D’Nordstrooss gëtt méi deier wéi geplangt

Den Rapporteur Ali Kaes erklärt d’Grënn an d’Ursaachen vun dëser Deirecht
Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Wann mer de Bléck zeréck an de Juli 1997 riichten, dann blécken mer och op de Ofschloss vun enger emotionaler Débatt zeréck, déi schon Enn der 70ger Joëren, genauer gesot 1967, hieren Ufank fonnt haat. Et géing eis, mengen ech, un deser Plaz ze wäit féiren, wann mer nach weider an der lëtzebuerger Stroossebaugeschicht zeréckbliederen géifen. Mais jhust zur Informatioun, gouf schon an der Zäit virum zweeten Weltkrich an etlechen Etüden driwwer nogeduecht, fir eng Stroossenubannung an de Norden ze réaliséiren.

Am Fonds des Routes-Gesetz vun 16.August 1967 ass ennert dem deemolegen sozialisteschen Bautenminister Albert Bousser festgehalen ginn, fir eng Strooss ze bauen, déi ennert anerem Lëtzebuerg matt Ettelbréck sollt verbannen. Spéiderhin, am Programme Directeur vum 6.Abrëll 1978 mam Titel “Aménagement du territoire et développement du réseau routier” ass nozeliesen (ech zitéiren):

« L’autoroute Luxembourg-Ettelbruck-Diekirch est nécessaire à l’amélioration et au développement de la région nord du pays, au soutien du centre de développement et d’attraction d’ordre moyen Ettelbruck-Diekirch, au pôle Bissen-Colmar-Berg ainsi qu’à l’amélioration de conditions de trafic et de résidence dans la zone urbaine et dans la vallée de l’Alzette. »

An bei der Révisioun vun desem Programme Directeur am Joër 1988 ass weiderhin festgehalen ginn:

« La Route du Nord a toujours été considérée comme l’épine dorsale du trafic entre l’Oesling et le Centre… »

Waat duerno koum, waren an den 80ger an 90ger Joëren eng Reih vun Etüden, déi verschidden Varianten duerchgespillt haten, an déi der Regierung virgeluecht goufen. Den 19.März 1992 huet d’Châmber sech matt enger 2/3-Majoritéit fir d’Ostvariante vun der Nordstrooss décidéiert, waat schlussendlech zum Dépôt vum Gesetzprojet 4037 iwwert d’Emännerung vum Fonds des Routes-Gesetz, an dunn vum Projet de loi 4263 gefouert huet, deen de 9.Juli 1997 an der Châmber gestëmmt gouf, an deen d’Regierung habilitéiert hat, fir déi sougenannten Nordstrooss ze bauen matt engem Käschtepunkt, deen sech deemols op ronn 15 Milliarden aler Frang belaaf huet.

Et war eng hëtzeg Diskussioun an der Öffentlechkeet, déi eis Land riskéiert huet ze dividéiren zwëschent Norden a Süden, Osten a Westen. Daat geet och aus den interessanten Châmbersdébatten vun deemols ervir, wou beispillsweis bei engem fréieren Member aus der CSV-Fraktioun zum Gesetz vum 27.Juli 1997 iwwert de Bau vun der Nordstrooss nozeliesen ass (an och hei wéilt gären kuerz dorauser zitéiren):

“Ech mengen, jiddereen, deen heibannen as, misst verstoen, datt eis Matbiirger aus dem Norden – mä nët nëmme si: och d’Awunner aus dem Uelzechtdall – nët kënnen novollzéien, firwat d’Nordstrooss ëmmer annoncéiert, awer ni gebaut gin as. Ech wëll hei esouguer behaapten, datt déi betraffe Leit heiansdo d’Impressioun haten, datt grad jhust hir Revendikatiounen nët eeschtgeholl gi sin. (…) An denen 30 Joer, wou iwwer d’Nordstrooss geschwat gin as, as hei zu Lëtzebuerg e modernt Stroossennetz geschafe gin, wat alle Regiounen zegutt komm as. Et stellt ee fest, datt do, wou en developpéiert Stroossennetz besteet, d’Wirtschaft e Sprong no vir gemaacht huet. Et däerf een drun erënneren, datt an dene leschte Joren d’Collectrice du Sud fäerdeggestallt gin as, eng Autobunn op Arel an eng op Tréier gebaut gi sin, eng Schnellstrooss op Saarbrécken hei an der Châmber gestëmmt gin as an am Moment a Konstruktioun as. Un dëse Stroossen, déi jo mat Staatsgelder finanzéiert goufen, hu sech och d’Awunner aus dem Norden an aus dem Uelzechtdall finanziell bedelegt. An dësem Kontext mengen ech, datt d’Solidaritéit och a Richtung Norde muss spillen. Mir as nët bekannt, datt an där Zäit, wou dës Stroosse gebaut goufen, am Norden an am Uelzechtdall de Sënn an den Zweck vun dëse Stroossen a Fro gestallt gi wir. Dat wir och nët richteg gewiescht, well jiddereen hiren Notzen haut kann erkennen.”

Et war 1997, wéi gesot, eng héich emotionaliséiert Débatt iwwert e Projet, deem seng Nëtzlechkeet haut awer iwwerwiegend net méi a Fro gestallt gëtt, och wann sech d’Gemidder nach emmer net ganz berouegt hun. D’Nordstrooss bleiwt eng wichteg Komponent am Entwécklungsprozess an enger Regioun, déi nach emmer Strukturschwächen opweist. D’Nordstrooss ass a bleiwt e Projet matt enger nationaler Tragwäit, deen sech fir d’Entwécklung vum Land, an fir de Norden am besonneschen wärt ausbezuelen. Déi zügeg Färdegstellung vun desem Projet muss duervir eng Prioritéit am nationalen Stroossebau bleiwen.

Dese Projet gëtt méi deier, an duervir débattéiren mer haut de virleienden Projet iwwert d’Rallonge budgétaire vun der Nordstrooss, deen de 23. Mee 2005 vum Här Bautenminister Claude Wiseler an der Chamber déponéiert gouf. Den Text ass den 12.Mee un de Staatsrôt verwisen ginn, deen den 21.Juni säin Avis ôfginn huet. An der Sëtzung vun der Bautenkommissioun vum 1.Juni ass de Rapporteur désignéiert, an d’Elementer vum Projet analyséiert ginn. Den Avis vum Staatsrôt konnt an der Sëtzung vum 29.Juni ennert d’Loupe geholl ginn. Den ôfschléissenden Rapport vun der Kommissioun ass an der Sëtzung vum 7.Juli 2005 adoptéiert ginn.

Léiw Kollégen a Kolléginnen,

Mam virleienden Text gëtt d’Regierung autoriséiert fir weider Arbechten ze tätegen, déi sech op ronn 229 Milliounen Euro belafen. Et sinn daat Méiausgaben, déi sech an der Haaptsaach duerch d’Evolutioun vum Projet un sech erklären loossen, an déi sech op déi 4 Sectiounen vum Projet bezéien. An erlabt mer kuerz fir op déi eenzel Adaptatiounen anzegoen:

D’Dépassementer an der Sectioun 1 résultéieren aus Emännerungen bei der Jonctioun Grengewald matt supplémentaren Bauarbechten, an virun allem aus der Verbrederung vun der A1 zweschent dem Echangeur Kirchbierg an dem Sennéngerbierg, daat heescht Arbechten, déi initialement net virgesinn waren.

D’Méikäschten vun der Sectioun 2 lossen sech virun allem duerch déi zousätzlech Voie am Tunnel “Grouft” an duerch den zousätzlechen Sëcherheetstunnel op enger Längt vun 80 Meter erklären. Dest ass ennert anerem d’Äntwert op zousätzlech Sëcherheetsmoossnahmen, waat ouni Zweifel zu enger verbesserter Sëcherheet am Tunnel selwer bäidréit. Zousätzlech Käschten ginn och duerch Moossnahmen op der Héicht vum Grondwaasserspiggel an duerch weider elektromechanesch Equipementer verursaacht.

Bei der Sectioun 3 gëtt eng speziell Beliichtung installéiert fir eng optimal Intégratioun an d’Landschaft sëcher ze stellen.

D’Dépensen vun der Sectioun 4 ginn duerch weider noutwéndeg Arbechten am Génie civil am Gousseler Tunnel komplétéiert, an daat virun allem an der Galerie 8. Dobäi kommen och nach d’Käschten vun den elektroméchaneschen Equipementer déi duerch eng Reih europäesch Directiven virgeschriwwen sinn.

Schlussendlech sief nach drop hingewisen, daat d’Etüden zu denen eenzelnen Sectiounen läschten Enns all méi deier ginn sinn, wéi daat initialement ugeduecht war. De neien Devis dréit desen Käschten deemno och Rechnung.

De Gesetzprojet modifiéiert awer och nach den Artikel 5 aus dem Gesetz vum 27.Juli 1997 iwwert d’Nordstrooss, deen d’Mesures compensatoires festleet. Et huet sech nämlech erausgestallt, daat de Passage fir Wëld iwwert d’Nationalstrooss N11 technesch schwéier réalisabel ass, daat virun allem duerch d’Topographie vum Terrain. Och um cynégéteschen Plang, ech hun daat Wuert missen am Dictionnaire nosichen, daat heescht um Plang vun der Juegd, ass bezweifelt ginn, op esou eng Moossnahm iwwerhaapt déi néideg Effikassitéit huet. Doriwwer eraus weisen 13 vun denen 14 ennerirdeschen Passagen ennert der Nordstrooss téchnesch Schwieregkeeten bei der Réalisatioun op, waat d’Experten zur Konklusioun kommen gelooss huet, daat sech déi agespuerten Zommen, bei der Supressioun vun dese Kompensatiounsmoossnahmen, sënnvoll kéinten fir d’Modifikatiounen beim Bau vun der Nordstrooss asetzen loossen. Daat betrëfft deemno virun allem den Elargissement vum Tunnel “Grouft” an d’Supressioun vu Bëschgebidd op enger Surface, déi läschten Enns och méi grouss ginn ass, wéi et initial ugeduecht war.

Här Präsident,

Daat sinn d’Haaptelementer aus desem Gesetzprojet. Waat den Avis vum 21.Juni 2005 vum Staatsrôt ubelaangt, sou ass d’Tounlaag eng ähnlech wéi bei aneren groussen Bauprojeten, déi eng Rallonge budgétaire gebraucht hun. Déi Héich Kierperschaft lëscht an deem Kontext eng Partie Bauprojeten op, fir zum Schluss ze kommen, daat se duerchaus kéint verschidden Dépassementer beim Bau vun der Nordstrooss nôvollzéien. Bei aneren Dépensen huet sech de Staatsrôt awer d’Fro gestallt, op de gesamten Dépassement vun 2/3 vum initialen Devis nach enger seriöser Konzeptioun, Préparatioun a Planifikatioun vun groussen Infrastrukturprojeten géif entspriechen.

De Staatsrôt huet sech och driwwer gewonnert, daat déi technesch Problemer beim Bau vum Passage fir Wëld an vun den ennerirdeschen Passagen net vun Ufank un gewosst waren. Déi Héich Kierperschaft huet op alle Fall ugekënnegt sech formell ze opposéiren, wann déi agespuerten Zommen op d’Arbechten un der Nordstrooss verwannt ginn, am Fall wou des Arbechten net an de Champ d’application vum Artikel 5 vum genannten Gesetz vum 27.Juli 1997 géifen falen. De Staatsrôt méngt daat all nei Affektatioun vun Suen iwwert de gesétzlechen Wee muss gerégelt sinn, an deemno misst den Artikel 5 an desem Geescht emgeännert ginn.

De Bautenministère huet eis versëchert fir déi disponibel Krediter duerch d’Supressioun vun dë Passagen fir Wëld nëmmen no den Dispositiounen am Artikel 5 vum Gesetz vu 1997 ze verwennen. En entspriechend Schreiwen matt den néidegen Garantien geet un de Staatsrôt, matt Copie un d’Bautenkommissioun, fir dem drohenden Refus vun der Dispens vum zweeten Vote constitutionnel entgéint ze trieden.

D’Memberen an der Kommissioun hun den Avis vum Staatsrôt natirlech an all sengen Eenzelheeten duerchgeâkert. D’Kritik daat de virleienden Projet net de richtegen Montant vun den Dépassementer unféiert, konnt dohingoend entkräft ginn, daat sech un zwee verschidden Bauindexen orientéiert gouf. De Montant deen an der initialer Versioun vum Projet ageschriwwen ass, ass schlussendlech de richtegen an définitiven.

D’Kommissioun huet sech op verschidden Froen konzentréiert. Et ass vum Ministère ennert anerem préziséiert ginn, daat déi 14 Passagen un sech no réng théoréteschen Considératiounen am Projet développéiert goufen. Réischt no an no hun sech déi téchnesch Problemer bei enger eventueller Réalisatioun bemierkbar gemaach, waat schlussendlech zur Décisioun gefouert huet fir des Passagen aus de Baupläng ze sträichen. Desweideren ass dorobber hingewisen ginn, daat d’Arbechten de Grondwaasserniveau nach net ereecht hun. Iwwert de Wee vun enger Conventioun soll de Gratis Approvisionnement vun Drenkwaasser fir d’Geméng Luerentzweiler sëchergestallt ginn, wou ennert aneren d’Quantitéiten festgehalen ginn, déi d’Geméng duerch de SEBES kompenséiert kritt, am Fall wou bei den Arbechten Waasser aus de Luerentzweiler Quellen verluer geet.

Waat de Fortgang vun den Arbechten vun de sougenannten “Mesures compensatoires” ubelaangt, sou ass festzehalen, daat nach eng Reih Problemer bei der Acquisitioun vun de Terrainen bestinn, an daat sech verschidden Geméngen, déi direkt un der Nordstrooss leien, nach ëmmer rétizent weisen.

Och wann nach emmer Onstëmmegkeeten zwëschent dem Staat an enger Entreprise iwwert Stabilisatiounsarbechten am Gousseler Tunnel bestinn, sou konnten d’Arbechten awer ôfgeschloss ginn. D’Experten sinn am gaangen d’Fro iwwert d’Responsabilitéiten ôfschléissend ze klären, waat awer net verhënnert huet fir d’Entreprise ze bieden d’Arbechten dach zu hierem Ôfschloss ze féieren, an daat no de Conditiounen vun der Administration des Ponts & Chaussées, déi an engem Avenant zum Marché initial festgehalen goufen. Et sief an deem Kontext nach eng Kéier drop hingewisen, daat no verschidden Problemer déi sech beim Bau vum Tunnel “Grouft” gestallt hun, d’Verwaltung vun Ponts & Chaussées huet missen nei Prozeduren ausschaffen fir de Suivi vum Bau vum Tunnel “Grouft” ze garantéiren. Des Prozeduren goufen an enker Zesummenarbecht matt auslänneschen Experten définéiert.

Här Präsident,

Ech denken, daat ech Iech an de Memberen am Parlament déi néideg Informatiounen iwwert dëse Gesetzprojet ginn hun. Ech mengen, daat och dese Projet net vun Kritik vun deem engen oder deem aneren verschount bleiwt. Ech wëll awer drun erënneren, daat de Bautenminister an dësem Dossier matt aller Transparenz opéréiert huet. Ech denken doriwwer eraus, daat déi Pisten, déi vun him an der Commission des Comptes et du Contrôle de l’Exécution budgétaire opgezeechent ginn sinn, e richtegt Signal duerstellen, fir an Zukunft déi finanziell Enveloppe vun esou grouss Projeten besser kënnen ze évaluéieren. Et bleiwt awer dobäi, daat d’Nordstrooss e wichtege Projet fir eist Land an fir de Norden duerstellt. Dëst gesot soen ech Iech als Rapporteur Merci fir är Opmierksamkeet.

Här Prësident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Erlaabt mir, datt ech am Numm vun menger Fraktioun an an mengem perséinlechen Numm hei nach op en anert Stéck vun der Nordstrooss agin.

Et handelt sech ëm den Contournement vun Schieren bis op den Rond-point Friedhaff.

Ech hun elo grad een Projet de Loi hei explizéiert wou et drëm geet zousätzlech Finanzen fir en Deelstéck vun der Nordstrooss ze akkordéieren. Deen gréisten Undeel vun deenen zousätzlechen Käschten ass op zousätzlech Mesuren zréckzeféieren, déi d’Nordstrooss nach méi sëcher soll machen (z.B. 3 Piste am steigenden Tunnel Groufft an en Säitentunnel vun 80 m als Fluchtwee). Ech kann dëst nëmmen begréissen well d’Sëcherheet vun den Automobilisten muss eis alleguerten een ganzt besonnescht Uleies sinn.

Dëss Sëcherheet ass awer manifestement net um Contournement Schieren an Ettelbréck gin, well dëst Stéck einfach net méi der hautiger Verkéierssituatioun ungepasst ass:

1) Ass den Contournement ze schmuel;
2) Et get net déi geréngsten Auswäichméiglechkeet;
3) Am Fall vun engem Accident ass alles blockéiert, well deen oder déi accidentéiert Autoen op der Fahrspur mussen stoen bleiwen, well et awer och guer keng Platz um Rand get.
4) Sënn d’Op an d’Offahrten ganz geféierlech sou z.B. d’Offahrt fir op Ettelbréck wou een aus der Haaptspur (et gett nëmmen eng an déi Richtung) ouni Verzögerungsspur muss an engem schlechten Wenkel op enger dach oniwersichtlicher Platz ofbremsen fir an den Säitentunnel Richtung Ettelbréck ze fueren.

D’Obfahrt vun Ettelbréck Richtung Lëtzebuerg ass och alles aneschtes wéi sëcher.

Den stennegen Wiessel teschend 2 an 3 Spueren op deem ganzen Stéck bis op den Rond-Point Friedhaff dréit och net zou der Sëcherheet an zur Iwersiicht op dëser Streck bäi. Et ass duervir och net verwonnerlech, dat ganz vill jo iwer duerchschnëttlech vill Accidenter hei geschéien.

Zënter dem 1. Januar 2002 bis haut goufen et méi wéi 50 Accidenter op dëser dach kuerzer Distanz mat enger ganzer Rei vun liichten an schwéier Blesséierten.

Leider hun an deenen leschten 10 Joer och X Leit hei hirt d’Lierwen verluer.

Wat notzen deenen Bierger an Automobilisten aus dem Norden all déi Beméihungen op dem neien südlechen Deel vun der Nordstrooss déi schon en Accident um Contournement Ettelbréck – Schieren hun iert se op den neien an sëcheren Deel vun der Nordstrooss kommen.

Et wir vun dringender Noutwendegkeet wann d’Nordstrooss bis op den Rond-point Friedhaff als Autobunn géif verlängert ginn sou wéi déi ursprünglech Pläng dat laut menger Informatioun firgesinn. Op der enger oder der anerer Plaatz goufen d’Fondatiounen souguer schon matgebaut fir eng zweet Bréck ze réaliséieren.

D’Realisatioun vun enger 3 Spuer op zirka 1 km laanscht Ettelbréck an deenen lëschten Joeren beweist och dat d’Problemer bekannt sinn. Hei ass an mengen Aan awer nëmmen Fléckaarbecht gemach gin.

Ech well hei och nach bemirken, dat den IVL der Nordstadt eng ganz grouss Wichtegkeet zouerkennt. An deem Kontext wir et och vun grousser Wichtegkeet wann d’Autobunn bis hanner dëss Aglomératiounen géif féieren, wat eng besser an direkt Ubannung vun der Nordstadt un d’Autobunnsnetz géif erméiglechen so wéi een dat och am Ausland bei ähnlechen Situatiounen ëmmer méi kann feststellen. Zu gudder lescht well ech nach ze bedenken ginn, dat den IVL och virgesäit, daat Zones d’activités sollen an Zukunft no engem Gesamtkonzept geschafen ginn.

Den Friedhaff ass zënter längerer Zäit schon als méiglechen Site fir esou eng Zone um interkommunalen Plang an der Diskussioun, grad esou wéi daat d’Geméngen Diekirch, Ettelbréck an Erpeldeng en gemeinsamen Centre d’Intervention um Friedhaff wëllen réaliséieren. Béides wir fir den Raum Diekirch – Ettelbréck vun grousser Wichtegkeet an géif zum Developpement vun der Nordstadt an der ganzer Regioun bäidroen. Och hei géif d’Autobunn bis op den Friedhaff absolut Sënn machen.

No all deenen villen, schwéieren an déitlechen Accidenter wéi erëm virun e puer Deeg, mist an Zukunft generell och eng Kéier iwert déi geféierlich 3-spuereg Nationalstrooss N7 Richtung Wämperhardt nogeduercht gin fir dëss nun wirklech méi sëcher ze kréien an fir virun allem se lanscht d’Urtschaften ze féieren déi op der Streck leien.

Nëmmen esou kann een vun engem gesamten Projet Nordstrooss schwätzen deen dann an senger Integralitéit den hautegen Besoinen ugepasst ass. Mam Accord vun menger Fraktioun zum virleienden Projet soen ech Iech nach eng Kéier Merci fir är Opmierksamkeet.

AK, Juli 2005