De Buget 2007: realistesch, responsabel, a resolut zukunftsorientéiert

Dem Lucien Clement seng Iwwerleeungen zum Budgetsprojet fir 2007
Léiw Nolauschterer,

De Budgetsprojet fir 2007 läit vir. Esou, wéi en ausgesäit, ass et e Budget an der Traditioun vun der Finanzpolitik vun der CSV. En ass realistesch, responsabel, a resolut zukunftsorientéiert.

E weist, datt et der Regierung eescht gemengt as, mat hirem Engagement vum leschten Herscht , fir eis Staatsfinanze bis un d’Enn vun diser Legislaturperiod nees an den Ekiliber ze kréien.

D’Ziel ass kloar: Letzeborg wëll den europäesche Stabilitéitspakt respektéieren, an dofir gëtt den Defizit erofgefuer. Daat ass eng stark Leeschtung vun diser Regierung notamment vun CSV-Ministeren, déi fir d’Finanze verantwortlech sinn.

Et ass eng Leeschtung an der Linn vun der Tripartite, wou am Fréijoar Mesuren ergraff goufen, fir éis öffentlech Finanzen am Grëff ze behalen, an d’Compétivitéit vun éiser Wirtschaft ze stärken. Ouni déi iwer 400 Milliounen Aspuerungen, déi do envisagéiert goufen, misste mir iis 2007, op ee vun deene bloe Bréiwer astellen, déi d’europäesch Kommissioun deene schéckt, déi sech budgetär iwerschätzen.

Dise Budget weist awer och, dat mir un de Grenze vun eiser staatlecher Leeschtungsfähegkeet ukomm sinn. Mir musse bei den, trotz allem emmer nach ganz héigen Investitiounen schneiden, fir och mëttelfriesteg nach iwer d’Ronnen ze kommen.

Mir mussen dem Staat seiner Verwaltung hiren train de vie aschränken. Mir mussen do, wou mir viru Joaren nach konnten automatesch Ausgabesteigerungen akzeptéieren, méi lues trëppelen, wa mir Fräiraum fir nei Politiken erhalen wellen.

Dise Budget deit un, dat mir nach net um Enn vun den Ustrengunge ukomm sinn. Dem Zentralstaat feelt ëmmer nach bal eng Milliard Euro.

Aus dem Budget 2007 fléisst zum Beispill eng Milliard, an d’Pensiounskeesen. Déi, déi also mengen, bei de Renten wir nach vill Sputt, mussen ëmdenken. Wa mir an deene nächste Méint iwert Pensiounen diskutéieren, da musse mir daat mat däer Eierlechkeet maachen, déi déi budgetär Wiirklechkeet vun iis verlaangt.

De Budget 2007 stellt villes u neier Politik a Perspektiv. Mir investéiere méi an d’Universitéit, méi an d’Forschung, a méi an Datenautobunnen, an an den Ëmweltschutz. Daat alles sin Politiken fir d’Zukunft.

Mir investéieren eng Véirelsmilliard an d’Entwécklungshëllef. Och daat ass Politik mat Perspektiv: wa mir denen Äermste, net do, wou se liewen, ënner d’Äerm gräifen, da si weider Kréicher virprogramméiert, an d’Migratiounsstréim Richtung Europa wäerten d’Konsequenz dervu sin. Aktiv Entwécklungspolitik ass och Stabilitéits- a Sécherheetspolitik fir heiheem an uechter d’Welt.

Letzeborg kréit och eng Promotiounsagence, déi d’Virdeeler an d’Stäerkte vum Standort Lëtzeborg dobaussen duerleeën soll, a nei Investissementer an d’Land bréngen soll. An Zäite, wou mir vu Bréissel aus ëmmer méi de Corselet ugedoen, an éis traditionell Nischen zougetippt, kréien, ass dis Mesure mat Secherheet déi richteg Démarche.

Ënnert dem Impuls vun der CSV, hält d’Regirung mam Budget 2007, Kurs op d’Zukunft. Mat disem Budget a mat enger traditionell responsabler a viirsichteger Finanzpolitik bleiwt d’CSV demno um séchere Wee.

Ech soe Merci fir d’Nolauschteren