D’Réorganisatioun vum Statut vun der Chambre des Artisans

Den Rapporteur an CSV-Députéierten Lucien Clement präsentéiert d’Haaptpunkten vum Projet de loi 5534
Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

de Projet de Loi 5534 dee mir haut hei discutéieren, an denken ech och ofstemmen wäerten, huet als Objet den Arrêt Grand-Ducal vum 8. Oktober 1945 iwert Réorganisatioun vun der Chambre des Artisans op verschiddenen Punkten ze adaptéieren an och ze moderniséieren.

Den Artikel I définéiert wien als Ressortissant vun der Chambre des Métiers ze betrachten as.

Een éischte Punkt besteet doranner Notioun vum Ressortissant vun der Handwerkerkammer ze präziséieren, well déi aktuell Définitioun staamt nach aus enger Zäit wou eng Société Commerciale am Beräich vum Handwierk nach net usus woar. Haut ass et aawer esou, dass ronn 64% vun den Entreprisen déi an der Chambre des Métiers ageschriwwen sin, eng Société Commerciale sin, an net méi ewéi daat fréier de Fall woar, en nom personnel funktionnéieren, an daat mat Tendenz steigend.

Fir den bestehenden Text an Aklang mat den héitegen Begebenheeten ze setzen, präziséiert den virléienden Gesetzestext, dass net nemmen Personnes Physiques Ressortissant’en vun der Chambre des Métiers sin mä och Personnes Morales déi am Grand-Duché als Handwerker ugesiedelt sin.

Een zweete Punkt seet datt all Succursalen vum Handwerk als Ressortissant vun der Chambre des Métiers unzegesin sin. Letzeborg ass, wéi och an villen aaneren Secteuren, no an no zu engem attraktiven Unzéiungpunkt fir auslännesch Betriber gin. Och am Handwerk konnt een dis Evolutioun iwwert déi leschte Joaren feststellen. Entweder grönnen auslännesch Betrieber béi eis am Land Succursalen oder si offréieren bei iis Prestations de Services aus hirem Pays d’origine, un. Sou zum Beispill kann een däitschen Usträicher deen säin Firmesetz net hei zu Letzeborg huet, an deen och keng Succursale hei huet, mee deem sein Firmensetz an Däitschland as, an deen dann all Dag iwwert Grenz fiert, sein Servicer hei am Land ubéiden. Am Moment ass Situatioun esou, dass Handwerkerkammer all dis Betriber weder erfasst, nach repräsentéiert.

Fir deem entgéintzewierken kréit Chambre des Métiers elo Méiglechkeet all auslännesch Betriber ze erfassen déi entweder ennert dem régime vum droit d’établissement als Succursalen an eisem Land établéiert sin oder hir Servicer aus dem Ausland héi bei eis am Land ubéiden, daat heescht all déi äuslännesch Betrieber déi ennert de Régime vun den libre prestation de services faalen.

Ech wollt an disem Kontext awer nach e puer Präzisioune gin :

Waat elo déi auslännesch Betriber betrefft, op personne physique oder morale, an déi sech bei eis am Land ennert dem régime vum Droit d’établissement als Succursale ugesiedelt hun, gett am Projet de Loi ganz kloar festgehaalen, dass si sech béi der Chambre des Métiers mussen aschréiwen an dass si sech un déi national Gesetzgebung haale mussen.

All auslännesche Handwerksbetrib deen Ressortissant béi der Chambre des Métiers ass, gett am Géigenzuch gläichgestallt mat den letzebuerger Handwerksbetriber. Si kennen vun allen Servicer an vun allen Prestatiounen profitéieren déi Chambre des Métiers ubéid an hun och sebstverständlech daat selwecht aktivt a passivt Stemmrecht béi de Walen vun der Chambre des Métiers.

Waat elo déi auslännesch Betriber ugeet, déi bei eis am Land hir Servicer ubidden ouni sech awer hei établéiert ze hun, gett präziséiert, dass si net als Ressortissant vun der Chambre des Métiers considéréiert gin. Sin gi nemmen, wann een daat esou nennen däerf, als « inscrit » also als ageschriwwen considéréiert. Dis Aschréiwung bei der Chambre des Métiers erfollegt automatesch, an daat sur communication périodique vum Minister ayant l’artisanat dans ses attributions. Desweideren brengt disen Statut als sougenanntenen Ageschriwwenen, keng Aschréiwungs- an aaner administrativ Onkäschten fir den Betrib mat sech. Disen Statut ass och keng condition préalable fir dis Catégorie vun Entreprisen, fir hir Servicer hei zu Letzeborg ubéiden ze kënnen. Och gouf am Text pénibel drop opgepasst dass Regelen vun der Net-Discriminatioun an der Net-Oofschreckung respektéiert gin, sou wéi se aus den Jurisprudenzen vun der Europäescher Cours de Justice ervirgin.

Här Präsident,

De Fait, dass Chambre des Métiers elo d’Méiglechkeet kréit souwuel déi auslännesch Succursalen wéi och Prestataires de services ze erfassen, wärt et hir erlaaben, besser d’Evolutioun an Konkurrenz am Beräich vum Handwerk ze erkennen. Dis Neierung wäert der Chambre des Métiers méi Méiglechkeeten gin fir d’Evolutioun am Handwerk besser kennen ze begleeden, besser kënnen ze analyséieren, fir och, wann daat sech als néideg erweist, besser an méi effikass kënnen ze réagéieren.

Ech well an disem Kontext drun erenneren dass den Staatsrot an sengem Avis gemengt huet dass Chambre des Métiers och en mesure muss gesaat gin, dass si Collecte vun den verschiddenen Donnéen kann virhuelen. Duervir gouf am Artikel I een néien Paragraph 3 agefügt, an ech hun et virdrun schons ugeschwaat, e Paragraph deen Modalitéiten vun der Collecte vun den Donnéen klärt. Daat ganzt muss iwwregens am Aklang mat der nationaler Datenschutzgesetzgebung geschéien.

Desweideren gett an dem Artikel I och nach präzisiert dass déi sougenannten « aal Handwerker » op Ufro hin wéiderhin kennen Ressortissant bei der Chambre des Métiers gin oder bleiwen, ennert der Viraussetzung, dass si hiren Berouf conformément zum droit d’établissement ausgeübt hun. Déi aal Condition dass een op mannst 9 Joar huet missen säin Beruf ausgübt hun, fir kennen Member an der Handwerkerkammer ze sin, gett am néien Text faale gelooss.

Här Präsident,

Am Punkt II an III geet et em den droit de vote an em den droit d’éligibilité.

Am Gesetzestext gett ennert anerem präziséiert, dass all Ressortissant’en vun der Handwerkerkammer, also och d’Personnes Morales, d’Recht hun sech un de Walen vun der Chambre des Métiers ze bedeelegen. En plus gett den Prinzip bäigehaalen deen seet , dass een Ressortissant deen méi ewéi een Berouf ausübt, sech nemmen op enger Wal-lescht an och nemmen fir een Berufsstand kann androen. Hien muss dann och an däer Branche wielen, oder gewielt gin, an däer, wou hien sech ageschriwen huet, egal op en an Réalitéit oder an der Praxis een oder méi Beroufer ausübt. D’Inscriptioun op eng Wal-lescht gett dorech Critèren geregelt déi iwert ee Règlement Grand-Ducal festgeschriwen gin.

Ausserdem gett och nach beschriwwen ennert wéi enge Conditioune eng Personne morale wielen däerf, an ennert wéi engen Conditioune si éligibel ass. Et ass jo gewosst, dass eng Personne morale u sech net kann selwer agéieren kann, mä muss duerch eng Persoun an hiren Acten repräsentéiert gin. D’Commissioun huet hei der Propositioun vum Staatsrot Rechnung gedro, deen a sengem Avis vum 4 Juli 2006 iwwert Walrecht an den droit d’éligibilitéit dis Persoun esou définiéiert : All Personne Morale wéi och Succursale, déi Member bei der Chambre des Métiers as, an dementschpriechend och d’Walrecht besetzt, gett dorech déi Persoun repräsentéiert déi Titulaire vun der Autorisation d’Etablissement ass. Et ass och déi Persoun déi éligibel ass, an déi par définition dann och an d’Gremien vun der Chambre des Métiers gewielt ka gin. Ausserdem präziséiert de Gesetzesprojet och nach, wéi eng Personne morale oder physique kann wielen, wann den Titulaire vun der Autorisatioun net méi präsent am Betrib ass, oder am Fall vum Doud oder der Invaliditéit vum titulaire de l’autorisation oder vum Handwerker selwer. Et as an dise Fäll déi Persoun op déi déi provisoresch Genehmegung ausgestallt as.

Desweideren gett fest gehalen, datt ee Ressortissant 18 Joar accomplis muss hun, fir kënnen ze wielen, datt hien 21 Joar accomplis muss hun fir kënnen gewielt ze gin. Zu gouder lescht limitéiert den Text dann och d’Altersgrenz mat dise Wieder: la fonction de membre de la Chambre des Métiers prend fin au moment ou l’intéressé a atteint l’âge de soixante-douze ans.

D’Articlen IV a V définéieren waat fir eng Persounen exclus sin vum droit de vote an der Egibilitéit, an gin och all Ressortissant vun der Chambre des Métiers d’Recht bei der Regirung géint eng Wal ze kloen.

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären

Ech sin frou dass mer dise Projet de loi nach virun der Summerpaus zur Ofstemmung brengen konnten, well et ass een urgent an wichtegt Gesetz fir d’Cambre des Métiers, déi, wéi der jo secherlech alleguerte wesst 2007 hir Wahlen huet, ergo och hir Organer néi besetzen muss.Virbereedungen heizou wäerten mat Secherheet disen Herscht ulaafen.

Dorech dest Gesetz kréien och elo déi auslännesch Betriber déi a Form vun enger Succursale hei zu Letzeborg établéiert sin, eng Chance fir mat hirer Stemm op sech opmerksam ze maachen. Dorech zousätzlech Ressourcen iwert de Wee vun den Cotisatiounen, wàert d’Chambre des Métiers méi fit gin, a sech méi Méiglechkeeten krééieren, fir zukünfteg Aufgaben ze bewältegen.

Waat d’Arbechten vun der Kommissioun ugeet, bleiwt ze soen datt mir de Projet an den Avis vun der Chambre des Métiers an enger éischter Sitzung analiséiert hun, wou ech och als Rapporteur bestemmt gouf. An enger zweeter Sitzung gouf den Avis vum Staatsrod gekuckt souwéi de Rapport ugeholl.

De Staatsrod huet ausser verschiddenen textuellen Aennerungen, deenen sech d’Commission des Classes Moyennes ralliéiert huet, sech mam Projet averstaanen erkläert. De Staatsrod huet awer och an sengem Avis dervu geschwaat datt hien zousätzlech Verständnis-Froen un de Minister Fernand Boden geriicht huet. Am Kader vun der Aentwert vum Ministère déi sech a Form vun engem Bréifwiessel ofgeweckelt huet, schwetzt de Staatsrod dun a sengem Avis vun engem Amendement. En Amendement deen de Staatsrod acceptéiert, mee deen awer zu deem Zeitpunkt der Commissioun net virloug. Mir kruten dise Bréifwiessel teschend dem Ministère an dem Conseil d’Etat dun nogereecht, an e gehéiert elo och als document parlementaire zum Projet de Loi. Iwert dise Wee, Här President, konnt dise klenge prozedurale Incident élimineiert gin.

An desem Sënn well ech dann och schléissen, soen Merci vir d’Nolauschteren an gin och den Accord vun der CSV-Fraktioun zu disem Projet de loi.