Chamber gett gréng Luucht zum OPA Gesetz

Den Zentrum-Députéierten Lucien Thiel hëllt Stellung vir CSV-Fraktioun

Här President, Dir Dammen an Dir Hären

Et war kéng einfach Aufgab, déi d’Rejierong der Budjets- a Finanzkommissioun matt desem Gesetzprojet opgin haat. Entspriechend schwéier huet sech d’Kommissioun dann och matt dém Projet gedon. En décke Luew dofir fir all d’Membre vun der Kommissioun, déi sech et alles aaneschter wéi liicht gemaach an hirt Bescht gin hun, fir dén delikate Sujet méijlechst gudd ënner Daach ze kréien. E ganz besonnesche Luew awer huet sech de Präsident vun der Kommissioun verdéngt. Well hien sech en plus och nach als Rapporteur fir de Projet hirgin haat, muss én him douebel unerkennen, datt en trotz den dax kontroversen Diskussiounen an och déne méi oder manner gudden an drängenden Rotschléi vu baussen weder den Iwer- nach den Durchbléck verluer huet.

Firwaat ass dëse Projet dann esou komplizéiert ?

Do gin et e puer Grënn derfir. Engerseits soll hei éng Direktive emgesaat gin, iwert déi esou laang zu Bréissel gestridde gin ass bis datt nët méi vill vun der Originalversioun iwreg war. Entspriechend dënn a vague ass dann och um Enn den Text ausgefall dén als Direktive hannen erauskoum. Op dér aanerer Seit fällt dér hir Emsetzung an d’nationalt Recht nët ganz zoufällig zeitlich zesummen matt éngem Evenement daat an direktem Zesummenhank matt dér Direktive stét an daat am Ament nach ewell fir gehéirej Oprou bei eis an och dobausse suerjt. Ech méngen d’Attack vum Lakshmi Mittal op eis Arcelor.

Eijentlech war d’Idi déi, d’Direktive iwert d’OPAen esou emzesetzen wéi d’Rejierong sech et vun elo u virgeholl huet – nämlech 1 :1, oder wéi et am Tripartitespabeier héscht : « Transposer la directive, toute la directive et rien que la directive ». Un a fir sech ass daat ké schlechte Prinzip, wèll e brëcht e bëssche matt énger Traditioun, déi matt der Zeit agerass ass an déi dora bestét, datt mir heihém, fir ët ganz gudd ze maachen, nach ëmmer eppes op d’Originaldirektiven droptesselen an esouzesoen d’Ham an der Mëllech kachen. Daat gëtt da ganz gär dés Gudden e bësschen zefill – zemol se schon zu Bréissel matt der grousser Schëppe schaffen – a féiert dann zu dér Iwerréglementéierong, iwert déi sou dax geklot gët, wèll se eis Betrieber iwerméisseg belaascht an domatt hir Kompétitivitéit beschneit.

An dësem Fall sollt also nom neie Prinzip verfuehr an d’Direktive esouzesoen plaackeg ëmgesaat gin. Allerdéngs mecht esou éng 1:1-Emsetzung nëmmen da Sënn, wann d’Direktive selwer an der Rei ass. Waat awer grad an dësem Fall nët onbedéngt zoutrefft.

Wèll sech d’Membersstaaten einfach nët op klar Réjelen fir OPAen énéje konnten, ass éng verwässert Geschicht draus gin, déi allerdéngs jidferén arrangéiert huet, besonnesch déi grouss Membren, déi drop aus waren, fir hir Staats- oder hallef Staatsbetrieber géint OPAs-Iwergrëff ze protéjéieren. Eng seriös OPA-Gesetzgebung kënnt z.B. esou Tricken nët dulden, wéi déi matt de « golden shares », matt dénen énzel Staaten hir Betrieber géint friem Iwergrëff protéjéieren wëllen. A wèll mir dér Protektiounsspezialisten nach e puer an Europa hun, ass d’Direktive ében esou ausgefall wéi se ausgefall ass.

Géiwe mir elo – wéi et och am Ufank vun der Rejierong geduecht war – d’OPAsdirektive ouni zousätzlech Prézisiounen ëmsetzen, dann hätt daat ënnert aanerem als Konsequenz, datt de Gros vun der Arbecht an der Verantwortung sech bei OPAen bei der CSSF konzentréiere géif. déi matt der Kontrollers- an der Arbiterroll bei OPAen chargéiert ass.

Et leit op der Hand, datt dem Riichter, oder an dësem Fall der Opsiicht hir Aufgab desto méi grouss an hir Responsabiltéit desto méi schwéier gët, je manner präzis d’Gesetzer an d’Réjele sin, un dénen sie sech orientéire mussen. Daat hätt also bedeit, datt mir matt éngem reduzéierte Gesetz de Gros vun der Aarbecht a vun der Verantwortung der CSSF zougeschoustert hätten, déi da kucke misst, wéi se dermatt éns gët.

Wann én dann awer op dér aanerer Seit sech déi formell Oppositiounen ukuckt, déi de Staatsroot an sein éischten Avis gepaakt hat an déi all ouni Ausnahm déi – laut Staatsrot – schons vill ze weitréchend Kompetenz vun der CSSF viséiert hun, da geseit én, a wéi éng kwockeleg Situatioun mir eis hei eramanövréiert hätten, wa mir d’Direktive 1:1 ëmgesaat, daat héscht der CSSF de Gros vun der Aarbecht opgelueden hätten.

Eléng schon dofir koum d’Budjets- a Finanzkommissioun nët derlanscht, a verschiddene Ponkte méi präzis am Text ze gin. Well nëmme wann én e méi oder wéinijer klare Kader fir d’Opsiicht zitt, reduzéiert én dér hire Spillraum fir Interpretatiounen a schrauwt domatt hir Muecht, déi jo eise Verfassungsgardiene esouvill Kappzerbrieches gemach huet, e bësschen zréck.

Nu sollt sech awer erausstellen, datt grad déi Prézisiounsaarbecht, un déi sech d’Budjets- a Finanzkommissioun gin huet, alles aaneschter wéi einfach war. Nët datt sie domatt iwerfuerdert gewiest wär – ganz a guer nët. Waat hire Memberen villméi Kappzebrieches gemach huet, waren déi extern Emstènn, ënnert dénen sie hir Hausaufgab hu misse maachen. Déi Emstënn konnt é kaum als neutral bezéchne, well just zu dér Zeit, wou sëch an der Kommissioun d’Käpp iwert d’OPAsréjelen zerbrach gi sin, ass direkt virun hirer Dir esou éng OPA iwert d’Bühn gangen – an zwar éng, déi jidfer Letzeburger ënnert d’Haut huet misse goen.

Et ass ké réngen Zoufall datt d’Emsetzung vun der OPAsdirektive zeitlech zesummefällt matt der OPA vum Stohlhär Lakshmi Mittal op d’Arcelor. Wuel gouf den Délai fir déi Emsetzung vu Bréissel op den 20. Mé 2006 festgesaat, mé wa mir dén nët respektéiere géiwen, wär nach nët vill geschitt. Et wier nët déi éischt Direktive, matt dér mir Verspéidong hätten. Méi grave wier et schons, wann d’OPA op d’Arcelor sech mangels ugemiessener Legislatioun an éngem rechtsfreie Raum ofspille géif. Da géiwen nämlech all déi Mossnahmen nët spillen, déi derfir suerjen, datt d’Operatioun ënnert geurdneten Conditioune ofgewéckelt gëtt an d’Interessien vun dénen énzelnen Bedélegten – op Aktionäre, Management oder Belegschaft – berücksichtigjt gin.

Et war also schon déi richtej Reaktioun, wéi d’Rejierong direkt nom Här Mittal sénger OPAs-Ukënnejong décidéiert huet, ouni nach laang ze waarden, d’OPAsdirektive ëmzesètzen fir datt se nach an dëser OPA spillen sollt. An dono geseit et jo elo och aus.

Elo hätt d’Budjets- a Finanzkommissioun sech et einfach maache können andém sie d’Rejierungsversioun vum OPAsprojet telle quelle iwerholl hätt. Datt sie nët dén einfache Wé geholl huet, mé dé beschwéierlechen a virun allem méi riskanten, haat, wéi gesoot, dermatt ze din, datt é wollt souwoul de Bedénken vum Staatsroot iwert Befugnisser vun der CSSF Rechnong droen wéi och gleichzeitig der CSSF d’Missioun méi liicht maachen durch é méi prézise Rechtskader.

De Problém derbei war nuren, datt é, jé nodém a wéi éng Richtung é goe wollt, automatesch an de Feierwiessel tëscht dem Mittal an der Arcelor geroden ass.

D’Versuchung war natiirlech grouss, d’Réjelen esou ze dréien, datt déjeinije vun dénen zwé, dén éngem – scho rèng emotional – méi no stét, dobei befirdélejt gi wier.

Daat hätt sech dann an dér énger oder aanerer protektionistischer Mossnahm ausgedréckt, déi én souguer als Letzebuerjer Standuertvirdél hätt verkaafe können – nom Motto : kommt matt Aerer Entreprise op Letzebuerg, do sid Dir sëcher virun OPA-Attacken. Mé wann én sech déi Saach e bësschen iwerlét, gët én sech der Geféierlechkét vun esou protektionistische Manöveren bewosst. Déi hätten nämlech och hir Reversseit – besonnesch fir éng international Finanzplaatz, déi seit jehir vun hirer Ouverture no baussen an hirem liberalen Emfeld liewt. An déi ët sech dofir ganz einfach nët léschte kënnt, och nëmmen an de Verdacht ze kommen, op émol protektionistesch wëllen ze gin.

Virun dé schwéire Choix gestallt, d’Letzeburger Entreprisen – d.h. déi puer, déi op der Bourse sin – no Méiglechkét géint sougenannte Raider an dénen hir feindlech OPAen ze protéjéiren oder weiderhin virun der ganzer Welt als Champion vum Liberalismus do ze stoen, huet d’Kommissioun no dém berühmte gëllene Mëttelwé gesicht.

Esou koum ët, datt an der Bäckeschdozen vun Amendementen, déi d’Kommissioun abruecht huet, esouwuel dés éngen wéi dés aanere war. Niewt Mesuren, déi fir éng méi staark Berücksichtigung vun de Salariés-Interessen bei énger OPA suerjen, gouf et och déi, déi beispillsweis déi attackéiert Entreprise, am Fall wou d’OPA derniewt gét, während éngem Jahr virun énger neier Attack protéjéiere sollt fir datt se sech a Rouh erblose kënnt. Op dér aanerer Seit kann én dodurech, datt én neischt sét, och eppes bewirken. Zum Beispill, dodurch datt én déi sougenannt Gëftpëllen nët verbitt, matt dénen sech den Attackéierte wiere kann, beispillsweise duerch d’Opkaafen vun den éjenen Aktien oder dodurch datt én sech durch Zoukéf oder Allianzen méi deier fir de Raider mecht. Oder datt én dem Management éng gewëssen Aktiounsfreihét fir Ofwiermoossnahme léisst ouni hien ze zwëngen, all Kéier d’Erlabnis vun énger Assemblée générale froen ze missen.

Op dér aanerer Seit awer koum ët fir d’Kommissioun nët a Fro, dénen nozelauschteren, déi direkt op d’Ganzt wollte goen an déi gäre gehaat hätten, ët sollt én an d’Gesetz Barrieren abauen, déi héich genuch wieren, fir just déi OPA, déi grad am Laafen ass, onméiglech ze maachen. Daat hätt an aanere Wieder gehésch : de Gesetzgeber sollt dem Här Mittal de Fouss stellen, beispillsweis andém en d’Laat fir dén Dél vum Kafpreis, dén a borer Mënz an nët a Mittal-Aktien bezuelt soll gin, esou héich geluecht hätt, datt den Här Mittal onméiglech driwer komm wär. Nëmmen eléng de Gedanken dodrunn haat direkt déi ganz international Finanzpress op de Plang geruff, déi – souwiesou nët ëmmer ganz objektiv vis-à-vis vun eiser Finanzplaatz – daat Gaanzt ongeheierlech fonnt huet.

D’Budjets- a Finanzkommissioun ass matt hire Virschléi op oppen Oure beim Staatsroot gestouss, dén déi meescht vun hinne gudd gehésch huet. Just bei dénen, déi op d’Protektioun vun de minoritären Aktionären an op d’Schonfrist fir OPA-Affer gemenzt waren, huet hien nët mattgespillt.

Nët datt déi héich Kierperschaft prinzipiell Schwierijkéten matt énger besonnescher Protektioun fir d’Kléngaktionäre gehaat hätt. Waat sie gestéiert huet, war villméi datt d’Kommissioun hir Virschléi esou gedréit haat, datt se sech eventuell och op Transaktiounen bezunn hätten, déi scho méi weit zréckleien an déi am Ament eis Geriichter beschäftigen. Mam Argument, datt ët sech dobei – mir schwètze vun der Acquisition vun RTL durch Bertelsmann – nët em éng OPA gehandelt hätt an déi domatt verbonne Froen dofir nët iwert dëst Gesetz ze léise wieren. Daat soll dann elo bei der Reform vum Sociétéitsgesetz vun 1915 geschéien.

Ech ka mech nët erënneren, datt sech déi international Press esou staark fir eist Land interesséiert hätt wéi daat an de letzte Wochen de Fall war. Dem Laksmih Mittal séng Attack op d’Arcelor suerjt seit Enn Januar fir Schlagzeilen an déne grousse Wirtschafts- a Finanzzeitungen, déi dësen OPAskrimi ganz gené verfollejen an all eis Aktiounen a Reaktiounen bis an de letzten Detail observéieren.

Déi éischt Reaktioune op d’Attack, déi – daat muss én zouginn – éischter aus dem Bauch, oder méi nobel: aus dem Hèrz koumen, sin nët iwerall op Verstéstemech gestouss. Eréischt wann én d’Journalisten matt bis an d’Geschicht vun eisem Land geholl an hinne virun A gefouert huet, waat de Stohl a waat d’Arbed fir Land a Leit bedeit hun, hun se déi méi emotional Reaktioun verstaanen. Mé déi méscht hun sech nët fir eis Séilenzoustänn interesséiert a hu weider un hirer éischter Impressioun gekliewt. An daat war déi vun éngem Land, daat sech beim éischten Géijewand vun der Globaliséierong an de Protektionismus flücht a vergësst, datt ët sei beneidenswerte Liewensstandard seit Jahrzéngtem grad dem Emstand verdankt, datt et d’Kart vun der offener Economie spillt.

Entretemps ass d’Betruechtungsweis vun der internationaler Press e bëssche méi nüancéiert gin, mé ët spiert én awer bei déne méschten, datt dén éischten Androck dén se kruten, nach ëmmer nowiirkt. Den ugeduechte Versuch, iwert d’OPAsgesetz Protektiounsbarrieren ronderem eis Betrieber opzeriichten, hun eisem Ruff dobaussen nohalteg geschuet. Wann én awer wéss, datt dax schon en iwerflächlichen Androck duergét fir an de Chefetagen vun de multinationale Konzerner d’Investitiounsentschédongen an déi éng oder déi aaner Richtong ze beaflossen, da kann én sech ausmolen, waat fir éng weitdroend Konsequenzen et kann hun, wann é kéng gudd Press dobaussen huet.

Och den Här Mittal an d’Direktioun vun der Arcelor wësse wéi wichteg d’Public Relations sin a setzen an hirem Clinch voll op daat waat én Imagepflej nënnt. Sie hun sech allen zwé déi bèscht Beroder zougeluecht, déi et an dém Bereich gët, wèll sie wëssen datt dén heite Match zu éngem gudden Dél iwert d’Medien ausgedroe gëtt an datt dén déi gréisste Chancen huet, dén dé bèschten an iwerzégendsten Androck mëcht.

Mir kënnen als Staat nëmmen vun hinne léieren. Well mir dongen eis nach ëmmer e bëssche schwéier als Land daat ze maache, waat an all Betrieb gang und gäbe ass – nämlech derfir ze suerjen, datt den éjenen Image stëmmt an datt en och iwerall richteg eriwerkënnt. Daat geléngt éngem awer nëmmen matt énger gudd strukturéierter an héichprofessioneller Promotiounsarbecht wéi se eis haut ënnert aanerem vun direkte Konkurrenten wéi Liechtenstein a Singapur virgemach gët. Ech méngen, mir missten eis esou en Instrument zouléen, daat et eis erlaabe géif am entschédenden Moment séier do anzegreifen, wou eise Ruff riskéiert Schued ze huelen.

Well mir sollten nët vergiessen, datt eise Ruff ass e wiesentlecht Stéck vun eiser Attraktivitéit als Wirtschaftsstanduert ass. An déi Attraktivitéit brauche mir elo méi wéi jé.