Jean-Claude Juncker op RTL Télé Lëtzebuerg

Interview mam Jean-Claude Juncker iwwert de Stabilitéitspakt

Frank Goetz: Mat der Reform vum sougenannte Stabilitéits- a Wuesstumspakt soll Europa an Zukunft besser op wirtschaftlech Situatioune reagéiere kënnen. Vun där Reform hänkt also wesentlech of, ob Europa an Zukunft economesch kann zouleeën, nei Aarbechtsplaze ka schafen, sozial Acquisë ka garantéieren. Europa, dat sinn haut 25 Länner, 25 verschidde Meenungen, verschidde Problemer an dofir ass et den Ament dann och esou schwéier, e Kompromëss fir deen neie Pakt ze fannen.

Europa lieft vu Kompromësser. Zu 25 och net anescht méiglech, datt et elo gëschter Owend zu Bréissel, trotz Marathonsëtzung, bis spéit an d’Nuecht eran, um Enn näischt ginn ass, beweist eigentlech déi extrem Bedeitung vun deem Stabilitéits- a Wuesstumspakt. An éischter Linn, an dat soll och esou bleiwen, stinn déi sougenannt Konvergenzcritèren, déi zanter der Währungsunioun fir all Member gëllen, dat heescht all Euroland muss éischtens säi Joresbudgetsdefizit ënner 3% vum Bruttoinlandsprodukt halen an zweetens däerf d’Gesamtverschëldung net méi wéi 60% vum PIB sinn. An der Praxis awer hu vill EU-Länner béid Marken ëmmer erëm iwwerschratt, wat um Enn dann och zur Decisioun gefouert huet, dëse Pakt ze reforméieren. Mä, wéi gesot, un de Critèrë selwer soll net gefréckelt ginn, et soll awer méi intelligent gekuckt ginn, firwat ee Land dës Regelen net agehalen huet. A genee hei kënnt een anert Schlagwuert an d’Spill, an zwar d’Lissabon-Strategie, zum Beispill Ausgabë fir Bildung a Fuerschung solle ganz sécher consideréiert ginn, wann engem Land säin Defizit op der Wo läit. Gutt gesinn ass awer och, wann e Land a wirtschaftlech gudden Zäiten Suen op d’Säit geluecht huet. Zu de grousse Knackpunkte gehéiert elo, ob et eng Lëscht soll ginn, wou all dës Facteuren opgezielt ginn, wéi dat de Lëtzebuerger Kompromësspabeier virgesäit oder ob d’Kommissioun um Enn Fall fir Fall tranchéiert. An deem Kontext hänkt elo och vill dovun of, wat Däitschland a Frankräich an hirer gemeinsamer Positioun op den Dësch leeën, den Owend um Sennenger Schlass soll de Lëtzebuerger EU-Rotspresident vum däitsche Kanzler doriwwer informéiert ginn.

A bei mir elo am Studio, direkt vu Bréissel zréck, de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend, Här Goetz.

Frank Goetz: Här Juncker, nom Conseil hutt Dir haut gesot, Dir géift ëmmer nach d’Optioun hunn, fir keng Reform vum Pacte de stabilité ze maachen. Sot Dir dat well Dir verbattert sidd, enttäuscht sidd?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat soen ech, well et heiansdo nëtzlech ass drop opmierksam ze maachen, datt een net bereet ass, egal wat matzemaachen. Ee Kompromiss kritt ee bal ëmmer hinn, schwieregst an dësem Fall, mä en däerf net esou ginn, datt de Kompromiss keng Léisung wier. Ech hunn net gären, wa vu mir erwaart gëtt, ech géif eppes proposéieren, wat gutt ausgesäit, mä wat an den nächsten zwee, dräi Joer erëm d’Rad schléit. Duefir sinn ech net ugetrueden, ech hu bestëmmten Iwwerzeegungen, wat d’Stabilitéit vun der Währung ubelaangt. Ech sinn net gewielt ginn, fir den Euro schwaach a kleng ze maachen.

Frank Goetz: A ville Punkte sidd Dir Iech jo eigentlech eens, virun allem am Grupp vun den Eurolänner, déi Länner, déi jo eigentlech hei betraff sinn. Just am Kader vun de 25 do hapert et. Wou dréckt de Schung dann elo am meeschten?

Jean-Claude Juncker: Déi zwee Schung drécken iwwerall, ech hunn all Zéiwe wéi. Mir si bei deenen 12 Finanzministere vum Euro, déi den Euro also gemeinsam hunn, hënnt ganz wäit komm. Mir souze bis 3 Auer zesummen, an do ass nach just ee Punkt, deen opsteet, nämlech dee Punkt fir ze wëssen, watfer Elementer, watfer Facteuren ee muss berücksichtegen, wann et drëm geet, d’Fro ze beäntwerten, ob een Defizit iwwer 3% een exzessiven Defizit ass, dee muss ofgebaut ginn a fir de Fall, wou en net kann ofgebaut ginn, zu Sanktioune ka féieren oder ob et keen exzessiven Defizit ass. Dat bleift eng ganz schwiereg Fro. Hëlt een do déi däitsch Neesvereenegung eran, hëlt een do d’Nettozuelunge vun deenen eenzelne Staaten un de Bréisseler Budget eran? Wéi geet een do ëm mat Strukturreformen, mat Rentereformen, dat ass alles schwiereg, mä dat pakke mer iergendwéi.

Frank Goetz: Muss een dann do esou eng Lëscht maachen? Kéint een dann net herno vu Fall zu Fall tranchéieren?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass eng Optioun, déi een huet, déi ech ausdrécklech mer och virbehalen hunn. Ech fannen eng Lëscht huet dee Virdeel, datt et méi kloer ass an datt jiddweree weess, wourunner e sech hält. Et kann awer och duerchaus sinn, datt mer op eng Léisung kommen, wou all Land selwer seet, wann et iwwer 3% erausschéisst, firwat datt et mengt, datt dat geschitt wier a firwat, datt et mengt, et wier justifizéiert. Mä egal wéi, dat Iwwerklamme vun där 3 Prozentregel-Defizit, däerf ëmmer nëmmen ee liicht Iwwerklamme sinn, et muss no bei 3% sinn, et muss zäitlech begrenzt sinn. Dat ass eng Exigenz, déi mer hunn an déi ech selwer hunn an déi mer och imposéieren. Da musse mer dat jo och zu 25 diskutéieren, an deem Duercherneen, dee mer do an Europa hunn. Fir d’éischt déi 12 an dann déi 25 a bei deenen 13, déi net an der Eurozone sinn, nodeems et schonn esou schwiereg war déi 12 do, grosso modo op een Nenner ze kréien, ginn d’Meenungen natierlech wäit auserneen, esou wäit auserneen wéi am Ufank och ënnert deenen 12. D’Englänner wëlle relativ staark flexibiliséieren, d’Dänen an d’Schwede sinn zou wéi eng Mauer, wann et ëm d’Flexibiliséierung geet, déi hätten nach gären, datt alles méi streng géif ginn an duerfir hunn ech fir den 20. Mäerz zwou Sitzungen ageruff, Mëttes um 12 Auer, sonndes Mëttes, déi 12.

Frank Goetz: Just virum Sommet dann?

Jean-Claude Juncker: Just virum Sommet an déi 25 da Mëttes um 5 Auer. Dann hu mer nach eng ganz Nuecht laang Zäit, fir mateneen ze schwätzen.

Frank Goetz: Et ass jo den Ament eng Saach vun de Finanzministeren, dofir verwonnert et elo bësschen, datt Däitschland a Frankräich eng eegen Initiative bréngen, Dir gitt den Owend och doriwwer informéiert vum däitsche Kanzler. Ass dat dann de richtege Wee?

Jean-Claude Juncker: Oh, wësst Dir, dat wat do däitsch-franséisch Initiative heescht, setzt sech aus Elementer zesummen, vun deenen ech mengen, datt et keng sinn, déi ech nach ni héieren hunn, ech mengen dat ass och [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Et gëtt awer ëmmer e bësschen esou gemat.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass näischt, trotz der Wichtegkeet vun deene Leit, déi doranner involvéiert sinn, wat mech elo op de Réck falen deet. Doriwwer schwätze mer an aller Rou. Ech gesinn den däitsche Bundeskanzler den Owend, wëll em och e bëssche soen, wat aner Leit denken iwwert déi Positioun, déi Däitschland huet, an da wäerte mer och feststellen, datt et awer nach liicht Differenze gëtt tëscht deem, wat Däitschland seet, wat Frankräich mengt, wat Däitschland géif soen, wat Frankräich seet a wat Däitschland mengt, datt Frankräich eigentlech wollt soen.

Frank Goetz: Här Staatsminister, ech soen Iech op alle Fall fir haut villmols Merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

RTL Télé Lëtzebuerg, 8. Mäerz 2005

Quell: SIP/ Service Information et Presse