D’CSG oder d’CSV an der Gemeng

Kuerzrapport iwwer d’Aktivitéite vun der CSG, zesummegestallt vum Paul Weimerskirch, Nationalsekretär
Trotz de Gemengewalen wor et roueg em d’CSG, well weder op nationalem Niveau nach an de Bezierker sinn d’Gremien zesumme komm, an hunn Décisioune geholl. De Walkampf huet sech direkt an de Sektiounen ofgespillt.
Am Joer 2004 stungen déi nationale Walen um Ordre du Jour
an 2005 sinn d’Präparatioune fir d’Gemengewaalen ungaang, woubäi hei d’Aktivitéite vun der CSG gaanz an d’Generalsekretariat verluecht gi sinn, fir et esou auszedrécken!

Kuerz e puer Rendez-Vous an Aktivitéiten erausgestraach.

25.11.2004
Buergermeeschter- an Schäffentreffen
zu Hueschtert a Präsenz vum Innenminister Jean-Marie Halsdorf. Hei stungen d’Schwéierpunkten aus dem Regierungsprogramm op der Lee. Dës Weideren sinn Aspekter vun de kommunale Finanzen diskutéiert ginn.

7.12.2004
A Präsenz vum Innenminister ass dat Neit Gemengegesetz beliicht ginn, dëst mat engem besonnesche Bléck op d’Majorzgemengen natiirlech.

17.1.2005 / 19.2.2005
Weider Réunioun woren zu Berbourg an zu Saeul dësem Sënn

An de Méint Oktober, November – Dezember 2004 woren jo och d’Bezierkskongresser, wou vu Säite vum Generalsekretariat éischt Elementer vun der Walcampagne fir d’Gemengewale präsentéiert gi sinn, e.a. de Plang, den Oflaf, d’Strategie an de Kalenner.
Eng Walcampagne, déi jo geprägt ,oder besser gesot beaflosst, wor vun der Présidence, dem Referendum fir d’EU-Constitutioun an “der Summervakanz”.

29.1.2005
Zu Mamer hunn sech ronn 50 Memberen fonnt fir an enger Klausurtagung de Gemengerahmenprogramm ze définéieren. An siewen Aarbechtskreesser !ennert der Leedung vum Woflgang Schrödl a Paul Weimerskirch gouw eng gudd Basis fir de Grondsatzprogramm firvun de Gemengewalen erschafft. D’Schwéierpunkten: Emwelt a Liewesqualitéit, Auto….a Gemengenservicer, Finanzen an Infrastrukturen, Sport a Kultur, Sécherheet an Hëllef am Noutfall, Partnerschaft a gemengiwwergräifend Schaffen

Januar/Februar 2005
Mir offréieren Kommunikatioun a Rhetorikurse. Ronn 200 Memberen partizipéieren.
Leedung Wolfgang Schrödl
Am Februar 2005 sinn mir bei d’Sektioune gaang fir déi verschidde Elemente vun der Strategie ze verdéiwen. An dëse regional Versammlungen sin vum Paul Weimerskirch a Wolfgang Schrödl Detailinformatioune zu Wahlkampfstrategie an zu aneren techneschen administrativ Punkte virgestallt ginn.

März 2005
Wëssenswäertes iwwer d’Gemeng – wat ass d’Gemeng, wat huet de Gemengen- a Schäfferot ze kläeren, wat sinn d’Aufgaben am Beräich Schoul, wat ass eng öffentlech Ausschreiwung, asw. …
IVL, Landesplanung a Gemengeinternes
Dat neit Gesetz iwwer der “Aménagement communal et le développement urbain »

Siewen Owescours (am Generalsekretariat) an zwee Ganzdeegseminaren zu Schëffleng a Jonglënster hunn ronn 250 Kandidate besiicht. Hei woren de Parteipräsident F. Biltgen, den Innenminister J.M. Halsdorf an d’Bezierkspräsidentin M.J. Frank ewéi och de Marc Spautz Eiergäescht fir mat de Kandidate dëst oder deen Aspekt ze beschwätzen!

All Participants huet een Dossier kritt mat de wichtegsten Gesetzestexter a Reglementer!

Weider Aktioune
d’Hëllef bei der Bréiwwal
d’Ausschaffe vum Rahmenprogramm
d’Opstelle vun de Kandidatelëschte
d’Präsentatioun vun der Corporate fir d’Gemengewale
d’Iwwerschaffe an d’mise-à-jour vun den Internetsäiten
d’Emfro vun Sesopi iwwer de Profil an d’Virstellungen vun de Kandidaten
d’Ausschaffe vun engem Vade-mecum (d’Walgesetz an aner Modalitéite, Statutaresches, Kontaktadresse, … sinn hei beschriwwe ginn)
de Sonderprofil
Op Gronn vun der grousser Nofro ass e weidere Block Seminaren organiséiert ginn, dest am Mount Mee (Kommunikatioun) a Juni (Institutioun Gemeng) Weider 100 Kandidaten hunn dës Course suivéiert.

Ech denke am Sënn vun der Subsidiaritéit ass vun Säiten vun der CSG a besonnesch dem Sekretariat, eng Rei Hëllefen geleescht gi sinn, déi sech weisen loossen, wuelwëssend awer, datt munches nach besser ka gemeet ginn.

Pressekonferenz 6. Mee 2005
Hei ass de Leitprogramm fir d’Walen (an ABC-form geschriwwen) präsentéiert ginn!
All Aspekter an Elementer vun der Gemengepolitik sinn touchéiert ginn, verbonnen mat neie Iddeeën och, esou e.a. der Reform vun de kommunalen Auslännerkommissiounen, d’Abanne vun der Bierger an Eentscheedungsprozesser, de Wonsch d’Entwécklungshëllef och an der Gemengen als feste Bestanddeel ze integréieren, d’Fuerderung no engem rationellen a kontrolléierten Emgaang vun den öffentleche Suën, den Engagement vun de Gemengen fir Erwuessenebildung, e rationellen Emgaang mat de Bauteflächen, …
An de Méint Mee bis an de September eran hunn d’Sektiounen d’Programmer dunn op hier Situatiounën adaptéiert, d’Kandidatelëschte sinn opgestallt, an no der Vakanz ass de Walkampf op vollen Touren gelaaf.

Stellungnahmen vun der CSG
Zur Problematik an der Kompetenzverdeelung tëschent Staat a Gemengen, zu de Finanzen, zum IVL an der Landesplanung am allgemengen, zu der europäescher Waaserrahmenriichtlinn, zu de Gemengesetzer, zum Schoulwiesen, … dëst besonnesch am Kader vu de Virbeeredungsaarbechten vum Walprogramm

Gespréicher …
… sinn gefouert ginn mat Asti a Clae e.a. iwwer d’Liewessituatioune vun den auslännesche Matbierger, mat dem Mouvement écologique iwwer emweltpolitesch Dossierë
D’CSG wor vertrueden …
… um Festival des Migrants, bei verschidde Foren an Referater vun Experten

Kandidaten
Mir hunn an alle Proporzgemengen Lëschten präsentéiert
Insgesamt hunn 710 Membre kandidéiert, dowunner 24 auslännesch Matbierger 9 Portugiesen, zwee Hollänner, 5 Däischter, een Englänner, dräi Italiener, 2 Belgsch, e Griech an e Matbierger aus Eisterräich
Mir stellen haut 43 Buergermeeschter, 61 Schäffen an zousätzlech 212 Gemengeréit; dat sinn insgesamt 316 gewielte Mandater an de Majorz- a Proporzgemengen
Mir hunn an de Proporzgemengen 151 Mandater (= 31,8%), dowunner 70 am Süden, 39 am Zentrum, 23 am Norden a 19 am Osten.
Mir verzeechnen demno Gewënner besonnesch am Norden an am Osten, gläiches gëllt am Zentrum, wärend am Süden eng Stagnatioun ze verzeechnen ass.

15. September 2005:
Start vun der Campage a vum intensive Walkampf zu Nidderanwen
Opstellen vu Plakater, Verdeele vu Programmer a Gadgets
Walversammlungen an de Sektioune

9.Oktober 2005: de Waldaag
Rendez-Vous am Generalsekretariat fir d’Resultater entgéint ze huelen
Wat d’Resultater ugeet esozu verweisen ech op déi eenzel Tabellen.
An de Nordgemengen Dikkrich, Ettelbréck. Wolz sinn eis Positioune gestärkt ginn. Zu Wëntger an zu Rammerech kommen mir op iwwer 30% a stellen de Buergermeeschter.
Am Osten gewënnt d’CSV zu Iechternoach, Jonglënster a Mondorf u Stëmmen. Verlooschter ginn et zu Gréiwemaacher, wärend zu Mertert-Wasserbëlleg gutt 34% errecht ginn.
Am Süden ginn et Pluspunkten zu Käerjheng, Diddeleng, Kielen, Koplescht, Mamer, Rëmeleng, Réiser a Stengefort. Liicht Verlooschter oder Stagnatioun gëtt et zu Beetebuerg, Esch, Monnerech a Péiteng. Zu de Verléierer zielen d’CSV Sektiounen vun Déifferdeng, Käl-Téiteng, Suessem a Schëffleng. An der neier Proporzgemeng Dippach ginn 40% nët duer fir de Buergermeeschter ze halen.
Am Bezierk Zentrum ass de Bléck op d’Stad geriicht, wou d’CSV, trotz engem engagéierten Walkampf mat enger jonker Equip ronderem de Spëtzekandidat, hannert den Erwaardunge bleiwt. Als Gewënner ginn d’Sektiounen Bartreng, Miersch, Nidderanwen, Schëtter a Stesel eraus. Verlooschter sinn zu Hesper, Stroossen an Walfer zur Kenntnis ze huelen. Op Anhieb ginn zu Contern 32,4 % op de Konto vun der CSV.
An zwee Drëttel vu de Gemengen gewënnt CSV. An engem Drëttel sinn zum Deel grouss Verlooschter do.

E grousse Merci allen engagéierten Kandidaten.
Merci alle Leit, déi am Walkampf gehollef hunn.