Interventioun vun der Zentrums-Deputéiert Martine Stein-Mergen zur Reform vun der Pflegeversécherung

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wéi d’Rapportrice et scho betount huet, ass dëst Gesetz eent vun deenen, déi mer wierklech ganz grëndlech an der Gesondheetskommissioun analyséiert hunn. Enfin, ass et – säitdeem ech op d’mannst an där Gesondheetskommissioun sinn – dat, mat deem mer ons wierklech am meeschten Aarbecht gemaach hunn. Duerfir ass dee schrëftleche Rapport zimlech laang ausgefall an huet 45 Säiten. Ech wëll der Madame Mutsch och am Numm vun der d’CSV-Fraktioun villmools Merci soe fir dës wierklech Fläissaarbecht. Ech huelen och un, dass jiddfereen de Rapport gelies huet. Awer besonnesch och wëll ech hir Merci soe fir hir excellent mëndlech Synthees vun där komplizéierter Matière.

Ech wëll och betounen, dass d’Kommissioun sech et net liicht gemaach huet. Op Initiativ vun der CSV zum Beispill hate mer gefrot, fir nach eng Kéier mat de Leit vum Terrain ze schwätzen, haaptsächlech och well elo zum Deel aner Memberen an där Kommissioun sinn, a fir och ze kucken, ob säit där Zäit, déi awer entre-temps scho vergaange war, eventuell nei Aspekter dobäikomm sinn.

Ech wollt och eemol drun erënneren, Dir Dammen an Dir Hären, dass dës Fleegeversécherung scho ganz laang eng Fuerderung vu menger Partei war an dass, wann d’Gesetz schlussendlech – bedéngt duerch seng Sécurité-sociale-s-Natur – vun der Madame Mady Delvaux deponéiert gouf, där deemoleger Sécurité-sociale-s-Ministesch, dass et awer och e Mérite vun onser Familljeministesch Marie-Josée Jacobs ass, dass et iwwerhaapt dozou kommen ass.

D’Gesetz iwwert d’Fleegeversécherung ass vun 1998. Et huet eng grouss Neierung duergestallt. Schonn am Joer drop – d’Rapportrice huet et scho gesot – ass an der Regierungserklärung vun 1999 beschloss ginn, en éischte Bilan ze zéien. Dee Bilan ass 2001 virgeluecht ginn; en ass diskutéiert ginn, an aus dëse Konklusiounen eraus huet den deemolege Sécurité-sociale-s-Minister Carlo Wagner dëst Gesetz deponéiert, wat mer elo haut ofstëmmen.

Also ouni d’Philosophie vum 1998er Gesetz a Fro ze stellen, sollen eng Rei vun techneschen Detailer verbessert ginn, besonnesch och am Sënn vun enger nach besserer Qualitéit vun de Prestatiounen, wéi d’Rapportrice et scho gesot huet. Un déi grouss Errungeschafte gëtt also net gëréiert.

1998 ass fir d’éischt an onsem Land de Risiko vun der Ofhängegkeet op een Niveau gesat gi mat anere Risiken aus dem Domän vun der Sécurité sociale, der Krankheet, dem Aarbechtsaccident oder der Invaliditéit.

D’Ofhängegkeet vu friemer Hëllef, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, an dat fir déi elementar Akte vum deegleche Liewen, déi engem Validë ganz natierlech schéngen, déi en och säi Liewe laang, ouni sech Froen ze stellen, ausféiert, fir dann op eemol an eng Situatioun ze geroden, wou hie sech net méi wäsche kann, sech net ernähre kann oder/an, wou hien net méi dohinner ka goen, wou hie wëll, ass vläicht schlëmmer wéi d’Krankheet eleng, déi dann och nach parallell dozou besteet.

Hei ass ganz kloer eng Fro vu mënschlecher Intimitéit, vu Fräiheet a vu mënschlecher Dignitéit. D’Gefill, senger Famill eng Laascht ze sinn, oder d’Gefill, doduerch datt een op friem Hëllef muss zréckgräifen, finanziell op aner vläicht och elementar Bedürfnisser mussen ze verzichten, dat ass schrecklech. An aus menger berufflecher Erfahrung weess ech, dass esou Situatioune vill zu Depressioune féieren, an och heiansdo déi eng oder déi aner Kéier mat engem Selbstmord kënnen ausgoen.

Et war an et ass jiddferee sech eens, dass d’Introduktioun vun der Assurance dépendance eng Lacune vun onsem Sozialstat gefëllt hat. D’Organisatioun par conter, war och mat Ausbléck op ons Nopeschlänner eng däreg Affär. Détailer iwwert den Evaluatiounssystem, dee relativ komplizéiert ass, well d’Evaluatioun soll esou individuell an esou gerecht wéi méiglech sinn, iwwert d’Errechnen an d’Verrechne vun de Prestatioune wëll ech och elo hei net bréngen.

Am Ufank war et einfach déi grouss Mass vun den Unträg, déi déi zoustänneg Leit iwwerfuerdert hunn, an déi och erkläert huet, dass nach am Bilan vun 2001 e groussen Délai d’attente bestanen huet. Dat war iwwregens och déi heefegst Ursaach, firwat dass d’Leit sech bei hiren Doktere beschwéiert hunn.

Nun, entre-temps sinn d’Equipen opgestackt ginn an et ass eng Vitesse de croisière erreecht. Dëst Joer huet d’UCM pro Mount tëscht 400 a 500 Dossieren un Demandë krut, an et ginn och pro Mount eng 500 Dossieren traitéiert. Et stinn der zwar nach eng 2.500 op, mä et ass ons verséchert ginn, dass déi méi urgent Dossiere mat Prioritéit géife behandelt ginn. Et ass de Réseauen och méiglech, Leeschtungen am Virfeld vun der Décisioun ze erbréngen, a se da réckwierkend ze verrechnen. An der Realitéit kann een also soen, dass do, wou Nout um Mann ass, e schnellt Agräife méiglech ass, an an Zukunft wäert sinn.

Ier ech elo zu deene puer méi punktuelle Bemierkunge kommen, déi menger Fraktioun um Häerz leien, wëll ech nach ernimmen, an dat ass net onwesentlech, an d’Madame Mutsch huet et och scho gesot, dass et an deene leschte Joeren zu enger Käschtenexplosioun komm ass, an dass d’Fleegeversécherung fir d’éischt dat lescht Joer Defizit gemaach huet. Dat Gesetz, dat mer haut stëmmen, probéiert och an dësem Problem dëser Entwécklung entgéintzesteieren. D’CSV ass awer der Meenung, dass een, soubal dës Moossname gräifen, an de Minister huet dat och schonn an der Kommissioun gesot, ganz schnell erëm muss een neie Bilan zéien.

Gegebenenfalls, a wann d’Entwécklung sollt esou weidergoen, wäerte mir wahrscheinlech op dëser Plaz ganz séier erëm iwwert dëst Gesetz diskutéieren, a vläicht op eng méi fundamental Aart a Weis. D’Ursaache vun der Käschtenexplosioun missten da vläicht méi déifgräifend analyséiert ginn, well d’Participatioun vum Stat jo a 45% vun der Fleegeversécherung festgeluecht ass, a wann den 1% Contribution dépendance, dee mer alleguerte bezuelen, net méi duergeet fir d’Ausgaben ze decken, wäerte mer mussen iwwer eng Erhéijung vun de Beiträg nodenken.

Wéi mer déi lescht Woch héieren hunn, wäert et jo kaum méiglech sinn, dass de Staat seng Participatioun héijt, aus deene budgetäre Grënn, déi mer kennen. An dee Moment musse mer dann och d’Leeschtungen iwwerdenken an den Utile an den Nécessaire – fir eng Lieblingsformulatioun aus der Sécurité sociale aus dem Krankekeeseberäich ze benotzen – vläicht nei définéieren. Well all d’Acteure mussen op eng responsabel Aart a Weis mat dësem Instrument ëmgoen, an zur Zäit kënne Moossnamen huelen, wann et noutwendeg ass. Well onofhängeg vun deene ville Leit, déi op dës Leeschtungen ugewise sinn, schaffen an dësem Domän ëmmerhin 3.210 Leit an den Établissementer, an 1.708 Aarbechtsplaze gëtt et am Domän vun de Prestatairen doheem.

Ech wëll awer elo zu deene puer Punkte kommen, déi onsem CSV-Grupp méi um Häerz leien. Mir hunn ons d’Fro gestallt, wéi dat da mat der Nuetsbetreiung géif goen, wann am alen Artikel 293 de Sazdeel «de jour et de nuit» géif gestrach ginn. An der Kommissioun ass ons vun de Fachleit dëse Punkt ausenaner geluecht ginn.

Et ass esou, dass éischtens emol d’Réseauen an hirer jetzeger personneller Zesummesetzung dës Leeschtung net kënnte bréngen. Da missten nei Leit agestallt ginn, an da kënnt een erëm mat de Bilanen net hannen a vir aus.

Zweetens, d’Zuel vun de Fäll, déi esou eng Nuetsbetreiung bräichten, ganz kleng ass, wann dee Besoin iwwerhaapt besteet. Déi Persounen, déi an esou engem schlëmmen Zoustand sinn, si meeschtens net am Maintien à domicile, a wa se dann do sinn, da sinn déi Besoinen oft Urgencen, an hei hu mer jo dann och nach d’Spideeler, d’Ambulanzen, an net ze vergiessen, de Service nocturne vun den Dokteren.

Fir awer en eventuelle Besoin auszeloten ass och am neie Gesetz virgesinn e Projet am Kader vun der Action expérimentale ëmzesiedelen, deen e ganz interessanten Aspekt vun dësem neie Gesetz ass. Zum Beispill sollt an dësem Kader och nogeduecht ginn iwwer Centre-de-jouren a Saachen, déi eben nach net integréiert ware bis elo. D’CSV-Fraktioun huet sech dëse ganz op d’Praxis ausgeluechten Argumenter dann och net verschloss.

En anere Punkt, dee vun ons an an der Kommissioun laang diskutéiert gouf, deen och scho vun der Rapportrice ugeschwat gouf, dat ass dee vum Afréiere vum Tarif, fir déi informell Hëllef vun der Familljen am Kader vun de Prestations en espèces. Dëst Afréieren um Niveau vun haut, huet ganz sécher Nodeeler, déi och an enger Rei Avise vun de Beruffskummere ganz kloer zur Sprooch kommen.

Mir haten do awer e flotten Tableau presentéiert krut, dee gewisen huet, dass, wa mer op der Basis vum heitegen Tarif d’Entwécklung weiderlafe loossen, da kéime mer am Joer 2020 op e Stonneloun vun 38 Euro. A wa mer d’Situatioun vun haut kucken, a mir rechnen déi 25 Euro Stonneloun op e Mountsloun héich, da komme mer ëmmerhin op e Brutto vu 4.325 Euro, wat jo awer fir net qualifizéiert Personal ganz beträchteg ass, besonnesch wou een et quasi muss als Netto bezeechnen, well d’Pensiounsbeiträg jo och nach vun der Fleegeversécherung iwwerholl ginn.

An der Philosophie ass d’Prestation en espèces eng Unerkennung fir déi Familljen, déi hir fleegebedürfteg Ugehöreg doheem versuergen, well dem Maintien à domicile jo kloer eng Prioritéit gesat ass. Et soll awer net ausuferen, an den Appât du gain sollt eraus aus de Considératiounen. An der Praxis gesäit een dat oft. Fir net op d’Geld ze verzichten, komme Leit, déi eigentlech net méi kënnen doheem versuergt ginn, well hire Fall ze vill schwéier ass, oder wann d’Familljen einfach net déi Kompetenzen entwéckelt huet, déi eigentlech verlaangt wieren, fir net an e Fleegeheim ze kommen. An da gi se ebe mat der Ambulanz vun enger Klinik an déi aner geschleeft.

Och ausgoend vum Fait, dass mer et hei mat enger plafonnéierter Stonnenzuel ze dinn hunn, op 24,5 Stonnen, am Extremfall kann déi awer bis op 38 Stonne gehéijt ginn, ass d’Kommissioun zum Schluss komm, dass dës Evolutioun op kee Fall sënnvoll ass. Et bestinn zwou Méiglechkeeten, fir de Problem ze léisen: Entweder dat gewieltend Afréiere vun der Prestatioun bei 25 Euro, oder awer eng Diminutioun vun der Basis fir d’Indexéierung, wat dann awer konkret fir déi Leit, déi elo haut déi Prestatioune kréien, zu enger Diminutioun vun hire Geldzomme geféiert hat.

Denke mer also un all déi Leit, déi mat all hire Qualifikatioune manner Stonneloun fir hir Aarbecht kréien, an un de Fait, dass mer sécher kengem Aidant informel seng heiteg Situatioun wëlle verschlechteren, hu mer ons dëser «Récupératioun douce», wéi de Minister se genannt huet, kënne ralliéieren.

E leschte Punkt, deen ech wëll kuerz uféieren, dat ass dësen: Wat geschitt, wann zwar Prestatioune fir e Réseau programméiert sinn, si awer aus där enger oder anerer Ursaach net kënne prestéiert ginn?

Ech ginn Iech e Beispill: Et ass eng Fra, déi normalerweis ganz wäit ewech wunnt, a si kënnt zwou Wochen am Joer an d’Vakanz bei hir Mamm, déi se da selwer fleegt, wäscht a fiddert, an da kënnt d’Infirmière, déi awer programméiert ass fir déi Aarbecht ze maachen, a si muss dann eben erëm heem goen, well d’Aarbecht scho gemaach ass.

An dëse Fäll, wann d’Réseauë sech dat opschreiwen, musse si nodréiglech déi Suen erëm zréckginn un d’Fleegeversécherung. Hei kommen déi Réseauen awer heiansdo mat, well et handelt sech nämlech ëm méi Zommen, wéi ee kéint mengen, a schlecht Dicher. Et ass och schwiereg fir si, fir hir Programméierung an och fir hiert Personal anzestellen, mat esou Remboursementer. D’CSV-Fraktioun ass duerfir der Meenung, dass hei am Dialog tëscht der UCM an de Réseauen eng geländegängeg a praktesch Léisung sollt gesicht ginn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, no dësen alles an allem optimistesche Bemierkungen a mat der Reserve vun engem neien, schnelle Bilan, soubal wéi et da sënnvoll ass, wäert ech Iech net iwwerraschen, wann ech Iech soen, dass d’CSV dëst Gesetz wäert stëmmen. Ech bréngen also och den Accord vu menger Fraktioun, a soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.