Budget 2006 – Den CSV-Ostdéputéierten Lucien Clement zur Investitiounspolitik

Den Ostdéputéierten zeechent eng Partie Pisten op fir zum engen d’Investitiounen op engem héijen Niveau ze halen, an zum aneren fir bei der Emsetzung vun groussen Bauprojeten ze spueren

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

De Budgetsminister Luc Frieden haat am Dezember 2004 an senger Ried zum Budget 2005 gesoot, datt de Vote vum Budget net zu enger Routine dierf verfalen, emmerhin géif et em d’Entscheedung goen iwwert daat waat de Staat wëllt, waat de Staat soll an waat de Staat ka machen. D’Diskussiounen rondërem de Budget vum nexte Joar an de läschten zwou Wochen woaren alles annescht wéi eng Routine. Et woar éischter den Ausdrock vun engem Reflexiounsprozess op alle Säiten iwwert déi wésentlech Frô, wéi een de Budget fir déi kommend Joaren consolidéiren kann, an gläichzäiteg awer déi Zukunftsinvestitiounen tätegen kann, déi sech och fir Lëtzebuerg an engem globaliséierten Emfeld opdrängen.

Wéi dis Regierung an hir parlamentaresch Majoritéit am August 2004 hir Arbecht an Ungrëff geholl huet, woar schons bekannt, daat déi kommend Joaren finanzpolitesch an ékonomësch méi turbulent géifen ginn. Déi méi däischter Wolleken haten sech an de Budgetsexercicen vu virdrun schons ugekënnegt, an souwuel de Premier J-Cl Juncker ewéi och de Bugetsminister Luc Frieden haaten schons zu deem Zeitpunkt drop opmerksam gemaacht, datt de Réim méi enk misst geschnallt ginn. Daat ass aus der enger oder aanerer Budgetsried aus de läschten Joëren vun CSV-Mandatairen nozeliesen. Vun diser Linn ass am Moment och net ôfzeréckelen, par contaire et gett héig Zeit fir drop ze réagéieren.

De Koalitiounsaccord vum August 2004 stellt de Cader an d’Richtlinn duer, no där d’Regirung hir Investitiounspolitik weiderhin ausriichten soll, an ech well hei kuerz citéiren:

“Le Gouvernement… continuera à mener une politique budgétaire prudente… Tous les projets d’investissements directs et indirects de l’Etat seront soumis à une analyse plus détaillée ayant pour objet de réduire le coût des investissements publics. » steet do nozeliesen.

An de Premierminister Jean-Claude Juncker soot de 12. Oktober 2005 a senger Déklaratioun iwwert déi politësch Prioritéiten vun der Regierung ech zitéiren nach eng Kéier:

“Zur Effizienz vun enger Economie gehéieren efficace Infrastrukturen. Trotz enker Finanzlaag wäerten d’Investissementskrediter sech am Joar 2006 op héijem Niveau bewégen. Daat gëllt fir all Infrastrukturberäicher.”

De Budget 2006 läit elo vir an en zeechent sech duerch eng héich Investitiounspolitik aus. Daat beléen d’Zuelen. D’Dépensen fir Investitioune klammen vun 610 Milliounen EURO am Joar 2005 op 775 Milliounen EURO 2006. Daat entsprëcht enger Augmentatioun vun 27 %. Par rapport zu de Gesamtdépensen vum Staat, klammen d’Investissementer em ronn 10 %. Dis Steigerung loung fir de Budget 2005 bei 8,4 %.

Datt et méi lues geet, ass d’Realitéit a mir wessen et all, och wann nach e puer et net wessen wellen. Et muss een awer kee groussen Wirtschaftsexpert sinn, fir festzestellen, datt et zweifelsouni e negativt Signal fir eis Wirtschaft wier, wa mir a méi schwieregen konjunkturellen Zäiten, vun eisen Investitiounen an grouss Projeten ôfréckelen géifen. Virun allem de Bausecteur an déi nogelagerten Handwerksbetriber sinn vun enger aktiver staatlecher Investitiounspolitik ôfhängeg. Si brauchen nun mol ees dis Politik an e positivt d’Resultat fennt sech dogéint an aaneren Bereicher, ewéi de Steieren, der Beschäftegung, der Konsolidéierung vun den Sozialsystemer, erem.

Dën Exercice Här President, fir d’Investiounen op engem héijen Niveau ze halen, trotz enger ugespanter Finanzlaag ass mat Secherheet keen einfachen, well et gëllt hei e gesonden Equiliber ze fannen zwëschent den Spuerzwäng vun der Regirung engersäits, an enger Investitiounspolitik, déi sech op engem konstanten Niveau an de kommenden Joëren apendelen soll. Hei mussen och d’Prioritéiten an Prioritéitsberäicher, déi fir d’Land a sein Leit eng vital Noutwendegkeet duerstellen, festgeluecht gin..

Dis Schwieregkeet gëtt emsou méi däitlech am Liicht vun den Investissementsfongen, déi sech Enn 2006, spéitestens 2008, esou lues awer sëcher wärten épuiséiren, eben grad well d’Regierung bestriewt ass fir en héijen Investitiounsniveau bäizebehalen. D’Réserven, déi an de vergaangenen Joaren konnten op d’Säit geluecht ginn, erlaben et der Regirung haut hiren pluriannuellen Investitiounsplang emzesetzen. Den Emprunt vun 500 Milliounen EURO gëtt jeweils opgedeelt fir de Fonds du Rail (100 Milliounen), respektiv de Fonds des Routes (100 Milliounen) ze speisen, souwéi fir Investissementer vum Staat selwer, déi duerch eng Sprëtz vun 300 Milliounen EURO réaliséiert kënnen ginn.

Esou vill zu de plakegen Zuelen an zum Finanzkader vun der Investitiounspolitik. Eng Investitiounspolitik déi mir an de kommenden Joaren esou gestallten mussen, an esou ausriichten mussen, datt mir no 2008, dann nämlech wann d’Reserven aus de Fongen opgebraucht sinn, datt mir dann net an e Lach faalen.

Daat heescht awer zugläich daat mir nei Wéer bei den Investissementer mussen aschloen fir an de kommende Joaren Aspuerungen och an disem Domaine, op der Dépensesäit réaliséiren ze kënnen. Et muss beispillsweis gekuckt ginn, wéi een méi effizient bauen kann, andeems een d’Fonktionalitéit vu Strossen a Gebeier méi an de Virdergrond stellt. An do sin ech mam Budget’s Rapporter ganz enger Meenung, dee soot, et soll een beim Bauen net nemmen en termes de Volume et de Prestige denken. Eng Reih Virschléi hu mir an der zoustänneger Bautenkommissioun schons beschwaat an verschidden Pisten sinn mir am gaangen, zesummen mam Bautenminister Claude Wiseler, ze iwwerpréiwen. Mir mussen net iwwerall noutwendegerweis déi deiersten Tunnellen bauen, wou eng breet Strooss largement giff duergoen. Ee Rondpoint zum Beispill as fir mech een Outil fir de Verkéier ze berouegen oder fir en méi flesseg ze gestalten, mee et muss net onbedengt ee Monument oder ee Kulturdenkmol drop gesaat ginn, dofir gett et aner Plazen fir esou Sachen opzeriichten. Et muss och net all Meierchen oder Mauer déi duerch e Besch lanscht eng Velospist féiert, oder déi déi laanscht eng Haaptstrooss gebaut gett, onbedengt mat Hasteen versi ginn. Do giff och ee ganz normale Beton mat Begrünung an deene meeschte Fäll duer goen.

Ech sinn der Meenung datt d’Altenpolitik waat Bauen vun Alters heimer ugeet onbedengt weidergedriwen gi muss. Daatselwecht gellt och fir Crêchen an aaner Opfangstrukturen fir Kanner. Mee d’Frô déi ee sech stelle muss, as déi heiten. Muss daat alles esou pompös an dax net méi realistesch waat de Volume an de Prestige ugeet gebaut ginn. Ech soen hei ganz kloar neen, an ech sin der Meenung, mat e besselchem goude Wellen a Versteess de mech, kennt een hei 15 bis 20% méi belleg bauen.

Doriwwer eraus mussen mir eis Infrastrukturen op eng méi nohalteg Art a Weis konzipéiren, déi wesentlech méi moderat Ennerhalts- a Fonctionnementskäschten généréiren. D’Frô vun de Folgekäschten vun gréisseren Infrastrukturen ass eng aner Problematik, déi mir bei potentiellen Aspuerungen mussen verstärkt berücksichtegen, a wou een sech verstärkt Gedanken driwer mache muss. Eng méi prévisibel Opstellung vun de Fonctionnements- an Entretienskäschten wier beispillsweis eng vu villen méiglechen Pisten, déi an de kommenden Joaren misst verfollegt ginn. Steigend Dépensen sinn, net ausschliesslech, awer zu engem groussen Deel, op déi steigend Ennerhaltskäschten vun den Gebeier zeréckzeféiren. Daat ass en manifesten Problem, deen bei deem groussen Investitiounsvolumen an den nächsten Joaren, mat Secherheet net méi kleng wäert ginn.

Eis Gebeier ginn emmer méi käschtenopwéndeg, méi grouss, méi gigantesque, an duervir och emmer méi deier am bauen, ergo och am Ennerhalt. Doriwwer eraus bestinn nach eng ganz Reih vun Gebeier, déi sech an engem schlechten, fir net ze soen desolaten Zoustand befannen. Aus diser Ursaach eraus mussen mer nei Wéer goen, Wéer déi op en nohaltegt Bauen, op en gedrosselten Energieverbrauch an op réduzéiert Ennerhalts- an Instandssetzungskäschten ausgeriicht sinn.

Ech wëllt hei op zwou Iddien zeréckkommen, déi meir an de läschten Joëren schons e puer mol an der Diskussioun haaten, wéi z.B. en Audit énergétique vun den öffentlechen Infrastrukturen. Esou een Audit as eng vital Noutwendegkeet, a giff wichtegen éischten Schrëtt duerstellen, fir d’Käschten ze évaluéiren an an enger zweeter Phase och ze drosselen. Ech wéilt doriwwer eraus och d’Iddi vun engem Fong fir d’Folgekäschten vun den öffentlechen Gebeier an d’Spill bréngen. Et wier eng aner méiglech positiv Démarche déi op Nôhaltegkeet ausgeriicht wier. D’Ausgaben vun esou engem Fong mussen natiirlech duerch eng fundéiert Bestandsopnahm vun de Gebaier gestäipt ginn.

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Net manner wéi virun engem Mount hun déi zwee zoustänneg Ministeren Claude Wiseler an Lucien Lux Stellung zu de Prioritéiten am Bauwiesen vun der Regirung geholl. Daat hu si esou wuel öffentlech, wéi och an der Budgets- a Finanzkommissioun vun der Châmber gemacht.

Ech ginn nëmmen d’Stëchwuert vum “Modal-Split” vun 25/75 am öffentlechen Transport, wou e bessonneschen Akzent op de Schinnenverkéier geluecht gi muss. Ech wëll nëmmen e puer Projeten ernimmen, wou mer als CSV-Fraktioun mengen datt se mussen an Ugrëff geholl ginn: D’Linn Péiteng-Lëtzebuerg, de Raccordement vum Kirchbierg an vum Findel, de Bau vum neien Viaduc op der Polfermillen, de Raccordement vun den Industriebrochen op Esch-Belval, souwéi de neien Centre de maintenance. Dis Projeten généréiren Dépensen vun ronn 1,4 Milliarden EURO. Net ze vergiessen sinn déi Investitiounen, déi mam Raccordement vum TGV-Est zesummenhänken, an déi matt 117 Milliounen EURO zu Buch schloen. Ech denken datt grad dest läscht Beispill, zesummen matt der Unbannung vun de Industriebroochen zwee goud Beispiller sinn, wou mer gezielt an d’Zukunft investéiren weil se fir d’Compétitivitéit vun eiser Ekonomie liewensnoutwendeg sinn.

Net anescht verhällt et sech matt de Projeten am öffentlechen Bauwiesen, wou weiderhin d’Akzenter op Schoulwiesen geluecht ginn, déi sech ennert anerem och aus dem sektoriellen Plang vun de Lycéen erginn hun. Un der Emsetzung vun disem Plang, wellen mer festhalen. Den neien Lycée zu Jonglënster, den techneschen Lycée fir Gesondheetsberuffer, d’Annexe Jenker vum Lycée technique Mathias Adam sollen hei nëmmen als Beispiller citéiert ginn, déi den finanziellen Volume vun den Investitiounen am Schoulberäich verdäitlechen. Fir d’Joar 2006 belafen sech déi viraussichtlech Dépensen op ronn 100 Milliounen EURO, déi iwwert de Fonds d’investissements publics scolaires ôfgedeckt ginn.

Am Budget 2006 gett dise Fong mat 50 Mio Euro gespeist gespeist . Enn 2006 wäerten nach ronn 166 Milliounen EURO am Fong dra sinn. Daat sinn der 50 manner ewéi am Ufang vum Joar.
Dis Zuelen verdäitlechen, daat sech d’Avoiren am schouleschen Investitiounsfong lues awer sëcher épuiséiren.

Ähnlech verhällt et sech mam Fonds d’investissements publics sanitaires et sociaux. An deem Beräich wëllt d’Regirung weiderhin eng Partie Projeten virundreiwen. Mä och hei ass festzestellen, daat een sech sériös Gedanken maachen muss, wann d’Enn vun der Fändelstaang viraussichtlech Enn 2007 erreecht ass. Bei all dise Fongen, wäerte mir, wa mir de Programm, dee mir iis jo awer selwer gin hun, wa mir dee Programm anhalen a réaliséiere wëllen, 2008 zum Deel op Friemfinanzéierung zereck greife missen. Daat kann iwert Emprunt geschéien, mee och de Privat Public Partnership, as mat Secherheet eng Méiglechkeet.

Eng Méiglechkeet wou de Modell awer genee muss définéiert gin. Et muss een zum Beispill Maintenance iwert 15 bis 20 Joar vun engem Gebei daat iwer dee Modell gebaut gett, mat ausschreiwen, an déi muss och garantéiert sin, fir och secher ze sin, datt déi Entreprise déi de Marché kréit, och no Qualitéitsnormen baut.

Desweideren gellt et drop uecht ze gin, datt déi méi kleng letzeborgesch Mettel-an Handwerksbetriber net aussen vor bleiwen. Niewt alle Virdeeler deen Bauen mat enger Entreprise Générale mat enger Virfinanzéierung och kann hun, besteet Gefoar bei disem Modell einfach doranner, datt déi méi kleng handwerklech Tätegkeeten, déi a Sous-Traitance prestéiert gin, prioritär vun auslänneschen Firmen getätegt gin, oder déi letzeborgesch Betriber esou geknebelt gin, datt si ouni Benefiss schaffe mussen, fir d’Arbecht iwerhaapt ze kréien.
Zereckgreifen op esou Finanzéierungsmodeller as u sech net weider tragesch, well et jo em Investissementer fir Zukunft geet, ergo och déi zukünfteg Generation do hire Beitrag leeschte muss.

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

ech gesinn ausser deenen Moossnahmen déi ech schons opgezielt hunn, nach ee gewëssent Spuerpotenzial bei groussen Infrastrukturprojeten duerch déi Neierungen an der parlamentarescher Prozedur, deenen sech d’Regirung an d’Châmber bei der Adoptioun vun Bauprojeten ennerzéien well. Et geet drëm fir duerch eng méi genau a besser gestaffelt Planifikatioun de Käschtenpunkt vun Projeten besser, an virun allem méi prézis ze évaluéiren. Budgetär Dépassementer vu grousse Bauprojete hun an der Vergaangenheet emmer derzou gefouert, datt mer an disem Haus zousätzlech finanziell Rallongë hu missen stëmmen, fir déi zousätzlech an dacks schonns getätegt Ausgaben am Nachhinein ze autoriséieren. Fairer Weis muss een awer soen, datt disen Exercice net d’Majoritéit vun de Bauprojeten betrefft, déi meescht Bauprojet’en, ginn ganz korrekt an där dofir virgesinnener Finanzrumm ofgeweckelt. Daat as eng Tatsaach déi awer, demno wou ee setzt, emmer erem gäeren iwersinn oder net zur Kenntnis geholl gett.

D’Schold fir dis Evolutioun a fir den Ëmstand, datt mer bei verschidden Projet’en hu missen emdisponéiren, läit sécherlech net eleng beim Bauteminister a bei seiner Verwaltung. Och d’Châmber muss hei matt an d’Verantwortung geholl ginn, a muss sech waat Vergaangenheet ugeet, och Frôe stellen. Prozedur fir deem in etwa entgéint ze wierken, woar vun der Chamber selwer bis virun 1-2 Joar nie esou richteg définéiert a festgeluecht.
Déi parlamentaresch Begleedung vun Investissementer, déi déi initial gestëmmten budgétaire Enveloppe iwwerschreiden, huet sech bis haut nëmmen op d’Zoustëmmung vun esou budgétairen Rallongen beschränkt. D’COMEXBU ass awer zum Schluss komm, datt d’Châmber méi fréi a méi aktiv an den Entstehungsprozess vun engem Infrastrukturprojet misst agebonnen ginn. Doriwwer eraus soll d’Châmber och d’Méiglechkeet kréien fir en cours de route de Projet kënnen am Aa ze behalen. D’Aufgab ass also eng duebel: et muss op däer enger Seit drëms goen, fir matt Zäit op éventuell Dépassementer kënnen anzegoen, an op däer anerer Seit esou Dépassementer generell anzeschränken, oder besser nach, ze vermeiden.

Den Artikel 99 aus eiser Verfassung beseet, datt all gréisser Ausgab vum Stat parlamentaresch muss autoriséiert ginn. Deemno muss d’Chamber sech mat all eenzelne Bauprojet, dee méi wéi 7,5 Milliounen Euro no aktuellem Stand kascht, ausernaner setzen. An all Kéier wann déi ursprénglech Finanzrumm gesprengt gëtt, oder eng substanziell Emännerung vum Projet virgeholl gi muss, kënnt de Bauteminister zeréck an d’Châmber, fir den Dépassement oder d’ Ursachen déi zum Dépassement gefouert hunn, ze erklären an gegebenefalls autoriséiert ze kréien. De politeschen Message nobaussen vun esou engem Dépassement woar an der Vergaangenheet nët emmer deen béschten. D’Leit dobaussen haaten éischter Geféil, wéi wann d’Regirung, d’Châmber an déi zoustänneg Verwaltungen net ëmmer hir Arbecht gemaacht hätten.

Aus diser Optik eraus, huet d’Budgetskontrollkommissioun, an Zesummenarbecht mam zoustännegen Bautenminister Claude Wiseler eng nei Prozedur ausgeschafft, mat där mer iis an Zukunft erhoffen de Problem vun den Dépassementer vu Baukreditter spierbar an de Grëff ze kréien. Um Prinzip vum parlamentareschen Accord zu groussen Ausgaben gëtt net gefréckelt. Wat awer ännert ass d’Oart a Weis wéi e Projet virbereet an duerchgefouert gëtt.

Am Herscht huet de Minister iis eng Lëscht virgeluecht mat deene Projeten, déi de Käschtepunkt vu 7,5 Milliounen Euro iwwerschreiden an déi daat Joar drop iwwer Gesetz autoriséiert solle ginn. Déi opgefouert Projete sinn all déi, déi de Staat an Eegeregie duerchféieren well, dat heescht net déi zu deenen de Staat just e Subsid gi soll a wou de Bauhär dann och en aneren ass wéi de Staat selwer. Op diser Lëscht soll de Präis vun deene verschiddenen Investissementer just summaresch berechent ginn. Bei der Analys an der Préifung vun de Projet’en op diser Lëscht geet et der Chamber ëm de Prinzip a virun allem awer och ëm d’Opportunitéit vun de geplangten Investitiounen, an nët iwwert hir definitiv finanziell Envergure.

D’Bautekommissioun examinéiert dis Lëscht an hëlt d’Avisë vun deene parlamentaresche Kommissiounen an, déi vun deenen eenzelne Projete betraff sinn. Mir sinn an der Bautekommissioun u sech ëmmer dovunner ausgaangen, datt mer dorops hin och en Débat hei an der Châmber iwwert d’Opportunitéit vun dise Projeten féiren sollten, matt unschléissendem Vote vun enger oder méi Motiounen, déi de Minister iwert Budgetsgesetz autoriséiere géifen, matt den Préparativen zu den eenzelnen Projeten weider ze fueren, an en Avantprojet détaillé auszeschaffen. En APD also, deen dann och der finanzieller Envergure a vill méi eem grousse a virun allem méi genauem Mooss géif Rechnung droen. Ech gi dervunn aus, datt mer dis Prozedur am nächsten Joar an hirer Intégralitéit duerchzéien wäerten an och kënnen.

Selbstverständlech ginn der Chamber – wéi bis elo och – déi eenzel Gesetzprojete virgeluecht, déi all Investissement prézis erfaassen, dokumentéieren an och ëmräissen.

Wann d’Chamber esou Gesetzer gestëmmt huet, da muss se nodréiglech allerdéngs och mat all gréisserem Dépassement vun der Kreditrumm oder Ännerung vun dem Konzept vum Bau befaasst ginn. En neie Gesetzesprojet gëtt eréischt néideg, wann den Dépassement vun deem Projet 5% vun deene virgesinnene Kreditter iwwerschreit. Dépassementer, déi manner héich si wéi dis 5%, ginn am Kader vum Statskont régulariséiert, an zwar an deem Joar, wou de finalen Décompte vun deem Projet dann och virgeluecht gëtt. Dis nei Prozedur soll et der Chamber erlaben, all Joar e genee’en Iwwerbléck iwwert déi geplangte gréisser Investissementer vum Staat ze kréien an de Bauteminister iwert d’Bugetsgesetz, fir all Projet eenzel ze autoriséieren, eng detailléiert Planung ze maachen an duerchzeféieren.

Kënnt et dann awer zu Dépassementer vun enger bestëmmter Gréissenordnung, muss sech d’Kontrollkommissioun vun der Chamber mat deene wahrscheinleche Méikäschte beschäftegen. Déi, déi da méi ewéi 5% vun der ursprünglecher Finanzenveloppe ausmaachen, musse selbstverständlech wéi schons gesoot iwwer en neit Gesetz zousätzlech autoriséiert ginn.

Ech sinn iwwerzeegt, datt mat diser Prozedur an Zukunft éischtens méi prezis wäert geplangt ginn, zweetens datt et dowéinst och manner finanziell Dépassementer gëtt an drëttens datt doduerch kee Bauprojet onnéideg an Zäitdrock geréit. D’Châmber kritt ausserdeem d’Méiglechkeet, fir ganz am Ufank vun der Planung vun engem Projet disen u sech ze refuséieren, wa se deesélwechten net fir opportun hält. Domat ginn onnéideg Planungsausgabe verhënnert an am Bauteministère gëtt sech am Detail jhust mat deene Projete beschäftegt, déi da jo schons eng prinzipiell parlamentaresch Zoustëmmung kréit hunn.

CSV-Fractioun an ech selwer sin iwerzeecht, datt dëst e puer gangbar Pisten sinn, déi och an der géigenwärteger Diskussion iwwert, a rondërem de Budget Sënn maachen, an mir hoffen daat mer un den Zielvirgaben vun der neier Prozedur kënnen festhalen. Mir mussen an de kommende Joaren méi effizient a méi zielorientéiert Plangen an Bauen hei zu Lëtzebuerg. Daat spuert Käschten an et spuert Zäit, an dréit zu méi Transparenz bei de groussen staatlechen Investitiounen bäi.

Daat gesoot Här President, dir Dammen an dir Hären soen ech zum Schluss nach Merci Fir d’Nolauschteren.

Lucien Clement
14/12/2005