Aktualitéitsstonn an der Châmber iwwert d’Reform vun der Psychiatrie

D’CSV-Zentrumsdéputéiert Martine Stein-Mergen bezitt Stellung fir d’CSV-Fraktioun

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

De Suivisplang vum Häfnerplang leit vir. De Professor Rössler huet um Santés-Dag zu Mondorf mei weitschweifeg refereiert iwer d’psychesch Krankheet a Gesondheet. Hien huet besonnesch drop insistéiert, datt mir ons mussen kloer sinn, datt an a wéiwäit psychesch Affektiounen eng Vollekskrankheet sinn.

Dës Ausso, Dir Dammen an Dir Hären, steet fir d’CSV-Fraktioun am Mëttelpunkt vun der ganzer Psychiatriereform: sie muss just nach an d’Käpp eran. Psychesch Krankheet betrefft net Aussenseiter, si kann haut, muer oder iwwermuer jidderen vun ons betreffen. 10-15% vun de Leit weisen irgendwann an hirem Liewenslaf Symptomen.

Wesentlech nei ass, datt mir nett méi exclusiv vun KH schwätzen, mä vill méi vun der Promotioun vun geschteger Gesondheet, sou wi dat an der Helsinki-Deklaratioun vun der OMS proposéiert gëtt.

Nëmmen, wann mer et färdeg brengen, ons an dëser Reform di heiten Betruechtungsweis unzeegnen, brengen mer et och färdeg,
• eppes fir d’Liewensqualiteit vun alle Bierger ze man,
• si all als aktiv Mönschen am Liewen an esou wi et dat meiglech ass,
• am produktiven Liewen ze erhalen,
• an deem jidderengem seng Stärkten a seng Méiglechketen kennen voll ausgeschöpft ginn.

Am März war onse Sujet d’Dezentraliseierung vun de psychiatreschen Kliniken. Mä psychescht Leiden spillt sech nett nemmen op desem Niveau of, déi alleréischt Stuf vun der Prise en charge vum psycheschen Leiden ass déi vu Mensch zu Mensch.

Den Prof Rössler huet kloer duergestallt, datt vun alle Leit, déi psychesch Symptomen weisen, der nemmen eppes méi wéi d’Halschent och behandelt ginn.
Wou sinn dann déi aner?

Sinn et déi. déi sech Dag fir Dag op hir Aarbechtsplazen schlefen, well si sech hirer Tâche net gewuess fillen, well si gemobbt gin? Wie weit ass d’Kultur vun der Aarbechtspsychologie an -Psychiatrie hei zu Lëtzebuerg?

Sinn et déi Schüler, die en échec scolaire mussen verkraften, ouni datt si vun enger eenegermossen funktionnéierender Familjestruktur können opgefaang ginn? Ech well ganz kurz en anere Sujet ernimmen, iwwer deen an der leschter Zeit vill geschwat gett, wat bréngt Schüler dozou, sech ze suicideieren? Wat fir e Leidenswee hunn sie schon hanneru sech, ir si sech zu dësem fatalen Schrëtt entschléissen?
Op mannst eng Konsequenz, mengen ech, misste mer aus der unglécklecher Selbstmordserie zeien, nämlech déi, datt d’Unterrechtsstrukturen, esou wie s sinn, dësen Ufuerderungen net entspriechen. Professoren, die jo schliesslech och Pädagogen sinn, mussen, épauleiert vun dem entspriechenden Fachpersonal, un Hand vun engem Tutorat d’perseinlech Problemer vun hire Schüler an nett nemmen hir Prüfungen, kennen erkennen, bewerten an gegebenenfalls Traitementer uléieren. Dëse Weg get undeitungsweis am neie Lycée gesicht, ech sinn och e bessen houfereg drop, dass d’Stad Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mam Educatiousministère, gëschter e Pilotprojet an der Schoulkommissioun ofgeseent huet, dat d’Léierpersonal soll befähegen, Léierschwieregketen vun hire Schüler ze erkennen, an se souguer en charge ze huelen, wann et sech dann em méi liichter handelt.

Psychiatrie gett also nett nemmen vun Psychiateren gemat, sie entsteet an onsem deeglechen Emfeld, a muss och do kennen erkannt ginn an esouweit dat méiglech ass, en charge geholl ginn.

Nächst Ulafstell ass dann an denen meschte Fäll den Hausdokter. Hei kann ech bestätegen, wat och am Rapport ernimmt ass: D’Generalisten sinn haut schon am Gaang, an der formation continue e Programm op desem Gebidd durchzezéihen, an dat mat der Ennerstëtzung vum Ministère.

De nächste Wee féiert dann an d’Praxis vun engem Psychiater. Hei ass ons Versuergung zwar wat d’Zuel vun de Psychiateren betrefft, ganz passabel, allerdengs sinn se méi an de Stied konzentréiert, wat waert vun hinnen eng méi enk Zesummenaarbecht mat den Hausdokteren erlaben.
De leschte Schrett op onsem Wee feiert ons dann schliesslech an d’Spideeler. Och hei ass erem e Peripel virgeluegt, d’Akutspideeler fir d’Akutphase, de CHNP dann an senger neier Roll fir déi chronesch Affektiounen, an schlussendlech déi dem CHNP ugegliddert ambulant Strukturen.

D’Akutspideeler hunn hir Aufgaben iwwerholl, et gett sech awer Suergen gemat iwwer d’aktuell Zuel vun de Better, Decisiounen, op eng stationär Behandlung néideg ass, daerf nemmen vun der Pathologie, an nett vun der Disponibilitéit vun de Better ofhänken.

D’Dezentraliséierung ass um gudde Wee: ech hunn geschter mat engem Hausdokter geschwat, den esou e Patient an sengem environnement behandelt: hien wunnt an sengem appartement, an verfügt enner anerem iwwer eng ambulant prise en charge durch eng infirnière psychiatrique, die dese Patient dann bei den Dokter beglet, entweder wann en krank ass, oder fir d’Prescriptioun vun sengen Medikamenter. D’Psychiateren vun Ettelbreck stinn hannedrun, fir wann neideg umzelenken an ze ennerstetzen. De Patient ass also no der sortie vum CHNP nett mei sech selwer iwwerloos, en ass och nett mei mei laang wie neideg an engem Spidol.

An dene leschte Joeren sinn bei ons iwregends eng ganz Reih Aufgaben op eng excellent Art a Weis vun de sougenannten “autres professions de santé”, infirmiers psychiatriques asw an d’Hand geholl ginn, och bei ons ass also esou lues de Begreff “prise en charge pluridisciplinaire” kee Friemwuert méi. Ech well hei och besonnesch d’Betreiung vun de Prisonneier zu Schrasseg ernimmen.

Eng Reih Problemen sinn (nach) nett geléist, dat geet och aus dem Häfner-Nofolgebericht kloer ervir.

Een dovunner ass d’Prise en charge vun der Co- a Polymorbiditeit. Dëst ass awer e grousst Kapitel vun der Psychiatrie, well et haaptsächlech eler Patienten betrefft, an vun hinnen erem besonnesch déi Dement, déi, wann se dann weinst enger somatescher KH mussen behandelt ginn, eng ganz Statioun durchenaner brengen, die den Emgang mat der Demenz nett esou am Greff huet, oder awer an der Psychiatrie leit, wou dann erem d’medezinesch Kompetenzen mussen vun baussen kommen. Hei sinn och erem d’Zauberwieder de Maintien à domicile respektiv an de Pflegestrukturen, an eng mei eng Zesummenaarbecht tëschent den Spidolsdengschter.

Och d’Toxicoen wellt ech an dese kurzen 5 Minuten nett vergiessen, ech erënneren u meng Interventioun vum leschte Februar, et happert nach u Regelen am Kader vun der Substitutioun, d’Ausdeelen vun Heroin u schwéier Süchteger ass nach emmer net realiséiert.

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,
D’OMS, déi jo wéi schons gesot, hir Déclaratioun iwwer d’Santé an net d’Maladie mentale gemat huet, leet e ganz grousse Wert op d’Präventioun, oder, nach méi e scheint Wuert, d’Promotioun vun der Gesondheet.

D’CSV-Fraktioun ass der Menung, datt mir ons mussen an dene nächste Joeren dës Aufgab zu Haerz huelen. Nemmen op dës Art a Weis kann et zu enger Enttabuiséierung vun der psychescher Krankhet kommen, zu enger Upassung vum Seuil d’accès un d’klinesch Psychiatrie (fir datt dann och déi behandelt ginn, déi sollten behandelt ginn).

Die allerwichtegst Konsequenz vun der Primärpreventioun wir awer d’Verhennerung vun der Pathologie tout court, an och hei e lescht kuerzt Beispill: eng adäquat Prise en charge mère-enfant kennt verhënneren, datt a Problemfamiljen psychesch Krankheet vu Generatioun zu Generatioun weidergeet, well och dat gett et.

Ech soen Iech merci.

Martine Stein-Mergen
15/11/2005