Wunnéngsbaupolitik am parlamentareschen Bléckpunkt

De Lucien Clement, CSV-Ostdéputéierten an Vizepräsident vun der CSV-Fraktioun, hëllt Stellung an enger Aktualitéitsstonn iwwert de Logement an der Châmber

Här President, Dir Dammen an dir Hären

Déi Greng Fractioun huet op Grond vun verschiddenen Aussoen déi de Staatsminister hei an der Chamber gemacht huet dis Heure d’Actualité ugefroot. Trotz där dach éischter beschränkter Riednerzeit well ech awer nach kuerz rappeléieren wéivill Suen vun staatlecher Säit, an de leschten 10 Joar an de Wunnengsmaart investéiert goufen:

Während der Périod vun 1994 bis 2004, huet de Staat 1,4 Milliarden Euro ennert d’Form vun direkten an indirekten Bäihellefen accordéiert. Disen impressionanten Montant setzt sech zesummen aus

• 148 Milliounen Aides en Capital, 29000 Stéit hunn dovunner profitéiert
• 457 Milliounen ennert de Form vun Aides en intérêts, hei hunn 38000 Stéit profitéiert
• an 607 Milliounen Euro fir de Remboursement vun der TVA-Logement, wou 31000 Stéit an de Genoss vun diser Mesure komm sinn

Och déi öffentlech Promoteuren kruten um Niveau vun den Aides à la pierre baal 183 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt.
Derbei kommen nach verschidde Steiererlichterungen, ewéi d’Vereinfachung an d’Erofsetzen vum TVA Satz, Gesetz iwert d’Besteierung vun de Plus-Valuen , fir nemmen déi ze nennen.

Trotz disem breeden Engagement vum Staat, ass d’Resultat am Endeffekt net esou wéi mir iis daat heibannen erhofft an och virgestallt haaten. D’Situatioun um letzebuerger Wunnengsmoart ass déi, wéi mir se alleguerten kennen: Präisspiral no uewen haaptsächlech waat de Bauterrain ubelangt konnt bis elo net gebremst gin, an d’Offeren vum Bauland selwer ewéi déi vun de Wunnengen kënnen d’Nofrô nach emmer net befriedegen.

Lo kann een natiirlech probéiren, sou wéi et verschidden Léit welle vermettelen, Schold ellen béi der Regirung ze séichen. Ech sin aawer der Meenung, Här President dass Frô vum Wunnraum an d’Frô vun der Entwecklung vun de Präisser net elleen an och net ausschliesslech an der Responsabilitéit vun der Regirung léit. D’Regirung as nemmen een vun verschiddenen Acteuren an disem Secteur.

Här President,

Natiirlech muss de Wunnengsbau och wéiderhin vun staatlecher Säit hir begleet gin. Daat stellt keen a Frô, an daat soll och esou bleiwen. Dofir begréissen mir als CSV Fractioun, dass déi spezifesch Stéiermoossnahmen aus dem Gesetz vum 30. Juli 2002 zur Ennerstëtzung vum Wunnengsbau bis zum 31. Dezember 2007 verlängert gin sin.

Och d’Idee vun der Flexibiliséierung vun der kommunaler Grondstéier, fir d’Baulandspekulatioun anzedämmen fënnt d’Ennerstetzung vun der CSV. Vun diser “Baulandzréckhalungsstéier” huet de Staatsminister schons an der Ried zur Laag vun der Natioun 2002 geschwaat. Deemols huet hien an Aussicht gestallt, datt Regirung welles hätt méi répressiv virzegoen, wann Steier- Moossnahmen vum Gesetz vum 30. Juli 2002 net zu deem gewënschten Ziel géife féieren, daat heescht d’Offer fir Bauterrai’en ze vergréisseren an iwert dee Wee de Wunnengsproblem besser an de Greff ze kréien. Méi repressiv verstinn ech virun allem datt Grondsteier op net bebautem Bauterrain zolid a spirbar ugehuewe gett. Natirlech mussen et bei esou engem Modell Abattementer an Exemptioune gin fir Leit déi Kanner hun. Freibeträg muss een ennert aaneren och fir Bauere virgesinn, déi nach selwer hire Betrib bewirtschaften. Bei esou engem Modell muss den Détail mat alle Concernéierten ausgehandelt ginn.

Op disem präzise Punkt ass wuel Regierung gefuedert, mä si ass net elleen gefuedert. Hei sin mir alleguerten gefuedert, mee virun allem mussen Gemenge hei matspillen, weil et handelt sech hei em eng reng kommunal Steier.

Här Präsident,

Dem Statec no geet d’Unzuel vun de Autorisatiounen fir Wunnengszwecker säit 2002 konstant an d’Luucht.
2004 sin d’Autorisatiounen fir ze bauen em 22% geklomm, an fir 2005 gett mat enger Progressioun vun bis zu 40% gerechent. Wéi der geséid et gin permanent nei Baugenehmegungen ausgestallt . Et boomt also richteg an diesem Secteur, an daat trotz den Interpretatiounsschwieregkeete déi daat neit Gesetz iwert den Aménagement Communal mat sech bruecht huet.

Et gin secherlech verschidden Ursaachen déi d’Problemer um Wunnegsmoart erklären an op déi mein Fraktiounspräsident an seiner Interventioun iwwert d’politesch Prioritéiten vun der Regierung schons eng Kéier agaangen ass. Ech well se aawer nach eng Kéier ganz kuerz rappelléieren:

1. gett et eng gewessen Retizenz béi verschiddenen Gemengen, fir gréisser Lotissementer an enger Kéier op de Marché ze brengen, daat aus lokalpoliteschen an investissementspoliteschen Uursaachen eraus.
2. et ass e Fait, datt dee gréisten Deel vun der Grondpropriétéit am Besetz vun enger Minoritéit vun Léit ass, déi et zum Deel aus finanzielle Grënn net méi néideg hun weider Terrai’en op de Marché ze brengen. Disem Problem kennt een wéi schons gesoot mat der Flexibiliséierung vun der kommunaler Grondstéier entgéintwierken
3. et gett Promoteuren, déi u sech mol keen Baubetrieb sin, mä déi awer am Moment Terrai’en zu bal astronomeschen Präisser käfen, fir mat Bénéfice, waat jo hirt goud Recht ass, weider ze verkäfen. Daat beweist iis datt et emmer nach genügend Client’en gett fir an diser Preisklass mat ze haalen. Mee daat helleft de Kleen-a-Mettelverdéiner hei zu Letzeborg net weider, si sin aus disem Marché aus finanzielle Grënn ausgeschloss. Fir de Gesetzer vun engem liberale Marché entgéint ze wirken, muss also an disem Fall d’Angebot u Bauland zolid augmentéiert ginn.

Een leschten Punkt deen ech nach wollt uschneiden ass deen dass mir héi zu Letzebuerg par rapport zum Ausland ze luess bauen. Héi ass et wichteg datt déi nei Prozedure aus deem neie Gesetz iwert den Aménagement Communal esou schnell ewéi méiglech an de Gemengen en musique gesaat ginn, an da bleiwt ze hoffen datt se daat brengen waat mir iis all erwoard hunn, nämlech datt méi schnell a méi séier ka gebaut ginn. Daat selwecht gellt iwregens och fir de Staat selwer.

Här Präsident,

Ech sin der Meenung datt et bis haut nach keen Wonnermettel oder Allheilmettel gett, an och an d’Zukunft net gi wäert, fir d’Problemer um Wunnengsmoart zu 100% an de Greff ze kréien . D’Regirung, a virun allem de Minister vum Logement, den Fernand Boden, wärten sech an diser Frô awer hirer Verantwortung mat Secherheet net entzéihen. Bleiwt ze hoffen dass och all déi aaner Acteuren um Terrain sech der Problematik bewosst sin an op hir Oart a Weis derzou beidroen fir d’Problemer um Wunnengsmoart ze entschärfen.
Mir als CSV sin op jidde Fall bereed déi hei opgezeechent Pisten an och aanerer mat ze goen an och mat ze droen. Ech soe Merci fir d’Nolauschteren.