Interventioun vum Lucien Clement zum Thema “Liewensmettelsecherheet zu Letzebuerg”

“…eng 100 prozenteg Liewensmettelsecherheet gett et nit an wäert et net gin…”

Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären.

Dee rezenten Liewensmettelskandal an Däitschland wou Tonnen vun verdorwenem Fleesch an der Handel komm sin, huet mat Secherheet eppes ganz kloar zum Virschéin bruecht : Et geet keen Nullrisiko bei der Liewensmettelsecherheet, haut net an och an der Zukunft net. Op mir elo rem nach méi Transparenz am Fleeschsecteur fuerderen oder nach méi Kontrollen aféieren, eng 100 prozenteg Liewensmettelsecherheet wäert et net gin.

Wann ech elo richteg informéiert sin, gouf an Däitschland ganz vill Fleesch emetikettéiert oder falsch déclaréiert. Och gett spekuléiert, dat verschidden Liewensmettelkontrolleren mat de Fleeschproduzenten ennert enger Decken gestach hun, an esou vun de ganzen Onéierlechkeeten matprofitéiert hun. An dise Fäll, wou manifestement Spetzbouwen oder nemmen op Profit orientéiert Leit um Werk sin, verseet och deen performantesten Kontrollmechanismus.

Wéi ass et dann elo mat dem Contrôle vun der Liewensmettelsecherheet hei zu Letzebuerg ? Als Aentwert op d’Liewensmettelskandaler aus den 90er Joaren hu mir 2001 ee groussen Hearing hei an der Chamber gehaat, an daat mat allen Concernéierten aus dem Liewensmettel-Secteur.

Eng vun de Conclusiounen vun disem Hearing woar et fir een cellule de concertation en matière de sécurité alimentaire an d’Liewe ze roufen. Dis Cellule wou Expert’en aus verschiddenen Verwaltungen vertruede sin, huet als Aufgab sech mat der Liewensmettelsecherheet auserneensetzen. Si maachen souwuel eng Gestioun wéi eng Kommunikatioun vum Risiko dee besteet, och vum Risiko deen sech eréischt ofzeechent. Si machen a meinen Aan a laut dem Rapport d’activité vum Ministère, 9 Réuniounen hun 2004 stattfont, eng ganz goud an ordentlech Arbecht um Terrain.

Dofir sin ech och e besselchen verwonnert iwert d’Meenung vun däer grenger Fractioun, déi wesse well, dise Comité géif net ordentlech funktionnéieren, an do géif et Kompetenz- gerangel zweschent deenen zwéin Ministären, deem vun der Santé an deem vun der Agriculture. Déi Greng Fraktioun fuerdert dofir och, well se daat jo wesse well, dat dis cellule de concertation misst nei strukturéiert a professionnaliséiert gin, an dat mir am Endeffekt een Verbraucherschutzministerium missten kréien.

Ausserdem wollt ech och nach soen, dat weder e Verbraucherschutzministerium nach eng Agence de Sécurité alimentaire mat Secherheet och net als « solution miracle » gellen, mat däer een mengt de Problem zu 100% an de Greff ze kréien.

Mir brauchen dovir nemmen op déi aaner Säit vun der Musel ze kucken wou esou een Ministär vun der Madame Künast agefouert gouf, a schons zenter laangem fonctionnéiert, an dann gesäit een, an stellt een fest dass och héi d’Kontrollmechanismen zum Deel versoot hun, well deen rezenten Fleeschskandal huet sein Ursprung, wéi mir alleguer wessen, nämlech an Däitschland.

Ech well elo awer nach puer Wieder iwert Liewensmettelsecherheet an Transparenz am letzebuerger Fleeschsecteur soen.

Wann een de ganzen Secteur Fleesch méi genee ennert d’Lupp hellt, muss ee soen datt hei rieseg Ustrengungen a Sachen Transparenz an Hygiène gemach goufen.

Datt geet un beim Bauer mat der Transparenz an dem Autokontrôle vun den Foudermettelen. Hei gett et Datebanken souwuel vum an iwert de Lieferant, ewéi och vum Bauer dee sein Foudermeschungen selwer hirstellt. De Sanitel-System funktionnéiert mettlerweil excellent, esou datt ech woen ze behapten dat et zu disem Zeitpunkt hei zu Letzeborg méi Leit ouni Pass gett ewéi Kéih ouni Pass.

Daat geet weider iwert d’Schlachtheiser, iwert déi Fleesch verschaffend Betriber, bis hin zum Commerce, déi alleguer ganz strengen Controllen ennerleien, an zu deems iwert den HACCP eem efficassem Autocontrôle ennerleien.

Tracabilitéit vun all Steck Fleesch as haut dank dem Etikettéierungssystem an all Détail novollzéibar. Dat geet un beim Bauer, waat Gebuert, den Alter, den Pass vun der Mammekouh an d’féideren betrefft. D’Ediketten mat allen Donné’en drop, gin am Schlachthaus op der Carcasse ubruecht, an duerno an de Betriber déi Fleesch verschaffen op all eenzel Steck . Betriber hun hei, beim Bauer ugefaange bis zum Commerce mat Secherheet keng Méih gescheit fir hiren Deel, zu propperem a gesondem Fleesch a Fleeschprodukter bei ze droen

Zum Schluss, Här President dir Dammen an dir Hären, nach puer Gedanken :

Nach méi Kontrollen brengt ausser engem Plus un administrativem Opwand neischt.

Et sollt een au contraire d’Stroofen iwwerdenken vir déi, déi sech net un de System halen, an déi ech ugangs vu meiner kurzer Interventioun als Spetzbouwen bezeechent hun, fir géint si mat aller Konsequenz a mat aller Häert dorech ze greifen.

Mir mussen nach méi Publizitéit dobaussen maachen, nach méi fir eis Produkter werben, fir ze weisen dat bei iis am Fleeschsecteur Transparenz garantéiert ass , an dat ganz streng an och regelméisseg Kontrollen quesch dorech de ganze Secteur , dorech gefouert gin.

Egal op mir ee Verbraucherschutzministère hun, oder eng agence de sécurité alimentaire oder eng cellule de concertation, keng vun disen Instutitiounen as en même zu 100% Liewensmettelsecherheet ze garantéieren esou lang et ewéi schons gesoot schwarz Schoof gett.

Et as zu déifscht bedauerlech dat emmer erem ee ganzen Beroufsstand oder méi Beroufsstänn ennert den dubiose Machenschaften vun dise Leit leide mussen.

Daat gesoot Här President, soen ech zum Schluss nach Merci fir d’Nolauschteren.