Aktualitéitsstonn an der Châmber iwwert d’Nationalbibliothéik

De Präsident vun der parlamentarescher Héichschoul- a Kulturkommissioun Fred Sunnen hëllt Stellung fir d’CSV-Fraktioun

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

De Kultur- an Héichschoulminister François Biltgen huet an engem Regierungscommuniqué iwwert de neien Portail vun der Nationalbibliothéik vum 27. Oktober 2005 ennerstrach, daat de Wëllen besteet zur Koopératioun zwëschent der Universitéit Lëtzebuerg engersäits, an der Nationalbibliothéik anerersäits fir schnellstméiglech eng gemeinsam National- an Universitéitsbibliothéik an d’Liewen ze ruffen. An de Koalitiounsaccord vum 4. August 2004 seet knapp: « Les travaux de planification d’une nouvelle Bibliothèque nationale avec bibliothèque universitaire seront poursuivis. »

Des zwou Aussoen kléngen vläicht e bessen abstrakt. An déi scheinbar widdersprëchlech Aussoen vun de Ministeren Biltgen an Wiseler, sou wéi se vun den Gréngen duergestallt gouf, droen vläicht weider zu dëser Abstraktioun bäi. Dobäi sinn des Aussoen guer net esou kontradiktoresch, wann een sech mam Dossier am Détail befaasst. D’Tatsaach, daat d’National- an Universitéitsbibiothéik net op der Prioritéitenlëscht fir 2006-2007 vun der Regiirung steet réiert ganz einfach duerhier, well d’Schuman-Gebei nach emmer net fräi ass, an well d’Personal aus dem Europaparlament waat am Schumangebei schafft net konnt an déi zwee nei Tiirm op der Place de l’Europe ennerbruecht ginn. Daat den Dossier vun der Nationalbibliothéik op der Place de l’Europe um Kirchbierg der Regierung weiderhin en Unleies ass beleet ennert anerem d’Tatsaach, daat de Budgetsprojet fir 2006 eng Zomm vun 118 Milliounen EURO virgesäit, déi sech op déi nächst Exercicen wärt verdeelen.

Fest steet, daat mer am Cader vun der Uni Lëtzebuerg e Gesamtkonzept brauchen, daat eis souwuel Äntwerten op d’Fro vum Site, respektiv vun de Siten fir déi dräi Fakultéiten an eventuell ze schafenden Fakultéitsbibliothéiken, opweist, wéi och op d’Fro wéi mer eng grouss a modern an zentraliséiert Nationalbibliothéik matt enger Universitéitsbibliothéik kréien, déi esou engem Numm och gerecht gëtt. Dem landesplanereschen Aspekt muss deemno och Rechnung gedroen ginn, well en mam Käschtenpunkt vun esou enger Bibliothéik onmëttelbar zesummenhänkt. Doriwwer eraus mussen mer och eng appropriéiert raimlech Léisung fannen, déi de Bestand vun der Nationalbibliothéik op eng nôhalteg Art a Weis erhält an dem Personal déi béschtméiglech Arbechtskonditiounen verschaaft.

Speziell an desem Kontext muss ee feststellen, daat d’Geschicht vun der Nationalbibliothéik eng Geschicht ass voller Wendungen an Kéiren. Et géif de Cader vun deser Aktualitéitsstonn sprengen fir op all eenzel Episod aus de läschten Joëren an Joërzéngten zeréckzekommen, déi sech ronderem dest Kulturinstitut gedréint huet. Ech wéilt just an Erënnerung ruffen, daat schon virun 10 Joër den däitschen Expert Rolf Fuhlrott an senger Expertise iwwert d’Bicher an d’Périodiquen an der Nationalbibliothéik zum Schluss komm ass (ech citéiren):

“Der Zerstörungsprozess des wichtigsten Kulturgutes unter diesen Aufbewahrungsbedingungen ist unaufhaltsam, wenn nicht bald Abhilfe geschaffen wird.”

Säitdeem ass d’Nationalbibliothéik emmer erem an der Diskussioun gewiecht. Ech wéilt jhust zwee Datummen erauspicken: den 18.Juni 1998 haat d’Châmber e Gesetzprojet iwwert de Bau vun enger Annexe vun der Nationalbibliothéik um Kirchbierg gestëmmt, en Text deen am Februar 2002 vun der Regierung revidéiert gouf, well se zum Schluss komm ass, daat eng Opspléckung souwuel vum Bestand wéi och vum Personal op zwee Gebeier net dee richtege Wee wier. Et sollt e Gesetzentworf op den Instanzewee bruecht ginn, deen virgesäit fir d’Nationalbibliothéik um Kirchbierg am Robert-Schuman-Gebei ennerzebréngen. Ech denken daat mer elo mussen Neel matt Käpp maachen an deems d’Regiierung en entspriechenden Gesetzprojet matt engem schlëssegen Gesamtkonzept op den Dësch leet.

Ouni wëllen den Däiwel un d’Mauer ze molen, sou ass et awer den Beleg vun der Taatsaach daat d’Geschicht vun der Nationalbibliothéik och d’Geschicht ass vun enger hallefhärzeger Bibliothéikspolitik, déi, wann se dann jemols bestanen huet, de Wert an de Notzen vun der Nationalbibliothéik emmer verkannt oder op mannst falsch ageschaat huet. De Moment vun deser Aktualitéitsstonn schéngt meng Thèse ze bestätegen. An Zäiten vun engem klammen Budget, schwätzen mer haut iwwert d’Nationalbibliothéik, déi zu enger Universitéitsbibliothéik soll erunräifen, als integralen an onerlässlechen Bestanddeel vun enger Universitéit am Opbau, déi hierersäits eist Land op der akademescher Landkaart positionnéiren soll, an daat als een vun villen Bäitreeg zur sougenanntener an oft beschwuerener Wëssensgesellschaft.

Wann mer desem Ziel wëllen gerecht ginn, dann muss investéiert an kohärent geplangt ginn. Daat gëllt och fir d’National- an Universitéitsbibliothéik. Daat kascht Suen – vill Suen. Et besteet haut also e gëwessenen Dilemma zwëschent engersäits der Noutwendegkeet een vir alle Mol eng gudd fonktionnéirend, vollstänneg a modern National- an Universitéitsbibliothéik ze bauen, an dem Spuerzwang vun der Regiirung op der anerer Säit. Et bedärf awer enger Léisung, déi mëttelfristeg iwwert déi Provisorien an Zwëschenléisungen, déi iwwregens an der Vergaangenheet schon enorm Zommen verschlongen hunn, erausgeet. D’Anstandsetzung vum EUROCONTROL-Gebei um Kierchbierg als Iwwergangsléisung soll hei nëmmen als een vun villen Beispiller ugefouert ginn.

Duervir wieren mir als CSV-Fraktioun frou, gewuer ze ginn, waat d’Regierung a Saachen National-, respektiv Universitéitsbibliothéik wëlles huet, virun allem am Kontext vun der Fro vun de Siten vun der Uni Lëtzebuerg, der Landesplanung, de neien Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien souwéi de budgétairen Contrainten déi d’Regierung an de nächsten Joëren ze respektéiren huet. Fir eis als CSV-Fraktioun ass et wichteg, daat d’Regierung eis hiert Konzept op eng kohärent Art a Weis nach eng Kéier duerleet.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Fred SUNNEN
29/11/2005