De François Maroldt hiewt an senger Ried an der Châmber iwwert de sougenannten “Paquet Télécoms” d’Wichtegkeet vun deem Secteur fir eis Ekonomie ervir

Awer de vereenzelt Konsument profitéiert vun den Neibetsëmmungen
PL 5178, 5179, 5180, 5181 dudit « Paquet Télécoms »

Intervention de M. François Maroldt

28/04/2005

Här Präsident,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech wéilt un aller éischter Ligne denen zwee Rapporteuren vun denen 4 Gesetzprojeten am Numm vu menger Fraktioun e groussen Merci soen fir hier kompetent Arbecht. De Präsident vun der zoustänneger Kommissioun, den honorablen Här Lucien Thiel, an den honorablen Här Patrick Santer hun eis op hier gewinnt kompetent Art a Weis Opschloss ginn iwwert des Projeten, déi wéi mer grad héiren un, ganz komplexer an technescher Natur sinn. Si hun et och verstanen d’Arbechten zu dese Projeten an der Kommissioun ze guidéieren, waat dozou bäigedroen huet, daat mer relativ schnell an an engem konstruktiven Klima konnten ôfschléissen.

Déi zwee Rapporteuren hun et gesot, déi betreffend Directiven hätten schon am Juli 2003 an eis national Gesetzgebung transposéiert missten ginn. Mä och aner Länner an Europa hun sech e bëssen schwéier gedoen bei der Transpositioun; ech wéilt do nëmmen Länner wéi Däitschland, Griechenland, Frankräich, Holland an d’Belsch ervirsträichen, déi och alleguerten Enn Oktober 2003 eng “Procédure d’infraction” ageleet kruten. D’Commissioun haat och eng Partie konkret Problemer opgezeechent, déi bei der Transpositioun an déi jeweileg national Législatiounen optrieden kënnen. Als Beispill kann een unféiren, daat déi national Reguléirungsinstanzen onbedengt e kloere Profil vun hieren Kompetenzen mussen kréien, fir daat daat Gesamtregelwierk einwandfrei kann fonctionnéiren. En aneren Punkt em deen et bei der Commissioun och gaangen ass, war virun allem d’Frô vun de “Services publics” an em d’Mécanismen, déi eventuell hun missen agefouert ginn, fir Fournisseuren ze désignéiren, déi e Service universel sollen unbidden, an daat matt der Oplaag fir domadden esou mann wéi méiglech eng Verfälschung vun der Maartconditiounen hierzestellen an fir de Prinzip vun der Net-Diskriminatioun oprecht ze erhalen.

Ech wëll mech awer net an den techneschen Détailer vun den Projeten verléiren, mä e puer generell Iwwerléungen unstellen iwwert d’Wichtegkeet vun dësen Texter, souwuel um Niveau vum Medien- a Kommunikatiounsstanduert Lëtzebuerg, wéi fir Europa selwer, an daat an engem Secteur deen an de läschten Joëren rasant Entwécklungen mattgemaach huet. Et ass e Secteur, deem seng Wirtschaftskraaft nach emmer net épuiséiert erschéngt, an deen als Outil onerlässlech ass fir eis Wirtschaft un sech.
E puer Zuelen op europäeschen Niveau beléen daat: So ass fir d’Joër 2003 de Marché vun den élektroneschen Communicatiounen méi gewuess matt engem Taux zwëschent 3.7 an 4.7 %, wéi d’Croissance nominale vum PIB vun der europäescher Unioun selwer, déi sech bei 3 % agependelt huet. Och déi mobil Téléphonie huet eng impressionnant Progressioun virgeluecht. An de Joëren 1995 bis 2003 huet d’Zuel vun den Abonnementer em 42% pro Joër zougeluecht. 2003 haten mer am der Unioun vun den 25 net manner méi 364 Milliounen Abonnementer, daat heescht daat an der Moyenne op 100 Awunner 80 Abonnementer kommen. Lëtzebuerg stëcht an deem Tableau ervir matt 120 Abonnementer op 100 Awunner, wäit virun Schweden (98), Italien (96) an der Tschechescher Republik (95). Eng ähnlech Progressioun gëtt och am Secteur vun der Breedband-Téléphonie.

Dir Dammen an dir Hären,

Ech erënneren drun daat d’Politik matt Bezuch op Telekommunikatiounen bis un d’Enn vun den 80ger Joëren eng reng nationalstaatlech Affär war. D’Diskussiounen hun sech an der Regel op Concessiounsfroen am Beräich vum Fernseh beschränkt. An der Zwëschenzäit hun déi élektronesch Communicatiounen e ganz groussen Stellewert an Europa ageholl. Si ginn mëttlerweil an engem méi breeden Kontext gesinn, am Sënn vun enger Informatiouns – a Kommunikatiounspolitik, déi all implizéiert Partner um Informatiounsmaart matt anschléisst, daat heescht esouwuel d’Produzenten vun Informatiounstechnologien an d’Unbidder vun esou Servicer wéi och natirlech déi, déi an de Bénéfice vun esou Déngschtleeschtungen kommen, d.h. de Konsument. Op dësen Aspekt kommen ech spéider nach eng Kéier zeréck.

D’Strukturen an dësem Beräich woren deemno un sech emmer méi monopolistesch oder oligopolistesch geprägt, wou sech de Staat nach eng grouss Main-Mise gësëchert haat. Grad an Europa gouf dëse Beräich eng laang Zäit ëmmer als eng réng Infrastrukturpolitik ugesinn, déi an den zentralen Aufgabeberäich vum Staat gefall ass. Réischt an de läschten 15 Joëren gouf eng entgéint gesaten Tendenz an desem Politikberäich spierbar.

Moteur an deser Entwécklung war an bleiwt d’Europäesch Unioun, déi versicht huet den ennerschiddlechen Stand vun der Technik an de Memberlänner, d’Differenzen vum Volume an de Potentialitéiten op denen vereenzelten nationalen Mäert, déi international Ramificatiounen, souwéi d’Bezéiungen vun den staatlechen Monopolentreprisen zu de Produzenten op e gemeinsamen, oder besser gesot e “gemeinschaftlechen Nenner” ze bréngen fir matt vill Fangerspëtzegefill déi aal Strukturen opzebriechen.

Eischt europawäit Iddien an dës Richtung goufen am Dezember 1993 am Wäissbuch vun der Europäescher Kommissioun “Growth, competitiveness and employment: the challenges and ways forward into the 21st century” zu dëser Thematik ausformuléiert. An dësem Dokument gouf schon détailléiert iwwert d’Verbreederung vun der Notzung vun Informatiounstechnologien, d’Entwécklung vun grenziwwerschreidenden Basisdengschtleeschtungen, déi kontinuéierlech Réaliséirung vun engem gemeinsamen Regelwierk, den Ausbau vun der Formatioun an dësem Beräich souwéi iwwert d’Stärkung vun der technologescher an industrieller Leeschtungsfähegkeet vun Europa référéiert. Déi 1994 agesaten Task Force déi des Iwwerléungen weider ausgedäitscht haat, ass deemols zum Schluss komm, daat d’Libéralisatioun an desem Secteur misst beschleunegt ginn, matt engem Akzent op d’Interopérabilitéit vun den Informatiouns- a Kommunikatiounsstrukturen an – déngschtleeschtungen an den eenzelnen Länner.

D’Décisioun vum Europäeschen Rôt fir d’Strukturen am Beräich vun den élektroneschen Communicatiounen bis den 1.1.1998 ze libéraliséiren war deemols e Kompromiss, compte tenu vun den ennerscheedlechen Vuen an Viraussetzungen an den eenzelnen Memberlänner vun der EU. Deemno war et nemmen normal, daat sech verschidden Länner fir Iwwergangsbestëmmungen staark gemaach hun. Ech erënneren drun, daat Lëtzebuerg, zesummen matt der Bélsch, Frankräich an Däitschland, prinzipiell näischt géint de Prinzip vun der Libéralisatioun anzewénnen hat, mä sech net wollt fir eng soforteg Ouverture vum Marché ausschwätzen.

Dir Dammen an dir Hären,

Haut schreiwen mer 2005 an mir hun erem aner Rahmenbedingungen déi Adaptatioun vun engem eenheetlechen Cadre réglementaire méi wéi je noutwéndeg maachen. D’Evolutioun vun der Technologie, d’Innovatioun bei der Offer vun den Déngschtleeschtungen, d’Präispolitik an déi qualitativ Amélioratioun duerch d’Aféiren vun der Konkurrenz an desem Secteur hun de Wee fir an déi vill beschwueren d’Informatiouns- a Kommunikatiounsgesellschaft opgezeechent. D’Konvergenz vun de Télékommunikatiounssecteuren, vun der Radiodiffusioun an vun den Informatiounstechnologien hun de Marché grondlégend révolutionnéiert. Déi traditionnel Trennung vun Réglementer nom jeweilegen Secteur ass hinfälleg ginn, au vu vun der Konvergenz vun engem Secteur op deen aneren. D’Verbindung vun Mobiltéléphonie an Internet sinn hei e gudd Beispill. Déi virleiend Texter versichen des Facteuren matteneen an Aklang ze bréngen an e Regelwierk ze ficeléieren, waat fir déi kommend Joëren en akzeptablen Cadre réglementaire duerstellt.

Här Präsident,

D’Libéralisatioun vum Secteur vun den elektroneschen Kommunikatiounen reimt awer net matt enger willkürlecher an wëller Déréguléirung, mä verfollegt an aller éischter Ligne d’Ziel fir d’Konkurrenz an desem Secteur ze stimuléieren, an vir dem Konsument e gudden Service unzebidden, deen hien sech kann fräi eraussichen.

Ech wéilt un deser Plaz nach eng Kéier zeréck goen an den Traité vu Maastricht aus dem Joër 1992 an Erennerung ruffen, deen d’Grondprinzipien vun den ze ergräifenden Moossnahmen an dësem Schlësselwirtschaftszweig schon fréizäiteg erkannt huet. Ech wéilt duervir kuerz e puer Extraiten aus den Artikel 129B an 129C aus dem Traité citéiren:

« La Communauté contribue à l’établissement et au développement de réseaux transeuropéens dans les secteurs des infrastructures du transport, des télécommunications et de l’énergie. Dans le cadre d’un système de marchés ouverts et concurrentiels, l’action de la Communauté vise à favoriser l’interconnexion et l’interopérabilité des réseaux nationaux ainsi que l’accès à ces réseaux. (…) La Communauté établit un ensemble d’orientations couvrant les objectifs, les priorités ainsi que les grandes lignes des actions envisagées dans le domaine des réseaux transeuropéens. La Communauté met en œuvre toute action qui peut s’avérer nécessaire pour assurer l’interopérabilité des réseaux, en particulier dans le domaine de l’harmonisation des normes techniques. »

Den Text huet un sech dräi inherent Aussoen; Et geet zum éischten net drëm déi national Monopolgesellschaften mir näischt dir näischt ze privatiséieren. Et geet zweetens och net drëm fir eng total Ouverture vum Marché anzeféiren matt der Konsequenz vun enger totaler Déréguléirung. Et gëtt awer am Text drop hingewisen, daat et em eng kontrolléiert Ouverture geet, wou Clignotants’en an Instanzen agebaut sinn déi agräifen kënnen, wann zum engem den Zougang zu de Réseauen a Frô gestallt ass, an zum aneren wann d’Funktiounsfähegkeet vun der gesamteuropäescher Infrastruktur duerch mangelhaft Verbindungen oder duerch fehlend Standarden hypothékéiert ass. Waat 1992 wouer war, ass och bei der Reform, déi mer matt de virleienden Gesetzprojeten alauden, net zur Onwouerecht ginn. Et geet net virrangeg drëm fir e Monopolbetriib op de fräien Marché emzeswitchen. Mä et soll zum engem de konkurrentiellen Marché verschärft ginn, an zum aneren soll e Bäitrag zu de verännerten techneschen Rahmenbedingungen geleescht ginn. En erfreelechen Nieweneffekt ass eng wésentlech Vereinfachung vum Regelwierk an eng besser Iwwerschaubarkeet vun de bestoenden Rechtsgrondlagen.

Här Präsident,

Ech hun et agangs schon gesot, daat de “Paquet Télécoms” seng Wichtegkeet virun allem doraus zitt, well en fir Europa an fir Lëtzebuerg als Medien-, Informatiouns- a Kommunikatiounsstanduert eng Grondlaag ass fir dese Secteur dauerhaft zu Lëtzebuerg ze consolidéiren. Et brauch en nëmmen den Avis vum Wirtschafts-a Sozialrôt vum 11.März 2005 ze consultéiren, deen ennert anerem drop hingedrängt huet fir déi virleiend Gesetzprojeten esou schnell wéi méiglech emzesetzen, daat och am Hinbléck op déi dréngend Noutwéndegkeet hin, fir d’Missiounen vum ILR nei ze définéiren.

Den Avis weist och drop hin, daat sech déi europäesch Staats- a Regierungschefen um Sommet zu Sevilla am Juni 2002 drop verstännegt haten fir den Aktiounsplang e-EUROPE 2005 matt Liewen ze erfëllen. Dese Plang setzt seng Prioritéiten ennert anerem op d’Sëcherheet vun den Réseaux’en an vun den Informatiounen, op den Ausbau vun Online-Administratiounen, op e-Learning an op de Commerce électronique. De Plang gesäit an de Méiglechkeeten vun der Informatiouns- a Kommunikatiounsgesellschaft en enormt wirtschaftlecht Potenzial fir eis an fir Europa, notamment um Niveau vun de Privatinvestiounen, an bei der Schafung vun Arbechtsplazen. Eis öffentlech Déngschtleeschtungen kënnen optimiséiert ginn an den Zougang vum Privatbenotzer gëtt duerch eng méi schnell, méi einfach Technologie gëwessermoossen démokratiséiert. De Wirtschafts- a Sozialrôt mengt awer, daat d’Regierung misst méi Efforten maachen um Niveau vun der sougenannter “Signature électronique”, fir dës an dene béschten Délaien bei eis anzeféiren.

Um Niveau vum ILR plädéiert den Wirtschafts- a Sozialrôt och nach dervir, d’Missiounen an d’Kompetenzen vum Conseil de la concurrence an vum ILR kloër ze délimitéiren, fir daat et zu kengem Double emploi oder Kompetenzstreidegkeeten kënnt. Et muss och zu enger kloerer Ôfgrenzung zwëschent dem ILR an dem Statec kommen, waat d’Collecte vun Donnéen fir Statistiken ubelaangt. Ech wéilt awer och nach op zwou Remarquen aus desem Avis zeréckkommen, déi d’GSMen unbelaangen. Et ass fir d’Opérateuren wichteg, daat den Plan sectoriel iwwert d’GSM-Antennen esou schnell wéi méiglech ugeholl gëtt, fir daat Kloërheet op dësem Gebidd besteet. Och gëtt duervir plädéiert den UMTS-Réseau esou schnell wéi méiglech anzeféiren. Aner Länner sinn eis do un sech e gudd Stéck viraus, wa meng Informatiounen stëmmen sinn beispillsweis d’Belsch, Dänemark, Holland a Schweden eis do schon wäit viraus. Vläicht kann eis de Minister e puer Précisiounen zu dese Voleten ginn.

Léiw Kollégen an Kolléginnen,

En Aspekt deen mer an deser Diskussioun net dierfen vergiessen ass d’Potenzial an Beräich vun der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Ech denken hei virun allem un d’Fuerschung a d’Formatioun. De Wirtschafts- a Sozialrôt seet zum Beispill (ech citéiren):

« Le Luxembourg devra faire l’inventaire des activités de R&D pour identifier, notamment en collaboration avec le monde des entreprises, les niches où il veut et peut créer un niveau d’enseignement et de recherche de qualité et orienter la recherche vers les domaines stratégiques susceptibles d’engendrer des impacts positifs pour l’économie. (…) En outre, le CES insiste pour que l’évaluation ne se limite pas à la recherche mais qu’elle englobe également l’enseignement. (…) Le CES est d’avis que les activités de recherche universitaire pourraient démarrer dans les domaines où le Luxembourg dispose déjà d’avantages dus à l’accumulation de compétences ou bien dans les domaines en forte croissance, dont (…) les communications électroniques et par satellite. »

Et geet also drem fir déi Beräicher, wou mer d’Spëtz sinn, auszebauen. Dorënner falen ouni Zweifel d’Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Mir hun eng jonk “Université du Luxembourg”, déi an hieren kruzialsten Joëren stëcht. Mir hun Lëtzebuerg als solches, waat zu engem Informatiouns- a Medienstanduert erungewuess ass. An mir hun CRP’en déi eng qualitativ héichwärteg Fuerschung praktizéieren. Dës dräi Facteuren stellen eng Chance duer virun allem um Niveau vun de Formatiounen déi kéinten ugebueden ginn. De Kontakt zwëschent dem Héichschoulwiesen an den eenzelnen Acteuren wier schnell hiergestallt, Symbiosen kéinten doduerch entstoen, déi mëttel- a laangfristeg Lëtzebuerg als e régelrechten “Centre d’excellence” an den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien erunwuessen loossen. Ech erenneren drun, daat d’Orientéirungsdébatt vum 13.Juni 2002 iwwert déi audiovisuell Medien ennert der Fiederféirung vun mengem FRaktiounskollég Laurent Mosar schon des Pist opgezeechent huet. Daat setzt viraus, daat mer Entreprisen zu Lëtzebuerg kréien, déi sech hei dauerhaft wëllen installéiren an déi en Intérêt drun hun, fir och um Niveau vun de Formatioun matt eiser Héichschoul zesummenzeschaffen. D’Gesetzer vun haut de Mëtteg setzen deemno d’Jalonen fir d’Attraktivitéit vum Standuert ze verbesseren, an fir den Entreprisen am Secteur eng stabil Rechtsgrondlaag ze verschafen.

Här Präsident,

En läschten wichtegen Aspekt ass deen vum Intérêt fir de Benotzer an de Konsument vun Déngschtleeschtungen an dësem Secteur, deen, ech hun et schon gesot, mëttlerweil eng direkt an net méi ewéch ze denkend Inzidenz op eist alldeeglecht Liewen huet. Ech denken daat beispillsweis hei am Haus jiddfereen op mannst een Handy huet. Daat neit Regelwierk gesäit eng verbessert Protectioun vum eenzelnen Konsument am Beräich vun den Télécommunicatiounen fir. Sou gëtt beipillsweis d’Nummer 112 obligatoresch, déi bestoend Obligatiounen iwwert d’Prozeduren bei Plainten an bei Sträitfäll, souwéi d’Transparenz virun allem an der Präis- an Tarifpolitik ginn wésentlëch verstärkt. Des weideren ginn d’Fournisseuren dozou verpflicht hier Clienten adéquat an ausreechend iwwert hier Déngschleeschtungen an hier Produiten ze informéiren. Net zu Läscht kënnt et zu enger Harmoniséierung an enger wésentlecher Vereinfachung vun der Attributioun vun Internetadressen a bei der Attributioun vun Handysnummeren. De “Portage”, vun deem mer säit Ufank vun dësem Joër kënnen profitéiren, ass do en éischten Virgeschmaach. Net zu Läscht consacréiert daat neit Regelwierk de “Service universel”, deen verschidden Critèren bei der Ausgestaltung muss entspriechen, an deen raisonnablen Prinzipien bei der Präisformatioun vum “Service universel” muss entspriechen. Et sinn dest alles Aspekter, déi schon vun mengen Virriedner ugeschnidden goufen, an ob déi ech net méi am Détail well zeréckkommen, déi awer doduerch net manner wichteg sinn.

Här Präsident,

Fir meng Fraktioun an ech sinn dest alles Grënn fir eis onageschränkt zu desen Texter ze bekennen. Et sinn virun allem wichteg Texter fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, deen an dësem Secteur Kloërheet gebraucht huet, fir daat sech weiderhin eng Consolidatioun an en Ausbau kann vollzéien. Net zu Läscht sinn et Projeten, déi en direkten Intérêt fir de sougenannten Otto-Normalverbraucher hun, well se eng verbessert Transparenz schafen. Dest gesot, ginn ech den Accord vun der CSV-Fraktioun zu desen Texter an ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

François MAROLDT
28/04/2005