Wéi eng Prioritéiten am Schinnentransport?

Den Marc Spautz hëllt Stellung zum Tram-Projet an der Stad Lëtzebuerg
Här Präsident,

Dir Dammen an die Hären,

D’CSV steet fir den Öffentlechen Transport. Esou as et och evident an noutwendeg, dass mir eis fir d’Entwëcklung vun der Lëtzebuerger Eisebunn, als een vun deenen Haaptakteuren vum Öffentlechen Transport, mat Bléck an Zukunft asetzen an tatkräfteg ennerstëtzen.

Am Regierungsprogramm huet d’CSV/LSAP- Regierung sech kloër fir eng verbessert Mobilitéit ausgeschwaat.

Souwuel de Persounen- wéi och de Gidderverkéier wärten an deenen kommenden Joëren eng nach méi wichteg Roll spillen an eng vun eisen Haaptprioritéiten am Öffentlechen Transport duerstellen.

Vill ze laang huet den Schinnenverkéier politesch eng Niewenroll gespillt. D’Fakten vun haut beléen, dat an deenen lëschten Joëren falsch Prioritéiten gesat goufen an deems héich Investissementer an de Stroosseverkéier gefloss sin, woubei d’Entwëcklung vum Schinnentransport vill ze kurz koum.

Haut wëssen mer dat daat de falsche Wee war:
– Emweltproblemer / Kioto
– Stauen op eise Stroossen
– Akzidenter, asw.

Mir als CSV entdecken Transportmëttel vun der Eisebunn zwar net nei, mee mir werten d’Eisebunn op an deems mer en Entwëcklungskonzept vun engem regional an national verbesserten Schinnennetz propagéieren.

Fir der Schinn allerdengs eng reel Chance ze gin, muss d’Viraussetzung vun fairen Wettbewerbsbedéngungen geschaafe gin, waat en Ausbau vun eiser Schinneninfrastruktur un déi neisten technologesch Ufuederungen beinhalt.

Dëst war een vun de Grënn firwaat d’CSV sech fir d’Grënnung vun dem neien CFL-Cargo vehement agesat an domat den FRET-Bereich op déi richteg Piste bruecht huet.

Och am Persounenverkéier as et wichteg elo déi richteg Decisiounen fir d’Zukunft ze huelen.

Den IVL huet kloër ënnermauert, dat d’Schinn Rëckgrad vum Öffentlechen Transport duerstellt.

Drei verschidden Pilier’en sin am Entwëcklungs-konzept ze betruechten:
– den Internationalen,
den Nationalen,
de Regionalen respektiv Lokalen.

Beim Internationalen, deen eis zwar zu dësem Moment manner beschäftegt, as et gudd, dass déi belge Regierung elo endlech eng Entscheedung betreffend den Eurocup-Rail geholl huet. Allerdengs bedaueren mir, dass sie sech fir déi kleng Variante entscheed huet.

Déi belge Sait propagéiert en Timing 2007-2014. Konkret bedeit daat fir d’Lëtzebuerger Eisenbunnsnetz dat mir 2011 mat den Aarbechten mussen ufänken fir dës speitstens 2014 ofzeschléissen. Niewt den Aarbechten um neien Reseau erënneren ech am gleichen Otemzug un den Bau vun der neier Gare zu Zéisseng.

D’Ubannung vum Reseau Waasserbëlleg un d’Stadt klappt relativ gudd. Wichteg wier et allerdengs do, dat vun deitscher Sait aus onbedéngt déi néideg Moderniséierungen schnellstens an d’Wee geleet gin. Obschons daat net an eisen Hänn leit wärten mer och do versichen am Sënn vun der Groussregioun déi notwendeg Résonance bei eisen deitschen Noperen ze fannen.

Waat de Grenzgängerverkéier ubelaangt, esou konnten d’Ubannungen un Frankreich Metz, asw. an der lëschter Zait wesentlech verbessert gin, obschon dës eng Reih vun negativen Répercussiounen op d’Anhalen vun den Horairen am nationalen Persounentransport matbruecht hun. Besonnesch konzernéiert sin hei déi Escher an déi Diddelenger Streck, zerëckzeféieren op d’Prioritéit déi déi franséisch Zich aberaumt kruten.

Dagtäglech kommen iwert 100.000 Frontaliers an eist Land schaffen. Déi schwiereg Situatioun vum öffentlechen Grenzverkéier schwätzt allerdengs net fir den Öffentlechen Transport. Hei wier et un der Zait eng ganz Reih vun Effort’en ze maachen an deems den Service “Schinn” fir déi vill potentiel Client’en an all sengen Facetten deitlech verbessert an un Attraktivitéit gewënnt. Mir mussen de Leit Argumenter gin fir op den Service vum Öffentlechen Transport zerëckzegreifen.

Am nationalen Bereich setzt d’CSV sech fir d’Realisatioun vun gréisser Opfangparkingen, an daat op deenen verschiddenen CFL-Knuedpunkten, an, déi den Leit en Zerëckgreifen op d’Schinn vereinfachen. Eng weider Méiglechkeet gesin mir am Ausbau vun lokalen Garen, déi d’Entwëcklung vun deenen ländlechen Regiounen zousätzlech valoriséieren.

Fir en efficacen öffentlechen Transport suggéréiert d’CSV d’Schaafen vun lokalen Sammelpunkten, respektiv wéi am IVL virgesin grouss Opfang-Parkingen laanscht den Eisenbunnsreseau.
Hei mussen den RGTR-Transport mat der CFL an Privatbussen aneneengreifen fir en optimalen Service um Client ze garantéieren. Erlaabt mer daat konkast Beispiel vum aktuellen Trajet Réimech-Lëtzebuerg Gare ervirzebréngen. Den normalen Mënschenverstand seet engem dat et nët normal as mam Bus vu Remich laanscht Hamm op Gare Lëtzebuerg ze fueren fir dann mat engem AVL-Bus erem zeréck op Hamm gefouert ze gin. Dëst Beispill dréit mat Sëcherheet net zur Attraktivitéit vum Öffentlechen Transport bei.

E weidert Argument fir den Öffentlechen Transport sin déi ugekënnegt Kioto-, Benzin- an Dieseltaxen, souwéi déi vum Minister Lucien Lux um Autofestival annoncéiert Aféierung vun der Autobestéierung.

Et as dofir wichteg, dass an en zukunftsorientéiert CFL-Konzept investéiert get, am Sënn vun engem schnellen, pünktlechen, komfortabelen a modernen Persounentransport iwert d’Schinn.

Vun deenen zentral geléenen Axen wéi Waasserbëlleg, Nordstadt, Sténgefort, Péiteng, Diddeleng an Esch muss den Transfert an Stadt respektiv op sämtlech Aussenaxen vum Land efficace gewährleescht sin. Erlaabt mer nach kurz op Problemer Elwen, bedéngt durch d’Eegleisegkeet ab dem Bierdener Tunnel, anzegoen an eng langfristeg Léisung unzereegen.

Loost eis keng Zait méi verléieren an deems mer folgend Projet’en konstruktiv ennerstëtzen:
d’Realiséierung vum Réseau Lëtzebuerg-Kiirchbierg vun der Nordstreck hir awer och vun der Gare Lëtzebuerg aus mat Ubannung un de Findel;
den Ausbau vun der Streck Lëtzebuerg-Péiteng;
– den Ausbau vum Fentenger Dreieck;
de Bau vun engem neien Viaduc Polvermillen;
d’Realiséierung vun enger neier Streck Esch-Lëtzeburg am Rumm vun der Rekonversioun vun den Industriebrachen Esch/Belval, wobei ech op den Avant-Projet verweisen, deen bei irgendengem Minister am Tirang leit.

Déi lescht Wochen steet den Tram duerch Stadt an der Aktualitéit. No der Virstellung vum Projet vum Arbechtsgrupp “Mam Tram duerch Stadt” as et wichteg och do op déi eenzel Punkten anzegoen.

Waat fir en Tram wëlle mir? En Tram nom Wienermodell, mat der Gefohr, dat den Tram am Stau steet? Oder wëllen mir e Modell vun engem Tram an enger eegen ofgetrennten Spuer, deen awer e gewëssenen Plaatznodeel beinhalt? Vill Froën wou jidfer Modell sain Pro an Contra huet.

Ech wëll mech héi elo net iwert den genauen Tracet vum Tram duerch Stadt festléen, mee et gët mat Sëcherheet eng Reih Froen déi sech an dësem Zesummenhang opdrängen.

Waat geschitt mam Pont-Adolphe, wann do elo 2 vun 4 Pisten fir den Tram ofgesperrt gin, drängt sech do net Fro vun enger neier Bréck op?? Wéi steet et em d’Stabilitéit vun der Grand-Duchesse Charlotte Bréck “Roud Bréck”? Wéi séier gin déi nei Gaaren Houwald, Kirchbierg an Zéisseng gebaut?? Zéissenger Gare huet jo och eng wichteg Roll am Zesummenhang mam Eurocup-Rail. Wann d’Planung vun den Aktivitéitszonen Houwald an Zéisseng akut gët, missten dann net och déi geplangten Gaaren prioritär behandelt gin? Fir en nationalen Modal-Split 25-75 an e Modal-Split 50-50 an der Stadt Lëtzebuerg ze realiséieren missten all déi virgenannten Punkten konkretiséiert gin.

Mir mussen déi richteg Prioritéiten setzen ouni den finanziellen Aspekt vum Land aus den Aa ze verléieren.

Den finanziellen Impakt gesäit wéi folgt aus:

Eurocup-Rail 215 Milliounen
Tram Leger 1 Phase 122 Milliounen
Train Classique Gare-Kierchbierg 459 Milliounen
Nei Streck Letzebuerg-Esch 401 Milliounen
Gare Esch 81 Milliounen
Peiteng-Letzebuerg 200 Milliounen
Garen + Park&Ride 59 Milliounen
Gare Belval + Antennen 42 Milliounen

Do fehlen dann och nach beim Tram d’Ubannung Howald an Ceisseng, Verstärkung vum Pont Adolphe respektiv der neier Breck, Fourmaterial fir den Tram, Streck Letzebuerg/Bettebuerg an d’Instandsetzung vun dene Garen dei de Stadt laut CFL/Cargo iwerholl heut.

Also wei iwert 2 Milliarden Investissemnter, an dat si vill Souen.

Fir d’CSV as et wichteg, dass déi Haaptaccès’en Nordstadt-Lëtzebuerg-Esch eng grouss Prioritéit kréien, an dat zesummen mat der Realisatioun vun de Gaaren Kirchbierg-Houwald-Zéisseng en attraktiven Oeffentlechen Transport Realitéit gët.

Des Weideren as et fir d’CSV wichteg, dass de Staat zesummen mat der Stadt Lëtzebuerg, schnellst méiglech eng détailléiert Analyse betreffend de Bau, Tracetféierung an de Finanzement vun engem Tram duerch Stadt virleet.

A gleichzaiteg mussen d’Eisebunnsstrecken Esch-Lëtzebuerg a Lëtzebuerg-Betebuerg, déi jo als Avant-Projet op den Dësch sollen kommen, souwéi d’Projet’en fir Garen Howald-Zéisseng an Kirchbierg-FIL an Ugrëff geholl gin.

Den Oeffentlechen Transport funktionéiert awer och net ouni Personal, funktionéiert net ouni eis Eisebunner. Bei allen techneschen Moderniséierungen muss de Mënsch a seng Aarbechtsplaatz am Virdergrond stoën.

Dës setzt allerdings viraus, dass d’CFL och an Zukunft weiderhin genuch motivéiert a qualifizéiert Personal huet.

En weideren Aspekt as den Accueil an den Encadrement vum Client. Den Faktor Sëcherheet vum Client an och vum Personal muss eng absolut Prioritéit kréien. Leider as et net selten dat Leit an eisen öffentlechen Gefierer ëmmer erem agresséiert an bedroht gin. Vu dat den Effektiv vun eiser Police dëser Entwëcklung net kann Rechnung droën wëllen mir deem entgéintwiirken a méi Personal op deenen öffentlechen Linien asetzen, dës zum Schutz vun den Client’en an dem Personal.

Här Präsident,

Dir Damen an dir Hären,

Dëst waren nëmmen eng Reih vun de Problemer déi eisen nationalen Eisebunnsreseau betreffen. Ech froën d’Regierung fir den Dossier vun der Schinn frësch ze thematiséieren, ze diskutéieren an déi bestoend Problemer enger Léisung zouzeféieren.

De Minister Lux an Regierung mussen hier Prioriteiten am Interesse vum Oeffentlechen Transport a vum Land setzen.

Mir sin dovun iwerzecht, dass sie dat waerte machen.