Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert déi nei Promotiounscritèren am Lycée Technique an am Lycée Classique

Den Schoulexpert Frunnes Maroldt hëllt Stellung vir CSV-Fraktioun

Här President, Dir Dammen an dir Hären,

Déi nei Promotiounscritèren, esou wéi se den 14. Juli 2005 festgeluegt goufen, sollen dozou bäidroen ee méi kohärente Promotiouns – an Orientationssystem fir d’Schüler op d’Been ze setzen, eng Linn an de ganzen letzebuergeschen Schoulsystem, eng Reform nett nëmme fir den Technique mee och de classique, eran ze bréngen. Dëse System sollt et de Schüler erlaben a Fontkioun vun hiren tatsächleche Fähegkeeten Fortschrëtter ze maachen an onnéideg Mësserfolleg ze vermeiden. Mat hirer Stellungsnam huet d’Mme Brasseur kloer an däitlech gewisen dass munchereen dorun zweiwelt dass dëst Zil mat den aktuelle Promotiounscritèren tatsächlech kann erreecht ginn, a perséinlech kann ech och en Deel vun hire Suerge verstoen..

Well ech elo d’Zäit net hunn am Detail op d’Fro vun de Promotiounscritèren anzegoen, mer sollten och nett vergiessen dat d’Orientatioun och enk domat zesummen hänkt, wollt ech just puer Remarquen heizou maachen, déi mir besonnesch wichteg erschéngen.

Un sech hätt d’Madame Minister d’Chamberskomissiouns nett braïchten matt de neien Critères de Promotion ze befassen, mee well se daat gemaat huet fannen ech et Schued dass et fir d’Edukatiounskommissioun net méiglech war, d’Virschléi zu den neie Promotiounscritèren d’lescht Joer méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. Si stounge wuel um ordre du jour vun enger Sëtzung an de Kolleg Norbert Haupert ka sech bestëmmt erënneren dat mär zwee eng ganz Rei vu Verständnissfroen haten, sie koumen nett zur Diskussioun an et gouf eis gesot dass sie zu engem spéideren Zäitpunkt méi genau mat der Kommissioun géifen diskutéiert ginn.

Dëst war awer leider net de Fall, esou dass enger ganzer Parti Problemer, déi mir bei dëse Virschléi gesinn haten, bei der définitiver Versioun vun de Promotiounscritèren, die am September a Kraaft getrueden ass, net Rechnung gedroe ginn ass. Et ass leider festzestellen, dass et genau dës Problemer sinn, déi elo vum Corps Enseignant, vun der Communauté scolaire, kuerz gesot vun der Ëffentlechkeet opgegraff goufen. Eng efficace Ausernanersetzung iwwer Promotiounscritèren an der Kommissioun hätt, a mengen Aan, eng ganz Parti Problemer vu fir eran aus dem Wee geschaaft. Dëst hätt dann och net mat sech bruecht, dass mir eis Suergen heiriwwer iwwert de Wee vun “Questions parlementaires” hu missen zum Ausdrock bréngen, esou wéi dëst an eiser Fraktioun d’Françoise Hetto esou wei och vum Fred Sunnen gemaat hunn.

Ech hunn a verschiddene Schoulen nogefrot wou déi nei Critèren no den éischte Klassekonferenzen duerchgespillt gi sinn. Mär ass gesot ginn, datt keng däitlech Verännerunge wat d’Promotioun vun de Schüler un sech betrefft, ze erwaarde wären, mee wat d’Leeschtungen bei de Schüler mat den neie Promotiounscritèren ubelaangt, sou wär ze fäerten datt d’Motivatioun an de Fläiss wäerten zeréckgoen. Kritesch Remarquen zu de Promotiounscritèrë ginn et zuhaff, wou virun allem drop higewise gëtt , dass de neie Kompensatiounssystem an de Lycée, den Niveau vun de Klassen no ënnen dréckt. Esou gett argumentéiert dass déi Schüler mat méi Schwieregkeeten, hir Motivatioun verléiere fir sech ze verbesseren, ann dass déi Schüler mat manner Problemer, an dësem System keng Herausfuederung méi fir sech gesinn. Hannen um Enn kéint ee sech jo duerch de ganze Lycée “duerchkompenséieren”. Dëst géif dann och mat sech bréngen dass den Ofschlossdiplom u Qualitéit verléiere géif.

Woumat ech perséinlech immens Schwieregkeeten hunn, oder awer wat ech iwwerhaapt nett kann acceptéieren ass kompenséiere vun enger Note 01. Et mag ze verstoe si bei Fächer déi nett linear fonctionnéieren, wou all Joer eng nei Matière enseignéiert gett, mee bei Fächer wou op d’Matière vum Joer virdrun opgebaut gett ergett dëst kee Sënn. All déi Kollegen déi ähnlech Erfahrunge gemat hu wäerte mer baistemmen.

Erlaabt mer och Madame Minister an engem liicht anere Kontext, eng pertinent Fro un déi fréier Latäinprofessorin ze riichten:

Ass et theoretesch méiglech datt e Schüler matt deenen neie Promotiounscritèren, mat enger oder méi Datzen am Latäin déi een iwwert d’Joren kompenséiere kann, sech duerch fuddele kann, an duerno als Belounung een Ofschlossdiplom am “Enseignement classique” kritt?

Dëst ka jo net sinn an dofir sinn ech frou gehéiert ze hunn dass am Éducatiounsministère mat der Idee gespillt gett , géint déi eventuell Mëssbräich, wat d’Uwennung vun de Promotiounscritèren ubelaangt, gezielt virzegoen. Esou wär et zum Beispill net vu Muttwëll fir een “Seuil inférieur” festzeleeë fir iwwerhaapt kënnen ze kompenséieren oder zum Beispill déi theoretesch Méiglechkeet 3 Haaptfächer am Cycle inférieur kennen ze kompenséieren, auszeschléissen.

Als Konklusioun wollt ech just soen, datt eng Harmoniséierung vun eise Promotiounscritèren an d’Berücksichtegung vun individuelle Kompetenze vun de Schüler eng gutt Saach sinn, daat war jo och d’Idie au départ, wéi den Fernand Boden als Unterrichtsminister d’Kompensatiounsméiglechkeet agefouert huet. De Premiersdiplom bleiwt fir eis en Ziel daat mer am A sollte behaalen, an deen daerf saï Wert nett weider verleieren wa mer de Kontakt mam Ausland wëllen behaalen!

Ech soen Iech Merci.