D’Liaison Micheville ass wichteg fir d’Industriebrochen am Süden vu Lëtzebuerg

De Rapporteur Ali Kaes zum Gesetz iwwert d’Liaison Micheville
Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Virun genau zwou Wochen haten mer an desem Haus eng Orientéirungsdébatt iwwert d’Industriebrochen am Süden vun eisem Land. Et goung ennert anerem drem fir de Point ze maachen an desem urbanisteschen Mammutprojet, fir des ehemoleg Industriesiten, an do an aller éischter Ligne d’Frichen op Esch-Belval, erem enger neier Bestëmmung zouzeféieren.

De Projet deen mer haut de Mëtteg diskutéiren, ass een Steck dofunner, well domadden d’Haaptverkéiersschlagoder um Site vun Esch-Belval geluecht, an eist Autobunnsnetz un daat franséischt ugebonne kann ginn. Et ass also e Projet, deen ouni Zweifel eng national Envergure huet, well en een vun villen wichtegen Bausteng ass, fir d’Industriebrochen erem ze revaloriséieren.

De Projet vun der Ubannung vun eisem nationalen Autobunnsréseau un de franséischen Réseau huet eng 15jähreg Virgeschicht. Ufanks de 90ger Joeren hun déi franséisch Autoritéiten schon de Wonsch zum Ausdrock bruecht fir hiert Autobunnsnetz, daat heescht d’A30 vun Diddenuewen op Lonkeg, un d’A4 op lëtzebuergerscher Säit unzebannen. Deemols gouf gemengt, dat des Iddi net realiséierbar wier, well d’Escher Autobunn schon un hier Kapazitéitslimiten gestouss war, et sollt vermieden gin, fir des Axe zu enger internationaler Autobunn auswuessen ze loossen. Den 12. November 2001 um Sommet vun der Groussrégioun zu Munneref ass folgendes festgehalen gin (ech zitéieren):

« Sur le plan transfrontalier, la liaison Micheville poursuit l’objectif de la création d’une liaison routière de haut niveau entre le bassin des agglomérations de Micheville, de Villerupt, de Russange et d’Audun-le-Tiche du côté français et l’autoroute Esch/Alzette-Luxembourg (A4) du côté luxembourgeois afin de permettre aux navetteurs de la Lorraine venant travailler chaque jour au Grand-Duché d’approcher la Ville de Luxembourg et ses zones périphériques par une route rapide, sûre et confortable. »

Dräi an en halleft Joer méi spéit, den 18.Abrëll 2005 ass de Gesetzprojet 5464 vum Bautenminister Claude Wiseler an der Châmber déponéiert ginn. Den Text ass den 8. Abrëll 2005 un de Staatsrôt verwisen ginn, deen säin Avis den 3. Mee ôfginn huet. D’Arbechten an der zoustänneger Bautenkommissioun vun der Châmber goufen den 2.Mee opgeholl, wou de Rapporteur désignéiert gouf an den Text vum Projet ennert d’Loupe geholl ginn ass. Den Avis vum Staatsrôt gouf an der Réunioun vum 24. Mee analyséiert. De schrëftleche Rapport ass an der Sitzung vum 1.Juni adoptéiert ginn.

Här Präsident,

D’Sich no engem appropriéierten Tracé fir déi nei Strooss war net einfach, goung et dach drem fir verschidden Critèren Rechnung ze droen. Stoung op franséischer Säit relativ schnell fest, wéi an wou d’Stréck soll verlafen, esou war daat op lëtzebuergerscher Säit net grad esou reibungslos iwwert d’Bühn gaangen. E puer vun dese Critèren wëll ech kuerz hei opzielen:

– déi verbleiwend industriell Aktivitéiten vun der ARCELOR um Site vun de Frichen op Esch-Belval;
– d’Erhalen vun den Killweieren vun der ARCELOR no beim Rond-Point Raemerech;
– de Respekt vun der Liewensqualitéit vun den Awunner zu Esch-Raemerech;
– d’Obligatioun fir d’Geméngen Esch-Uelzecht an Suessem net nach weider duerch déi nei Strooss auserneen ze trennen;
– d’Moossnahm fir e qualitativ héichwärtegen Urbanisatiounsprojet um Site vun Esch-Belval ze garantéiren, wou ennert anerem d’Cité des Sciences ugesiedelt gëtt;
– d’Respektéiren vun der bestoender Schinneninfrastruktur um Site selwer;
– net zu Läscht hun déi zwou betraffen Geméngen Suessem an Esch-Uelzecht hier Zoustëmmung zu der zeréckbehalener Léisung misse ginn. Ech kann an deem Kontext virausschécken, daat dese Projet e Kompromiss duergestallt huet, matt deem béid Geméngen kënne liewen, och wann nach eng Reih Réserven um urbanisteschen Plang bestinn.

Verschidden Solutiounen sinn an net manner wéi 30 Projeten duerchgespillt ginn. Net zu läscht aus budgétairen Grënn gouf e Projet zeréckbehalen, deen ennert anerem en Tunnel op enger Längt vun 735 Meter virgesäit. Fir de Concours gouf initialement festgehalen fir e Tunnel vun ronn 1300 Meter ennert dem ganze Site vun Esch-Belval ze bauen, deen hannert der Cité Raemerech erauskënnt. Des Optioun wier awer ze deier ginn, an duervir hun d’Autoritéiten d’Léisung vun engem méi kuerzen Tunnel festgehaalen, deen sech un der Liaison Micheville orientéiert.

Den Tracé entsprëcht den uewengenannten Ufuerderungen an dréit ennert anerem och dozou bäi de Site vum Crassier Eileréng neit Liewen anzehauchen, well de Site duerch en Echangeur un de neien Tracé gebonnen gëtt. Den Uschloss un d’Schmelzen vun Esch-Belval gëtt duerch eng Verbindung zwëschent desem Echangeur an dem Rond-Point Raemerech assuréiert.

Déi lëtzebuergesch Partie vun der Liaison Micheville, déi un sech d’Verlängerung vun der Autobunn A4 duerstellt, fänkt um Echangeur “Lankelz” un an pénétréiert de franséichen Territoire hannert de Frichen vun Esch-Belval. Vun der Kräizung mam CR 110 un, verléisst d’Liaison Micheville d’Autobunn A4, gëtt nördlech Richtung Crassier Eileréng déviéiert, passéiert laanscht d’Cogénératiounszentral an emgeet d’Cité Raemerech, fir dann iwwert d’N31 den Héllëcht-Geescht Plateau ze passéiren an an den 735 Meter laangen Tunnel anzedauchen, deen an der Nord-Süd-Richtung de Site vun Esch-Belval ennerirdesch passéiert fir dann schlussendlech op franséischer Säit erem erauszekommen. De franséischen Deel vun der Liaison Micheville steet ennert der Autoritéit vum Conseil général de la Moselle.

Fir d’Zesummenarbecht matt de franséischen Autoritéiten ze coordinéiren goufen de 6.Mee 2004 zwou Konventiounen ennerschriwwen, déi zum engem d’Bedingungen an d’Modalitéiten vun der lëtzebuergesch-franséicher Zesummenarbecht régléieren, an zum aneren d’Realisatioun vum Projet selwer garantéieren. Deen Punkt, deen een an desem Kontext muss eraushiewen ass deen vun der Rectificatioun vum franséich-lëtzebuergeschen Grenzverlaaf, fir de Projet kënnen emzesetzen an fir déi Surfacen ze kréien, déi fir de Bau vun den néidegen Transportinfrastrukturen um Site vun Esch-Belval noutwendeg sinn.

Fir den Objectif vum sougenannten “Modal-Split” op de Frichen vu 40/60 (par rapport zu 25/75 op nationalem Plang) ze erreechen, sou sinn den Bau vun engem Park & Ride an de Bau vun enger neier Gare an de Frichen secherlech zwee interessant Usätz. D’Terrainen gehéiren am Moment nach der ARCELOR, sou daat een awer zouverlässeg kann sinn, daat demnächst matt desem Projet kann ugefaangen ginn; daat emsou méi well déi franséisch Autoritéiten schon gréng Luucht dozou ginn hun.

Waat de finanziellen Impakt vun desem Projet unbelaangt, sou belafen sech d’Käschten op ronn 76 Milliounen EURO. D’Kommissioun huet sech iwwert den Avis vum Staatsrôt vum 3. Mee ewechgesaat, an deem virgeschloen gouf, fir de Montant dem aktuellsten Bauindex unzepassen. De Montant, sou wéi en am Projet festgehalen ass, gëtt bäibehalen, deen sech op den Index vum 1. Oktober 2004 matt engem Punktwert vun 600,88 baséiert. Waat d’Fiche financière ubelaangt, sou huet de Minister eis wësse gedoen, daat déi annexéiert Fiche um virleienden Projet net déi ass, wéi se am Artikel 79 vum Gesetz vum 8. Juni 1999 verlaangt ass, mä nëmmen déi Käschten eremspiggelt déi am Artikel 2 vum virleienden Gesetztext ageschriwwen sinn. Am zweeten Projet de loi, deen den effektiven Bau vun der Liaison Micheville virgesäit, gëtt déi richteg Fiche financière nogereecht.

Léiw Kolléginnen an Kollégen,

An der Kommissioun haten mer d’Gelégenheet fir den Tour ze maachen iwwert déi Projeten, déi am Moment um Site vun de Frichen réaliséiert ginn. An do ass virun allem festzestellen, daat d’Rekonversioun lues awer sëcher seng Formen unhëllt.

E puer Beispiller verdäitlechen daat: D’Astandsetzung vun den Héichiewen leeft op vollen Touren, de CRP-Gabriel Lippmann huet rezenterweis seng Fuerschungsarbechten um Site opgeholl, d’Rockhal huet an e puer Deeg seng éischt Feierprouw ze bestoen. Waat d’Nationalarchiven unbelaangt, sou gëtt de Bauprojet géigenwärteg réexaminéiert. D’Regierung plangt fir do iwwergangsweis eng Partie vun der Unisbibliothéik ennerzekréien. Mëttelfristeg wëll d’Regierung d’Unisbibliothéik an d’Schuman-Gebei op de Kierchbierg ennerbréngen, an eng Antenn an der Cité des Sciences schafen fir daat d’Studenten um Site an de Genoss vun hierer eegener Bibliothéik kommen kënnen. Doriwwer eraus gouf en Architektenconcours fir de Bau vun engem Lycée op Esch-Belval lancéiert, wougéint d’Pläng fir e Lycée “Terres rouges” nach an der Ufanksphase sinn. Mir wëssen daat d’DEXIA-BIL hiere Sëtz wëll op Esch-Belval verlageren. Mä och aner potentiell Investisseuren hun hieren Interessi ugemeld fir sech um Site vun Esch-Belval néierzeloossen. Aus desen Ursaachen eraus gewënnt de virleienden Projet u Bedeitung fir de Site, well en eng wésentlech infrastrukturell Viraussetzung schaaft, fir daat sech nei Investisseuren op Esch-Belval néierloossen.

Här Präsident,

Ech wéilt och nach préziséieren, daat den Accès op de Site vun Esch-Belval hannert dem Rond-Point Raemerech net an desem Gesetzprojet enthalen ass, well nach eng Partie Etüden iwwert de Kaméidi an d’Verkéiersopkommen mussen réaliséiert ginn. Doriwwer eraus gëtt den internen Stroosseréseau um Site vun de Frichen duerch d’AGORA réaliséiert, wougéint de Staat sech drem këmmert fir den zweeten Nordaccès, an daat vun der N31 un, ze réaliséiren. Wéi schon gesot, gëtt en Deel vun desem Projet op franséischem Territoire réaliséiert. No laangen Verhandlungen ass finalement décidéiert ginn, daat eis Regierung den integralen Projet wärt réaliséiren, woubäi d’Rectificatioun vum Grenzverlaaf zu engem spéideren Zäitpunkt vollzunn gëtt. Et gouf doriwwer eraus och festgehalen, fir de maximalen Trafic iwwert d’Liaison Micheville ze limitéiren.

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Et ass esou wäit alles iwwert dese Projet gesot. Fir weiderféirend Détailler verweisen ech op de ganzen Text vum Projet de loi an op déi annexéiert Pläng, souwéi op mäin schrëftlechen Rapport

Ech soen Iech Merci fir d’Nôlauschteren.

Ali KAES
16/6/2005