D’CSV an d’Gemengewalen

Eng Kuerzanalys vum Paul Weimerskirch op 100,7 an der Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert.

Paul_WeimerskirchD’Gemengewale sinn ofgeschloss. Vill Opreegung, Hektik a Nervositéit ass fort. Alles an allem, et wor e faire Walkampf. Vun dëser Plaz aus, alle Wieler a Wielerinnen, besonnesch och alle Kandidaten a Kandidatinnen aus alle Parteien e grousse Merci fir d’Fairness an déi demokratesch Ausenannersetzung.

De Wieler huet bestëmmt, wien an de Gemengeréit am Intressi vun de Matbierger matschaffen a mat décidéiere kann. Do wou et keng absolut Majoritéite ginn, schaffen d’Parteie fläisseg u Koalitiounen.

Wat d’CSV betrëfft. Esou kucke mir mat engem positiven A op verschidde Gemengen uerchtert d’Land. Awer net iwwerall sinn déi gesaten Zieler erreecht ginn. Dat ass bedauerlech, eng demokratesch Wal bréngt dat nun ebe mat sech.

An engem Drëttel vun de Proporzgemengen huet d’CSV u Stëmmen a Mandater verluer. Dofir ginn et sécherlerch Grënn an Ursaachen, déi oft derart vernetzt sinn, datt et natiirlech schwiereg ass, eng eendeiteg a kloer Erklärung ze hunn. Iwweregens ass et och keng Schan als Oppositioun ze schaffen. Konstruktivt a kritescht matschaffen ass op ville Plazen ugesot.

An 2/3 vun de Gemenge konnt d’CSV hir Positiounen verstäerken, sief dat u Mandater oder u Prozenten. A ville Gemengen kann a wäert d’CSV demno aus der Majoritéit eraus agéieren. An anere muss mir eis als konstruktiv Oppositiounskraaft bewären. Egal, wéi eng Roll den CSV-Fraktiounen zoufält, eis Mandatären wäerden mat Engagement, Kompetenz a Responsabilitéit schaffe mussen.

Niewt de ville gudde Resultater an de Proporzgemengen, ass et besonnesch och erfreelech, dat vill CSV-Kandidaten, déi an de Majorzgemengen ugetriede sinn, Responsabilitéit am Schäfferot oder esouguer als Buergermeeschter iwwerhuele wäerden. Et ass dëst een Zeechen, datt d’CSV eng echt Vollekspartei ass, datt d’CSV déi eenzeg Partei ass, déi flächendeckend iwwert d’Land an de Gemenge representéiert ass.

Nach emol, ouni d’Resultater vun de Gemengewale schéin ze rieden, däerf festgestallt ginn, datt d’CSV insgesamt betruecht e gutt Resultat erschafft huet: Knapp 2% méi ewéi bis elo. D’CSV ass an alle Gemenge present, d’CSV kritt méi Gemengerotsmandatäre zougesprach ewéi bei de leschte Gemengewalen.

Egal, ob als Majoritéit oder als Oppositioun, vill Aarbecht a nei Erausfuerderungen waarden op déi nei gewielte Gemengerotsmemberen. Liewensqualitéit verbesseren, Integratioun vun auslännesche Matbierger, Kannerbedreiung, Verkéiersproblemer, nei Infrastrukturen …. sinn nëmme e puer Stéchwierder, déi ëmmer nees an de Bléckpunkt réckelen. D’Prioritéiten sinn natiirlech ass vu Gemeng zu Gemeng verschidden. Egal wéi, wat elo zielt ass den Asaz an den Engagement an der Gemeng. D’Intressen an d’Besoinë vun de Matbierger hu Virang.

Iwwer all Parteigrenzen eraus. De Slogan vun der CSV.

Zesummen. An de Gemengen. Fir d’Gemengen – huet och nach no de Wale Bestand an ass Optrag fir jidder Eenzelen, deen an de Gemenge Responsabilitéit huet.

(Eng Kuerzanalys vum Paul Weimerskirch op 100,7 an der Emmissioun d’Parteien hunn d’Wuert.)