Interpellation au sujet de l’évolution future du secteur des médias audiovisuels

Dem Lucien Thiel seng Iwwerleeungen zum Thema «Télévision sans frontières»

Här Präsident,

Erlaabt mir e puer Wuert zur geplangter Neioplo vun der Directive « Télévision sans frontières », déi den Interpellant och hei ugeschnidden huet.

Déi nei Directive, am Ament nach am Stadium vum Projet, ass de Successeur vun der Urdirective vun 1989, matt dér démols de Marché commun fir d’Televisiounsiwerdroung agelaut gouf. No énger 1. Ofännerung 1997 gët daat hei déi 2. Adaptatioun vun dém Réjelwierk, eng Adaptatioun, déi op dé énger Seit dem technische Fortschrëtt am Bereich vun der Billeriwerdroung Rechnung ze droe versicht, déi op dér aanerer Seit sech awer och mam Contenu ofgët, notamment waat d’Publizitéit an den TV-Programmer ugeet.

Waat dén technische Volet ubelangt, gét ët dorëm, och déi nei Téléservicer an d’Réjelwierk matt eran ze huelen, déi eréischt durch d’Digitaliséierong méiglech gin an déi als « Nët linear Servicer » bezéchent gin, par opposition uzur « One way »Televisioun wéi mir se haut kènnen. Hei gét ët ëm déi sougenannt interaktiv Servicer wéi z.B. d’Televisioun « on demand », also ëm Programmelementer oder Servicer, déi de Spectateur all Kéier dann ofruffe kann, wann et him grad drëm ass. Daat bréngt matt sech, datt all déi Virschrëften, déi sech op déi klassesch Televisioun applizéieren, speziell waat de Jugendschutz ubelaangt, elo och fir d’Selfservice-Televisioun gëlle sollen.

Waat de Contenu vun den Telessendungen ubelaangt, gin déi am Ament heiendsdo stréng Réjelen vir d’Reklamebléck e bësschen opgewécht – beispielsweis durch d’Ofschaafe vun der Limitatioun vun der Publizitéit op 3 Stonne pro Daach. Eppes Neies – waat ët allerdéngs an der Praxis scho laang méi oder wéiniger heemlech gët -, ass d’Zouloossen vum sougenannte « product placement », d.h. d’Schleichwerbung fir Markenartikelen, déi eijentlech bis elo verbuede war. Démnèxt kënnen déi Markenartikelen – ob Auto, Limonad oder Electronic-Gadgetten – an den Emissiounen ënnerbruecht gin, wann am Virspann en entspriechenden Hiweis drop agebaut gët.

Méi wichteg allerdéngs schéngt mir ze sin, datt an dér neier Direktive virun allem op de Pluralismus an d’kulturell Diversitéit Wèrt geluecht gëtt. Et gi wuel kéng weltbewejend nei Mesure an dér Hisiicht getraff, mé iwert de Wé vu bestëmmten Dispositiounen wéi z.B. der virgeschriwener Onofhängigkét vun de jeweilige Reguléierungs- an Iwerwaachungsorganen gët versicht, d’Villfalt vum Televisiounsugebuet z’erhaalen resp. auszebauen.

Aus Lëtzebuerger Siicht sin zwé Ponkte am Zesummenhank vun der « grenzeloser Televisioun » besonnesch relevant :

  1. de Prinzip vum Ursprungsland, an
  2. d’Problematik vum Copyright

De Prinzip vum Ursprungsland, démzufollej sech d’Gesetzer an d’Réjele vun dém Land applizéieren, vun dém dé jéweiligen Televisiounsprogramm ausgestrahlt gët, ass aus duebelem Grond fir eis wichteg. Engerseits gin éng Rëtsch Emissiounen vun eisem Buedem aus diffuséiert – inklusiv éng gudd hallew Doze digitaliséiert TV-Programmen, déi seit kurzem iwert terrestrischen Frequenzen vun Dideleng aus ausgestrahlt gin. Anererseits ennerleien all déi sëllechen Televisiounsprogrammer, déi iwert déi vu Betzder aus gefidderten Astra-Satelliten ausgestrahlt gin, der Letzeburger Legislatioun. Daat gëtt nach éng Kéier klar an deitlech an dér neier Versioun vun der Directive ënnerstrach.

Et ass wuel kaum néideg, daat een d’Bedeitung vun dém Prinzip extra muss erfirhiewen. Hie stellt en entschédende Standuertvirdél fir eis Land duer. Wéi an aanere Bereicher och, mache mir eis awer mam Prinzip vum « Pays d’origine » bei der Televisioun nët grad Frënn uechter Europa. Wèll dé kommerziellen Avantage, dé mir eis iwert dé Wé sëcheren, mécht muencherén jalous. Daat trëfft esouwuel fir den elerktronischen Handel zou, an dém mir matt eiser nidrijer TVA esou prestigiéis Weltoperateuren wéi Apple, Amazone an bis elo och AOL bei eis gelakkelt hun, wéi et och op d’Satellitegeschäft zoutrëfft, wèll nët vir d’lèscht eise liberal Televisiounsgesetzgebung dé Clienten vun der SES entgéintkënt. Wier daat emol éng Kéier nët méi de Fall, dann hätt eise Satellitechampion wuel neischt méi ze laachen.

Ké Wonner, datt do ëmmer erëm versicht gët, um « Pays d’origine »-Prinzip ze rappen an en durch de Prinzip vum « Pays de destination » z’ersètzen. Ké Wonner och, datt sech do eis Régierong ëmmer erëm an d’Geschir lét, fir de Prinzip vum Ursprongsland ze verdétejen. Bis elo ass daat hir gelongen. Mé et siew drun erënnert, datt bei den Finanzdéngschléschtongen iwert den Internet schon haut theoretisch de Prinzip vum Verbraucherland fest an der europäischer Legislatioun verankert ass, an datt an der Praxis de Prinzip vum Ursprongsland nëmmen dofir nach ëmmer ugewannt gët, wèll kén ët ronnbréngt, den Zielland-Prinzip un d’Fonktionéieren ze kréien.

Am Fall vun der Televisioun si mir an dér méi komfortabler Situatioun, datt do de Prinzip vum « Pays d’origine » an der Directive verankert ass. Daat wëllt allerdéngs nët héschen, datt déi aaner Länner och schon domatt averstaane wieren. Nach ass déi nei Direktive nëmmen e Projet, dén nach sein Hënnernes-Parcours durch d’Instanzen virun sech huet.

Déi 2. Fro, déi ech wollt uschneiden, huet matt der Directive selwer eijentlech neischt ze din, wèll ët gét kéng Rieds vun hir am Text. Indirekt ass sie awer op d’manst matt dém verbonnen, waat de Letzebuerger sech ënnert dem Begrëff « Television sans frontières » virstèllt. Wèll matt dér « Television sans frontières » kënnt ët emol séier eriwer sin, wann et déi Fro vum Copyright nët geléist ass.

Op allem waat esou iwert den Ecran flimmert – op Kinosfilm, Show oder Sportiwerdroung – gët ët e Copyright, daat héscht en « Droit d’auteur ». Esou wéi Erfindungen durch e Patent protégéiert gin, suergt de Copyright, datt den Auteur vun éngem intellektuelle Wierk – op Buch, Photo, Film oder Musekstéck – nët ëm d’Friichte vu séngem Schaffe bruecht gët. Am konkrete Beispill héscht daat, datt en Televisiounssender nëmmen dann e Film programméiere kann, wann hien d’« Droits d’auteur » un dé bezuelt huet, den d’Urheberrechter huet.

Elo gin déi Rechter am Prinzip nët onbedéngt fir énzel Länner verkaaft, mé dax no de Sprochegebitter, déi dé jeweilegen TV-Sender ofdèckt. Daat ass e System, bei dém mir Letzebuerger ëmmer erëm riskéieren, de kiirzeren ze zéien. Wèll 1. si mir nët esou ouni weideres éngem bestëmmten Sprochen-Territoir zouzeuerdnen, an 2. stëlle mir zueleméisseg esouwéinig duer, datt kén ët derwèrt fënnt, sech ëm eis ze këmmern, wéder dén, dén d’Rechter verkéft nach dén, dé Sender, dén se kéft. Esou lande mir dann gär tëscht alle Still a mir riskéieren ëmmer erëm, datt d’Télédistributeuren d’Bild zougedréit kréien, well sie sech de Copyright nët gesëchert hun. Et soll alt emol scho virkomm sin, datt e Minister am leschte Moment virun éngem wichtige Footballmatch huet missten intervenéieren, vir datt den Ecran nët einfach fir d’Dauer vum Match schwarz gouf.

Et schéngt wéi wann dank de weitgestréte Relatiounen vun RTL déi fir eis esou koppech Copyright-Fro éng provisorisch Léisong fonnt hätt. Wéi solid déi Léisong ass, siew awer dohigestallt. Dofir kann én sech scho froen, op ët nët ubruecht wir, no enger definitiver an haltbarer Solutioun ze sichen, déi eise klengstaatliche Spezificitéiten definitiv gerecht gët.

Ech si mir bewosst, datt mir an dëser Fro elèng do stin, wëll déi aaner Klengstaaten all un éngem irjendéngem grousse Sprochraum hènken an domatt televisiounsméisseg versuerjt sin. Duerfir bleiwt eis wuel soss neischt iwreg, wéi no énger hausmacher Léisung ze sichen. Dofir sief de Wonsch un d’Regierung erugedron, sech dér Saach unzehuelen a fir éng dauerhaft Léisung vun der Copyright-Fro ze suerjen. Wèll 1. Wëlle mir 1. jo kéng Schwarzkuckerte sin an 2. wëlle mir nët énges gudden Daags virun éngem schwarze Schirm sëtze wa mir grad eis Lieblingsemissioun kucke wëllen.