Projet de loi iwwer d’Iwwerwaachung vun de Finanzkonglomerater

De Rapporteur Lucien Thiel präsentéiert den Gesetzesprojet No 5520.

An deem weitgefaassten an dach ëmmer méi énk gekneppte Filet vu Verhaalens- a Kontrollregelen, mat deem si de Finanzsekteur iwwerzunn hunn, fannen déi Bréisseler Iwwerwaachungsspezialisten nach ëmmer nei Lächer fir ze stoppen.

D’Kontroll esouwuel vun de Banke wéi vun den Assurancegesellschaften durch déi jéweilech Autoritéiten ass entretemps wuel mat dat Schärfst wat ët an deem Genre gëtt. An dach gouf nach e schwaache Ponkt fonnt – net direkt um Niveau vun de Banken an och net op deem vun de Versëcherongen, mä do wou déi zwou Aktivitéten ënnert engem Daach zesummekommen.

Esou eng Kumulentreprise heescht am Fachjargon e Konglomérat, gëtt awer an dësem spezifische Fall vun eisen deitschen Nopere ënnert dem Begrëff « Allfinanz » geféiert a vun de Franzousen einfach a fir jidferee verständlech als « Bancassurance » bezeechent. Et dréit sech also ëm déi Entreprisen aus dem Finanzsektor, denen hir Duechteren souwuel Bank- wéi Assuranceprodukter ubidden a vun denen scho muenchereng och nach am Investmentbusiness aktiv ass.

Elo kënnt ee jo mengen, déi Konglomerater wieren duebel ofgedeckt well si jo d’office esouwuel vun der Banke- wéi och vun der Assurancenopsiicht kontrolléiert gin. Dér Ménong sinn se zu Bréissel awer net. D’EU-Kommissioun goung dervun aus, datt ët niewt der traditionneller doubler Iwerwaachungen och nach eng speziell Surveillance fir dës Gemëschtentreprisen gi misst. Déi soll op déi zwou bestehend dropgeprafft gin, fir och déi Risquen ënnert Kontroll ze kréien, déi eréischt durch de Kumul vu Bank- an Assurancenaktivitéit entstinn.

Et ass effektiv nët ausgeschloss, datt z.B. tëscht dene verschiddene Kontrollen nach e Sputt ass, deen nëmmen durch eng zousätzlech Globalkontroll gestoppt ka gin. Oder datt et Widersprëch an dene sektorielle Réglementatiounen gëtt, déi dann um Niveau vun der Mamm durch eng iwergeurdent Globalkontroll ausgebijjelt musse gin. Oder datt gewëssen nei Forme vun Entreprisen, notamment am Investmentbereich ganz durch de Kontrollsift faale wëll fir si weder eppes bei der Banken- nach bei der Assurancekontroll virgesin ass.

Et bleiwen also trotz dér enker Iwerwachung vun dene verschiddenen Finanzaktivitéiten nach schwaach Plazen a Lächer am Kontrollnetz, wann déi zwou oder souguer drei Aktivitéiten ënnert dem Daach vun engem an deemselwechten Mammenhaus bedriwwe gin. Datt do Kontroll, dér hiren eigentlechen Zweck jo d’Protektioun vum Client ass, esou – den Deitsche géif soen – « nahtlos » wéi méiglech ass, gëtt desto méi onverzichtbar, wëll ët sech bei dene Konglomerater, vun denen hei Rieds ass, an der Regel ëm grouss Konzerner handelt, déi op Grond vun hirer Dimensioun och ganz besonnesch grouss Risken fir dat ëmmer méi vernetzten, globalt Finanzwiesen duerstellen. De Franzous schwätzt do vun engem « risque systémique », op beim Deitschen heescht dat « Klumpenrisiko ». An anere Wierder : Wann ee vun déne Mastodonten an d’Rutsche kéim, këint hin d’ganz Branche a d’Labirente bréngen.

Dat alles huet mat sech bruecht, datt déi international Milieuen, déi sech mat der Finanzwelt ofginn – wéi z.B. d’OCDE oder de G10 oder de Baseler Komittee (vun den Zentralbankgouverneuren) – zum Schluss koumen, ët misst een niewt déi scho bestehend Iwwerwaachungsinstrumenter fir d’Banken an d’Assurancen nach en zousätzlecht krééieren, fir déi Entreprisen an d’Gitt ze huelen, déi beides maachen. Daat geschouch dann viru 4 Jahr mat enger Direktive, déi drop ausgeriicht ass, d’Kontroll vun de Geschäftsaktivitéite vun de Konglomerater besser ze koordinéieren an, esouweit daat néideg ass, d’Regelen vun deene verschiddenen Aktivitéiten openeen ofzestëmmen.

Wat mir haut solle maachen, ass déi Direktive an eist nationalt Recht emsëtzen an zwar dodurch datt mir, wéi den Intitulé et seet, déi zwee Gesetzer, déi déi zwou Finanzaktivitéiten – d’Assurancen an d’Banken – reglementéieren, an eenzelne Ponkten ofänneren, fir datt se vun elo un der Directive gerecht gin.

De Staatsrot hat weider kee Problem mam Emsetzungstext an huet just eng Modificatioun vum Intitulé suggéréiert fir hie méi lieserlech ze maachen. Deem huet sech d’Finanzkommissioun ugeschloss.

D’Chambre de Commerce par contre ass an hirem Avis e gudd Stéck méi weit gaangen an huet eng ganz Rei vu Ponkten ugeschnidden, vun deenen eenzelner schon derwäert sinn, datt een sech dermatt ausernee setze géif.

Esou ass d’Befierchtung net aus der Loft gegraff, datt déi zousätzlech Kontroll am Prinzip déi kontrolléiert Entreprisen nach méi belaaschte wäert wéi se et schons esouwisou sin – an dat wouméiglech onnëtzerweis. Wëll méi Kontroll bedeit och méi Informatioun a méi Reporting an domat méi Verwaltungsopwand ouni datt d’Resultat deem ganzen Opwand géif entspriechen.

Op der anerer Seit kënnt een awer nët derlanscht, virun esou Gedankespillereien ze warnen, an deenen sech d’Europäische Kommissioun an och vill Konzernmammen gefalen, déi der Meenong sinn, d’Supervisioun vun de Konglomerater géing sech am efficassten um europäischen an net, wéi haut, um nationalen Plang maache. Dat ass vleicht nët ganz falsch, mä wa mir eis op de glëtschigen Terrain lakkele loossen, da riskéiere mir, datt mir mat der Zeit ëmmer manner bei eis ze soen hun, well dann eis Finanzplaz zentral vun dobaussen aus iwwerwaacht géing. Ech mengen, einstweilen hätte mir do méi ze verléire wéi ze gewannen.

Am grousse ganzen ass awer och d’Chambre de Commerce mat dem Text vum Projet averstanen. Ech gin dervun aus, datt dat och fir eis Chamber hei zoutrëfft an datt si dem Projet hir Zoustëmmung gëtt – och wann dëst Gesetz fir Lëtzebuerg direkt keng praktesch Uwënnung fanne wäert, wëll mir, ganz einfach, keen – oder nach keen – esou e Konglomerat bei eis hun. Mä ët kann ee jo ni wëssen…