Interpellatioun iwwert Zukunft vun der lëtzebuerger Landwirtschaft

De Präsident vun Agrar-Kommissioun Marcel Oberweis hëllt Stellung vir CSV-Fraktioun.

Här Präsident, Dir Dammen an Hären, Här Minister

Mir sinn haut mat der Interpellatioun konfrontéiert, déi sech Gedanken iwer d’Zukunft vun eiser Landwirtschaft mecht.

Fir sech e Bild ze machen, muss én awer och den europäeschen Kader vun der Landwirtschaft beméien.

Zenter dem 1. Januar 2005 ass déi nei europäesch Agrarreform, de PAC, a Kraft. Den Dréi- an Angelpunkt vun där Agrarreform stellen drei Begreffer duer: d’Modulatioun, d’Entkopplung an d’Cross Compliance.

D’Modulatioun stéet fir eng stufeweis Reduktioun vun den Direktzouwendungen. D’Entkopplung stéet fir d’Lasskoppelen vun de Primen vun der Produktioun. D’ Baueren ginn incitéiert, maartorientéiert ze produzéieren – an net méi déi Produkter hirzestellen, déi di meeschte Prime brengen. Well dat huet jo an der Vergangenheet d’Iwwerproduktioun mat sech bruecht. Eis Landwirtschaft huet bis 2003 esou geschafft, et ass démno e Broch mat der Vergangenhéet.

De neie System brengt der Landwirtschaft méi Méiglechkeeten an Chancen. Eis Baueren kennen elo fräi entscheeden, waat si produzéieren wëllen, d.h. waat am beschten zu hirem Betrieb passt. Si mussen déemno net méi all Trend nolaafen.

D’Cross Compliance ziilt op eng ökologesch Vernetzung vun den Emwelt mat der Landwirtschaft. D’Bestemmungen vun der Cross Compliance zéchnen dé Kader op, an déne sech de Bauer ennert anerem no de Prinzipen vun dem Emweltschutz, der Landschaftspfleg, dem Déiereschutz an der Liewensmettelsecherhéet bewege muss. Fir an de Genoss vun den Aiden ze kommen, mussen d’Baueren eng Rei vun Konditiounen, erfellen. An déi sinn an den 19 europäeschen Virschreften ageschriwen, déi an drei Gruppen zenter dem 1. Januar 2005 a Kraft sinn an déi bis de kommenden 1. Januar 2007 emgesat musse ginn.

Duerch dess Mesuren gett d’Arbecht vun de Baueren, déi sech fir d’Liewensqualitéit an Liewensmettelsecherhéet vun eis alleguer asetzen, erfirgehuewen. Well déi Arbechten jo am Senn e.a. vun der Erhalung vun eisem schéine Landschaftsbild sinn, muss d’Gesellschaft och bereét sinn, duerfir ze bezuelen. Eng gesond a propper Emwelt kenne mir nett zum Nulltarif kréien. Schon eleng aus ethesche Grenn géint iwer eise Kanner musse mir eis dat agestoen.

Wat elo de Sockelbetrag aus dem europäeschen Förderfong fir eis Baueren ubelangt, esou stéet Letzebuerg opgrond vun der Referenzpériod 2000 bis 2002, éen Gesamtbetrag vun 37 Mio € zugutt. Déi nei europäesch Agrarpolitik geseit – wéi schon ugedeit – fir, dass d’Aiden net méi op d’Produktion bezunn ginn.

Opgrond vun eiser Gesamtfläch vun 122.268 ha leit de Jeton bei ronn 300 € pro ha. Den zereckbehalenen Kompromissvirschlag fir d’EU-Finanzperspektiven vun 2007 bis 2013 am Bereich vun der Landwirtschaft geseit Gesamtdépensen vun 362 Milliarden € vir. Dovun sinn ronn 70 Milliarden € fir déi ländlech Entwecklung virgesinn.

Fir Letzebuerg sinn 74 Milliounen € am Kader vun dem PDR zereckbehalen ginn an dé Montant gett an der Haaptsach fir eng nohalteg Entwecklung vun eise Landschaften agesat, wou eis Baueren eng wichteg Roll zoufällt.

Eis Landwirtschaft ass eng ékonomesch Aktivitéit and dat muss si och bleiwen. Wat awer erfirgehuewen soll ginn, ass d’Tatsach, dass d’Letzebuerger Landwirtschaft sech der Qualitéitsproduktioun verschriwen huet. Mir wollten ni eng industriell Landwirtschaft. Duerch hir Aktivitéiten dréit d’Landwirtschaft zum Wuel vun eiser Gesellschaft bäi an och op eng exemplaresch Manéier zum Naturschutz.

Dierf ech drun erenneren, dass méi wéi 90 % vun de Betriiber bei der Landschaftspflegeprime matmachen, dat eleng beweist den ökologeschen Dévouement vun eiser Landwirtschaft. Dovun kann éen sech schnell iwerzéegen, wann é geseit wéi eis Baueren d’ Landschaften zenter Joerhonnerten no dem Nohaltegkéetsprinzip bestallt hunn. An duerfir verdingen si eise Merci fir dessen Engagement.

Dat beweist och d’ Tatsach, dass op 23 % vun de Flächen spezifesch emweltschounend Mesuren op freiwelleger Basis duerchgeféiert ginn. D’Croos Compliance ass fir eis Baueren kéen eidelt Wuert. Fir awer als Acteur économique an der hauteger Wirtschaft déi Roll nach weider ze iwerhuelen, muss d’Productioun vun de landwirtschaftlechen Produkter mat engem heichen Qualitätsniveau och nach rentabel sinn.

Déi vergangen Krisen an der Landwirtschaft hunn eis kloer bewisen, dass de Konsument sech der Wichtegkéet vun der Landwirtschaft an der Liewensmettelketten bewosst gett. D’Baueren kennen awer nemmen dann fir dess Qualitéit vun hire Produkter biergen, wann och si, wéi all déi aner schaffend Menschen é gerechten Preis fir hir Arbechten an hir Produkter kreien. Fir dess wichteg Aufgab ze réusséieren, musse mir eis Baueren am Marketing ennerstetzen, well oft stemmt Qualitéit mä net emmer Vermaartung. Si kennen dat net selwer organiséieren, well si sinn primaire – Bauer an net Manager.

Wien haut de Consument fir sech gewanne wellt, dé muss sech de Wensch vun him upassen. Vill vun eis wëssen aus hirer Jugend nach, dass d’Gromperen am Zenner an de Keller geschléwt si ginn, esou munch Dreps Schwées stung eis op der Stir. An haut – den Consument kéft seng Convenience-Gromperen – gewesch, geschielt a mondgerecht am Supermarché an nemmen an enger 2,5 kg-Tut.

E gudden Usatz an där Richtung ass d’Initiative vun e puer Baueren, déi resolut un hir Zukunft gléewen. Si setzen op Selbstvermartung op lokalem oder regionalem Plan, e gutt Konzept, waat och bei de Leit Uklang fennt. Wichteg wir et elo, dess Initiativen op déi national Bünn ze hiewen, duerfir mussen mir eng Struktur schaafen, déi an enker Coopératioun mat de “grandes surfaces” schafft, well soss rentéiert sech déi ganz Saach net.

Ech well och op de Berufsstand agoen. Am Joer 2005 hate mir 2185 landwirtschaftlech Betriiber, an dénen 3115 Menschen hirt Akommes verdingt hunn. Leider waren dat der awer 61 Menschen manner wéi dat Joer virdrun. D’Moyenne vun der Agrarfläch vun de Betriiber ass ronn 59 ha, 1114 Betriiber weisen eng Fläch vun 50 ha a méi aus, esou dass si Méiglechkéet hunn als ökonomeschen Akteur an der europäescher Landwirtschaft matzehalen. Mir wessen, dass d’Unzuel vun de Betriiber roofgeet an d’Hectargréisst ropp geet. Mat dénen Zuelen kann é beweisen, dass mer emmer méi op de Wee vun méi grousse Betriiber ginn. Aus wirtschaftleche Grenn musse mir dé Wée goen, well déi kleng Betriiber einfach net méi liewensfäheg sin.

D’Fro stellt sech duervir net wéivill Betriber Joer vir Joer ophaalen, mä et muss een sech Fro stellen – op déi Betrieber déi do sinn – performant genuch sin vir an der Zukunft kennen ze bestoen. Mei Fraktiounskolleg Lucien Clement huet am November 2004 op deser Tribün gesot, dass an der Landwirtschaft, graat wéi an aanere Secteuren vum Handwierk oder vum Commerce, massiv an d’Ausbildung an d’Weiderbildung investéiert muss ginn wa mir performant Betriiber wellen halen.

Den traditionnelle Beruf vum Bauer en tant que tel gett et jo net méi – de Bauer ass haut jo méi Entrepreneur, deen déi verschiddenste Saache wesse muss. Kucke mir eis den Acteur aus der Landwirtschaft un, da gesi mir e Mensch, dé méi wéi nemmen Kéi sträicht an Botten eranhellt. Wann éen de Rapport annuel 2005 vun dem Landwirtschaftsministär liest, datt stellt é fest, dat an der Alterskategorie teschend 20 an 50 Joeren ronn 108 Menschen aus dem Bauereberuf ausgeschéed sinn. Wat elo Zukunft vun der Landwirtschaft ugéet, esou ass d’Prime d’Installation fir de jonke Bauer vun elo 40.000 € op 55.000 € eropgesat ginn, eng gudd Sach. Interessanterweis ass an der Altersgrupp vun dë Menschen enner 20 Joer, déi an der Landwirtschaft schaffen, d’Zuel em 5 Unitéiten eropgangen.

Wat d’Biolandwirtschaft unbelangt esou stellt éen e permanenten Zouwoues fest. Hate mir am Joer 1988 nemmen 8 Betriiber mat enger Gesamtfläch vun 368 ha, esou hu mir haut schon 78 Betriiber mat 3251 ha. Dat sinn eréischt 2,7 % vun der Gesamtfläch, mä et kann dervun ausgoen, dass de Chiffre nemmen duerch eng méi grouss Demande vun Seiten vum Consument an d’Lucht ka goen. Wann de Consument ageseit, dass et wichteg ass, d’Liewensmettelen aus eisen Regiounen ze kafen – géintiwer déene Produkter, déi aus Gegenden kommen, wou nett déi selwecht Soien virherrschen, da bestéet fir eis Landwirtschaft eng grouss Chance. Grad déi Qualitéitslabelen, déi mir mettlerweil hei am Land hunn, hellefen d’Part de Marché vun eise landwirtschaftleche Betriiber ze erhéichen. Mir stelle fest, dass an der globaliséierter Welt op ville Platzen d’Biodiversitéit rasant ofhellt, mä hei zu Letzebuerg hu mir et duerch konzertéierten Aktiounen färdeg bruecht, dass eng staark Kooperatioun teschend der Landwirtschaft an dem Natur- & Emweltschutz bestéet.

Secherlech ginn et nach Plazen, wou eis dat nach net gelongen ass, awer iwer de Wée vun dem neien Plan du Développement Rural sinn déi éenzel Partner gewellt, Remedur ze schaafen. Ech denken hei am speziellen un d’Renaturéirungsgebidder engerseits un dem Uewerlaf vun der Uelzecht teschend Esch-Uelzecht an Hesper an anererseits un de Syrdall. Emmerhin weisen mir haut schon 180 ha Extensivwiesen op. Dat si Beispiller wou, den Landwirtschaftsministär, den Emweltministär an de Minstär vun dem Intérieur kooperativ geschafft hunn.

Fir dat ze eréchen, huet éen intensiven Dialog teschend de Partner – d’Baueren, d’Verwaltungen an d’Gemengen bestanen. Doniewend sinn och an dénen implizéierten Ministären Budgetmettelen freigeschaufelt ginn, fir dess nohalteg Politik duerch ze féieren. Op desser Platz sollte mir duerfir eise Baueren e Merci ausschwetzen, well si sinn et, déi eis duerch hir Arbecht dat iwer Joerzingten gewuessent Landschaftsbild geschafen hunn an och erhalten. Duerch hir Arbecht um Terrain garantéieren si eis déi gewenschten biologesch Vielfalt.

An de leschte Joeren a ganz besonnesch an de leschte Méint ass eis Energieversuergung duerch de galoppéirenden Erduelegpreis an de Mettelpunkt vun eisen Diskussiounen gereckelt. Dat huet och d’Europäesch Kommissioun alarméiert an si géet op de Wée, fir der Notzung vun der Biomasse, déi bekanntlech an der Landwirtschaft an an der Beschwirtschaft ufällt, ée méi héichen Stellwärt ze ginn. Letzebuerg huet sech och d’Ziil gesat den Undéel vun den erneierbaren Energien op 5,7 % bis 2010 erop zehiewen.

Och wa schon zenter e puer Joeren, vill gudd Usätz gemat si ginn, esou leit den Undéel vun der Biomasse am europäeschen Energieverbrauch nemmen bei 0,8 % – zu Letzebuerg hu mir dé selwechte Wärt. An der Rumm vun der Notzung vun der Biomasse kritt de landwirtschaftleche Betriib eng Prime vun 45 € pro ha Energieplanzen, fir doraus Biogas ze gewannen. Dé Biogas kann dann zu elektrescher Energie an thermescher Energie emgewandelt ginn. Eng aner Méiglechkéet bestéet dodran, dass de produzéierten Biogas an d’Versuergungsnetz vum Erdgas agespeist gett.

Grad an der Diskussioun em de Klimawandel an d’Kyoto-Problematik, ass dat de richtege Wée. Hei kennen massiv Tonnen un CO2 agespuert ginn. Vleicht kenne mir a moyen terme Biocarburants – hei denken ech am speziellen un de Raps – op de Marché setzen. Vergiesse mir net, dass dén Undéel vun de Biocarburants bis 2010 op 5,75 % bruecht muss ginn. Dierf ech drop hiweisen, dass 1600 l Biodiesel op 1 ha Rapsfeld gewonnen kenne ginn an dass dese Biodiesel an de Bussen agesat gett. An dém Zesummenhang setze mir stark op d’Universitéit.

Dess Nischeproduktioun um Baurenhaff kann der Landwirtschaft nei finanziell Mettelen zur Verfügung stellen. Mir hunn elo schon wirtschaftlech Biogasanlagen z.B. zu Réiden an zu Stésel, gebaut an déi eis hellefen, d’Kyoto-Bilanz ze verbesseren. Doduerch, dass d’Baueren d’Offäll aus den Ställ an d’Biogasanlagen brengen, kennen si no der Fermentatioun éen Dünger op d’Felder ausdroen, déi manner nitrathalteg ass. Eis Baueren sinn sech hirer wichteger Aufgabe a Responsabilitéit am Bereich vum Drenkwasserschutz bewosst, bedéelegen si sech dach op enger freiwelleger Basis an den Quellenschutzzonen.

Awer nett nemmen d’Biomasse vun de Felder wellen mir energetesch notzen. Och dat agesammelt Gras oder de Kichenoffall aus eisen Gemengen kennen op lokaler Basis an d’ Biogasanlagen bruecht ginn. Mir wellen d’Baueren och invitéieren, dé nowuesende Rohstoff, d’Holz aus eise Bescher, an dem Kréeslaf vun der Natur energetesch anzesetzen. Mat der Holzverbrennung an dem Opbau vun de Nowärmenetzer kennen vill Tonnen CO2 agespuert ginn. Mir kenne duerch dess Mesuren all gewannen. Duerch dess ökologesch Aktivitéiten, bei dénen sech eis Baueren als wichteg Akteuren um Terrain erweisen, kenne mir nei dauerhaft Arbechtsplatzen am ländleche Raum schafen.

Här Präsident

D’Liewensmettelen aus der Regioun sollen de Virrang hunn par Rapport zu déenen, déi mat vill Energieopwand aus friemen Gegenden bei eis bruecht ginn. Dat ass och Mesure am Senn vun dem Kyoto-Protokoll an der Reduktioun vun d’Dreiwhausgasen. Et wier jo net seriös, wann mir an eise Gegenden massiv d’Energieplanzen ennerstetze giffen, an da misste mir als Contrepartie d’Liewensmettelen iwer Honnerten an Tausenden km importéiert. Net nemmen dat mir dé Leit an den aneren Gegenden vun der Welt hirt Wasser ewechhuelen, néen – mir huelen hinnen och d’Biomass ewech. An dat ass aus ethesche Grenn nett ze veräntwerten. An dém Zesummenhang soll och ervirgehuewen ginn, dass sech engagéiert Leit an eisem Land Gedanken iwer d’Renaissance vun dem letzebuergeschen Geméisbau machen. Grad an dem Lycée Technique Agricole zu Ettelbreck sinn an de leschte Joeren gudd Usätz gemach ginn, fir déne jonke Baueren déi Wéer opzeweisen, wéi an den Zähren Geméis fir den regionale Marché ugebaut ka ginn.

Mir hunn eng monolithesch Landwirtschaft, déi op Mellech, dem Randvéi an de Kären ausgericht ass. Niewend dessen aktiven Posten an der Landwirtschaft musse mir eis no neien Nischenproduktiounen emgesinn. De Minister Fernad Boden huet an sengen Interventiounen scho gesot, dass sech eis Landwirtschaft méi diversifizéieren muss. Hien huet de Schwengssecteur, d.h. de Kuelbecherhaff an de Gefliggelsecteur ugeschwat. Leider musse mir all déi aner Grondliewensmettelen importéieren e.a. d’Eer, d’Gromperen, d’Geméis an d’Uebst.Well mir dat gemat hunn, ass eis vill know how verluer gangen. Duerfir ass et ze begréissen, datt déi Responsabel amgangen sinn, driwer nozedenken, fir z.B. d’Grompereproduktioun an de Gemeisbau mat beheizten Zähren ze réorganiséieren. Esou kenne mir nei Nischeproduktiounen fir eise regionale Mart opbauen. An dém Domaine wärte mir nei Arbechtsplazen schafen, fir déi Menschen, déi z.B. d’Schoul ouni Ofschloss verloos hunn.

Duerch eng geziilten Ausbildung um Terrain kenne mir hinnen de Wé an d’Arbechtswelt weisen an eng nei Perspektive opzéchnen. An dém Zesummenhang muss éen ennerstreichen, dass et eng ganz Rei vun Aiden e.a. am Landwirtschaftsministär gett, déi dess gudd Iddien ennerstetzen. Erlabt mir op deser Platz och de Responsablen vun dem Lycée Technique Agricole vun Ettelbreck e Luew auszeschwätzen. Duerch den Engagement vun dem Léierpersonal kréien déi jonk Leit, déi sech nach fir d’Landwirtschaft am Gesamten interesséieren eng wertvoll Ausbildung. Doriwer eraus gett hinnen och matgedéelt, dat dess Ausbildung nemmen déi éischt Etapp vun dem langen Berufswé ass.

Nach e Wuert zum Centre de Compétences an dem Méeschterbréiw. Jidferéen vun eis wées, dass den Diplom, dén e kritt huet, nemmen den Billet d’entrée fir d’Berufsliewen wor. Wann e Bäcker oder e Metzeler é Betribb opmachen wellt, da gett vun him eng Meeschterkaart verlangt. De Bauer, déen eng Panoplie vu Kenntnisser muss hunn, brauch duerfir och ë “Brevet de Maîtrise”. Duerch dessen Diplom sollen d’Baueren nei Kompetenzen kréien. Notamment sollen domat der jonker Generatioun vu Baueren besser Zukunftsperspektiven erméiglecht ginn.

Mat Secherhéet dréit dessen Diplom och zum “image de marque” vun eiser Landwirtschaft bei. A wirfat kann éen dann nett mat dessem Diplom nach eventuell weider Studien durchféieren. Och an der Landwirtschaft gett et Menschen, déi sech fir é neien Challenge begéeschtere kennen. Démno sollen mir als Politiker, déi jo un d’Wessensgesellschaft an liewenslang Weiderbildung gléwen, d’Rumm opspaanen an där sech d’Baueren an der Zukunft bewege kennen, an hinnen net duerch onéideg Bestemmungen an Reglementer Steng an de Wee leen. Duerch eng adequat Weiderbildung schaffe mir et, eis Gesellschaft fit fir Neierungen ze halen. Vu jidfer Mensch gett verlangt, dass hien seng gro Zellen liewenslang aktiv hale soll an dat besonnesch duerch déi Ziiler déi mir eis an der Rumm vun der Lissabon-Strategie ginn hunn. Duerch dén ze schafenden Centre de Compétences soll et dem Bauer erlabt ginn, seng Weiderbildung enner optimalen Bedingungen duerch ze féieren. Mir hoffen duerfir, dass dese Centre geschwenn Wierklechkéet gett, Vleicht kann de Landwirtschaftsminister eis nei Elementer an dém Dossier ginn.

Ech kommen zum Schluss vu mengen Ausféierungen.

Déi aktuell Landwirtschaftspolitik ass éendeiteg duerch d’Ausschafen vun dem neien Agrargesetz an och dem PDR gekennzéechent. Et ass eis awer kloer, dass dat Gesetz sech an der Rumm vun der europäescher Landwirtschaftspolitik bewegen muss. Fir de ländleche Raum mat senge schéine Landschaften ze erhalten, soll weider op d’Instrumenter wéi de Leader-Programm gesat ginn. Wat Zesummenarbecht teschend der Landwirtschaft an dem Emweltschutz ubelangt, esou wärt déi nei interministeriell Kommissioun, déi vun Fonktionären aus dem Intérieur, der Landwirtschaft an der Emwelt secherlech fir all déi uleiend Problemer adequat an nohalteg Léisungen proposéieren, duerch déi eis Bauern awer nach emmer hirem Beruf nogoen kennen. Mir wellen de Baueren d’Weichen esou stellen, dass si op eng nohalteg Manéier eis d’Liewensmettelen beréetstelle kennen, fir déi de Konsument awer och de berechtegten Preis bezuele soll. Mir setzen op den Engagement vun eise Bauren an op déi zukünfteg Entwecklung vun eiser Landwirtschaft.

Mir brauchen eis Baueren a déi Leit, déi mat hinnen op eng net emmer einfach Art schaffe mussen, och fir eis Natur an hirer Biodiversitéit ze erhalten. De Bauer ass wuel am Endeffekt nach emmer säin eegene Chef an hellt déi Decisioune a sengem Betrieb, déi hien vir wichteg hällt. Hie kann wuel iwer Villes bestemmmen, awer net alles, do muss d’Politik asprangen an dé Kader fir eng Landwirtschaft – enner de beschtméigleschsten Konditiounen – opspanen.

Daat néi Agrargesetz muss a soll den Herausfuederungen vun der zukünfteger Letzebuerger Landwirtschaft duerfir Rechnung droen. Mir brauchen all d’Akteuren vum Terrain, hei muss jidfer éenzelnen seng Responsabilitéit huelen. Et gett hei och em é Steck Letzebuerg.

D’CSV-Fraktioun ass sech der Wichtegkéet vun eiser Landwirtschaft voll bewosst an ennerstetzt si och op hirem oft schwierege Wé.

Ech soen iech merci fir Är Opmierksamkéet