Interventioun vum Lucien Clement am Numm vum Norbert Haupert iwwert Konte vum Joer 2004

Säit d’Cour des Comptes hire Rapport zu de Staatskonten aus der Optik vun enger externer Kontrollinstanz vun den ëffentleche Finanzen, no de Kritäre vum neie Comptabilitéitsgesetz verfaasst, ass et fir déi zoustänneg Chamberscommissioun méi einfach fir an hirem Rapport de Gesetzesprojet iwwer d’Staatskonten am Fong ze analyséieren. Wéi dat zënter dem Projet iwwer d’Staatskonte vum Exercice 2001 de Fall ass, huet d’Cour des Comptes och dës Kéier zu de Konte vum Joer 2004 een excellenten an détailléierte Rapport verfaasst, fir deen ech se hei wéilt félicitéieren.

Dëse Rapport vun der Cour huet de Rapporter Robi Mehlen als Ënnerlag geholl fir de Rapport vun der zoustänneger Controllcommissioun vun der Chamber iwwer d’Ausféierung vum Staatsbudget ze erstellen. Well de Rapporter a sengem excellente schrëftleche, wéi och mëndleche Rapport, fir déi ech him vun dëser Plaatz aus wëll félicitéieren a merci soen, am Détail op déi eenzel Aspekter vun de Staatskonten, esou wéi d’Cour des Comptes se analyséiert huet, agaang ass, wëll ech mech hei mat enger allgemenger Réflexioun zu dene Konnten ofginn.

Mär schéngt et äusserst wichteg ervier ze hiewen, datt d’Staatskonten fir d’éischt zënter 1990 mat engem Defizit ofschléissen, an zwar mat engem negative Sold vun 154 Milliounen Euro, dee mat 66 Milliounen Euro iwwer dem Defizit läit deen am définitive Budget fir dat Joer geplangt war. Datt de Budget a rouden Zuelen ofschléisst ass näischt neits, awer zënter dem Joer 1990 haten d’Konten et ëmmer nach mat engem Iwwerschoss gepackt. Dee Phenomän ass schon der Wärt erviergehuewen ze ginn, an hie muss d’Chamber fir d’Zukunft virsichteg stëmmen. Dës Feststellung ënnersträicht emol méi, datt dat warnend Signal vun der Budgetskommissioun bei Geleeënheet vun der Diskussioun zum 2006er Haushalt nët onsënneg a nët vun ongeféier war.

Vergläicht een den définitiven Defizit mat deem deen am Budget virgesi war, da stellt ee fest, datt deen Défizit sëch nëmmen ëm 66 Milliounen Euro d.h. vun 88 Milliounen op 154 Millioune verschlechtert huet. Ausserdeem stellt deen Defizit “nach nëmmen” 2,2% vum Gesamtbudget oder 0,6% vum PIB duer, ee Prozentsaatz ëm deen eis aner Länner aus der EU beneide gingen. Awer ëmmerhin machen déi 154 Milliounen Euro eppes méi wéi 6 Milliarden eiser aler Frang aus. Dat léist dem normale Stierflechen trotzdeem schons d’Schudderen de Réck eroflafen.

Fir mech huet et duerfir interessant geschéngt ze kucke, wéi deen zousätzlechen Defizit enstan ass, a wat hien a Wierklechkeet duerstellt. Agangs wéilt ech ervirhiewen, datt d’Konte vun engem Exercice sech nach ni mat den Zuele vum Budget iwwerdeckt hun, an dat schons aleng aus der einfacher Ursach, well déi economesch Parameteren, no denen de Budget opgestallt gëtt nët identesch sinn mat dene Parameteren déi der Wirtschaftsentwéckelung a Wierklechkeet entspriechen, an déi déi réell Chifferen vun de Staatskonte bestëmmen.

De Budget vun 2004 huet op enger Croissance vum PIB vun 2,8%, op engem Wuesstem vun der Beschäftegung vun 1,5% an engem Inflatiounstaux vun 1,6% tabléiert. A Wierklechkeet ass de PIB em 4,5% gewuess, also 1,7 Prozentpunkte méi wéi virgesinn, den Emploi ass em 2,5% an d’Luucht gaang, also 1 Prozentpunkt méi wéi am Budget virgesinn, an d’Inflatioun huet a Wierklechkeet 2,2% ausgemeet a nët wéi viergesinn 1,6%. Dës Variatioun vun den economesche Parameteren missten engersäits eng Augmentatioun vun de Recette bewierken, an anerersäits awer och Dépensen liicht klamme loossen an zwar bedingt duerch d’Inflatioun, déi eng automatesch Verdeierescht vun den Ausgabe mat sech bréngt, an awer och duerch eng Augmentatioun vun den Transferten un d’Sécurité Sociale, déi duerch eng gréisser Croissance vun der Beschäftegung an domat vun de Léin an doriwwer eraus vun den soziale Laaschten, vun denen de Staat jo 1/3 dréit.

Ech wéilt awer gläich bemierken, datt eng Augmentatioun vun der Croissance vum PIB nët am gläiche Mooss eng Verbesserung vun de Staatsrecetten ausmëcht, well eis Steierrecetten nët an der selwechter Proportioun wéi de PIB wuessen, an ausserdem d’Verbesserung vun eiser Wirtschaft sech net steierlech am selwechten Exercice nidderschléit. D’Augmentatioun vun der Beschäftegung an domat vun der Masse Salariale souwéi vun der Kafkraaft, missten awer gréissten Deels hire Nidderschlag an dem Impôt sur Salaires an an der TVA vun deem selwechte Joer erëmfannen. A Wierklechkeet sinn doduerch och déi lafend Recette am Vergläich zum Budget em 376 Milliounen Euro gestiegen, an op der anerer Säit sinn déi lafend Ausgaben och em 158 Milliounen Euro an d’Luucht gaang. Mathin hätten d’Konte no enger einfacher Milchmädchenrechnung mat engem Boni vun 130 Milliounen Euro missen oofschléissen. Déi 130 Milliounen ergi sech aus dem budgétiséierten Deficit vun 88 Milliounen plus d’Augmentatioun vun den Ausgabe vun 158 Milliounen dat machen ee Minus vun 246 Milliounen aus, deem géintiwwer stinn 376 Millioune Méirecetten, bleift also e Boni vu ronn 130 Milliounen Euro. Zitt een d’Baisse vun de Capitalrecette vun 33 Milliounen Euro och nach a Betracht, da bleift ëmmerhi nach ee Boni vu ronn 100 Milliounen Euro.

A Wierklechkeet schléissen d’Konte vun 2004 awer mat engem Defizit vun 154 Milliounen Euro. Wou kënnt déi Differenz vun ëmmerhin 250 Milliounen Euro hir? Ganz einfach well Gesamtdépensen em 408 Milliounen Euro am Verglach zum définitive Budget an d’Luucht gaang sinn. 158 Milliounen Euro op der Säit vun de lafenden Dépensen an 250 Milliounen Euro op der Säit vun de Capitalausgaben. 201 Miliounen sinn zousätzlech an de Fonds de réserve gefloss, 75 Milliounen Euro sinn zousätzlech fir de Remboursement vun der Staatsschold réservéiert gin a 45 zousätzlech Milliounen Euro si gebraucht ginn fir de Kaaf vun zousätzlechen Terrainen a Gebäier. Dat sinn am Ganzen 321 Milliounen Euro déi engersäits d’Staatseegentum ënner Form vun Immobilien a Reserven wuessse loosen an anerersäits d’Staatsscholden erofsetzen also 321 Milliounen ëm déi de Staat méi räich gin ass an déi den zukünftege Generatioune vun eisem Land ze Gudd kommen. Zitt een déi Wäertschafung vun 321 Milliounen mat a Betracht, da kënnt een op ee Boni vu ronn 160 Milliounen a nët op een Defizit vun 154 Milliounen.

Schlussfolgernd kann een also soen, datt, global gesinn, d’Regierung de Budget mat deer néideger Viersicht executéiert huet, datt am Detail, esou wéi de Rapporter et a sengem Rapport ernimmt huet, nach eng Rei Verbesserunge kënnen ubruecht ginn, obschons een hei muss ervirhiewen, datt d’Regierung an dësem Joer grouss Efforte gemeet huet, fir déi Verbesserungsvirschléi, déi vu mengem Fraktiounskolleg Lucien Clement op dëser Plaatz an dene leschte Joere ervirbruecht huet, ze respektéieren. Dofir kann eis Fraktioun sech och mat dene meeschte Virschléi a Conclusiounen déi den Här Mehlen a sengem Rapport erwähnt huet identifizéieren, a wäert och dëse Gesetzesprojet stëmmen. Ech brengen heimat och den Accord vun eiser Fraktioun.

Norbert Haupert
(virgedroen vum Lucien Clement)