„E genaue Suivi vun den Engagementer“

Kooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz op RTL Télé Lëtzebuerg

Caroline Mart: An zu Bréissel begréissen ech elo de Cooperatiounsminister Jean-Louis Schiltz. Gudden Owend.

Jean-Louis Schiltz: Gudden Owend.

Caroline Mart: Een aneren, ganz groussen Dossier, war nämlech haut Tsunami a vrun allen Déngen d’Hëllef vun Europa un déi betraffe Länner a Südostasien. Mä Sue verspriechen ass eng Saach, mä leider huet d’Vergaangenheet jo gewisen, datt nach laang net alles, wat esou an Aussiicht gestallt gëtt, och ukënnt. Wéi ass et an dësem Fall?

Jean-Louis Schiltz: Dat ass richteg, datt d’Vergaangenheet bewisen huet, datt déi Suen net ëmmer ukommen. Mä d’Union geet déi Fro dës Kéier ganz resolut un, well ech mengen d’politesch Reaktioun op déi enorm Solidaritéit, déi mer gesinn hunn, muss déi sinn, datt d’Politik muss ee genaue Suivi maachen, ee genaue Contrôle. Dofir hu mer och ee Mechanismus en place gesat, zesummen, tëschent de Memberstaaten an der Kommissioun, dee sécherstellt, datt éischtens, déi Suen déi versprach gi sinn, ausgi ginn, an zweetens, datt se do ukomme, wou se sollen ukommen, dat heescht an deene Länner, bei deene Populatiounen déi betraff sinn a bei deene Populatiounen, och bei deenen Äermste vun deenen Aarmen. Dee Mechanismus ass haut en place gesat ginn an do gëtt e genaue Suivi gemaach vun den Engagementer.

Caroline Mart: Kënnt Dir eis eppes méi konkret doriwwer soen? Wee kontrolléiert dann elo konkret, datt d’Suen do ukomme wou Dir sot, do wou se am meeschte gebraucht ginn, bei deene ganz Aarmen?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, fir d’éischt geet et mol drëm, fir datt d’Länner hei zu Bréissel d’Informatiounen eragi vun deenen Engagementer, déi se geholl hunn an datt dann och duerno de Suivi gemaach gëtt um Terrain. Fir z’ënnermaueren, wéi dat zum Beispill elo weidergeet, de 14. Februar ass eng Reunioun vun de Cooperatiounsministeren, wou mer ganz konkret en éischten Tour do maachen an da geet et och drëm, fir um Terrain herno ze kucken, datt déi Suen richteg agesat ginn. Mir kënnen an der Unioun de Moment relativ gutt de Suivi maache vun den Engagementer déi geholl ginn, ex post am Kader vun engem Bilan. Mir mussen awer op de Wee kommen, fir dat och kënnen ze maachen am Kader vun enger Coordinatioun, vun engem Moment op deen aneren.

Caroline Mart: Vu wéivill Sue schwätze mer, wann Dir mer elo sot, d’Engagementer vun der EU? Wéi héich ass dat?

Jean-Louis Schiltz: D’Engagementer vun der Kommissioun, am Kader vun der éischter Phase humanitaire, sinn 100 Milliounen Euro, duerno kommen der 250 Milliounen Euro dobäi am Kader vun der Reconstructioun, dat sinn déi Sue vun der Unioun. Do kommen d’Engagementer vun de Memberstaaten nach dobäi, do si mir bis elo op iwwer 1,5 Milliarden Euro.

Caroline Mart: Eng ganz aner Fro, déi awer extrem wichteg ass, wéi eng Léiere kann een zéien fir an Zukunft nach besser, nach méi séier reagéieren ze kënnen?

Jean-Louis Schiltz: Ech mengen, d’Unioun huet gutt reagéiert op déi Kris hei. Nach bleift, datt mer festgestallt hunn, datt mer Verschiddenes kënne besser maachen, duerfir geet et drëm, fir d’Capacité de réponse rapide vun der Unioun ze renforcéieren, dat heescht hir Fähegkeet fir schnell ze reagéieren. Do musse mer besser koordinéieren, do musse mer kucken, datt d’Informatioun vun Ufank un vun engem Land an dat anert, wahrscheinlech hei iwwer Bréissel, leeft an och do hu mer de Prinzip zréckbehalen, datt mer wëllen déi Capacitéit renforcéieren, fir nach besser op eng zukünfteg Kris ze reagéieren. Och do wëlle mer séier virugoen an am Abrëll, am Conseil, en éischte Point maachen, wéi mer dat kënne konkret maachen. Dat ass eppes wat een net ka vun engem Dag op deen aneren iwwert de Knéi briechen, mä mir wëllen dat awer schnell ugoen, ouni et ze precipitéieren.

Caroline Mart: Wäert do extra eppes Neies dofir geschafe ginn oder gëtt just dat, wat schonn do ass, u sech verstäerkt ginn?

Jean-Louis Schiltz: Et geet haaptsächlech drëm, fir besser ze koordinéieren, dat wat do ass, fir Moyenen, déi an deene verschiddene Länner bestinn zesummenzeleeën. Ech mengen, et ass keen, deen eng nei Mega-Administratioun wëll créeieren. Mir brauchen ee liichte Mechanismus, een efficace Mechanismus, ee Mechanismus dee kann, wéi gesot, séier reagéieren an net eppes Komplizéiertes, wat eng nei Administratioun ass, déi et nach méi komplizéiert mécht. Dat ass net d’Zil, mä de 25. Abrëll wäerte mer do ganz konkret Decisioune schon huelen.

Caroline Mart: Jean-Louis Schiltz, ech soe merci fir d’Explicatiounen.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.

RTL Télé Lëtzebuerg, den 31. Januar 2005 / SIP- Service Information et Presse