Le projet de loi relatif à la lutte antitabac

D’Vizepräsidentin vun der Santés-Commissioun Dr. Martine Stein-Mergen hëllt Stellung vir CSV-Fraktioun zum néien Anti-Tubak Gesetz.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

Wann den Tubak geif haut entdeckt ginn, dann geif weder seng Proudktioun nach sein Konsum nach erlaabt ginn.

Dat ass awer nett de Fall: amerikanesch Indianer hunn d’Kultur an de Konsum vun Tubak seit 2000 Joer kannt. Et wor de Christoph Columbus, den op Kuba Femmer font huet, an hien huet den Tubak mat an Europa bruecht, himm goufen nämlech medikamentös Egenschaften zougeschwat. Esou huet d’Maria vu Medicis seng Kanner, wann se krank waren, mat Tubakspuder soigneiert. Seit dem 16.JH gett Tubak och an Europa ugebaut, an vun hei aus ass en virun gaang an Indien, a Japan, an an all Länner vun der Welt. Am 17. JH ass a Frankreich eng 1. Taxe op den Tubak agefouert ginn, an de Kinnek hat e Monopol op der Vente an der Fabrikatioun. D’Revolutioun huet 1791 zwar den Verkaf liberaliseiert, mais den Napoléon huet schon 1811 erem de Staatsmonopol retableiert, hien hat secher erkannt, dass domat Geld ze verdengen wir.

Esou kann en sech ieren! An dat während Johrhonnerten.

Ereischt an den speiden 60ger Joeren vum leschten JH huet d’Medezin erkannt, wat fir Folgen den Konsum vun Tubak huet, an ugefaang, no Moossnahmen ze froen. Mir kennen haut den Asatz vun der WHO, an och vun der europäescher Kommissioun, die mat hirem Programm “Europe contre le Cancer” nett noemmen, mais och gengt des Pandémie ukämpft.

Kolleginnen a Kollegen,

Nodeem d’Madame Mutsch hei an hirem excellenten schreftlechen a möndlechen Rapport ausenanergeluegt huet, wat fir eng Viraarbecht nett noemmen vun der Kommissioun, mais och vun allen aneren Acteuren geleescht ginn ass, dass mer dese Projet haut koennen stemmen, waert der verstoen, dass et keng Floskel ass, wann ech hir haut am Numm vun der CSV-Fraktioun merci soen.

Sie huet et schons gesot: et war der aktueller Regierung en Uleies, nett noemmen d’Direktive 2003/33/CE emzesetzen, mais op desem Gebidd eng vill mei restriktiv Politik durchzezeien, sou wei dat am Regierungsprogramm festgesat wor. De Minister huet sech dann och mat ganz vill Asatz drun gemat, de Projet ze prepareieren, sou dass mer en am Januar dest Joer an d’Kommissioun kruten. Wann en dat mat villen aneren Gesetzer vergleicht, dann kann en soen, dat wir eng Rekordzeit, vum Januar bis den Juli, besonnesch wann en matkrut huet, wat fir e Gedeisch desen Thema gemat huet.

Et gett en fait weineg Gesetzer, iwer dei esou vill an esou kontroversiell diskuteiert a gestridden ginn ass. Ech well iech e Beispill soen: eng Zeit laang hutt der am Google en Chat-room font, wou iwwer d’Gesetz diskuteiert gouf, an én vun den Chatter huet d’Populatioun dozou opgeruff, nie mei engem vun de Memberen vun der Gesondhetskommissioun eng Stemm bei Walen ze ginn; nett erauszefannen wor awer, op hien oder hatt dann én vun denen waren, dei fonnt hunn, d’Gesetz geif ze weit goen oder nett weit genug.

Dese Projet huet ons Populatioun scheinbar an 2 Campen agedèlt, dei fanatesch dofir an dei fanatesch dogengt, an dei hunn sech dann och oft an ausgiebeg zu Wuert gemellt, dei mei gemässegt mellen sech jo leider nett esou oft. Ech sinn der Ménung, dass durch des Leit, och wann et noemmen e Brochdél vun onsen Matbierger ass, dat ganzt Gesetz zeiteweis a Fro gestallt wor; mat Fanatismus kann en keng Gesondhets- an allgemeng keng Politik machen.

Mir haten an desem Zesummenhang och an onser Fraktioun eng Reih vu Setzungen, an och bei ons ass zum Dél hetzeg iwwer dese Projet debatteiert ginn. Mir waren ons al eens, dass d’Onkloerhét war fir eng Grondphilosophie dat Gesetz eigentlech huet zu enger ganzer Reih Malentenduen gefeiert hat, esou wei dat sech och an denen eischten Avisen reperkuteiert hat, an dei Ménungen, dei en esou opgefaang hat, waren reichlech konfus. Et ass notamment drem gaang, dass d’Femmen op der Aarbechtsplaz widersprechlech behandelt ginn ass. Mir hunn ons an der Kommissioun dofir drun gemat, d’Sprée vum Weess ze trennen, an aus desen Diskussiounen, an an Zesummenaarbecht teschent de Ministeren Biltgen, Di Bartolomeo a Wiseler, dei jo kompetent fir dem arbechtrechtlechen Déi sinn ass et dunn zu desen ennerschiddlechen Undéler vum Gesetz komm:
• Den en, den sech em d’Emsetzung vun der Direktive an och d’Femmverbzuet op verschiddenen Plazen aussprecht, an
• den aneren, den iwwer d’Handhabung vum Femmen op der Aarbechtsplaz , ech waert herno do drop zreckkommen an och an desem Zesummenhang eng Motioun presenteieren.

Aus desen Ursaachen eraus, mais och enner Berücksichtigung vun groussen Déler vun den Avisen, dei eran komm sinn, wor also d’Gesetz emstruktueiert ginn, an fir ons ass et elo kohärent, dir waert gesinn, et brengt ons am domaine vum Kampf gengt den Tabagismus e grousse Schrett virun.

Et ass jo nett esou, dir Dammen an dir Hären, dass um Terrain nach neischt geschitt wir. An verschiddenen Spideler get et schons seit Joeren d’Regel: “Hopital sans Tabac”, an ech kann iech soen, dass dat nett ouni weideres iwwer d’Bühn gang ass virun 10 Joer, wei des Diskussioun zum Beispill bei ons am Spidol ugaang ass: ech kennen keng Plaz, wou d’Leit besser iwwer d’Follegen vum Femmen informeiert sinn a wou méi gefemmt ginn ass wei an de Spideler.

Dir hutt och schon all dei Leit gesinn, dei an oder villmei virun de privaten Betrieber um Trottoir stinn, Summer wei Wanter, an do hir Zigarett femmen. An ganz villen Boiten nämlech gett scon laang nett mei gefemmt.

An villen Restauranten ass och schon haut d’Femmen verbueden, vill Restaurateuren hunn schon vun sech aus an op d’demande vum Client Fumoiren ageriicht.

All des punktuell Observatiounen féieren zu enger ganz wichteger Feststellung: Iwerall femmen ass nett mei esou selbstverständlech, den Trend aus den USA, d’Femmen ze verdeiwelen, huet och hei an Europa seng Friichten gedroen, ouni awer bis elo dei Auswüchsen mat sech ze feieren, wei dat do iiwer de Fall ass. Wann et nämlech an den Vereenegten Staaten an verschiddenen Staaten verbueden ass, an sengem Auto d’Fenster opzeman wann en eng femmt, fir dass den Damp ken aneren dobaussen belästegt, freet en sech, wat esou Mossnahmen nach mam Schutz vum Nettfemmer ze dinn hunn, an op et do iwer nett besser wir, d’Waffen op der Strooss am Plaz d’Femmen ze verbidden. Wann en esou weit well goen, Kolleginnen a Kollegen, dann muss en den Verkaf vun Tubaksproduiten einfach verbidden.

Dat wellt awer hei an elo kén.

Ech hoffen, dass mer ons hei banne alleguer eens sin, dass, och wann mer ons iwwer dei Fortschretter fréen, dei durch dat heitegt Gesetz zustan waerten kommen, et nett daerf hei bei ons an Europa zu der Hexejuegd kommen, wei dat an den USA a verschiddene Staaten de Fall ass. Iwwer de Schutz vum Femmer an vum Nettfemmer eweg sollten mer durch dest Gesetz leieren, wie en sech kann ennerenaner énz ginn, fir en den aneren nett ze belästegen. Toleranz a Respekt sinn d’Zauberwieder, die mer mussen bemeien.

Och op der anerer Extremiteit fennt en Extremismus. Wien haut nach behaapt, Tubak wir iwwerhapt nett schiedlech, dem ass nett ze hellefen. Besonnesch falsch awer hefeg ziteiert ass och de Vergleich mat Alkoholkonsum, den anscheinend vill Leit mei steiert, wie wann en eng niewt hinnen femmt. Nun ass et awer esou, dass dem engen sein Alkohol dem aneren neischt kann unhunn, während mer seit ongefeier 15 Joer secher wessen, dass passiven Tubakkonsum (environmental Tobacco Smoking) och emstand ass, am richtege Verhältnis dei selwecht Krankheten erfir ze ruffen, wie beim Raacher.

Verschidden vun onsen Nopeschlaenner hunn ons de Wée gewisen, denen engen hiren war mei kategoresch, anerer hunn mei labber Femmgesetzer gestemmt, a Moossnahmen an d’Wé gelét, dei och allgemeng op ganz gudd Echoen gefall sinn.

Den Enjeu, em den et hei gét, dén ass nämlech der Wert, fir pondéreiert ze ginn, an mir hunn ons all an dénen leschten Meint zesummen Gedanken driwwer gemat, wéi en fir onst Land Regelen kann opstellen, fir
• meiglechst vill Jonker ze iwwerzégen, nett unzefänken mat fëmmen
• meiglechst ville Raacher hellefen, fir opzehalen, an
• dei dei nett raachen, optimal gengt den passiven Konsum ze schützen.

Den eischten vun desen 3 Punkten, dir Dammen an dir Hären, dat ass dén Wesentlechen!

Ech waert hien dofir och e bessen méi laang behandelen. Wat fir Moosnahmen sinn emstand, ons Kanner dovun ofzehalen, unzefänken mat Femmen? Fir en, den nach nie gefemmt huet, oder fir en, den eng Keier probeiert huet, an dem et nett schmaacht, ass et einfach, iwer Antitubaksmesuren ze schwetzen. Et ass awer vill méi schweier, fir domat opzehalen, wann én nun émol domat ugefaang huet, an ech weess, vu wat ech schwetzen.

Des Suchtproblematik ass secher aehnlech wei dei vun den Drogen, vun denen mer dei lescht Woch geschwat hunn. Och wann en den Risiko vun Alkoholismus, besonnesch wat d’envergure vum Problem ubelaangt, nett sollt ennerschaetzen, sou ass den Suchtpotential vun der Zigarett, an ech soen express Zigarett an nett Tubak, vill mei heig, an durchaus mat dem vun den illegalen Drogen ze vergleichen.

Mir haten dei lescht Woch gesot, dass haut den Haschisch nett mei mat dem ze vergleichen ass, den d’Hippien virun 35 Joer gedämpt hunn, grad esou wir en naiv, wann en sech nett bewosst wir, dass d’Zigarettenhiersteller Potenzeierungsmettel an aner Stoffer dem Tubak beimeschen, fir esou mei schnell eng Ofhängegket erfir ze ruffen. Den Trick ass dann och den, wei d’Drogenhändler et mat de Kanner man: fir d’eischt loossen se se probeieren, dann, wann se Gout drun fonnt hunn, gett d’Schrauw zougezunn, an den Dreck verkaaf. Grad esou soll et sech mat verschiddenen Zigarettenfirmaen an der 3. Welt ofspillen…

Dese message also, Accro ass Accro, den musse mer koennen vermëttelen, well en 12jähregen betruecht Longekriebs an Herzinfarkt als eng Krankhet vum héigen Alter, woubei fir en 12jähregen och en 30jähregen am heigen Alter ass. D’Bild vun de Laangzeitfolgen an de Schoulen ze zeechnen ass also nett dat, wat eleng waert an desem Domaine zu Resultaten feieren. Am Iwregen ass desen Thema schon seit Joeren e festen Bestanddél vun de Schoulprogrammen.

Laut Europe contre le Cancer gett et nemmen 2 Mesuren, dei Jonker kann vum Femmen ofhalen:

• en sensibelt Unhiewen vum Preis vun den Zigaretten, respektiv eng Erschweierung vun der Beschaaffung
• en allgemengt Emdenken vun der Bevölkerung: Femmen sollt als almoudesch, stenkeg an oncool gellen, allgemeng gett enger soziologescher Approche mei Succès zougetraut wei punktuell Mesuren, wei zum Beispill eng offre de sevrage.

Ech well dovir d’aide au sevrage nett schlecht rieden, mais ech well hei de point de vue vum Epidemiolog vertrieden. Hei get et nett em den Enzelnen, mais em d’Pandemie.

Dat Emdenken hellt vill Zeit, mais gewessen Tendenzen an des Richtung sinn schon festzestellen, wie schon gesot.

Dei aner Mesure gett an desem Gesetz undeitungsmeisseg emgesat: de Verbuet vun der Vente un Jonker enner 16 Joer waert et nett onmeiglech, awer wesentlech mei schweier machen, sech Zigaretten ze beschaafen.

Och wann de Preis vun den Tubaksprodukten iwwer dei lescht Joer konstant an d’Luucht gaangen ass, wir eng substantiell Verdeierung
• vleicht eng finanztechnesch riskant fir onst Land,
• vleicht eng onsozial, well dann nömmen verschidden Schichten vun der Bevölkerung et sech nach koennen leeschten, mais dest wir wahrscheinlech vun alle Maasnahmen dei efficacst, nett noemen fir Jonker vum Tubak ewech ze halen, mais och fir en weidert Argument bei denen Leit ze brengen, dei wellen ophalen mat femmen. An England sinn d’Neifemmer ennert dene Jugendlechen dunn erof gaang, wei den Tubakspreis op 8 euros am D’Lut gaang ass.

Affaire à suivre also..

De Verbuet vun all Werbung, dei hei an onsem Gesetz wesentlech mei weit get wei d’euroäesch Directive et virschreiwt, ass ganz secher e Wée an d’Richtung vun der Onattraktiviteit vum Femmen.

Mir hunn an der Fraktioun laang iwer dese Punkt diskuteiert, et ass e Fait, dass durch e Werbeverbuet ons natiional Hiersteller waerten benodélegt ginn. Mir wessen, dass d’Publiciteit mat den auslänneschen Zeitungen iwer d’Grenz kennt, an dass mer dorun selwer neischt können aenneren. Mais et gett Hoffnung: an denen leschten Wochen kennt et an Deitschland, an och an Eisterreich, dene lescht Bastiounen vun de Femmlobbyen, zu allerhand Bewegung an desem Dossier, an et ass unzehuelen, dass och sie demnächst gesetzlech Moossnahmen gengt d’Tubakswerbung werten emsetzen.

Sou weit d’Primärpreventioun, wie ass et mat der Sekundärpreventioun, dat heescht, dem Sevrage. Dest Wuert gett emmer erem am Passiv gebraucht, mais en fait ass de Sevrage eng aktiv Prozedur, die vum Süchtegen selwer durchgezunn gett. Wat mir koennen ubidden, dat ass eng Hellef beim Sevrage, siew dat a Form vu Gespreicher, vun enger Nikotinsubstitutioun oder vun enger Kombinatioun vun desen Moossnahmen. Et ass awer nach emmer de Patient, den de Wellen zu sengem Sevrage muss opbrengen. Fir dat ze man, brauch hien fir d’Allereischt emol die richteg Argumenter: et ass d’Aufgab vum Dokter, oder vum Beroder, fir des Argumenter ze brengen:

Mir wessen, dass Femmen iwer mei wie 20 verschiddenen Weer kann embrengen, oder krank machen. En gros sinn et awer 3 Kategorien vun Krankheten, die d’Femmen no sech zeit:
• cardiovaskulär Krankheten, Arteriosklerose, Herzinfarkt, Hirschlag ass e Grupp
• Longeninsuffizienz, chronesch Bronchite, Emphysem,
• An schliesslech die verschidden Kriibszorten

En Femmert verleiert, statistesch wuelverstan, ongefeier 20 bis 25 Joer Liewenserwaardung par rapport zu engem Nettraacher, ongefeier d’Halschent vun de Raacher stierwen un de Folgen vun hirer Sucht. Dat wesse mer haut, dat misst eigentlech jiddereen wessen. Bei Europe contre la Cancer, wou ech onst Land joerelaang am Grupp vun de Generalisten vertrueden hunn, wesse mer awer, dass dest Wessen nett duer get. De Prozess, den zum Sevrage feiert, ass bei jidderengem anescht, an oft kennt dat verdrängtent Wessen em d’Gefohr dann zum Virschein, wann et engem nett esou gudd geht. Et gett also fir den Dokter keng besser Geleenhet, wei zum Beispill eng Bronchite, fir vum Sevrage ze schwetzen. Dofir ass an denen meeschten Fäll de Sevrage opportunistesch, am engleschen Senn vum Wuert, an individuell, en verleeft an e puer Etappen, a feiert an ongefeir 30% zum Ziel, wann och nett emmer no der 1.Keier.

D’Oeffentlechket kann natierlech mat Kampagnen hiren Dél dozou beidroen, fir mei Leit ze motiveieren, de Schrett ze maachen, all Baustén ass wichteg.

Iwwer dat passivt Femmen gett et haut relativ genee Statistiken.

Wann en am Enzelfall nett kann mat Secherhet soen, op e gewessen Patient nett och Longekriebs krit hätt, wann hien nett exposeiert geweischt wir, och der gett et a wärt et ginn, kann en sech op Statistiken steipen, die aussagekräfteg sinn, zum Beispill, dass:
• Kanner, an deen hiren elterenheiser gefemmt gett, sinn mei ufälleg fir asthma
• Fraen vu Männer, die femmen, mei oft selwer Longekribs kreien.

Et ass also ubruecht, alles ze man, wat dozou feiert, dass Nettraacher an enger dampfreier Athmosphäre koennen liewen a schaffen.

Aus deser Ursach geseit d’Gesetz dann eben Femmverbueder op verschiddenen PLazen vir, am Artikel 6, op den wärt meng Fraktiounskollegin Nancy Arendt zreckommen.

Am Gesetz sinn dann och Sanktiounen virgesinn, wann en sech nett un der Regelen hält, dat schengt ons als CSV-Fraktioun eminent wichteg, mais mir wellen betounen, dass esou Restriktiounen nömmen dann sennnvoll sin, wann sie och kontrolleiert, an sanktionneiert ginn. Mir wärten also die praktesch Emsetzung vun desen Artikelen mat der neideger Spannung an Opmierksamket verfollegen.

En aneren Punkt, wou mir kategoresch dofir agetrueden sinn, dat ass, dass den lieu privé aus desem Gesetz eraus bleiwt. Et ass richteg, dass mer domat ken Afloss hunn an denen Fäll, wou z.B. Kanner an hiren Elteren hirem Gakllem setzen, mais fir d’CSV ass Privat Privat, an esou Virschreften wiren letztendlech och nett ze kontrolleieren. Dei selwecht Positioun hunn mer dunn och vertrueden, wat Altershémer, wou d’Leit jo och wunnen, oder z.B. de Prisong, wou d’Leit jo eigentlech och wunnen, wann och nett ganz freiwelleg.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

Den 2. Dél vun onsem Projet den handelt, den handelt dann wei gesot vun den Aarbechtsplazen, et sinn des d’Artikelen 16 a 17.

Hei gett an engem mei weiden Konzept eng Obligation de Résultat fir d’Patronen agefouert, fir dei privat an dei öffentlech. Wei schon gesot, hunn dei 2 zoustänneg Ministeren sech mat vil Engagement drun gesat, fir dass d’Interferenzen teschent Femmverbuet an Aarbechtsplazregelung op eng koherent Art a Weis an dest Gesetz können englobeiert ginn.

Dat ass elo de Fall, et waert de Patronen iwwerlooss bleiwen, fir
• op der enger Seit ze verhenneren, dass Nettfemmer am selwechten Büro wei d’Femmer setzen
• an eventuell an sengem Betrieb ze kampagnen an en Aidi au Sevrage ze offreieren
well mer jo nett därfen vergiessen, dass onst Gesetz fir de Schutz vum Femmer a vum Nettfemmer antrett.

Här President, dir Damen an dir Hären,

haut de Muergen hate mer op onsem Pult en zousätzlechen Avis vun der Chambre du Commerce. Wann ech nodreiglech iwer verschidden praktesch Punkten nodenken, wei onst Gesetz soll emgesat ginn, dann dét et mer léd, dass ech, an ech schwetzen hei fir mech ganz eleng, mech nett mei dofir agesat hunn, dass verschidden Iwergangsregelen virgesinn wiren, respektiv verschidden Punkten nach mei genee sollten defineiert ginn.

Ech well uschwetzen op den délai fir Fumoiren opzeriichten: fir ons Restaurateuren gét et elo extrem schetzeg, an dass et durch de congé collectif am Summer wärt schweier ginn, dei Corps de métier ze fannen, dei des Aarbechten zur Zeit können durchfeieren. Ech mengen nett, dass en délai vun 3 Meint der Kaaz e Bockel gemat haett, wann ee weess, dass dei gesondhetspolitesch Auswirkungen wann manner Leit femmen, z.B. op d’Morbiditeits- an d’Mortaliteitsstatistiken un Kriibs, sech waerten an ongefeier 20 Joer zielen.

D’Fro, dei d’Chambre de Commerce stellt, op en dann am privé ass, wann en e Restaurant oder e Centre culturel lount, eng société close quasi, dei waert dann wuel op de Geriichter entsched ginn.

Eng aner Propositioun vun der Chambre de Commerce iwwer d’Englobeierung vun den Terrassen vun de Patisserien schengt mer par contre superflue, well dobaussen ass dobaussen, a mir hei wei schons gesot keng amerikanesch Verhältnisser waerten an daerfen kreien.

Mir waren also an onser Begeeschterung vleicht e bessen haseleg, mais ech mengen, global kennt en dest Gesetz als e Fortschrett gesinn, ech hunn och Vertrauen an ons Geriichtsbarket, fir Decisounen, dei dann nach wuel wärten op sie durkommen, an engem Geescht vun gesondem Menscheverstand, Toleranz an Responsabiliteit leisen.

Wat meng Confreren Dokteren ubelaangt, sou kann ech iech soen, dass sie mat Ongedold hei drop gewaard hunn, well, och wann sech epidemiologesch Besserungen ereischt waerten no enger laanger Zeit weisen, sou waert et fir den enzelnen Patient, den elo hei drop mat femmen ophellt, ganz kloer zu enger Verbesserung vun der Liewesqualiteit kennt. Ech kann iech och zum Schluss mat op de Wée ginn, dass et emmer nach, och wann en schons laang gefemmt huet, zu enger Verlängerung vun der Lieweserwaardiung kennt, et ass also nie ze speit fir opzehalen.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

d’Freihet vun dem engen hellt do op, wou en d’Freiheet vun engem aneren aschränkt, an dem Senn bieden ech iech, dest Gesetz ze stemmen a brengen den accord vun der CSV-Fraktioun.

Dr Martine Stein-Mergen