De CSV-Fraktiounschef Michel Wolter zu der Ried vum Premierminister Jean-Claude Juncker iwwert déi politesch Prioritéiten vum Land

Déi territorial Réorganisatioun vum Land, Arbecht a Wirtschaft an déi budgétaire Rahmenbedingungen stoungen am Mëttelpunkt
M. Michel Wolter (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, mat der Ried vum Premier gëschter Moien iwwert déi politesch Prioritéite vun der Regierung an domadder och vun der CSV-LSAP-Majoritéit hu mer, mengen ech, de Retour an d’Nationalpolitik ugefaang.

Dat no ustrengenden 18 Méint, an deene mer Phenomeener haten, déi mer zu Lëtzebuerg net esou kennen. Mir haten an 18 Méint net manner wéi dräi Wahlen. Mir haten eng Présidence, an dat kascht an engem klenge Land mat wéineg Staff a mat wéineg Méiglechkeete vill méi Energie wéi dat an anere Länner de Fall ass. D’Présidence, déi eng unanime Unerkennung vun der Leeschtung vun eiser Regierung an och vun eisem Premier mat sech bruecht huet, huet – wéi konnt et anescht sinn – déi politesch Themewelt vun deene leschte Joren dominéiert, well souwuel d’Ministeren wéi och d’Beamten – an dach ganz wesentlech d’Ministeren an d’Administratiounen – enorm Ressourcen do hu misse bannen.

De Referendum, dee sech direkt dorunner ugeschloss huet – an dee vu vill vun eis am Ufank e bësse wéi eng akademesch Sitzung mam Vollek ugesi gi war – huet sech aus enger Rei vun Evénementer, déi net noutwendegerweis national gesteiert waren, zu enger ganz haarder Ausenanersetzung en fin de compte ugelooss. Deen “Neen” a Frankräich an an Holland huet och hei zu Lëtzebuerg eng Debatt lassgetrëppelt, där d’Politik sech gestallt huet an och huet misse stellen.

Ech muss soen, dass et eng extrem interessant Experienz war, am Sënn dass ee villes gewuer ginn ass, vill ganz flott Saachen an Ureegungen, déi am Kader vun där Debatt gefouert gi sinn, dass een awer och villes iwwert de moraleschen Zoustand vun engem Deel vun eiser Bevölkerung gewuer ginn ass, an dass ee sech an enger Rei vun Themekomplexen eeschtlech Suerge muss maachen, wann d’wirtschaftlech Situatioun vun eisem Land sech géif verschlechteren, wéi dann d’Reaktioune wieren – wou mir eis als Lëtzebuerger ganz gären ëmmer de schéine Mäntelchen ëmdinn wat d’Relatiounen zu eisen auslännesche Matbierger an och eis Integratiounspolitik ugeet.

D’Gemengewahle schlussendlech bündele ganz vill Kräften an deene leschte Wochen an och elo nach am Virfeld fir d’Wahlen ze gewannen, an elo fir ze kucken, fir d’Schäfferéit ze bilden. Och dat huet an der Politik heibannen an dobausse vill Aarbecht, vill Energie an deenen eenzelne Parteie kascht. Déi Gemengewahlen erlaben net eng nationalpolitesch Konklusioun ze zéien. Et huet ee ganz kloer gesinn – an dat Land op Land of -, dass et sech ëm eng reng lokalpolitesch Wahl gehandelt huet, wou all d’Parteie mat Héichten a mat Déiften ze rechnen hunn.

Eenzeg Ausnahme sinn an engem gewëssene Mooss héchstwahrscheinlech eis Kolleege vun deene Gréngen, déi méi flächendeckend zougeluecht hu wéi aner Parteien, mä och do gëtt et deen een oder anere Bémol, notamment zu Esch, wou aus der Majoritéit eraus bei wäitem net dat Resultat gemaach ginn ass, wat si sech selwer erwaart haten.

Déi aner dräi grouss Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn – vum ADR wëll ech iwwerhaapt net an deem Zesummenhang schwätzen -, hu jee no Konstellatioun Héichten an Déifte missen erliewen, déi awer ganz oft lokalpolitesch hir Ursaache fonnt hunn an déi och do ze siche sinn.

Mir kommen also, no Présidence, Referendum a Gemengewahlen, zréck an den nationalpoliteschen Agenda. Ech géif wëllen e puer Wuert zur Method soen, déi de Statsminister gewielt huet fir den Opbau vu senger Ried ze gestalten. Ech selwer a vill vun eis heibanne ware gespaant, wéi déi Ried géif ausgesinn. Géif de Statsminister mat de fäerdegen Iddiën a Virschléi vun der Regierung zu enger Rei vun Themekomplexe virun d’Chamber kommen an déi hei virleeën? Oder géif hien eng méi virsiichteg Variant huelen, andeem en Themekomplexer, déi an deenen nächste Méint ustinn, uschneit an eng Rei vu Pisten opzeechent, laanscht déi géif diskutéiert ginn? Hien huet sech fir déi zweet Variant entscheed. Mir begréissen dat och.

Wann, kann ech mer virstellen, elo vun der Oppositioun wäert gesot ginn, dass net all Äntwert op all Fro an der Ried vum Statsminister dran ass: Ech kéint mer ganz gutt virstelle wat, wann hien en anere Wee gesicht hätt an en anere Wee fonnt hätt, dann d’Reaktioun gewiescht wär. Da wär gesot ginn: Ex cathedra, vun uewen erof, ouni Dialog, ouni mat de Leit ze schwätze gëtt en fin de compte schonn alles hei op den Dësch geluecht an décidéiert.

Mir hu fonnt, dass de Statsminister eng ganz realistesch Oplëschtung an Appréciatioun vun de Problemer gemaach huet. Hien huet eng ganz Rei vu Pisten ugedeit, op deenen hie mat deenen eenzelne Leit wëllt diskutéieren. Wann ech soe mat deenen eenzelne Leit diskutéieren, da klassescherweis an deene Mechanismen, déi mer eis an deene leschte Jorzéngten zu Lëtzebuerg ginn hunn, notamment d’Tripartite generell a sektoriell, Tripartiten, déi an deenen nächste Wochen a Méint ustinn.

Ech hunn awer och a senger Ried fonnt, dass hien op enger ganzer Rei vu Plaze verstäerkt d’Roll an d’Importenz vun der Chamber an de Vierdergrond gesat huet. Stéchwuert Lissabon-Strategie, wou ganz staark och op d’Kompetenz an op d’Mataarbecht vun der Chamber gepocht gëtt. Och an enger Rei vun aneren Domäner huet de Statsminister kloer an däitlech gemaach, dass hien net ouni a laanscht d’Chamber eng Rei vun Décisioune wëllt huelen.

Fir eisen Deel hu mer véier Schwéierpunkten an der Ried vum Statsminister ausgemaach:

1. De Volet Vollbeschäftegung, Aarbechtsmaart, sozial Sécherheet als A an O vun der sozialer Cohésioun an als Basis fir en harmonescht Zesummeliewen zu Lëtzebuerg.

2. E resolut Bekenntnis zur wirtschaftlecher Weiderentwécklung an nei Technologien, an nei Domäner. Den Opruff fir déi noutwendeg Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir den Ëmbau, deen dat bedeit, kënnen ze packen.

3. D’territorial Reorganisatioun an dem IVL.

Selten war an der Vergaangenheet an enger Ried vun engem Statsminister esou vill Referenz gemaach ginn op déi noutwendeg Zesummenhäng, déi an der Politik bestinn tëschent deenen eenzelne Facteuren: wunnen, schaffen, sech bewegen, modern a kompetitiv, administrativ Strukturen op lokalem, regionalem an nationalem Plang.

Als een, dee sech a senger fréierer Funktioun an der Regierung ganz staark fir déi doten Themen agesat huet, huet deen Akzent vun der Ried selbstverständlech och meng Opmierksamkeet an och meng Approbatioun fonnt. Nu bleift et, dass niewent dem Ukënnegen an niewent dem Opstelle vun de Problemer een och an enger nächster Phas an d’Ëmsetzen an an d’Realiséierung vun den Ännerungen da muss kommen. Ech kommen am weidere Verlaf vu menger Ried dorobber nach zréck.

A véiertens, wéi e Stréch duerch déi ganz Ried huet sech d’budgetär Rumm duergestallt, déi amgaangen ass sech ze änneren: Einnahmen, déi nach steigen, awer manner vläicht wéi an der Vergaangenheet, Ausgaben, déi extrem héich leien, Budgetsdefiziter, déi och viru Lëtzebuerg net méi Halt maachen. Alles dat huet ee wéi e Filigranstréch duerch seng Ried an en fin de compte als Kader vu senger ganzer Ried ëmmer erëm gesinn.

Ech wéilt dann och am Numm vun eiser Fraktioun zu deenen eenzelne Schwéierpunkten, wéi mir se ausgemaach hunn, Stellung huelen, woubäi et selbstverständlech net méiglech ass, op all eenzelnen Aspekt anzegoen an ee sech bei deenen eenzelne Punkten op e puer Elementer konzentréiere muss.

Zum Kapitel Vollbeschäftegung an Aarbechtsmaartsituatioun fënnt et d’Approbatioun vun der CSV an och dat kloert Bekenntnis vun eiser Partei, dass de soziale Kahlschlag mat eis net wäert stattfannen. De Statsminister huet a senger Ried op enger Rei vu Plazen dorobber opmierksam gemaach. Hien huet eng Rei vu Pisten annoncéiert an uginn op deenen diskutéiert kéint ginn.

Zum engen den Index. Den Index, wou hie gesot huet, dass um Prinzip vum Index net ze rüttele wier, mä dass een iwwert d’Zesummesetzung vum Wuerekuerf eng Diskussioun mat de Sozialpartner kënnt féieren.

Mir deelen dat, mir wëlle just opmierksam maachen op d’Geforen, wat d’Argumentatioun ubelaangt, wat d’Zesummesetzung vum Wuerekuerf ubelaangt. Mir fannen, dass et eng ganz geféierlech, eng ganz riskant Diskussioun ass, wann een ufänkt, eenzel Elementer aus engem Wuerekuerf erauszehuelen, an dass een déi an eng kohärent Argumentatioun muss kënnen aféieren, fir dass se och vun de Leit novollzéibar ass.

D’Stéchwuert Tubak an Alkohol ass genannt ginn als Beispiller, déi een aus dem Wuerekuerf kéint eraushuelen. D’Stéchwuert Bensin ass gebraucht ginn als en Element, wat absolut net a Fro kënnt, dass et erausgeholl gëtt.

Elo kann ee beim Tubak ouni weideres verstoen, dass, wann et sech bei der Präisgestaltung vum Tubak ëm Elementer handelt, déi politesch gesteiert Elementer beinhalten an eng Richtung Gesondheetspolitik, notamment an eng Richtung, dass soll manner gefëmmt ginn, een net onbedéngt an esou engem Zeenario deen Deel vun der Ausgab am Index permanent a voll ëmfänglech kann a soll aféiere loossen.

Dat Gläicht gëllt beim Alkohol. Et muss een allerdéngs ganz gutt oppassen, dass een et dann op déi doten Elementer limitéiert, fir net an eng Situatioun ze kommen, dass een eng Diskussioun lasstrëppelt op aneren Deeler a Komponente vum Wuerekuerf, wou ee sech dann de Reproche muss maachen, dass selwecht gelagert Elementer net déiselwecht Appréciatioun géife kréien.

Stéchwuert Bensin. Et ass ganz kloer, dass am Bensinspräis haut voluntaristesch politesch Elementer dra sinn, notamment fir energiepolitesch a sozialpolitesch Moossnamen ze bezuelen. Wann een also beim Tubak a beim Alkohol eng gewëssen Argumentatioun féiert, da muss een oppassen, dass ee vun anerer Säit net beim Bensin déiselwecht Argumentatioun deen anere Wee ronderëm geféiert dohinnergehale kritt, fir ähnlech Aussetzungsmechanismen an den Indexkuerf eranzebréngen.

Déi maximal Indextranche ass ugeschwat ginn. Mir kënnen esou eng Diskussioun mat féieren, et ass d’ailleurs eng Diskussioun, déi schonn esou al ass wéi d’Politik vum Index hei zu Lëtzebuerg. Mir verstinn allerdéngs och, dass ee ganz genau muss oppassen, an d’CGFP huet dat jo gëschter Owend scho gesot, dass een dann am Loungefüge, besonnesch am öffentlechen Déngscht, net duerch Entkäppe vun der Indexadaptatioun op engem gewëssene Revenusmontant an d’Situatioun kënnt, dass een eng aner Verdeelung vun der Gehälterpyramid en fin de compte domadder erreecht.

Setzt een d’Limite awer esou héich un, dass et en fin de compte am öffentlechen Déngscht kee méi betrëfft, da kënnt een natierlech an d’Situatioun, dass dat ganzt Spill engem net ganz vill bréngt, well d’Betriber, déi en fin de compte jo de Käschtepunkt vun där ganzer Operatioun bezuelen, sech da mat dem Management vun hire Betriber sehr wohl op aner Mechanisme kënnen eenegen, fir d’Gehaltspolitik ze steieren, déi net onbedéngt mat Index gebonnenen Elementer ze dinn huet.

De Mindestloun steet net zur Debatt. Dat fanne mer gutt. Allerdéngs muss een oppassen: Wann een iwwer Mindestloun a Produktivitéit schwätzt, a besonnesch wann een um ënneschte Bord vun eise Leit schwätzt, déi um Aarbechtsmarché sinn, dass d’Diskrepanz tëschent Produktivitéitszousteigerung a Mindestloun net ze grouss gëtt, well ee soss eppes erreecht, wat een net wëllt, nämlech dass d’Betriber massiv probéieren an deenen dote Kategorië keng Leit méi anzestellen, déi een dann am Chômage erëmfënnt.

Do muss een also ëmmer ganz gutt den Equiliber fannen tëschent Upassung vum Mindestloun, Adaptatioun vum Mindestloun a senger Entwécklung mat där vun der Produktivitéit vun der Wirtschaft. Gëtt de Gap do ze grouss, dann erreecht een net dat, wat ee gären hätt.

De Statsminister huet méi eng breet Offer an der Schoulpolitik ugemahnt. Mir si mat där Analys d’accord, well mer alleguer gesinn, dass eis Gesellschaft sech ännert. Eis Gesellschaft ass manner homogen wéi se fréier war. D’Familljeverhältnisser ännere sech, d’sozial Zesummesetzung vun eiser Gesellschaft ännert sech. Allerdéngs däerf de Message net dee ginn, dass et ëmmer méi liicht gëtt. PISA huet eis gewisen, dass de Contraire de Fall ass. Wëlle mer an der Konkurrenz vun der europäescher Politik, déi sech hei zu Lëtzebuerg jo och haaptsächlech op der Bildung, der Ausbildung an der Weiderbildung vun eise Leit reflétéiert, wëlle mer an där Spiral mathalen, da musse mer no Modeller sichen, déi et erlaben eise Kanner déi beschtméiglech Ausbildung par rapport zu hire Moyene mat op de Wee ze ginn.

D’Fro, déi sech also fir eis stellt, ass déi: Wéi kënne mer de Kanner hëllefe bei der Bewältegung vun deene Problemer, déi se hunn? Wéi kënne mer hinnen hëllefen, méiglechst individuell, fir dee Wee ze packen, deen et hinnen erlaabt herno hir Plaz an der Gesellschaft ze fannen, wëssend dass d’Familljen, d’sozial Verhältnisser an och d’Liewensverhältnisser amgaange sinn ze changéieren?

Duerfir gi mer mat an eng Diskussioun iwwer eng verbreedert Offer Richtung Ganzdagsschoul oder awer och Hausaufgabenhëllef, also zousätzlechen Encadrement.

Mir verschléissen eis och net enger Diskussioun iwwer eng Erweiderung vun der Zäit, déi an der Schoul soll verbruecht ginn, wann et dann drëm geet déi Kompetenzsockelen ze erreechen, déi sollen definéiert ginn. Mir soe just, dass mer am Vierdergrond souwuel vun de mënschleche Ressourcen, déi mer hunn, wéi och vun de budgetäre Moyenen, déi mer hunn, den Equiliber musse fannen tëschent der Noutwendegkeet da weidert zousätzlecht Personal anzestellen, wëssend haut schonn, dass een iwwergroussen Deel vun eise jonken Universitairen net méi an de wirtschaftleche Prozess, mä an de Schoulsystem wäert erafléissen a mer doduerch ëmmer méi auslännesch Fachleit op Lëtzebuerg musse kréien, fir déi aner Plazen an der Wirtschaft ze besetzen.

An op där anerer Säit och selbstverständlech d’Limite vum budgetäre Kader. Alles dat: Leit, verbreedert Offer, dat kascht Geld. Déi Sue mussen zur Verfügung gestallt ginn. A wann een – ech soen dat ëmmer – 100 huet an engem Budget an et gëtt een enger Partie méi, da muss een och driwwer diskutéiere wat fir enger Partie dass ee manner gëtt.

Fir eis, als CSV, ass déi dote Politik eng prioritär Politik, déi ze ënnerstëtzen ass, well et geet schliesslech hei ëm d’Zukunft vun eisem Land.

Den drëtten Aspekt: den Aarbechtsmaart. Virun der Diskussioun Lissabon, virun der Diskussioun, déi mer musse féieren, dem Programm, dee mer mussen eraginn, stellt sech d’Fro wat fir eng Korrekturen dass mer musse virhuele fir déi Kritären, déi mer bei Lissabon mussen erfëllen, wat d’Kompetitivitéit an och d’Aarbechtsmaartsituatioun ubelaangt, kënnen ze erfëllen. Mir wäerten an deenen nächste Wochen d’Geleeënheet kréien, intensiv doriwwer ze diskutéieren.

Bis elo muss ee soen, dass net ganz vill Neies um Dësch läit par rapport zu deem, wat an deene leschte Joren an deem doten Domän schonn diskutéiert ginn ass: d’Reform vum Aarbechtsamt, d’Zäitverträg verfeineren, On-line-Aarbecht eng rechtlech Rumm ginn ass alles richteg, ass alles gutt; d’Fro, déi sech stellt, dat ass, wann opgrond vu wirtschaftlechen Entwécklungen, déi sech maachen an Europa, d’Aarbechtslosenzuel zu Lëtzebuerg weider an deem Rhythmus géif klamme wéi se an deene leschte Jore geklommen ass, wou d’Limitë vun den Adaptatiounen an engem bestehende System ophalen a wou d’Noutwendegkeet, fir zu anere Mesuren ze gräifen, ufänkt.

Schlussendlech an deem Kapitel begréisse mer ausdrécklech d’Aussoe vum Premier wat d’Integratiounspolitik ubelaangt. Zum sozialen Ausgläich gehéiert och d’Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger. D’Ausgrenzung ass den éischte Schrëtt zu sozialem Onfridden. Do wäert d’Regierung an der CSV e konstruktiven an engagéierte Partner fannen.

D’wirtschaftlech Weiderentwécklung stoung am Statsminister senger Ried ganz kloer resolut ënnert dem Zeechen, dass mer an déi nei Technologien era musse kommen, dass mer e Wirtschaftsstanduert wëlle ginn, dass mer an neien Domäne vun der Wirtschaft wëlle Fouss faassen an dass mer och do eng europäesch Kompetenz gären hätten.

Mir begréissen an ënnerstëtzen déi Aussoen ausdrécklech. Mir brauchen an der E-Technologie e gesetzlechen Encadrement, deen et de Betriber erlaabt, op eng konkurrenziell Aart a Weis par rapport zum Ausland ze fonctionnéieren. Mir brauchen awer och, wa mer dat wëlle maachen, Datenautobunnen, déi musse fonctionnéieren, fir dass dee Commerce do ka fonctionnéieren.

A wann ech dat soen, dann ass et well ech ëmmer nees dann zréckkommen op d’Investissementspolitik, déi muss gemaach ginn, an op d’Prioritéiten, déi an der Investissementspolitik musse gemaach ginn. A mir brauche schlussendlech och, well mer net iwwerall alles kënne leeën, eng Rei gutt geziilten Emplacementer, IVL-konform Emplacementer, wou mer déi doten Aktivitéiten ubidden. Et ass illusoresch ze mengen, dass mer iwwerall am Land alles um Niveau vun den Investissementer kënne maachen, a mir brauchen do eng geziilte Politik.

Dat ass e Ganzt, wat iwwergeet an d’Universitéit, eng Universitéit, déi kleng awer oho soll sinn, déi net alles wëllt emräissen, mä déi sech geziilt a konzentréiert op eng Rei vu Schwéierpunkte soll konzentréieren, déi Recherche-orientéiert ass, a wa se Recherche-orientéiert soll sinn, och no bei der Recherche muss ugesiedelt sinn, fir dass déi Symbios tëschent Universitéit a Recherche ka fonctionnéieren. Mir si fir eng Excellenz an enger Rei vun Domäner.

Ech muss elo soen, dass an Zeitungsartikelen an anere Stellungnahmen, déi een déi lescht Wochen a Méint kritt huet, een net ëmmer d’Impressioun hat, dass dat, wat de Statsminister gëschter als Rumm do virginn huet, och am leschten Detail esou vun deene Leit gesi gëtt, déi um Terrain schaffen. Mir sinn deemno ganz zefridden och, dass d’Madame Brasseur eng Interpellatioun ugekënnegt huet, well mer mengen, dass et wichteg ass, dass mer an dësem Moment an der Chamber iwwert d’Ausriichtung vun der Universitéit diskutéieren. D’ailleurs ass jo och de Recteur vun der Universitéit an deenen nächsten Deeg an där zoustänneger Chamberskommissioun present.

Mir brauchen och bei der Uni, der Recherche, der Fuerschung eng Symbios, déi sech och um Niveau vun der Standuertpolitik ausweist.

Mir sinn och erfreet driwwer, dass d’Moyenë vun der Recherche, vum öffentlechen Deel vun der Recherche an d’Luucht gesat solle ginn. Mir hunn eng Versechsfachung vun de Kreditter an deene leschte sechs Joer kannt. Mir ënnerstëtzen d’Regierung an hirem Effort fir dee ganze Komplex E-Technologie, Universitéit a Fuerschung zu engem Kompetenzzentrum vun enger Lëtzebuerger Politik ze maachen.

Mir däerfen, Dir Dammen an Dir Hären, awer net an deem ganze Komplex vergiessen, dass d’Zukunft vun eiser Wirtschaftspolitik net nëmmen E-Technologië sinn, dass et net nëmmen drëm geet, héich qualifizéiert Spëtzeplazen eis ze organiséieren, déi wuel ganz vill Steieren erabréngen, mä awer nëmmen engem Deel vun eiser Bevölkerung och eng Aarbechtsplaz fir d’Zukunft kënne bidden. Dofir menge mer, dass een och um Niveau vun der Industrie eng Diversifikatiounspolitik muss bestreiden, dass een nei Industriebetriber an d’Land muss kréien. Dat ass natierlech méi einfach gesot wéi gemaach. Den industriellen Deel vun eiser wirtschaftlecher Leeschtung ass nëmmen nach bei 10% vun der gesamter wirtschaftlecher Leeschtung ugesiedelt, mä d’Kyoto-Contrainten zum engen, d’Biergerinitiativen a Standuertproblemer zum anere maachen eis do d’Liewen net einfach, an dees musse mer eis bewosst sinn.

Den drëtte Schwéierpunkt an dem Statsminister senger Ried: den IVL an d’territorial Reorganisatioun. Ech hunn et gesot, et war e breeden Deel a senger Ried. Mir begréissen dat. Ech géif op dëser Plaz nëmmen op dräi Aspekter dovunner wëllen agoen, well dat do en fin de compte eng Ried fir sech an en Thema fir sech scho wier.

Deen éischten Aspekt, deen dem Statsminister am meeschten um Mo läit an um Häerz läit, dat huet ee gëschter ganz kloer gesinn, dat ass dee vum Wunnen. Hien huet souguer vun engem perséinlechen Echec geschwat. Wann e seet Echec vu senger Politik, dann och der Politik vun deene successive Regierungen, déi responsabel waren.

D’Präisser géifen ëmmer weider an d’Luucht goen, d’Präisspiral géif net gebremst ginn; dat obschonn eng ganz Rei vu Mesuren an deene leschte Jore geholl gi sinn, fir deem entgéintzesteieren. Hie schwätzt an deem Kontext vun enger besserer Koordinatioun tëschent Stat a Gemengen, vu Wunnengsbaupakt a Wunnengsbauentwécklungspläng, vun enger finanzieller Begleedung vun de Folgekäschte fir d’Gemengen, déi sech resolut am Domän vun der Erweiderung vun hire Leit géifen asetzen.

Hie mahnt eng méi staark Benotzung vum Bail emphytéotique a vum Virkafsrecht fir d’Gemengen un a schwätzt schlussendlech vun enger Flexibiliséierung vun der kommunaler Grondsteier, fir d’Baulandspekulatioun anzedämmen; dat Ganzt ze gesinn an enger Rumm, déi sech als Zil 15.000 nei Wunnengen an deenen nächste Joren – bei deenen en allerdéngs net weider preziséiert huet, ëm wéi vill Joren dass et sech do handelt – gesat huet.

Ech mengen, Dir Dammen an Dir Hären, dass dat doten ze einfach ass, fir déi allengeg Schold der Regierung oder deene successive Regierunge wëllen ze ginn. Ech si frou – dat éiert de Statsminister -, dass en déi Ausso gemaach huet. Ech mengen allerdéngs, dass d’Fro vum Wunnen a vun der Entwécklung vun de Präisser da wesentlech méi breet unzesiedelen ass wéi just un der Fro, ob d’Regierung hir Hausaufgaben do gemaach huet oder net, well d’Regierung nëmmen een Acteur an deem ganze Secteur ass a well d’Regierung – ausser mer wäre bereet ganz aner Weeër ze goen – och net den determinante Facteur ass an allen Domänen, déi deen dote Beräich beschäftegen.

Ech wëll mech explizéieren. Et gëtt gesot, et gëtt net genuch Bauland op de Marché bruecht. Et muss een allerdéngs wëssen, dass mer am Kader vun der IVL-Etüd festgestallt hunn, dass mer an de bestehende Perimetere vun deenen 118 Gemengen, 116 Gemenge vum 1. Januar vum nächste Joer un, net manner wéi 6.200 ha leien hunn, déi haut schonn ausgewise sinn zur Bebauung.

Elo seet een: 6.200 ha, wat ass dat? Pipifax? Neen! Dat sinn 2,3% vun eisem gesamten Territoire, an et ass een Drëttel vun der bebauter Fläch. Mir hunn also en Drëttel vun där zu Lëtzebuerg bebauter Fläch haut schonn an de bestehende Perimeteren dran, déi also de prinzipiellen Accord vun de Gemenge schonn hunn, fir enger Bebauung zougefouert ze ginn; dovun iwwer 60% vun de Flächen eleng am Wunnengsbau.

Zweetens, et ginn all Joer am Intérieur säit enger Rei vu Jore 6.000 Wunnunitéiten autoriséiert. 6.000 Wunnunitéiten! Ech setzen dat an de Kontext mat deene 15.000, déi de Statsminister gesot huet. Eleng am Joer 2004 si mengen Informatiounen no am Intérieur iwwer 6.000 Wunnunitéite genehmegt ginn.

Et stellt sech also d’Fro, firwat déi Wunnunitéiten net op de Marché kommen, a firwat déi Baulandreserven, déi jo solle kommen, déi mer zum ganz groussen Deel schonn hunn an de bestehende PAGen, net op de Marché kommen. Do fannen ech fënnef verschidden Argumentatiounen, Grënn aus menger Erfahrung, firwat dass dat de Fall ass.

Zum engen d’Prozeduren. Zum Deel si sécher eis Prozedure schwiereg. Mir hu probéiert duerch an am Gesetz vun 2004 déi Prozeduren ze vereinfachen an hinnen e Kader ze ginn. Et muss sech elo weisen, ob déi Ëmännerungen aus dem Gesetz vun 2004 duerginn, fir eng Beschleunegung vun de Prozeduren duerchzeféieren.

Wëssend allerdéngs, dass een och do net alles ka maachen, well mir an engem Rechtsstat liewen, an ee Rechtsstat bedeit, dass wann eng Persoun eppes wëllt entwéckelen, eng aner Persoun sech eventuell doduerch an hire Rechter léséiert ka fillen an och d’Moyenë muss hunn, fir kënnen Oppositioun op deene Plazen, déi dofir do sinn, anzeleeën, wann esou eng Bebauung gemaach gëtt.

Zweetens, et gëtt manifestement eng Rei Gemengen, déi bremsen. An zwar aus zwee Phenomeener:

Ee Phenomeen, dee selwer gesteiert ass an net méi wéi e gewëssent Mooss all Joer wiisst, well en net akzeptéiert, dass gréisser Lotissementer an engem Stéck op de Marché kommen, mä dat schéin an Tranchë geschitt. Dat aus enger ganzer Rei vu lokalpoliteschen, och investissementspoliteschen Ursaachen eraus.

Zum aneren awer och aus dem Drock, deen aus Biergerinitiative kënnt. Een typesche Phenomeen, dee mir an der Stad an och op anere Plaze kennen – ech ka mech aus menger Zäit un ee ganz schéint Beispill zu Sandweiler erënneren -, ass wa Leit sech niewent enger grénger Wiss eng Plaz kafen an dann der Meenung sinn, dass déi gréng Wiss op éiweg Zäit déi gréng Wiss muss bleiwen, och wann den Terrain niewendrun am Bauperimeter als eng Plaz, déi zur Bebauung virgesinn ass, ausgewisen ass, an dann natierlech mat alle Moyenen – politescher, rechtlecher – probéieren ze verhënneren, dass d’Entwécklung vun deenen Terrainen, déi niewent hirem leien, dann och realiséiert gëtt.

Deen drëtte Phenomeen ass fir mech ganz kloer dee vun de Propriétairen. D’Grondpropriétairen hei zu Lëtzebuerg sinn eng Minoritéit vun de Leit. D’Grondpropriétéit ass net an eiser Bevölkerung esou verdeelt, dass vun honnert jiddfereen een Honnertstel vum Terrain huet, mä d’Propriétairë sinn eng Minoritéit. Op all de Plazen – egal wou een als Buergermeeschter wëllt eng Entwécklung fannen – fënnt een ëmmer déiselwecht Leit erëm, a ganz oft sinn dat Leit, déi schonn esou vill realiséiert hunn, dass fir si a fir hir Generatioun hannendrun zum Deel scho gesuergt ass, an déi net wëlles hunn, eng weider Entwécklung vun hiren Terrainen ze maachen.

Dat an deene leschten 20 Joer d’autant plus, well jo en fin de compte den Zouwuess u Gewënn, dee si doduerch erreechen, dass se den Terrain leie gelooss hunn, méi héich ass wéi den Zouwuess, dee si kritt hätte wa si hir Suen op der Bank platzéiert hätten. Och dat, Dir Dammen an Dir Hären, ass ee Phenomeen, deen een an enger gesamtheetlecher Analys vum Problem net aus den Aen däerf loossen.

Véiertens, d’Promoteure selwer, wou et zwou Zorte gëtt: Zum engem déi Promoteuren, déi nach ee Baubetrib hunn – ech wëll déi ganz kloer differenzéiere vun deene Promoteuren, déi kee Baubetrib hunn. D’Promoteuren, déi ee Baubetrib mat 100 bis 400 Leit hannendrun hunn, deene si Aarbecht musse ginn, hunn éischter d’Tendenz ze kucken eng Mehrjahresplanung ze maachen, déi hinnen et erlaabt, d’Capacitéit vun hirem Betrib op engem Joer auszelaaschten an eng Previsioun ze hunn op déi nächst dräi bis fënnef Joer, dass hire Betrib – an domat och d’Responsabilitéit, déi si fir hir Leit hunn – dat kann anhalen. Déi Leit sinn net dorun interesséiert an engem Joer alles, wat si autoriséiert kritt hunn, ze realiséieren op d’Gefor hin, dass hire Betrib déi Joren hannendrun net méi déi néideg Auslaaschtung huet a se domadder an aner Schwieregkeete kommen.

Op där anerer Säit gëtt et eng Rei vu Promoteuren, déi – géif ech emol soen – an deene gudde Jore keng Terraine kaf hunn, an déi elo zu egal wat fir engem Präis den Terrain musse kafe fir am Marché kënnen ze bleiwen. Déi dreiwen natierlech d’Präisspiral an d’Luucht.

Fënnefte Facteur, deen hei zu Lëtzebuerg am internationale Verglach awer och ganz kloer ass, dat ass deen, dass mir hei zu Lëtzebuerg vill méi deier baue wéi am Ausland, sou dass et also net nëmmen eng Fro ass vum Baulandspräis, mä dass et och eng Fro ass vum Realisatiounspräis vun deem eenzelne Gebai.

Wann een also déi eenzel Punkte kuckt, déi do matspillen, da muss ee sech d’Fro stellen: Wann een an eng aner Politik wëllt erakommen, wann ee gäre méi Terrain op dem Marché hätt, wat sinn dann d’Facteuren op déi ee kann agéieren? An do falen eis der e puer an, déi ee misst prioritär gesinn.

A vun deenen hunn ech leider een net an der Ried vum Statsminister erëmfonnt, an dat ass d’Fro vun der Expropriatioun. D’Fro vun der Expropriatioun als Moyen fir der öffentlecher Hand d’Méiglechkeet ze ginn, fir op där Plaz, déi IVL- an och PAGs- konform ass, d’Entwécklung vun der Gemeng virunzedreiwe par rapport zu anere Plazen, déi net esou interessant sinn.

Ech weess, dass dat eng ganz schwiereg Diskussioun ass, well déi bis déif an d’Privatrecht erageet. Ech weess awer och, dass, wa mir dee Problem do net eng Kéier uginn, wa mir net eng Kéier seriö doriwwer diskutéieren, wéi mir et da fäerdeg brénge fir op enger Rei vu Plaze massiv Terrain kënnen ze kafen – an zwar net nëmme kafen, mä och zu engem Präis, deen esou ass, dass deen Terrain och nach zu engem akzeptabele Präis herno un den Endabnehmer, dat heescht un d’Leit, ka verkaaft ginn -, mir dann der Problematik, Regierung hin, Regierung hier, net wäerte Meeschter ginn.

De Statsminister huet an deem Kader iwwert d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemenge geschwat. Et stellt ee fest – an och a senger Ried huet een nees festgestallt -, dass ëmmer méi Chargen op eis Gemengen duerkommen.

Eleng an dëser Ried huet hie vun enger Kooperatioun um Niveau vun der Wunnengsbaupolitik a vun enger Erweiderung vum Schoulencadrement geschwat. Nei Chargen, nei Erausfuerderungen, déi op d’Gemengen duerkommen an déi nei Belaaschtunge fir d’Gemenge mat sech bréngen. Et muss ee sech also d’Fro stellen: Sinn eis Gemengen, déi aus dem Ufank vum 19. Jorhonnert kommen, an hirem Opbau esou gerüst, fir all deenen neien Erausfuerderungen am familljepoliteschen an am sozialpolitesche Beräich kënnen entgéintzekommen? Eis Äntwert ass éischter, dass dat net de Fall ass.

Dofir begréisse mir déi Diskussioun, déi den A an O en fin de compte ass fir ze soen, mir musse kompetent Sockelen och bei de Gemengen definéieren. Mir musse kucken, wat si Mindestkritären, Mindeststandarden, déi ee muss kënnen ubidden, an da musse mir de Courage hunn, dann och eis Gemengelandschaft no deene Konklusiounen, déi sech doraus erginn, ze readaptéieren.

Dobäi ass, Dir Dammen an Dir Hären, d’Fro ob mir d’Fusiounen iwwer Zwangsfusiounen oder iwwer fräiwëlleg Fusioune maachen, fir mech nëmmen een Deel vun der Fro. Well zur Fro vun der Kompetitivitéit vun der Gemeng stelle sech nach eng Rei vun anere Froen:

1. Wéi definéiere mir déi Masse critique, déi noutwendeg ass?

2. Wéi brénge mir et fäerdeg, um Niveau vum administrative Personal aus dem 19. Jorhonnert erauszekommen? Wéi brénge mir et fäerdeg, seriö administrativ an technesch Servicer net nëmmen an deene grousse Gemengen, mä och an deene méi klenge Gemengen un d’Funktionéieren ze kréien?

3. Wéi organiséiere mer de politeschen Encadrement vun deem Ganzen?

Ech hu gelies, dass de Parteipresident vun der LSAP an engem Artikel gëschter gesot huet, dass mir mussen op eng Trennung vun der lokalpolitescher an der nationalpolitescher Kompetenz kommen. Dat ass eppes wat ech an dëser Chamber och schonn eng Kéier gesot hunn, well mer gesinn, dass mir am Kader vun der europäescher Erweiderung an der Chamber an Zukunft Deputéierte mussen hunn, déi sech vill méi mat national- an europapolitesche Froe beschäftegen, a vill méi Budget an Zäit mussen hunn, fir d’Europapolitik kënnen ze begleeden, wéi dat haut de Fall ass.

Wann d’Chamber awer eng Zesummesetzung vu Lokalpolitiker, déi och nach derniewent Nationalpolitik maachen, bleift, wäerte mir ni där doter Erausfuerderung gerecht ginn. Domadder och net deenen Erausfuerderungen, déi de Statsminister ugekënnegt huet, wéi hie gesot huet, dass hie gären hätt, dass d’Chamber sech an eng Rei vun national- an europapoliteschen Domäner méi staark involvéiert wéi dat haut de Fall ass.

Mir mussen also am Kader vun där doter Diskussioun doriwwer diskutéieren, wéi mir mam Député-maire, mam Conseiller-maire, mam Échevin-maire an Zukunft virufueren. Wéi fuere mer mam Deputéierte virun a wéi brénge mer et fäerdeg, dass mer déi regional Komponent, dat heescht déi Fro vun Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen, déi mer säit dem 1999er Gesetz iwwert den Aménagement du Territoire an eisem Beidel dran hunn, och mat Liewe kënnen erfëllen.

Domadder huet ee lokal- a regionalpolitesch d’Hausaufgab fir eng Persoun, fir ee Persounegrupp, fir ee Persounentyp sécher ze definéieren an et géif engem op där anerer Säit erlaben – do sinn ech mam Här Bodry d’accord -, dass an Zukunft d’Chamber sech méi spezifesch a méi verstäerkt ëm aner Saache bekëmmert. Ech si mer allerdéngs bewosst wat fir een enorme Mentalitéitswandel dass dat doten alles viraussetzt ier mer an esou eng Richtung wëllen a kënne kommen.

Drëtt Stéchwuert: Reorganisatioun – an dobäi däerf een och de Käschtepunkt net aus den Ae verléieren. Och hei soen ech nees: Wa mer iwwer Reorganisatioun schwätzen a mer et besser wëlle maachen, an dat Eenzegt, wat dobäi erauskënnt ass, dass et méi deier gëtt, well mer nei Strukture musse schafen, déi mer haut net hunn, a well mer net wëllen un d’Grondphilosophie goen. Mer mussen doduerch nei Intermédiairespositiounen a -strukturen schafen. Dat Ganzt gëtt folglech herno méi deier wéi et en fin de compte justifizéiert ass. Mir hunn och de Krich an deem heiten Domän net gewonnen.

Leschten Aspekt an dësem Domän: den öffentleche Verkéier. 25% “modal split”, dat ass e Pak, 25% “modal split”, dat ass en Doublement vun de Bewegungen, déi d’Leit an Zukunft am öffentleche Verkéier maachen. Dat ass net nëmmen eng Fro vu Mentalitéitswandel, dat ass och eng Fro vun enorm vill Geld.

Wann ee gesäit, wat den IVL definéiert huet, a wann een den IVL seriö hëlt – dat ass jo d’Viraussetzung vun där ech ausginn -, dass e gesot huet: Mir hunn e Réckgrat, dat mer mussen definéieren aus Zentrum, Stad, Süden, Frichen an Nordstad, déi ze definéieren ass, an den öffentlechen Transport muss prioritär laanscht déi Achs organiséiert ginn, dann ass et kloer, dass niewent dem Modell K, dee jo décidéiert ass an deen eng Ubannung op de Findel an op de Kierchbierg virgesäit vum bestehende Schinnennetz, eng Prioritéit muss bei der Linn Esch-Stad leien, aus enger Rei vu Grënn op déi ech nach wäert zréckkommen.

Wann ech awer weess, dass de Modell K eng Milliard Euro kascht, dat heescht den Investissementsvolume vun eisem Stat fir e ganzt Joer, toutes catégories confondues, an ech weess, dass ech da vun Esch an d’Stad nach eng Linn muss bauen, déi och nach eng Kéier datselwecht kascht, also nach eng Kéier e Joer Budget kascht, da stellt ee sech d’Fro wéi mer dann op d’Iddi komme fir nach aner Saachen unzemahnen, déi do derniewent an deem dote Beräich nach solle kommen, well da baue mer jo nach en drëtt Joer Investissementspolitik vun eisem Stat an deen doten Domän eran, an da stellt sech opgrond vun der verännerter wirtschaftlecher Situatioun awer ganz kloer d’Fro vun de Prioritéiten, déi ee sech setzt bei der Ëmsetzung vun enger Politik.

Véiertens, d’budgetär Rumm. Dat véiert Kapitel vum Statsminister senger Ried, do huet ee ganz kloer gespuert, ouni dass en an den Detail wollt a konnt goen, well mer jo nach eng budgetspolitesch Diskussioun kréien, dass mer an enger neier Situatioun sinn. Wuel nach an enger spezieller Situatioun, well mer contrairement zu deenen aneren europäesche Länner keen Abroch hunn um Niveau vun der Einnahmesäit, quoique mer am Joer 2004 nach 8% Augmentatioun vun de Recetten haten an am Joer 2005 5,3% hunn; mer eis also och eeschtlech Gedanken iwwert d’Einnahmesäit vun eisem Budget maache mussen, mä de Problem sech ganz kloer op der Ausgabesäit erëmfënnt.

Mir hu Progressioune vun iwwer 10% vun eisem Budget op der Ausgabesäit, an dat iwwer eng Rei vu Joren. De Gap tëschent Einnahmen an Ausgabe gëtt ëmmer méi grouss, an net nëmme gëtt de Gap tëschent Einnahmen an Ausgabe méi grouss, mä de Fait, dass mer eis et erlaben, Budgetsausgabe vun iwwer 10% pro Joer ze hunn, ass menges Wëssens eenzegaarteg op der Welt. Net emol China erlaabt sech Joer fir Joer d’Ausgabe vum Budget iwwer 10% klammen ze loossen, well s de einfach deng Facteuren, déi noutwendeg sinn, fir d’Einnahmen ze sécheren, fir déi dote Progressiounstauxen ze kréien, net méi ënner Kontroll kanns halen.

Mir kommen an deenen nächste Joren also un d’Limitë vu Maastricht erun, an de Statsminister huet zu Recht eng Rei vu Pisten och an dësem Domän ugeschnidden, wou hie gesot huet: Wou ass dann den Haaptproblem, dee mer hunn? An den Haaptproblem, dee mer hunn op der Ausgabesäit, ass ganz kloer deen, dass mer eng Iwwerproportioun vun automatesch sech reguléierenden Ausgaben an eisem Budget dran hunn. Hien huet an deem Kontext vun de staatleche Kontributiounen un d’Rentekeesen, un d’Finanzéierung vun de Pensiounen, un d’Participatioun u Krankekeesen- a Fleegeversécherungen an un d’Finanzéiere vu Babyjoren an der Mammerent appeléiert, als en Total vun 2,4 Milliarden Euro, déi dës Domäner ausmaachen an eisem Budget.

Wann ee weess, dass eise Budget op der Ausgabesäit eppes iwwer 7 Milliarden huet, op der Einnahmesäit zurzäit, ouni Friemfinanzéierung, fir d’Joer 2006 iergendwou an de Barragen iwwer 6 Milliarde wäert leien, da weess een, dass eleng deen doten Deel vun den Ausgaben am Budget bal 40% vum Gesamtvolume vun den Ausgabe vun eiser Budgetspolitik ausmécht.

Wëssend awer och wéi d’Mammerent d’lescht Joer diskutéiert ginn ass, maachen ech mer net ze vill Illusiounen driwwer, Här Statsminister, ob mer dann déi Rou an déi, wéi soll ech soen, Serenitéit, déi Dir ugemahnt hutt, fir déi doten Diskussioun ze féieren, ob mer deen Tounfall dann och wäerten erreechen, wann et dann iwwert déi theoretesch Considératiounen an d’praktesch Ëmsetzung vun där Politik geet.

Eppes ass sécher, Dir Dammen an Dir Hären, d’CSV-Fraktioun wäert net akzeptéieren, egal wéi, dass mer a belsch Verhältnisser hei zu Lëtzebuerg kommen. Déi déi belsch Politik an deene leschte Wochen an Deeg verfollegt hunn, déi gesinn hunn, wéi penibel, wéi schwiereg et ass fir e gesamt Land, fir d’Feeler vun enger Generatioun vu virdrun nees auszebigelen, déi et no siwe Joer mat ganz vill Krämpes gepackt hunn, fir vun 160% Defizit PIB op 90% Defizit PIB erofzekommen, déi nach weider Aschnëtt an e System elo mussen erantransportéieren, dee schonn net ganz roseg ass, déi verstinn, dass, wann een an engem Land lieft, wou Budgetsreserve sinn, wann een an engem Land lieft, wou ee keng Statsschold huet, een alles muss maachen, fir net an déi dote Situatioun ze kommen.

An do wäert Dir, Här Statsminister, an der CSV-Fraktioun e ganz treien Alliéierte fannen, wann et drëm geet fir déi dote Politik ëmzesetzen.

Dir Dammen an Dir Hären, ech hat 2004 bei der Deklaratioun vun der Regierung gesot, dass an der Politik alles zesummenhänkt, dass ee vill eenzel Felder vun der Politik ka kucken, vill Weeër ka beschreiden, mä dass et iergendwou tëschent deenen eenzelne Weeër Interconnexioune gëtt an dass sech en fin de compte alles ëmmer nees op enger Plaz erëmfënnt.

Ech géif dat op engem Beispill, dat ech zesummegesat hunn aus enger ganzer Rei vun Défien, déi de Statsminister gëschter a senger Ried ugeschwat huet, eng Kéier wëllen deklinéieren, an zwar op der Interrelatioun, déi ech gesinn tëschent Budget, wirtschaftlecher Entwécklung, Aarbechtspolitik, IVL, Energiepolitik, Uni Lëtzebuerg a Modernisatioun, Mobilitéit an der Stad, Mobilitéit an d’Stad eran an aus der Stad eraus a schliesslech nees Budget, deen alles vu vir eraus a vun hannen eraus konditionéiert. Also alles Elementer, déi de Statsminister gëschter op engem oder op deem aneren Deel vu senger Ried ugewannt huet.

Mir gesinn, wa mer d’Einnahmesäit vun eise Recettë kucken, dass besonnesch um Niveau vun de Betribssteieren d’Recetten net méi esou wuesse wéi se an der Vergaangenheet do waren a wéi mir et och gären hätten. Méi Wirtschaftswuesstum, méi wirtschaftlech Aktivitéit, méi wirtschaftlech Diversifikatioun, dat ass d’Erausfuerderung vun der Zukunft; wéinst de Steiere selbstverständlech, den Einnahmen, déi mer kréien, mä awer och wéinst de Leit, déi eng Aarbechtsplaz sollen a musse fannen. Dat sinn also Léisungshëllefen, déi mer fir de Problem hunn.

D’Wirtschaft haut ass net méi d’Wirtschaft vu gëschter. Mir hu just nach en Undeel vun 10% vun der Industrie um nationale PIB. Méi Wirtschaftswuesstum bedeit méi Industrie, bedeit nei Betriber, bedeit méi an nei Aktivitéitszonen. Industrieaktivitéit kann net egal wou stattfannen.

Den IVL huet eis als Leitinstrument op den Terrain vun der Betribsusiedlung gefouert. Den IVL geet vun enger Symbios aus tëschent den Entwécklungszentren Nordstad, Stad Lëtzebuerg a Regioun Süden, besonnesch vun de Frichen, awer och vun anere geet hien aus als Réckgrat vun der Wirtschaftsentwécklung an als Conditio sine qua non, dass e “modal split” vu 25% a 15, 20 Joer iwwerhaapt erreechbar ass, well een och an deem Beräich eng Rei vu Masse-critiquë brauch, déi noutwendeg si fir eppes un d’Fonctionnéieren ze kréien.

Dës Symbios brauch hir konkret Materialisatioun duerch eng nei Schinneverbindung tëschent der Stad an Esch. Déi kascht esou vill, dass net méi alles – ech hunn et scho gesot – op deem Terrain an deenen nächsten 20, 25 Joer an de Programm ka gesat ginn, wëssend – an ech hunn et och scho gesot – dass eleng de Modell K, deen décidéiert ass, ronn eng Milliard Euro wäert kaschten.

D’Verbindung vun der Stad op Esch ass awer kruzial fir d’Standortpolitik vun der Uni Lëtzebuerg an domadder fir d’Innovatiouns- an d’Modernisatiounspolitik an de Spëtzesecteure vun eiser Wirtschaft. Si ass och wichteg fir d’Restrukturatioun vun engem ganzen Deel vun eisem Land, wou een Drëttel vun de Leit wunnen.

Studéieren, Recherche, Start-up, wirtschaftlech Linken, wéi se op Belval definéiert ginn – an duerfir hu mer Belval jo deemools definéiert -, setze viraus, dass een eng kompetent Ubannung un den öffentlechen Transport par rapport zur Haaptstad an an der Haaptstad par rapport zu deene wesentleche Punkten, dat heescht d’Gare an de Findel, wou d’Leit aus dem Ausland kommen, hisetze kann.

Wa mer eis dorobber eens setzen, dass dat doten d’Prioritéite sinn, de Modell K plus déi dote Verbindung, da kann ee selbstverständlech net am selwechten Otemzuch och nach eng Tramslinn, eng Full-Fläch-Tramslinn duerch d’Stad maachen. Oder et setzt een d’Prioritéiten anescht: Et seet een, d’Prioritéit vun der Politik ass den Tram duerch d’Stad, wëssend dass an deem Moment dann d’Verbindung Esch-Stad net an deenen nächsten 20, 25 Joer gebaut ka ginn.

Wann dat esou ass, dass dat d’Prioritéit ass – an och do huet den IVL eis Äntwerte ginn -, da muss een also d’Fro stellen: Wéi kréie mer d’Mobilitéit an der Stad an de Grëff? D’Prioritéiten do, dokumentéiert duerch de Modell K, sinn zum engen d’Ubannung un den TGV, zum aneren d’Neierschléissung oder d’Ubannung vun de wirtschaftlechen Entwécklungszentre Kierchbierg, Findel, Cloche d’Or un den öffentleche Verkéier an, drëttens, déi systematesch Ubannung vun neie Schoulinfrastrukturen un den öffentlechen Transport. Net d’Nidderschreiwe vum öffentlechen Transport op eng Plaz an dann de penibele Versuch den öffentlechen Transport op déi Plaz ze kréien, esou wéi et an der Vergaangenheet de Fall war.

Wann dat eis Prioritéite sinn – Ubannung un den TGV, Erschléissung vu wirtschaftlechen Entwécklungszonen, Neigestaltung vun de Schoulzentren -, da kréie mer à long terme manner Busverkéier an der Stad an eng aner Alternativ.

Wa mer manner Busverkéier an der Stad mëttelfristeg hunn, stellt sech d’Diskussioun iwwert d’Noutwendegkeet vun enger Tramverbindung duerch den Zentrum vun der Stad anescht. Dat d’autant plus dass ech awer iterativ an aus der Stad Lëtzebuerg eraushéieren hunn, dass, och wat den Zentrum vun der Stad ubelaangt, d’Stad Lëtzebuerg eng ganz aner Politik wëllt maachen, nämlech d’Eraushuele vun enger Rei vu Betriber an d’Peripherie wou eng gutt Ubannung un den öffentlechen Transport besteet an d’Reorganisatioun vum Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg hin nees zu Wunngéigenden, wou méi Leit mat Famillje kënnen a solle wunnen.

Datselwecht gëllt an deem Kontext fir de Lampertsbierg. Dofir hu mer an der Konklusioun vum IVL jo schonn décidéiert, dass mer e Lycée vum Lampertsbierg géifen erofhuelen an deen op d’Frichen, op déi nei erschlosse Cloche d’Or géife setzen, wou eng direkt Ubannung un den öffentlechen Transport stattfënnt.

Dofir hu mer – den Här Fayot an ech selwer – ëmmer nees ugemahnt, dass, wa mer en zweet Standbeen vun der Uni Lëtzebuerg an d’Stad géife bréngen, mer misste kucken, dass mer eng Friche géife fannen – zum Beispill d’Friche vun Dummeldeng; ech ka mer awer och anerer virstellen -, déi un den öffentlechen Transport ugebonnen ass, fir an enger intelligenter Strategie iwwer 20 Joer den Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg ze entlaaschten, Wunnquartieren ze maachen an d’Wirtschaftsaktivitéiten dohinner ze leeën, wou mer opgrond vu budgetäre Contrainten décidéiert hunn, dass mer den öffentlechen Transport hiféieren.

An dofir soen ech, dass sech dat alles mateneen am Fong verbënnt: Wunnengspolitik zum engen, Standuertpolitik zum aneren, Usiedelung vu Betriber zum Drëtten, d’Organisatioun vum öffentlechen Transport zum Véierten. An dat Ganzt an enger wirtschaftlecher Rumm, déi et erlaabt, net nëmmen an engem Secteur an an engem Domän ze investéieren, mä déi et erlaabt, och an deenen anere Secteure vun eiser Wirtschaft an Zukunft nach eng intelligent an zukunftsorientéiert Politik ze maachen.

E lescht Glidd an dëser Ketten ass d’Energie. Ech muss soen, dass dee leschte Rapport Ewringmann, dee mer de leschte Mount kritt hunn, zimlech alarmant an enger ganzer Rei vun Domäner ass. Fuere mer esou weider wéi bis elo, da wäerte mer d’Attraktioun vun engem och nëmmen hallefweegs emissiounsintensiven Industriebetrib hei zu Lëtzebuerg net méi kënne maachen. Wa mer awer keng Industrie kënnen ubidden – an net all Industrie, déi et gëtt, ass haut schonn esou, dass se sech op d’Kyoto-Bilanz mat null wäert auswierken -, da kréie mer e substanzielle Problem fir déi Onqualifizéiert ënner eis an eiser Gesellschaft, deene mer keng Aarbechtsplaz méi kënnen ubidden an déi net an der Welt vum E-Commerce nécessairement eng Plaz fannen.

Eisen Energiesecteur ass extrem pëtrolsofhängeg. Eis Stroumproduktioun an d’Standbeen, déi se ass, musse mer seriö iwwerdenken. Mir mussen also Sputt schafen, wa mer industriell Produktioun hei zu Lëtzebuerg wëlle weider behalen. Ausser mer géifen d’TGV-Zentral zu Esch komplett zoumaachen, zu enger Rei vu Saachen, déi am Ewringmann senger Etüd proposéiert gi sinn, a bei deenen ech awer net dovunner ausginn, dass dat eis wäert esou séier geléngen. Mir mussen also Sputt schafen, fir kënnen nei Industrien zu Lëtzebuerg unzesiedelen.

An do muss ech leider soen, dass all Sonnekollektere vun der Welt dat net wäerte schaffen an hirer gebündelter Kraaft, och wa mer se ënnerstëtzen, fir eis déi Sputten ze schafen, déi do noutwendeg sinn.

Alternativ ass dann den Tanktourismus op der Lee. Nu stellen ech mer awer d’Fro, wëssend, wat den Tanktourismus haut am Budget vun eisem Stat ausmécht – bal och nees 1 Milliard Suen -, wéi mer et da kuerz- oder mëttelfristeg fäerdeg bréngen, op déi doten Einnahmequell ze verzichten aus all deene Saachen eraus, déi ech probéiert hunn an deene leschte 54 Minutten hei ze entwéckelen an déi och noutwendeg sinn, wat déi zukünfteg Gestaltung vun eisem Land ugeet.

Wa mer en “modal split” vu 25% als Méiglechkeet an d’A faassen, dann ass dat e Mëttel fir Energie à long terme ze spueren. Mä et bedéngt awer – an ech mengen dat wollt ech heimadder beweisen -, dass an eiser Politik, an der Konzentratioun vun eiser Politik déi Weeër, déi mer ugaange sinn, nämlech déi vun der horizontaler Zesummenaarbecht tëschent deenen eenzelnen Acteuren, an Zukunft méi verstäerkt ginn an déi gesamtpolitesch an déi gesamtbudgetär Parameteren am A behale musse ginn.

Ech kommen, Dir Dammen an Dir Hären, zu menger Konklusioun. De Statsminister huet a véier Felder an eisen Ae Prioritéite gesat. Et si véier Felder, déi enk matenee verstréckt sinn, déi enk matenee verstrëppt sinn. Et si véier Felder, déi ganz vill Energie wäerte brauchen. Grouss Erausfuerderunge kommen op eis duer. Alleguerte wäerte mer se net léise kënnen. Mä villes a Verschiddenes mussen a wäerte mer och an der Politik aneschters maachen.

Déi nächst Méint, Dir Dammen an Dir Hären, wäerten eis weisen, ob mer bereet sinn, nei Weeër ze goen, an zwar zum Deel méi séier wéi mer et vläicht gären hätten. An e puer Woche geet d’Eisebunnstripartite un. D’Fro, déi sech stellt, ass déi: Endegt d’Eisebunnstripartite a Form vun engem weidere Rentendësch oder endegt d’Eisebunnstripartite als e wierkleche reelle Wëllen, engem Lëtzebuerger Betrib eng Chance an engem konkurrenzielle Marché, deen europawäit ëmmer méi schwéier gëtt, ze sichen?

Ech si perséinlech gespaant op dat, wat an där Tripartite do zu deem gesamte Komplex wäert erauskommen. Et ass eng Chance, déi mer hunn. A mir sollen déi Chance notze fir eng Lëtzebuerger Solutioun op d’Been ze setzen, déi sech net eleng doduerch auszeechent, dass se méi Suen am Budget kascht, well ech net gesinn, wéi mer am Budget weider Fräiraim kéinte schafen, fir esou eng Politik kënnen ze bezuelen.

Mir mussen d’Lissabon-Strategie ofginn. Mir kréien an deenen nächste Wochen dozou eng Debatt hei an der Chamber. De Statsminister huet et gëschter gesot. Do musse mer eis bekennen zu där neier Welt, déi kënnt, a mir musse Pisten uginn, souwuel wat d’Wirtschaftsentwécklung wéi och wat d’Aarbechtsmaartentwécklung ubelaangt, wéi mer da mengen, dass mer am Horizont 2010 dee Wee wëlle beschreiden, dee virun eis läit.

Mir kréien eng Kompetitivitéitstripartite, wou sech dann och muss beweisen, ob d’Sozialpartner bereet sinn, op en anere Wee matzegoen, an net dass mer an deenen dach zimlech enke Kadere bleiwen, déi an deene leschte Jore begaange si ginn.

Mir mussen eise Stabilitéitsprogramm fir déi nächst Jore virleeën. Dat heescht déi ganz Fro vun der budgetärer Entwécklung op déi nächst Jore wäert an deem Kader gestallt ginn. A last but not least déi ganz Froe vun der territorialer Reorganisatioun, dem Ëmsetze vum IVL, der Virbereedung vun eisem Land, ob et elo 500.000, 600.000 oder 700.000 Awunner huet. Dat ass eppes, wat op der Lee vun der Politik an deenen nächste Jore steet.

Eis Fraktioun, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ass bereet, deen dote Pad matzetrëppelen. Och wann et, an dat sinn ech mer sécher, net ëmmer en einfache Pad wäert ginn.

Ech soen Iech Merci.