hun se sech nët fir d’lèscht doduerch bemierkbar gemaach, datt d’Recetten an d’Dépensen ëmmer méi ausernén gedrift sin. Déne Strukturdefizienzen musse mir serieux op de Pelz réckelen wa mir op laang Siicht eis Staatsfinanzen am Equiliber haalen an en plus eist Land a séng Leit esou gudd wéi méiglech op d’Zukunft préparéiere wëllen.

Op ët eis gefällt oder nët: Laanst dé Fahrplang komme mir nët! Dëst emsou manner, wèll d’Welt nët stoe bliwen ass an muenches nët méi esou richtej an déi nei Welt passt, waat eis matt der Zeit un d’Hèrz gewuess ass.

Déi nei Welt stèllt och eis – elo haat ech baal gesoot: eis verwinnte – Letzebuerger virun nei Erausfuerderungen. Mir kënnen d’Aen zoumaachen an déi Défien ignoréieren. Mir kënnen och wéi rabbelkäppech Kanner drop réajéieren a refuséieren, eis matt dénen Erausfuerderungen ofzegin, wèll sie kënnten eis jo emol daat ént oder aanert kléngt Affer ofverlangen – emol nët an dém waat mir hun, mé bei dém waat mir nach gären méi hätten. Mir kënnen eis awer och dénen Erausfuerderungen vun der neier Welt stellen, der europäischer an dér globaliséierter Welt, an dé sèlwechte Couraj opbréngen, matt dém eis Pappen a Mammen, eis Grousspäpp a Groussmammen ähnlich Situatiounen zu hirer Zeit geméschtert hun. An déi domatt och derfir gesuerjt hun, datt ët eis bis elo dach nët allze schlecht gaangen ass.

Fir eis kann nëmmen déi letzt Alternative a Froo kommen.

Daat, waat ech elo beschriwen hun, war dann och den Hannergrond bei den Iwerléongen an den Diskussiounen, déi Aer Finanz- a Budjetskommissioun an déne letzte Woche gemaach huet. Mir hun eis bei der Analyse vum Budjetsprojet, dén eis d’Rejierong ufanks Oktober virgeluejt haat, virun allem, fir nët ze soe: baal elèng vun dém énge Gedanke léde gelooss, wéi én op Dauer dëst Land nach méi erfollejreich a séng Bewunner nach méi zefridde maache kënnt. Och wann an der Kommissioun alt emol d’Ménongen iwer d’Mëttel an d’Wéer auserné gangen sin, wéi én am besten dohinner kënnt, ware mir eis dach awer am grousse ganzen iwert d’Zielsètzung éns.

Dofir ass et dann och nët weider verwonnerlech, datt déi Zielsètzung de Meter war, matt dém mir dëse Budjetsprojet fir 2007 gemooss hun.

Fir en énhétlichen Comptasmodell

Esou e Budjet ass neischt Einfaches. Fir én, dé weider neischt direkt dermatt ze din huet, ass ët e Buch matt 7 Sijelen. Do kann én nach esou interesséiert sin, un der Politik am allgeméngen an um Budjet am besonneschen: esou baal, wéi é mierkt, datt én den Duerchbléck nët méi huet, lét én déi Pabeierzill – dës Kéier ass ët eng oranjen – op d’Seit an ët ameséiert én sech matt eppes Aaneschtes.

Esou soll ët awer just nët sin. Schliesslich brètze mir eis gär matt eiser Demokratie, daat héscht matt dér Staatsform, an dér all Pouvoir vum Bierjer auszegoen huet. Wéi awer soll dén arme Bierger séng Prérogativen notze kënnen, wann déi ganz Politik, déi jo a séngem Numm a fir hien veranstalt gët, iwert sei Kapp ewech gét an hien iwerhapt nët mattdécidéiere kann? An daat scho guer nët en connaissance de cause, wèll hien nët am Bild ass.

A fréieren Zeiten, wéi se ët nach nët esou matt der Demokratie gehaalen hun, waren déi, déi d’Soen haaten, drop aus, datt d’Vollek esou mann wéi méiglech wousst, wèll daat d’Réjéieren vill méi liicht gemaach huet. Obskurantismus gouf daat Verhaalen genannt, wèll daat Wëssen, daat jo bekanntlech Muecht bedeit, systematesch fir dén verdeischtert gin ass, dén du nach ké Bierjer, mé e Sujet oder en Untertan war.

Et kann é beileiwen nët behaapten, datt haut nach en demokratesch gewielte Politiker drop aus wier, dérs Obskurantismus ze bedreiwen. Mé dén onbewossten Obskurantismus, dén dén nët ausdrécklech gewollt ass, mé dén sech awer ënnerschwèllech brét mëcht, dé gët et wuel och nach haut. Wann e Bierger sech désinteresséiert vun der Politik ofwènnt, wèll him daat, waat do gebuede gët, spuenesch firkënnt, dann ass daat neischt aanescht wéi d’Resultat vun dém modernen Obskurantismus, dé ké wèllt a ké geseit, an dén dach präsent ass. An dén derfir suerjt, datt eis ugebieten Demokratie eijentlech nëmmen eng theoretisch ass, déi esoubal nach nët de Wé an d’Praxis vum Alldaach fanne wärt wa mir esou weider fueren.

Daat awer dèrft ët nët sin. Wa mir déi Staatsform, dér mir eis verschriwen hun, och wirklecht éscht huelen, da musse mir derfir suerjen, datt de Bierjer méijlechst gudd an iwer alles informéiert gëtt. Wèll nëmmen e Bierjer, dén am Bild ass, interesséiert sech fir d’Politik, dén dénkt matt, schwètzt matt an décidéiert matt. Esou an nët aanescht huet ët ze sin.

Elo huet awer just bei dësem Budjet Aer Finanzkommissioun misse feststelle, datt mir am gaang sin, gené den ëmgekéierte Wé ze goen. Nët wellentlech a vleicht esouguer emol nët bewosst, mé awer an déi falsch Richtong. D’Erklärung fënnt én, wéi esou dax, an Europa – méi präzis: an de Bestëmmungen, déi d’Bréisseler Kommissioun opgrond vum Maastrichter Vertrag erausginn huet an déi genau festléen, no wéi énger Method d’Memberslänner hir Finanzdonnéen op Bréissel liwere musse, fir datt do ka kontrolléiert gin, op sie och hir Maastricht-Kriterien anhaalen. Dofir och de Begrëff vun der Maastricht-Method, matt dém ech Iech elo e bësschen ploe muss.

Fir d’Anhaale vun dénen Maastricht-Kritèren kontrolléieren ze kënnen, huet Bréissel e Comptabilitéitsstandard agefouert, dén SEC 95 héscht – SEC fir Système Européen des Comptes, a 95 wuel wèll et hien seit 1995 gëtt. Dé Standard déngt virun allem dem Eurostat bei sénge Vergleichsstatistiken, wèll dé jo schlecht Aeppel matt Biren zesummerechnen kann, wann ët drëm gét, déi énzel EU-Staaten an hir diverse Daten mattenén ze vergleichen.

Et ass nëmmen normal, datt Bréissel elo vu jideréngem d’Donnéen nom SEC 95 verlaangt, waat dann déi national Autoritéiten derzou zwéngt, déi Norm och bei sech z’applizéieren. Daat ass awer méi séier gesoot, wéi gemach. Well déi énzel EU-Membre sin bis elo no hirer éjener Comptabilitéits-Method gefuer – déi, déi mir hun, ass emol nach kéng 10 Jahr aal – an si dinn sech dofir schwéier matt dém neien Enhétsstandard. Mé égal wéi, kommen sie nët derlanscht, an de saueren Apel ze beissen an op de SEC 95 ëmzeschalten. Daat gëlt selbstverständlech och fir eis Lëtzebuerger.

Fir den Ament fuere mir zwégleiseg. Fir eise Budjet, dén dé mir elo stëmme sollen, gët nach d’Comptabilité de l’État nom klassische Muster benotzt, mé déi Zuelen, déi d’Rejierung op Bréissel mèlt, gin nom SEC 95 zesummegestallt. Daat huet als Resultat, datt mir elo matt zwou Zorte Chiffren hantéieren, déi sech zwar op daat selwecht bezéien, mé déi trotzdém nët d’selwecht sin. Sollt also én sech d’Méi gin, de Budjet, dén oranjen, ze studéieren, an sech derniewt och nach der Rejierung hir Donnéen zu Gemitt féieren, déi sie virun 2 Wochen op Bréissel geschéckt huet, da wèrt hien séng léiw Méi hun, sech an dém Durchernén erëm ze fannen, wèll do stëmmt kaum eppes matt dém aaneren iwertenén.

Well ët awer am Prinzip nëmmen éng Wourecht gi kann, misst also entweder déi éng oder déi aaner Versioun falsch sin. Daat ass awer nët de Fall. D’Methoden, no dénen déi Budjetszuelen zesummegestallt gin, sin ében nët déi selwecht, an dofir kann och daat, waat derbei erauskënnt nët iwertenén klappen.

  • Do wären emol éng ganz Rëtsch Comptabilitéitsréjelen, déi (nach) nët iwert é Léscht gezu sin. Esou ignoréiert Bréissel z.B. ganz einfach eis anahallef Dozend Spuerbéxen, genannt Fonds d’investissements publics, an dénen jo awer en etlicher dér Euro-Milliounen stiechen. Op dér aanerer Seit awer gin d’Dépensen vun déne sèlwechte Fongen voll als Ausgaben ugerèchent. Da verstéi emol én daat!
  • Zwétens waichen d’Stëchdég an d’Zeitreim, an dénen d’Zuelen ermëttelt gin, vun enén of. Beispill: de SEC 95 funktionéiert op énger Quartalsbasis matt aktuelle Chiffren, eis Staatscomptabilitéit awer léft op d’Jahr, an d’Recetten gin esou verbucht, wéi se grad an d’Kés kommen an nët onbedéngt op den Exercice, an dém se erfaalen.
  • Dé ganz groussen Ennerschéd tëscht den 2 Methoden kënnt schliesslech bei der Festléung vun de Bereicher, déi bei der Berèchnung vun de Maastricht-Critèren berücksichtigt gin. Eis traditionnell Comptabilitéit befaasst sech nëmme matt den Zuele vun dém, waat én d’Administration centrale nénnt, also de Kèr vum Staat matt sénge Ministèren a sénge Verwaltungen. D’Maastricht-Method par contre gét weit doriwer eraus: fir sie ass d’Administration publique ën Iwerbegrëff, an dén sie dann 3 Secteure packt: éngerseits ében d’Administration centrale d.h. de Staat an sénger klassischer Définitioun, dann awer och d’ganz Sécurité sociale an uewen drop och nach eis 116 Geméngen.

Ké Wonner, datt do ënnerschidlech Zuelen erauskommen an datt an dém Gewulls éng Gissemamm hir Kléng nët erëm géing fannen.

Laang kënne och mir Politiker eis nët matt dér Zuelensalot erëmschloen, déi daat Ganzt esou schéi verwurelt a konfus mëcht. Dofir hätt d’Finanz- a Budjetskommissioun am allerléiwsten, wann én sech esou séier wéi méiglech op éng énhétlech Method ariichte géif. Op wéi éng, ass dobei sëcherlech nët d’Frô. Wa mir esouwéisou alles nom Maastricht-Modell, also nom SEC 95-Standard, op Bréissel mèlle mussen, mëcht ët bestëmmt ké Sënn, nach un eiser aaler Comptabilité de l’Etat festzehaalen.

Allerdéngs gét daat nët esou einfach matt dér Emstellung. Do sin énhétlech an détailléiert Comptasréjelen néidej, déi strikt bis an déi kléngste Geméng beuecht musse gin. Do muss de Staat séng éjen Compta embauen an zwar esou, datt sie méiglechst no un d’Réjele erukënnt, wéi se och fir d’Privatwiertschaft gëllen. A schliesslech muss och eis Sécurité sociale sech an dén neie Comptaskorseli quëtschen, fir datt um Enn all Donnéen an all Chiffren iwertenén stëmmen.

Aer Budjetskommissioun ass sech duerchaus de sëlleche Schwierejkéte bewosst, matt dénen esou éng Emstellung verbonnen wärt sin. Gené wéi sie sech der politischer Brisanz vum Thema bewosst ass: schließlech kommen hei esouwuel eis Sozialversëcherungen wéi och eis Geméngen gewëssermossen ënnert d’Tutelle vum Zentralstaat, waat vleicht nët jidderéngem schmaacht.

Trotzdem ass d’Kommissioun der Ménong, datt én nët méi laang warden an déi Emstellong esou séier wéi méiglech iwert d’Bühn bréngen soll. Waat méi fréi waat besser, wèll mir hun elo gesinn, datt et héich Zeit ass, datt mir méi Transparenz an eis Konte kréien – daat esouweuel fir eis selwer hei an der Chamber wéi fir d’Bierger dobaussen.

D’Kommissioun ass dofir der Ménong, datt sech déi Emstellung bannent énger gewësser Zeit muss maachen, a schwètzt sech fir e raisonnablen, awer nët ze labberen Délai aus, dén sie op 3 Jahr fixéiert huet. En attendant, méngt d’Kommissioun, soll probéiert gin, fir schon e bëssche méi Duerchbléck ze suerjen, a proposéiert dofir datt niewt dem traditionelle Budjet an dem Budget pluriannuel en 3. Volume gemaach gët, an dém de Budjet ében no dér neier Maastricht-Norm présentéiert gët – souzesoen fir datt mir eis alt schon dru gewinne kënnen.

Wéi de Budjet entgleist ass

Wann én dëser Dég matt éngem auslännische Frënd gepotert an dém gesot huet, et wier én am Ament mam Letzebuerger Staatshaushalt beschäftigt, da war d’Reaktioun ëmmer déi selwecht. Daat wier dach eng flott Beschäftigung, sech mam Budjet vun éngem Land ofzeginn, an dém sénger Economie ët nëmmen esou fluppt. Wann én dann e bëssche schimmij agestét, datt et nët grad esou rosej wier a mir eis am Ament esouguer matt éngem nach ewell seriösen Defizit erëmklappe mussen, da stéisst én op blank Onverstésstemech. En Auslänner kann sech nun emol nët virstellen, datt d’Schlaraffeland Letzebuerg Problémer matt sénge Finanzen hätt.

Esouguer fir eis Letzebuerger selwer ass ët nët esou einfach ze bekäppen, datt mir op émol an de rouden Zuele kludderen, wou dach de Budjetsiwerschoss bei eis gené esou zur Traditioun gehéiert huet wéi d’Iechternacher Sprangprozessioun. Wuel haate mir alt emol dén én oder aaneren Exercice, wou d’Konten um Enn nët grad opgaange sin wèll d’Konjunktur e bësschen ageknéckt war – wien erënnert sech nët un déi zimlech rejelméisseg Konjunkturzyklen, déi et fréier an der Stahlindustrie gouf.

Mé éischtens waren esou éng Abrëch an de Budjet ziemlech rar an zwétens konnt én se ouni weideres matt a Kaaf huelen, wèll se ëmmer erëm durch Reserven a reportéiert Iwerschëss méi wéi ausgeglach konnte gin. Gréisser Lächer haate mir just Enn de 70er, ufanks den 80er Jahren wéi d’Sidérurgie an hirer déifster Krise stouch an d’hallew Letzeburger Economie matt no ënne gezunn huet. Duerno war erëm alles an der Rei – bis mir dann 2002 an d’roud Zuele gerutscht an ëmmer méi déif dra versackt sin: déne jéngsten Berechnongen no, wärte mir am laafenden Exercice e Lach an der Késs hun, daat fir d’éischt déiseit vun der Milliarde-Grenz – an Euroen natiirlech – leit. An daat obschon mir 700 Millioune méi eraukréien wéi mir geméngt haaten.

Wéi konnt daat passéieren? Wéi konnt daat eis passéieren?

Der Konjunktur elèng hir Schold kann et wuel nët gewiesst sin. Et ass scho richtej, datt déi konjunkturell Achterbahnfahrt vun de Finanzmärt och eis Banken mattzitt. A wèll déi iwert 80% vun der Kierperschaftssteier bezuelen, gët ët effektif e méi oder wéinijer direkten Zesummenhank tëscht der Evolution vun de Boursen an de Recetten vun eisem Staat. Mé d’Boursebaisse vun 2001 kann nët elèng un allem schold gewiest sin, wèll déi leit jo schon éng Zeit zréck an déi war och nët esou dramatesch, datt sie sech iwert Jahren matt engem Rekorddefizit an eisem Budjet géif néierschloen.

Wann iwerhaapt d’Explikatioun vun der Entgleisung op der Recettenseit leie soll, dann kann daat nët nëmme matt der Konjunktur ze dinn hun. D’Konte vun de Banken an déne letzten Jahren weisen, datt eis nei Mellechkouh vun der Natioun iwert déi lètzt Zeit méi oder wéinijer konstant an der Entwécklung vun hire Resultater bliwen ass. Hirt schlechst Jahr war 2003, hir bèschte Jahr 2005 an töscht béiden luchen (am Bruttoresultat) knapp 9 Prozent Differenz. An dér sèlwechter Rechnung fällt ët éngem awer op, datt seit 2000 d’Steieropkommes vun de Banken duerch d’Bank ëm 2- bis 300 Milliounen ënnert dem gewinnten Niveau leit – daat ass ëmmerhin e gudd Véirel manner wéi soss. Ma daat gét awer elo schon 6 Jahr esou, sou datt et rose wéinej matt der Konjunktur därft ze dinn hun.

Né, hei spillt èppes ganz aneschteres matt, èppes daat én Steierkonkurrenz oder Steierkompetitioun nènnt. Sie liwert eis och d’Explikatioun dofir, firwaat mir seit énger Zeit an dér kokasser Situatioun sin, datt eis Wirtschaft iwerduerchschnëttlech gudd dréint an trotzdém dem Staat séng Recetten nët an dém selwechte Mooss klammen. Waat dann natiirlech derzou beidrét, datt mir d’Enner nët méi beienén kréien.

Bei de Steieren sin 2 Phénoménen amgaang eis e Strëch duerch d’Rechnung ze maachen an é vun eise ganz groussen Atouten lues awer sëcher ewechzehuwelen. Phénomén Nummer 1 sin déi – allerdéngs nët ëmmer erfollejreich – Beméiungen, virun allem um europäische Plang, fir d’Steieren ze harmoniséieren; daat kréien mit ëmmer méi ze spieren. Letzebuerg, daat – nët fir d’lèscht dank sénge gesonde Staatsfinanzen – ët sech bis elo ëmmer léschte konnt, d’Kart vun der Steierattraktivitéit ze spillen, muss elo nokucken, wéi ëmmer erëm probéiert gëtt, just un dém Avantage ze fréckelen.

Un den Argumenter fir esou éng Steierugleichung féhlt et selbstverständlech nët. Et gët déi offiziell Argumenter, déi op der Iwerzéjong baséieren, datt en intégréierten Wirtschaftsraum wéi d’EU nëmme matt énhétleche Réjelen, och am steierlechen Bereich, funktionéiere kënnt. An da gët ët och nach déi hémlech Argumenter vun dém sougenannten Kartell vun den Héichsteierlänner, déi gär méi an hirer Késs hätten fir méi verdélen ze kënnen, an déi dofir matt all déne sougenannte Steierparadeiser – Europa ass voll dervun! – opraume wëllen, wèll hinnen déi Bëllejkonkurrenz op d’Nerve gét. Mé, waat och ëmmer derhanner stëcht: dén Dauerbeschoss op déi Länner matt nidrijer Besteierung ass nët ouni Wirkung a riskéiert, irjendwann sein Zwèck z’erréchen. Fir eis ass daat wuel nët déi erfrélechsten Perspektiv.

Dén 2. Phänomen kënnt iwert déi aaner Bande. Hei musse mir eis nët dergéint wieren, datt déi aaner eis eis Avantagen ewechbotzen, mé mir hun ët matt énger Konkurrenz ze din, déi eis matt hiren éjenen Steieravantajen iwerdubbere wëllt. Ech méngen domatt déi nei EU-Länner, déi zum Dél matt allernidrejsten Steiertauxen optrompen, wèll sie sech domatt nach méi attraktiv fir Investisseuren maache wëllen. Mé ech méngen hei och dén én oder aanere gudde Bekannten vun eis – wéi zum Beispill eise Beneluxpartner Holland, dén am Ament ganz gehéirej am Steiergaard reibert an dén sech nët genéiert, elo matt énger Variant ausgerèchent vun dénen Holdingen opzetrompen, déi mir viru kurzem vun énger europäischer Kommissärin matt hollännischem Pass verbuede kruten.

Ké Wonner, datt do d’Entreprisen, déi ëmmer méi grouss a méi multinational gin, probéieren, sech d’Roséngen aus dém Kuch ze picken an hiren Tax Planning entspriechend ausriichten. Wien bei dém Spill de kiirzeren zitt, leit op der Hand: dén, dén beim Steierpoker nët méi matthaale kann. Wèll hien gët vun den Investisseuren ganz einfach lénks leie gelooss. Selbstverständlech muss kënnt déi Steierspiral no ënnen och irjendwann un en Enn kommen, wèll jo ké Land ouni e Minimum vu Steierrecetten bestoe kann. Mé, op den Dumping sech elo vum selwen doudléft oder op d’Politik him en Enn berét, ass nët relevant. Déi Fro op déi ët am Ament ukënnt, ass ganz einfach déi, op é matthaale kann oder nët.

Esou, elo hu mir laang genuch iwert d’Recetteseit geschwaat – eijentlech vill ze laang, wann é bedénkt, datt eise wirkleche Problém manner bei de Recetten wéi bei den Dépensen vum Staat leit.

Mir sin eis dérs eijentlech eréischt virun éngem Jahr esou richtej bewoosst gin, wéi mir festgestallt hun, datt op dér énger Seit dem Staat séng Recetten e bëssche méi lues géiwen wuessen derbanst zur gleicher Zeit d’Depensen amgang waren, eis fortzelaafen. Daat geseit én am besten dorunner, wéi sech d’Relatioun töscht Ausgaben an Bruttoinlandsprodukt matt der Zeit entwéckelt huet. Bis 2001 louch daat Verhältnis méi oder wéiniger konstant ëm déi 27-28%. Mé du huet ët ofgehuewen an ass vun éngem op daat aanert Jahr iwert 29% geklommen. 2004 huet d’Relatioun Dépensen/PIB du 30% iwerschratt an hire virléfejen Héichponkt huet sie am Budjet fir daat laafend Jahr matt 31% errécht.

Op mir ët wëlle wouerhun oder nët: bei den Dépensen an néierens aanescht leit d’Haapursach fir eis Budjetsentgleisung an déne letzte Jahr. An é vun de Grënn derfir ass ouni Zweiwel eise Pli fir déi Automatism, déi mir e bësschen iwerall an eise System agebaut hun – wéi zum Beispill d’automtesch Upassung vun de Paien an vun énger Rëtsch aanerer Posten un d’Deierecht. Wann d’Grompere méi deier gin wèll ët ë schlechten Hiescht war, da kann ët scho virkommen, datt mir alleguer vun éngem Mount op dén aaneren 2,5% méi verdéngen. A wa mir ët weider én oder zwé Jahr op eiser Aarbecht ausgehaalen hun, da kréie mir eng Annuitéit oder éng Biennale an der Pai derbei. Vü datt awer éng Indextranche alt erëm éng Kéier d’Preiser undreift, wèll zum Beispill d’Geschäftsloyéen och indexéiert sin, beisst sech hei um Enn den Hond an den éjene Schwanz.

Déi Sëcherhét, déi matt esou éngen Automatism errécht soll gin, ass sonnerzweifel ëppes Feines a Confortables. Sie entschärft d’Streidereien ëm méi héich Paien, wèll déi jo zum Dél automatesch wuessen, an sie mëcht éngem déi éjen Akommesentwécklung méi prévisibel. Mé sie ass awer och geféierlech, wèll én sech esou gär dru gewinnt an nët méi berét ass, drop ze verzichten, wann déi baussensech Emstänn op émol esou sin datt én sech dén automateschen Akommeszouwuess nët méi léschte kann. Do leit de Knout vun dém ganzen System: hie funktionéiert nëmmen esoulang, wéi d’Wuesstem vun der Wirtschaft mattspillt an op d’manst esouséier klëmmt wéi den Index. Wann daat nët méi synchron gét, well d’Konjunktur méi lues dréit oder, nach vill méi schlëmm, wèll op émol strukturell Mängel sech bemierbar machen, da kann beim bèschte Wëllen d’Réchnong nët méi opgoen.

Genau déi Iwerléong huet d’Rejierung virun éngem Jahr derzou bruecht, op den Alarm ze drécken an d’Tripartite zesummenzeruffen, fir sech am Konsens op éng Reih Mesuren ze énejen, déi d’Situatioun sollten ëmdréien éiert d’Lach an de Finanzen nach méi grouss gëtt. Och wann én der Arichtong Tripartite éischter kritisch begéint, wèll sie nët esou richteg an déi konstitutionell Uerdnung passt, muss én dach awer soen, datt sie sech och dës Kéier als wertvollt Instrument erwisen huet, daat erlaabt a kriddliche Momenter Décisiounen herbeizeféieren, déi vleicht nët jidderéngem gefaalen, déi awer an eiser aller Interessi sin.

Mir wèrten hei an der Chamber an 2 Wochen nët nëmmen iwert de Budjet fir 2007 ofstëmmen, mé och iwert de Paack matt den Tripartites-Virschléi. Ech gin dervun aus, datt jidferén, dén an der Tripartite matt um Dësch soutz, weiderhin zu dém stét, waat do veraccordéiert gin ass, an datt mir dann och wirklech déi 400 Milliounen am Budjet spuere kënnen, déi do matt vill Gedirengels a Geknouters zesummegeschruppt gi sin.

Domatt wärte mir dann awer nach laang nët aus dem Schneider sin, wèll ët bleiwt och duerno nach e Laach vu ronn énger Milliard am Budjet. Mé ët ass ëmmerhin e gudden Ufank. A virun allem ass ët de Beweis, datt mir Letzeburger verstännej kënne sin, wann ët drop ukënnt.

E Fahrplang fir raus aus dem Defizit

Matt dém, waat d’Tripartite der Chamber als Léisongsvirschléi ennerbrét huet, ass schon e Stéck gemaach, fir den Zuch erëm op d’Gleiser ze kréien. Wèll dorëm gét ët jo elo: Fir d’eischt musse mir aus dem Defizitslaach eraus, daat nët nëmmen ongesond ass, mé daat och nach de politischen Aktiounsfreiraum anénkt an én drun hënnert, alles daat an d’Wéer ze léden, waat mëttel- a laangfristij néidej ass, fir dëst Land optimal op séng Zukunft virzeberéden.

Dank den agespuerten 400 Tripartite-Milliounen komme mir e bëssche méi séier wéi geplangt dém Objektiv méi no. Natiirlech hätt én sech kënne wënschen, datt ët nach méi séier géif goen. Mé da muss én éngem och soen, wou déi Milliard nach anzespuere wier, déi eis elo nach bis zum Equiliber félt. Ofgesin dovunner, géif ët eis wuel nët vill brénge, wa mir aplaatz 2009 schon 2007 kënnte soen: mir sin eraus aus dem Defizit. Domatt kënnte mir eis neischt kaafen, mé mir géiwen eis op dér aanerer Seit de Wé verspären fir nei politisch Akzenter ze sètzen a fir dem Staat séng Investitiounsfongen virum Verdréchenen ze retten.

Dëse Budjet muss also ënnert dem 4fachen Zéchen fun

  1. dem Gleichgewiicht vun de Staatsfinanzen,
  2. dénen neien politischen Akzenter,
  3. der Fortféierong vum Infrastrukturausbau an schliesslech
  4. der Opstockung vun der Budjetsreserve fir den Noutfall

stoen, wobei op d’mannst déi 3 éischt Prioritéten nët hannertenén, mé mattenén un d’Rei komme mussen. Mir hun an der Finanz- a Budjetskommissioun fonnt, datt dén Haushaltsplang, dén eis als Projet virleit, dénen Ufuerderungen gerecht gët.

Mir sin, wéi gesoot, um gudde Wé vir d’Staatsfinanzen erëm an d’Gleichgewiicht ze kréien. Wèll ët dem Budjetsminister gelongen ass, den Zouwuess bei den Dépensen zolitt ze bremsen an e gudde Batz ënnert déi erwaarten Croissance vun den Recetten ze drécken – déi éng klammen ëm 5, déi aaner ëm 7% -, komme mir dem Ziel, bis zum Enn vun der Legislatur erëm am Equiliber ze sin, e gudd Stéck méi no. Domatt wärt ët dem Budjetsminister dann och geléngen, d’Verschëldung vun der Administration publique, also dénen drei Komponenten Zentraladministratioun, Sozial Sëcherhét a Geméngen, ofzebrèmsen. Och wa mir Enn 2007 nach ëmmer gudd am europäische Verglach ofschneiden – d’EU-Verschëldungslaatt leit bekanntlich bei 60% vum PIB -, komme mir dach matt 9,9% ganz no un éng 2stellig Verschëllungsrat erun, wéi mir se nach nie virdrun kannt hun. An Zuelen ausgedréckt, héscht daat datt mir op de Kapp nët grad 7.000 Euro Schold hun.

Déi 2. Prioritéit sin d’politisch Akzenter, déi matt dësem Budjet gesaat gin. Do stét, vum Volume hir, d’Sécurité sociale un éischter Plaatz, waat natiirlech domatt zesummenhènkt, datt de Staat sech als 3. Partner un de Sozialbeiträj bedélejt, déi genau esou séier wouessen wéi den Emploi, an datt hien d’Kannergèld seit e puer Jahr esouguer ganz aus sénger Tèsch bezuelt. Daat alles mécht ronn 2,5 Milliarden Euro aus, d.h. 1/4 vum Globalbudjet vun der Administration publique.

Do derniewt gesinn déi Kreditposten, déi én an d’Rubrik “Nei Poltiken” klasséiere kann, scho baal bescheiden aus, obschons och sie nët ze veruechte sin: 47 Milliounen gin an d’Betreiung vun de Kanner niewt der Schoul gestach, 97 Milliounen si fir de Logement virgesinn, 49 Milliounen fir d’Uni an nach éng Kéier 140 Milliounen fir d’Recherche. A genau esou éng gudd Nouvelle ass et, datt sech de Gesamtposte fir d’Education seit 2000 baal verduebelt huet, wèll grad an dësem Bereich déi wichtejst Akzenter ze setze sin, wéi mir elo gleich wärte gesin.

Eng manner gudd Nouvelle allerdéngs kënnt vu Bréissel an huet mam Klima-Accord vu Kyoto ze dinn. Mir kènnen entretemps de Praiss, dé mir fir eisen CO2-Ausstooss bezuele mussen – daat gét 2007 matt 73 Milliounen un a steijert sech dann op iwert 100 Milliounen pro Jahr. A mir wëssen och seit der letzter Woch, datt mir domatt nach nët um Enn vun der Fändelsstang ukomm sin, wèll Bréissel eis d’Emissiounsschrauw nach méi zoudréie wëllt. Well ët hei ëm vill Souen gét, fir déi mir aanerwärts éng vill besser Verwèndung hätten, kann én d’Rejierung nëmme an hirer Décisioun steipen, sech nët grad alles gefaalen ze loossen an d’Saach elo virun den Europäische Geriichtshaff ze bréngen.

Déck an d’Geld schloen noutgedrongen och d’Dotatiounen fir déi öffentlech Investitiounsfongen – elo sin ët der ëmmerhin schon hirer 19 – déi fir 2007 am Budget pluriannuel matt 870 Milliounen stinn. Daat ass wuel en décke Koup Suen, mé irjendwéi ass et nët vill méi wéi déi berühmt Drëps op dém nët manner berühmten warme Stén. Obschon de Bauteminister ganz uerj u séngem Investitiounsprogramm gehuwelt an esou blutnoutwendig Realisatiounen wéi z.B. éng 3. Spuer fir eis héllos iwerlueden Hapautobunnen einstweile gestrach huet, kënnt hien ganz geschwënn sériös matt sénge Fongen an d’Labrenten – op matt oder ouni Public-Private-Partnership. Nach huet hien e puer honnert Milliounen op de Konte, mé viraussiichtlech sëtzt hien spéitstens 2009 um Drëchenen, an daat obwuel d’Dotatiounen am Budjet weiderhin klammen.

Wann én op dér énger Seit geseit wéi d’Fongen am gaang sin auszedréchnen an ët kuckt én op dér aanerer Seit déi enorm Infrastrukturbesoien, déi wéi gèckej klammen esoulaang et matt eiser Wirtschaft a matt der Beschäftigung esou stramm biergop gét, da gëtt éngem klar, watt fir éng onméiglech Schéier sech hei opdét. Wien sech dann do nach frét, waat mir matt dénen 700 Milliounen maache sollen, déi mir viraussiichtlech an dësem Jahr méi erakréie wéi geplangt, dé soll sech emol un de Kapp frieden. Et ka kén Zweiwel dru gin, datt déi Souen an d’Infrastrukturfonge gehéieren a soss néierens.

An da gët ët nach e Laach ze stoppen, daat ganz gär vergéss gét – vleicht wèll ët direkt nët wéih dét a wèll ët och am Schied vun de Reserven vun den Investitiounsfonge stét. Ech schwètze vun der Budjetsreserve. Fir d’éischt seit 1968 ass déi Spuerbéx, an déi normalerweis d’Konten-Iwerschëss kommen – wann se dann nët un d’Infrastrukturfongen iwerwise gin – eidel. Enn 2005 war sie an de Minus gerutscht nodém se nach 2 Jahr virdrun éng hallew Milliard ausgewisen haat.

Elo kann én natiirlech soe, waat braucht de Staat ésou éng Cagnote, hien ass dach ké Spuerverein. Daat ass sëcherlech nët esou falsch. Mé, ët ass och nët graad virsiichteg. Wèll, och wa mir déi Konjunkturzyklen aus der gudder aaler Stohlzeit nët méi kènnen, kann ët ëmmer erëm zu éngem Abroch an der Konjunktur an domatt och bei de Staatsrecetten kommen. An da wiere mir frou, wa mir e puer Sou op der Seit hätten fir iwert d’Ronnen ze kommen. Mé, wéi gesoot, déi eidel Budjetsreserve ass am Ament nët eis gréisste Suerj.

Wann én elo, wéi daat fir eis de Fall ass, hannen a viir spuere muss, dann ass én natiirlech nët derfir opgeluecht, op dér aanerer Seit och nach op Steierrecetten ze verzichten, wèll soss d’Lach nach méi grouss gët. Et wier gewëss nët vu Mutwëll, wann déi éng oder aaner punktuell Steiermesure geholl géif, fir datt mir eis weiderhin an der internationaler Kompetitioun behaapte kënnen. Et muss jo nët gleich éng Reduktioun vum Kierperschaftssteier-Taux sin, obwuel mir och do am gaang sin, an d’Hannertreffen ze geroden: bei der effektiver Steierbelaaschtung vun de Betrieber quwésch durch Europa leie mir op der 25. vun 32 Plaatzen – nët grad éng Performance, déi potentiell Investisseure begeistere kënnt. Et wier eiser Finanzplaatz awer scho gehollef wann dé längst iwerhollenen Droit d’apport endlech ofgeschaaft géif a wa mir eis esou séier wéi méiglech en Ersatz géiwen afaale loossen fir eis 14.000 Holdingen, vun dénen der éng etlech condamnéiert sin a bis 2010 ofgeschaaft musse gin.

Et verstét én déi politesch Motivatioun, déi derzou geféiert huet, datt dës Kéier esou ze soen guer neischt un de Steieren geännert gët. Mé ët därf én awer op dér aanerer Seit nët aus den Ae verléiere, datt sech d’Steierkonkurrenz ëmmer méi zouspëtzt an datt én dofir oppasse muss, datt én nët den 2. Preis kritt. Dofir och ass de Budjetsrapporteur der Ménong, datt, wa schon neischt 2007 um steierleche Plang geschitt, op d’manst déi éng oder aaner Korrektur fir 2008 an Aussicht gestallt misst gin. Soss kënnt ët eis nach ewèll bleien, datt mir aus der Course fléien éiert mir eis ëmsinn hun.

Bis elo hu mir an énger Optik iwerluecht, an dér alles beim Aale bleiwen an eis Economie sech, wéi gehabt, kontinuéierlech no uewen entwéckele géif, wéi mir daat elo schons seit Jahrzéngten gewinnt sin. Mé, neischt ass manner sëcher. Gewëss sin nach kéng weider Dimmerwolleken um Himmel ze gesin, mé daat därf eis nët zu iwerdriwenem Optimismus a scho guer nët derzou verléden, d’Warnungen vun den internationalen Experten an de Wand ze schloen. O, ech wéss, datt mir nët vill von dénen hiren Avisen haalen, scho guer nët wann sie e bëssche kritesch matt eis sin an eis op eis Schwächten stoussen. Trotzdém soll én nët prinzipiell ignoréieren, waat déi Spezialisten eis ze soe versichen, well bei aller géjendélijer Ménong sin ët nët lauter Toperten, déi ët nëmmen drop ofgesinn hätten, eis an d’Zopp ze speitzen.

Wann zum Beispill d’Economisten vun der OECDE – déi mir jo besonnesch an d’Härz geschloss hunn – eis drop hiweisen, datt eist Wuestum an Zukunft e bëssche méi lues gi kënnt, wèll d’Finanzplaatz op hir Maturitéit zousteiert a wèll nach ëmmer ké valablen Ersatz an Aussicht ass fir eventuell d’Relève ze huelen, da soll én daat genau esou éscht huele wéi déne sèlwechten Experten hire gudde Rot, eis nach méi intensiv ëm d’Educatioun vun eise Kanner an ëm d’laangfristeg Ofsëcherung vun eise Pensiounen ze këmmeren.

Jidferfalls ass ët un der Politik, fir och esou Consideratiounen matt an hir Iwerléongen eranzehuelen an dann irjendwéi och d’Budjetspolitik dono ze riichten. Grad déi manner gudd Erfahrung, déi mir an de letzte Jahre gemach hun, soll eis éng Léier sin. Well é Moment op déi gelauschtert gin ass, déi fonnt hun, de Staat géif an de Suen schwammen an e sollt déi wann ech gelift dohinner bréngen wou se higehéiren, nämlech ënnert d’Leit, gouf de Krun e bësschen ze weit opgedréit – a scho war et geschitt! Mir knaen nach haut drun, datt mir eis och nëmme fir én Ament der Illusioun higin haaten, fir eis Letzeburger géifen d’Bém trotz allem an den Himmel wuessen a mir hätten de Wuelstand op éiwech gepacht.

Et gét fir e kléngt d’Land nach ëmmer neischt iwer éng virsechteg Budjetspolitik, éng déi léiwer d’Recetten e bësschen méi niddrej wéi ze héich usètzt an dann, wann ët gudd gét, herno de Schmant ofschèffe kann, matt dém sech da grouss Infrastrukturprojeten an aaner Investitiounen fir d’Zukunft bezuele loossen. Dofir réit de Rapporteur, erëm méi op déi gudd aal Budjetsnorm ze uechten, déi wuel nët nëmme Virdéler huet, méi déi bei richtejer Uwendung a kombinéiert matt énger strenger Kontroll vun der Nëtzlechkét vun den Dépensen – wéi se scho mei Virgänger hei proposéiert huet – zu énger Straffung vum Budjet beidroe kann. Eleng de Fait, datt dës Kéier ouni weideres an déi 50 Millioune bei de Fonktionnementskäschten agespuert konnte gin an emol kén “Aua” gejaut huet, deit drop hin, datt do nach e bëssche Loft dran ass an d’Spuerpotential nach nët ganz ausgeschèfft gin ass.

Ech gin zou, datt esouvill Budjetsrigeur grad an éngem Ablack schwéier durchzedrécken ass, wou énzelner méngen, mir géiwen trotz allem erëm am Geld schwammen. Schliesslich hu mir 2006 ronn 700 Milliounen Iwerschoss wèll d’Konjunktur ët esou gudd matt eis mèngt. An dann hu mir och nach déi 450 Milliounen vum Här Mittal, dé mir natiirlech doropshin an d’Hèrz geschloss hun, an dén neierdéngs alles aaneschter wéi onerwënscht bei eis ass. Haut héscht et nët méi: It’s No Mr. Mittal. Haut ass ët :It’s Yes Mr.Mittal. Esou änneren d’Zeiten an esou änneren de Leit hir Ménongen.

Wa mir géiwen déi Suen, déi eisem Staat durch dem Här Mittal séng gegléckten OPA op d’Arcelor an de Schouss gefall sin, an de Budjet stoppen, da wiere mir op é Schlag d’Halschent vun eisem Defizit lass. Mé mir hätten domatt kén énzeje vun eise strukturelle Problémer geléist – am contraire: dodurch datt mir déi Problémen ëmmer erëm verdränge, gin se nëmme méi schlëmm.

Ofgesinn dovun, géif de Finanzminister eis en neie Problem schaafen, wann hien dem Budjetsminister déi Mittals-Milliounen géif iwerweisen. Daat hänkt matt Maastricht an der SEC-Comptabilitéit zesummen, déi déi OPAs-Operatioun als e Kapitaltransfer ugeseit an se dofir nët als Recette gëlle léisst, hir Verwendung allerdéngs ënner Emsténn als Dépensen betruecht. Daat héscht, datt dénen Dépensen kéng Recetten géintiwer stéingen, woumatt d’Lach am Budjet nach méi grouss géif.

Dofir och huet d’Rejierung décidéiert, datt déi Sue méiglechst a Kapitalbedélejungen ugeluejt gin – bis op déi 35 Milliounen déi ofgezweijt gin, fir d’Lach am Chomage-Fong ze stoppen. Esou sin 200 Milliounen fir d’SNCI reservéiert gin, 70 Milliounen gin an d’Oppäppelung vun Industriezonen gestach an 30 Milliounen an d’Gesellschaft Luxconnect, déi eist Brétbandnetz ausbaue soll. Et héscht och, énger 20 Milliounen wire for d’Kreatioun vun enger Agence de promotion de l’image de marque du Grand-Duché virgesinn, waat Aere Rapporteur ganz besonnesch frét, wèll hien seit Jahren der Rejierung an den Oure leit, sie sollt dach èndlech Nél matt Käpp machen an eist Land op éng modern a professionnell Art a Weis uechter d’Welt präsentéieren.

Fir e fairen Generatiounen-Deal

E Budjet ass de politische Fahrplang fir e ganzt Jahr. E kann awer och d’Geléjenhét sin, fir de politische Kurs ze korrijéieren wann ët néidej sollt sin. An